Scroll Top

Faktencheck: Anthony Fauci net an Neiséiland wéinst Homicide involontaire ugeklot

Faktencheck: Anthony Fauci net an Neiséiland wéinst Homicide involontaire ugeklot - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

De fréiere Coronavirus-Beroder vum Wäissen Haus Anthony Fauci gouf an Neiséiland net wéinst Homicide involontaire ugeklot, wéi déi neiséilännesch Police der Norichtenagence AFP matgedeelt huet.

A falsche Bäiträg gëtt weider behaapt, dass géint de Fauci a 14 anere Länner Plaintë virléichen, obwuel säin Numm zënter dem 6. Mee 2025 net méi op der Interpol-Lëscht vun de gesichte Persoune steet.

“BOOM!!! WELTWÄIT SICH LANCÉIERT: NEISÉILAND KLOT DE FAUCI AN 107.357 FÄLL WÉINST HOMICIDE INVOLONTAIRE UN”, steet an engem Facebook-Post vum 21. Abrëll vun engem Notzer aus Neiséiland.

RTL © AFP

Am Bäitrag heescht et weider, dass 14 Länner “international Haftbefeeler” géint de Fauci ausgestallt hunn, dorënner Brasilien, Südafrika, Italien, Ungarn an d’Philippinnen.

“Hie gëtt elo als de Virdenker vun der medezinescher Tyrannei ugesinn. Hien hat seng Fangere bei Lockdowns, forcéierten Impfungen, Zensur a massiver psychologescher Krichsféierung am Spill. Elo steet hien ënner Beschoss.”

Déi selwecht Behaaptung hat sech Ufank Abrëll 2025 a Sozialen Netzwierker an der Slowakei, an Ungarn a Kroatien verbreet. Vill Bäiträg waren och fir User an den USA siichtbar.

Den Anthony Fauci, en amerikaneschen Immunolog, dee vun 1984 bis 2022 Direkter vum National Institute of Allergy and Infectious Diseases war, gouf mam Ufank vun der Covid-19-Pandemie bekannt, wéi hie wärend der éischter Amtszäit vum amerikanesche Donald Trump an d’Coronavirus-Taskforce vum Wäissen Haus beruff gouf (archivéierte Link).

Nodeem den Joe Biden am Januar 2021 President gouf, gouf de Fauci zu sengem medezinesche Chefberoder ernannt, éier hien 2022 vun dësem Posten zeréckgetruede war (archivéierte Link).

Hien huet sech fir Moossname wéi Ofstandhalen (Social Distancing) an d’Droe vu Masken agesat, fir d’Ausbreedung vu Covid-19 ze verhënneren, wat hien zur Zilscheif vu Feelinformatiounen a Mobbing gemaach huet (archivéierte Link).

Am Géigesaz zu de virale Facebook-Bäiträg gouf de Fauci weder an Neiséiland ugeklot, nach huet iergend eent vu genannte Länner en internationalen Haftbefeel géint hien erlooss.

“Offensichtlech net richteg”

Eng Stéchwierdersich ergouf, dass d’Behaaptung anscheinend aus engem Artikel staamt, deen de 6. Abrëll 2025 op der konspirativer Internetsäit AMG-News publizéiert gi war, déi scho fréierFeelinformatioune verbreet huet.

Am Artikel ginn awer keng Quellen aus Neiséiland oder den anere Länner genannt, déi an de Bäiträg an de Sozialen Netzwierker ernimmt ginn.

RTL © AFP

Eng Spriecherin vun der neiséilännescher Police huet géintiwwer der AFP confirméiert, dass géint de Fauci net ermëttelt géif an hien am Land wéinst kenger Strofdot ugeklot wär.

“Dat ass ganz offensichtlech net richteg”, sot si an enger E-Mail vum 29. Abrëll 2025.

Dem Fauci säin Numm daucht net op der reegelméisseg aktualiséierter Red-Notice-Lëscht vun Interpol op, wat eng Police-Organisatioun ass, wou 196 Memberlänner zesummeschaffen (archivéierte Link).

D’AFP huet och bei enger erweiderter Sich op den Internetsäite vun de Justiz- a Policeministèrë vu Brasilien, Südafrika, Italien, Ungarn an de Philippinnen keng Uklo géint de Fauci fonnt.

Zil vu Falschinformatiounen

D’AFP huet de Fauci an de Presseservice vun der Georgetown University, wou hien als Professer schafft, ëm eng Stellungnam gebieden (archivéierte Link). Et koum keng Äntwert.

Kuerz nodeem déi falsch Behaaptung vun enger angeeblecher Uklo am Internet verbreet gouf, war de Fauci den 8. a 14. Abrëll an den USA an der Ëffentlechkeet opgetrueden (hei an hei archivéiert).

Zanter dem Ufank vu senger aktiver Bedeelegung un der Covid-19-Pandemie war hien enger Abberzuel u politeschen Attacken a Fuerderungen no Ermëttlunge säitens republikaneschen Deputéierten ausgesat.

E puer Stonne virum Enn vu senger Amtszäit huet de scheedende President Biden de Fauci preventiv begnodegt, fir hie viru “politesch motivéierter Strofverfollgung” ze schützen (archivéierte Link).

D’AFP huet nach aner Feelinformatiounen iwwer de Fauci iwwerpréift.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.