Scroll Top

“Diktator ouni gewielt ginn ze sinn”: Faktencheck iwwer dem Trump seng Virwërf géintiwwer dem Selenskyj

"Diktator ouni gewielt ginn ze sinn": Faktencheck iwwer dem Trump seng Virwërf géintiwwer dem Selenskyj - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Mëtt Februar 2025 huet den Donald Trump zimmlech haart Wierder iwwer de Wolodymyr Selenskyj verluer.

Hien huet den ukrainesche President als “Diktator, ouni gewielt ginn ze sinn” bezeechent, huet d’Notze vun der amerikanescher Hëllef fir d’Ukrain a Fro gestallt an hie beschëllegt, de Krich “ugefaangen” ze hunn. Hei e Réckbléck op dës Aussoen, déi enger AFP-Analys no falsch, ierféierend oder onbegrënnt waren an zu Spannungen tëscht Washington a Kiew geféiert hunn, wéi et se nach ni gouf.

RTL © AFP

Den Trump nennt de Selenskyj en “Diktator, ouni gewielt ginn ze sinn”

Den Donald Trump huet de Selenskyj den 19. Februar en “Diktator ouni gewielt ginn ze sinn” genannt, een Dag nodeem hie behaapt hat, den ukrainesche Staatschef hätt an Ëmfroe just véier Prozent “Zoustëmmung” (archivéierte Link).

Den Trump sot net, vu wou dës Zuel vu véier Prozent kéim. De Selenskyj sot Reporteren, dass et sech ëm eng russesch Zuel handele géif an dass d’Ukrain “Beweiser” dofir hätt, dass se a Gespréicher tëscht russeschen an amerikanesche Beamte benotzt gi wär.

Eng Abberzuel russesch Medien hunn d’Zuel vu véier Prozent och benotzt an dobäi eng Ëmfro vum ukrainesche pro-russeschen Deputéierten Oleksandr Dubinsky, deen 2021 vun der amerikanescher Regierung sanktionéiert gi war, vum soziale Medium Telegram zitéiert.

Enger Ëmfro vun dësem Mount (Februar 2025) no, déi den Internationalen Institut fir Soziologie vu Kiew an Optrag hinn huet, no huet de Selenskyj en Zoustëmmungswäert vu 57 Prozent.

Och wann dës Zuel ënner dem Spëtzewäert vun 90 Prozent kuerz no der russescher Invasioun am Februar 2022 läit, ass dat en Zeechen dofir, dass de Selenskyj “seng Legitimitéit oprechterhält”, sou den Institut (archivéierte Link).

De russesche President Wladimir Putin huet de Selenskyj ëmmer nees als illegitimmen Herrscher bezeechent, well hien zënter senger fënnefjäreger Amtszäit am Mee 2019 keng Wale méi ugesat huet.

D’Krichsrecht, dat den Dag vun der russescher Invasioun verhaange gouf, schléisst Walen an esou engem Zoustand awer aus.

D’AFP hat schonn am Joer 2023 ierféierend Publikatiounen iwwerpréift, an deenen den ukrainesche President der Muechtergräifung beschëllegt gouf. De Selenskyj hat géintiwwer der BBC erkläert, dass Wale just a Friddenszäiten ofgehale kënne ginn.

Wien huet de Krich ugefaangen?

An engem Pressebriefing en Dënschdeg (25. Februar) huet den Trump behaapt, d’Ukrain wär fir den Amarsch vum 24. Februar 2022 responsabel. Russland huet zënterhier ongeféier 20 Prozent vum ukraineschen Territoire ageholl.

Dir hätt en net sollen ufänken, Dir hätt en Deal maache sollen“, sot den Trump iwwer d’ukrainesch Protester géint d’Gespréicher iwwer de Krich, déi tëscht héichrangegen amerikaneschen a russesche Beamten zu Riad ofgehale goufen.

RTL © AFP

Den Trump hat domat op en Neits russesch Äusserungen opgegraff. “Si waren et, déi 2014 de Krich ugefaangen hunn”, sot de Putin an engem Interview mam konservativen US-Kommentator Tucker Carlson.

Dem Trump säi fréiere Vizepresident Mike Pence huet seng Behaaptung op der Plattform X gekontert: “Här President, d’Ukrain huet dëse Krich net ‘ugefaangen’. Russland huet eng onprovozéiert a brutal Invasioun gestart”, huet de Pence geschriwwen (archivéierte Link). “De Wee Richtung Fridde muss op der Wourecht berouen.”

De Konflikt tëscht der Ukrain a Russland geet op de Februar 2014 zeréck, wéi de prorussesche President Viktor Janukowitsch am Kader vum proeuropäeschen Opstand op der Maidan-Plaz a Richtung Russland geflücht war. E puer Deeg méi spéit hate russesch Spezialeenheeten inkognito d’Kontroll iwwer d’ukrainesch Krim iwwerholl, éier et zu enger formeller Annexioun koum, déi vun der Majoritéit vun der internationaler Gemeinschaft net unerkannt gouf a gëtt.

