
A Sozialen Netzwierker goufen zwou Fotoe vun der historescher Festung Fort Denison zu Sydney an Australien gedeelt.
D’Opname leie bal ee Joerhonnert auserneen a goufen als vermeintleche Beweis dofir genotzt, dass de Mieresspigel net klamme géif. Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hunn der AFP awer erkläert, dass dës Behaaptung den Afloss vun de Gezeiten ausser Uecht loosse géif. Ausserdeem géifen Donnéeën eendeiteg beleeën, dass de Mieresspigel opgrond vun duerch de Mënsch produzéiert Emissioune lokal a weltwäit däitlech klëmmt.
“Eis gouf eng massiv Hausse vum Mieresspigel verkaaft an eise Kanner bäibruecht”, heescht et an engem Bäitrag vum 8. Juni 2025, deen iwwer dausend Mol op Facebook gedeelt gouf.
Am Bäitrag ginn zwou Fotoe vum Fort Denison zu Sydney géintiwwergestallt. D’Fort Denison, och bekannt als Muddawahnyuh an der Sprooch vun den Eora (hei an hei archivéiert), ass haut denkmalgeschützt a war eng Strofkolonie a Verdeedegungsanlag. Béid Fotoen, déi anscheinend am Ofstand vun 93 Joer gemaach goufen, schéngen ze weisen, dass de Waasserpeegel un der Fassad déi selwecht Héicht huet. Am Text iwwert den Opname steet ironesch: “Beispilllos Hausse vum Mieresspigel”.
© AFP
Bäiträg mat de selwechte Fotoe goufen och op anere Säiten op Facebook souwéi op LinkedIn an X gedeelt.
Eng ëmgekéiert Sich no Biller an no Stéchwierder huet erginn, dass béid Fotoen tatsächlech bal ee Joerhonnert ausernee leien: Déi éischt daucht op dem Flickr-Account vum australesche Powerhouse Museum mat der Bildbeschreiwung “opgeholl ëm 1934” op. Déi zweet gouf an engem Artikel aus dem Joer 2023 op engem Tourismus-Blogg verëffentlecht (hei an hei archivéiert).
D’Opname widderleeën awer net, dass de Mieresspigel – souwuel global wéi och regional – klëmmt.
Hausse vum Mieresspigel ronderëm Fort Denison
D’amerikanesch Agence fir Ozeanographie an Atmosphär (NOAA) kontrolléiert zënter 1886 de relative Mieresspigel – also d’Héicht vum Waasser (Waasserstand) am Verhältnis zum Land – ronderëm d’Fort Denison (hei archivéiert).
Donnéeë bis 2022 weisen, dass de Mieresspigel der US-Agence no ëm duerchschnëttlech ongeféier 0,8 Millimeter pro Joer geklommen ass, wat enger Verännerung vun eppes méi wéi 8 Zentimeter iwwer 100 Joer entsprécht.
Eng Spriecherin vum australesche Bureau of Meteorology sot géintiwwer der AFP, dass tëschent 1914 an Abrëll 2025 de lokale järleche Mëttelwäert vum Mieresspigel och geklomme wär (hei archivéiert).
“Genee wéi bei anere Wieder- an Ozeanvariabelen och, gëtt et Jore mat engem iwwerduerchschnëttlech héije Mieresspigel a Jore mat engem ënnerduerchschnëttlech niddrege Mieresspigel”, huet si de 16. Juni 2025 erkläert.
Eng Rëtsch Etüden hunn och Verännerunge vum Mieresspigel an Australien am Laf vun der Zäit festgestallt (hei an hei archivéiert).
“D’Realitéit ass, dass de globale Mieresspigel klëmmt, an de Mieresspigel ronderëm d’Fort Denison ass keng Ausnam”, huet d’Klimawëssenschaftlerin Shaina Sadai den 13. Juni 2025 géintiwwer der AFP erkläert (hei archivéiert).
“Eng Foto ass just eng Momentopnam a kann eis kee vollstännegt Bild vu laangfristege Verännerunge vermëttelen”, sot si. “Vill Facteure kënnen de Waasserstand zu engem bestëmmten Zäitpunkt beaflossen, beispillsweis den deeglechen Zyklus vun de Gezeiten.”
Opgrond vun der Gréisst vun der Anlag wär eng Hausse vum Mieresspigel beim Fort Denison aus der Distanz net ze erkennen.
Engem Rapport aus dem Joer 2012 no hu lokal Autoritéiten opgrond vum Klimawandel Pläng fir eng Upassung an eng Befestegung vum Terrain ausgeschafft (hei archivéiert).
Aktuell an zukünfteg Menacen
D’Hausse vum Mieresspigel ass eng eeschthaft an unhalend Menace fir all d’Liewewiesen an Ekosystemer.
Der NASA no géife fréier Schätzunge weisen, dass mënschlech Aktivitéite fir ongeféier 70 Prozent vun der observéierter Hausse vum Mieresspigel zënter 1970 responsabel wären, woubäi sech de Prozentsaz am Laf vun der Zäit op 100 Prozent zoubeweege géif.
Ënnersichunge vum Weltklimarot vun de Vereenten Natiounen (IPCC) weisen eng unhalend Beschleunegung vun der Hausse vum Mieresspigel (hei archivéiert).
Bestëmmt Plaze wéi d’pazifesch Inselregioune sinn der NASA no méi staark gefäerdet wéi aner Géigende vun der Welt a wäerten an den nächsten 30 Joer viraussiichtlech irreversibel verännert ginn.
Eng Hausse vum Mieresspigel ëm 23 Zentimeter an de leschten 125 Joer huet sech als ausräichend erwisen, fir d’Existenz vu ville klengen Inselstaaten a Gefor ze bréngen an d’zerstéieresch Kraaft vu Stuermflute weltwäit enorm ze verstäerken.
“Ekosystemer u Küste kënnen als Reaktioun op d’Hausse vum Mieresspigel Richtung Land migréieren oder vertikal wuessen, awer hir Widderstandsfäegkeet an d’Fäegkeet, mat der Hausse vum Waasser Schratt ze halen, gëtt duerch d’Erwiermung vun den Ozeaner an anere Facteure jee no Regioun a Spezies beanträchtegt”, huet den IPCC a sengem Rapport aus dem Joer 2022 festgestallt (hei archivéiert).
D’AFP huet schonn aner Bäiträg widderluecht, an deenen historesch Opname falsch duergestallt goufen, fir de vum Mënsch gemaachene Klimawandel a seng Auswierkungen ze leegnen. Weider Faktenchecken zum Sujet fannt Dir op der AFP-Internetsäit.
Fazit: D’Fotoe vum australesche Fort Denison aus dem 20. an 21. Joerhonnert beweisen net, dass de Mieresspigel zënter 100 Joer net geklommen ass. Fotoe sinn ëmmer Momentopnamen a kënnen dohier net als Beweismëttel fir laangfristeg Verännerungen erugezu ginn. D’Wëssenschaft ass sech eens, dass d’global Erwiermung a soumat och d’Hausse vum Mieresspigel mat ongebremster Beschleunegung weidergeet a soumat eng existenziell Menace duerstellt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.