Ëmfang vum Resümmee a Rapport
Dëse Resümmee beschreift déi dräi Haapterkenntnisser aus dem vergläichendem EDMO BELUX-Sondage, den am Fréijoer 2022 duerchgeféiert gouf, fir Abléck an d’Verbreedung vun Desinformatioun an der belscher a lëtzebuergescher Populatioun ze gewannen. Mir ënnersichen d’Expositioun géintiwwer, de Glawen un, déi observéiert Ursaache vun a Léisunge fir Desinformatioun a véier Regiounen – Flandern, Wallounien, Bréissel a Lëtzebuerg – mat enger representativer Stéchprouf vun N=1,466 Participanten.
D’Resultater sollten ze denke ginn. Wat d’Expositioun an de Glawe betrëfft, sou stelle mir fest, dass d’Bierger an der Belsch an zu Lëtzebuerg Desinformatioun ausgesat sinn, virun allem déi Jonk, Notzer vu soziale Medien a politesch interesséiert Persounen. Iwwer Expositioun eraus stelle mir fest, dass de Glawen un Desinformatioun bei méi jonke Bierger, bei Persoune mat rietsgeriichten ideologeschen Usiichten a bei Persounen, déi allgemeng u Verschwörunge gleewen, méi staark ausgepräägt ass. Schliisslech deiten eis Erkenntnisser dorop hin, dass d’Bierger d’Schold un der Desinformatioun an éischter Linn de soziale Medieplattforme selwer zouschreiwen, mee och mam Fanger op den Noriichtekonsum vum Duerchschnëttsbierger, d’Regierung an déi traditionell Medie weisen.
Déi wichtegst Erkenntnisser
Erkenntnis 1: Déi belsch an déi lëtzebuergesch Bevëlkerung, virun allem déi Jonk, Notzer vu soziale Medien a politesch interesséiert Bierger, sinn Desinformatiounen ausgesat.
Obwuel d’Belaaschtung duerch Desinformatioun jee no Theema ënnerschiddlech ass, ass d’Belaaschtung wäit vun Null ewech (tëschent 14% an 51% vun de Participante pro getester falscher Behaaptung). Lëtzebuergesch Bierger schéngen Desinformatioun am mannsten ausgesat ze sinn, wärend d’Belaaschtung an der Bréisseler Stéchprouf am héchsten ass.
Méi jonk Altersgruppen (18 bis 29 Joer) sinn éischter mat Desinformatioun konfrontéiert, wärend d’Ënnerscheeder am Bezuch op Geschlecht a Bildungsniveau wesentlech méi geréng sinn. Och d’Notzung vu soziale Medie féiert dozou, dass ee méi oft mat Desinformatioun konfrontéiert gëtt. Doriwwer eraus féiert eng rietsideologesch Affiliatioun an en allgemenge politeschen Interessi dozou, datt een Desinformatioun méi oft ausgesat ass. Wichteg ass, dass de Glawen u Verschwörunge staark mat der Desinformatiounsbelaaschtung zesummenhänkt: Dësen Effet ass dee stäerkste vun alle politeschen Astellungen, déi an d’Analys abezu goufen, an ass an alle Regioune gläich.
Erkenntnis 2: Bierger gleewen am Allgemengen net un Desinformatioun, mee d’Ënnergrupp, déi falsche Behaaptunge Glawe schenkt, tendéiert zu engem déif verwuerzelte Verschwörungsglawen.
Positiv ze vermierken ass, dass den duerchschnëttleche Participant an eisem Sondage déi vun eis getesten Desinformatiounsbehaaptungen net gleeft. Besuergniserreegend ass awer, dass och d’Tatsaachebehaaptunge relativ schlecht ofschneiden. Wa mir eis ukucken, wien éischter dozou tendéiert, Desinformatiounen ze gleewen, stelle mir fest, dass méi jonk Leit, Fraen a vertrauensvoll Leit éischter dozou tendéieren, dat ze maachen. Am wichtegsten ass awer, dass mir en enke Lien tëschent dem Glawen un Desinformatioun an dem Glawen u sougenannt Verschwörunge feststellen: Bierger, déi Desinformatioun gleewen, tendéieren dozou, och méi allgemenge Verschwörungsbehaaptungen unzehänken, wat si ufälleg fir zukünfteg Desinformatioun mëscht. Dës Erkenntnisser sollte Grond zur Besuergnis iwwer d’Wierksamkeet vun de Moossnamen zur Bekämpfung vun Desinformatioun, wéi z.B. Faktenchecks, ginn, well dës Bierger esou Moossname méiglecherweis schlicht rejetéieren.
Erkenntnis 3: D’Algorithme vun de soziale Medien an de liichtgleewegen Noriichtekonsum ginn als Haaptursaache fir de Glawen un Desinformatioun ugesinn, Aschränkunge vun de Contenuen an de soziale Medien an d’Faktenchecks sinn akzeptabel Léisungen.
D’Algorithme vu soziale Medieplattformen, suivéiert vum Noriichtekonsum vun Duerchschnëttsleit, ginn als Haaptresponsabel fir de Problem vun der Desinformatiounsgleewegkeet ugesinn, wärend déi traditionell Medien (ewéi Zeitungen, Fernsee oder Radio) an d’Regierungspolitik als manner wichteg Ursaache gëllen. Doriwwer eraus schwätzen sech dräi vu véier Participante fir weider Aschränkunge vu Contenue fir sozial Medien aus, fir „liichtgleeweg“ Bierger viru falschen Informatiounen op soziale Medien ze schützen. Gläichzäiteg sinn d’Participanten am Allgemengen der Meenung, dass eng kritesch Haltung géintiwwer vun den traditionelle Medien am beschten ass, obwuel eng Majoritéit och Faktenchecks fir eng gutt Iddi hält.
Luet Iech de komplette Resümmee hei erof (PDF).