De Konflikt huet duerno op den Donbass iwwergegraff, wou Moskau mat Hëllef vu prorussesche Separatisten en arméierte Konflikt géint Kiew forméiert huet. Russland hat seng Arméi doropshin un der Grenz zesummegezunn, an de 24. Februar 2022 waren déi éischt Panzer an d’Ukrain agefall, wat den Ufank vun enger grouss ugeluechter russescher Invasioun duergestallt hat.

“350 Milliarden Dollar” US-Hëllef?

Den Trump huet e Mëttwoch op senger Plattform “Truth Social” widderholl, dass de Selenskyj “d’Vereenegt Staate vun Amerika dozou iwwerriet huet, 350 Milliarden Dollar auszeginn, fir an e Krich ze zéien, deen net konnt gewonne ginn, deen ni hätt missen ufänken” (archivéierte Link).

Den Dag virdru sot hien, de Selenskyj hätt him gesot, hie wéisst net, wuer d’Hallschent vun den amerikanesche Sue gefloss wären, an hien hätt dobäi vläicht eng Behaaptung vum ukrainesche Leader mëssverstanen, deem no méi wéi d’Hallschent vun der Hëllef net geliwwert gi wär.

Der Associated Press sot den Trump den 1. Februar, dass d’Ukrain “e bësse méi wéi” 75 Milliarden Dollar vun den Hëllefen, déi den US-Kongress beschloss huet, kritt hätt, haaptsächlech a Form vu militärescher Ausrëschtung. Am Ganzen huet de Kongress Hëllefen an Héich vun 177 Milliarden Dollar bewëllegt.

Den amerikaneschen Ausseministère huet den 20. Januar matgedeelt, dass d’Vereenegt Staaten der Ukrain zënter der Invasioun vu Russland 65,9 Milliarden Dollar u Militärhëllef zur Verfügung gestallt hunn (archivéierte Link).

D’Kieler Institut, en däitscht Wirtschaftsfuerschungsinstitut, sot, dass d’Vereenegt Staate vun 2022 bis Enn 2024 114,2 Milliarden Euro (119,8 Milliarden Dollar) u finanzieller, humanitärer a militärescher Hëllef zur Verfügung gestallt hätten – dobäi géifen d’militäresch Hëllefe 64 Milliarden Euro ausmaachen (archivéierte Link).

USA méi generéis wéi Europa?

Den Trump sot och, d’europäesch Hëllef fir d’Ukrain wär e “vill méi klenge Prozentsaz”. Dem Kieler Institut no ass Europa de gréissten Donateur fir d’Ukrain, mee de Groussdeel vun der Hëllef ass finanzieller oder humanitärer Natur.

“Ech mengen, Europa huet 100 Milliarden Dollar ginn a mir, soe mer, 300 oder méi”, sot den Trump dës Woch. “An et ass fir si méi wichteg wéi fir eis.”

D’Kieler Institut schätzt, dass d’europäesch Länner 70 Milliarden Euro u finanzieller an humanitärer Hëllef an 62 Milliarden Euro u militärescher Hëllef “bereetgestallt” hunn. D’Institut ass och der Meenung, dass “Europa zesummen d’USA a Saachen Ukrain-Hëllef iwwerholl huet”.

“Millioune” vun Doudegen?

Den Trump sot dës Woch och, dass “Milliounen” an dësem Konflikt ëmkomm wären, wärend keng vu béide Säiten iwwerpréifbar Zuele genannt huet.

De Selenskyj sot dem amerikanesche Sender NBC an dësem Mount (Februar), dass 46.000 ukrainesch Zaldoten am Krich gefall wären. De Korrespondent Jurij Butusow, deen iwwer den ukrainesche Krich bericht, hat am Dezember militäresch Sourcen zitéiert, déi vu 70.000 ukraineschen Doudege geschwat haten.

Russland huet zënter Enn 2022, wéi et manner wéi 6.000 doudeg Zaldoten zouginn hat, keng Zuel méi genannt. D’onofhängeg Internetsäit Mediazona an d’BBC, déi eng Rëtsch ëffentlech Sourcen, dorënner och Doudesannoncen, ausgewäert hunn, hu gemellt, dass méi wéi 90.000 russesch Zaldoten ëm d’Liewe komm sinn (archivéierte Link).

Am Dezember hat den deemolegen amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin vu 700.000 doudegen a verwonnte russeschen Zaldote geschwat. Dobäi kéimen nordkoreanesch Zaldoten: 1.100 den Zuele vu Seoul no, 3.000 den Zuele vu Kiew no.

RTL © AFP

D’Observatiounsmissioun fir Mënscherechter vun den UN (HRMMU) huet am Januar 2025 gemellt, dass op ukrainescher Säit 12.600 Zivilisten ëmbruecht an ongeféier 29.000 weiderer blesséiert goufen, woubäi se betount huet, dass déi tatsächlech Zuel “warscheinlech vill, vill méi héich ass” (archivéierte Link).

Bei der Belagerung vun der Stad Mariupol am Joer 2022, déi elo ënner russescher Kontroll ass, gouf et den Angabe vun ukraineschen Autoritéiten no tëscht 20.000 an 80.000 Doudeger.

All d’Faktenchecke vun der AFP iwwer de Krich an der Ukrain sinn hei ze fannen.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.