Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Bei engem Häerzinfarkt sollt ee sou séier wéi méiglech an d’Klinick

Faktencheck: Bei engem Häerzinfarkt sollt ee sou séier wéi méiglech an d'Klinick - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ëmsou méi séier en zouent Gefääss bei enger Häerzattack nees duerchblutt gëtt, desto méi geréng ass de Schued. Rotschléi, déi a soziale Medien am Ëmlaf sinn, kéinten dat allerdéngs verzögeren. Si recommandéieren op déi bannescht Säit vum Aarm ze schloen.

Notzerinnen an Notzer hunn d’Behaaptung Enn Februar 2023 op en Neits op Facebook gedeelt. Op Telegram hunn Zéngdausenden de Video vun der supposéierter Behandlungsmethod gesinn.

D’Behaaptung: Am Video ass e Mann ze gesinn, deen d’Bewosstsinn verluer ze hu schéngt. Leit, déi ronderëm stinn, schloen him op den Ënneraarm. De Mann kënnt nees zou sech, wat d’Leit, déi dëse Bäitrag gedeelt hunn, op d’Schloen op seng bannescht Säit vum Aarm zeréckféieren. “Dëse Video weist, wéi Dir an Noutfallsituatiounen handele musst, fir Patiente mat Häerzinfarkter, déi normalerweis stënterlech optrieden, Éischt Hëllef ze leeschten”, heescht et an de Bäiträg.

RTL Telegram-Screenshot der Behauptung: 22. März 2023

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn eng änlech Behaaptung widderluecht, no där enger chineesescher Behandlungsmethod no enger Persoun mat Hiereschlag en Nol an d’Fangere gestach soll ginn. Och huet sech als falsch erwisen.

De Bäiträg no ass den Tëschefall méiglecherweis an engem Theater zu Singapur geschitt. D’AFP konnt näischt iwwer déi méi no Ëmstänn vun der Opnam erausfannen, den Dialekt vun de Mënschen am Video passt allerdéngs net zu Singapur.

Wat ass en Häerzinfarkt?

Bei engem Häerzinfarkt gëtt d’Häerz net méi richteg duerchblutt, well e Gefääss zou ass. Als Konsequenz stierwen d’Häerzmuskelzellen duerch vu Sauerstoffënnerversuergung of. Dem Häerzmuskel feelt dann d’Kraaft, fir de Kierper mat Blutt ze versuergen. Ass dat betraffent Gebitt zimmlech kleng, kann en Häerzinfarkt souguer onbemierkt bleiwen. Am schlëmmste Fall féiert en onweigerlech zum Häerzstëllstand. Erkrankunge vun Häerzkranzgefäässer si weltwäit déi heefegst Doudesursaach.

Bemierkbar mécht sech en Häerzinfarkt duerch dréckend oder brennend Péng hannert dem Broschtbeen, wéi am Broschtkuerf, Äerm, Schëlleren a Kifer bis an den Hals, Réck oder ieweschte Bauch. D’Symptomer kënne ganz ënnerschiddlech sinn, soudass éischt Unzeechen dacks net richteg erkannt ginn. Déi klassesch beschriwwe Symptomer fir en Häerzinfarkt si bei Frae beispillsweis dacks anescht ausgepräägt.

Richtegt Verhale bei engem Häerzinfarkt

Wichteg ass et, séier ze agéieren a Patientinnen a Patienten esou séier wéi méiglech an eng Klinick ze bréngen. Do kënnen duerch d’Gefäässer duerch d’Technik vun Häerzkatheeteren nees opgemaach ginn. Op Komplikatioune wéi Fibrillatioune kann do séier mat engem Defibrillator reagéiert ginn.

Dat däitscht Rout Kräiz genee wéi d’Deutsche Herzstiftung recommandéieren dohier bei Verdacht op Häerzinfarkt, direkt d’Ambulanz ze ruffen. Ass d’Persoun bei Bewosstsinn, sollt hiren Uewerkierper méi héich geluecht ginn, enk Kleeder ausgedoen an de Kreeslaf vum Betraffenen iwwerwaacht ginn. Kritt de Patient oder d’Patientin en Häerzkreeslafstëllstand, muss direkt mat Reaniméierung ugefaange ginn. Schloen op d’bannescht Säit vum Aarm gëtt hirersäits net recommandéiert.

Och aner Gesondheetsagencë weltwäit, z.B. déi amerikanesch CDC, recommandéiere bei engem Häerzinfarkt sou séier wéi méiglech d’Rettungsdéngschter ze ruffen.

Method vum Schloe verzögert wierksam Behandlung


D’Christiane Tiefenbacher
ass Chefdoktesch vun der Klinik für Kardiologie und Gefäßmedizin am Marien Hospital Wesel a sëtzt am Comité vun der Deutschen Herzstiftung. D’AFP huet hir de Video, deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf, gewisen. Den 21. Mäerz 2023 huet si dozou geschriwwen: “De Video an déi domat verknëppt Uweisunge fir dat weidert Virgoe bei der Éischter Hëllef bei Verdacht op en Häerzinfarkt ass liewensgeféierlech an entbiert all wëssenschaftlecher Evidenz. Et ass geféierlech, bei Verdacht op en akuten Häerzinfarkt Zäit ze verléieren, andeem een d’Schlotechnik op den Ielebou, déi am Video gewise gëtt, benotzt.”

En Deel vun de Leit, déi dëse Bäitrag gedeelt hunn, begrënnt d’Empfielung domat, dass doduerch Akupunkturpunkten op der Bannesäit vum Ielebou aktivéiert géifen. Dat géif angeeblech d’Duerchbluddung verbesseren. D’Tiefenbacher huet dozou geschriwwen: “Dës Informatioun ass falsch. Informatiounen dëser Aart sinn aus medezinescher Siicht skandaléis, well se Betraffener an d’Leit, déi hëllefen, an der Noutfallsituatioun vun engem Häerzinfarkt vun der eenzeg richteger Éischt-Hëllef-Moossnam, nämlech den Noutruff ze ruffen, ofhält an doduerch de Patient mam Infarkt a Liewensgefor bréngt.”

An de Kommentare vun anere Bäiträg féieren d’Leit weider aus, dass dës Method Häerzerkrankunge virbeuge kéint. Och dat weist d’Dokter Tiefenbacher kloer zeréck: “Dës Informatioune si falsch. Et gëtt keng medezinesch geséchert Hiweiser, dass sech mat dëser Technik duerch Schloen – bis op eng lokal erhéicht Duerchbluddung um Aarm – eng besser Duerchbluddung vum Häerz ausléise léisst oder souguer en Opléise vum Gerënnsel (Thrombus) am Häerz als Ausléiser vum Infarkt. Am Géigendeel: Informatioune vun dëser Zort si souguer geféierlech.”

Ëmstridden Alternativmedezin

D’Ofkierzung TCM steet fir traditionell chineesesch Medezin. TCM gëtt säit méi wéi 2000 Joren a China praktizéiert an ass an der Volleksrepublik bis haut populär, z.B. och bei der Behandlung vu Covid-19. No jorelaangem Lobbying huet d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) déi traditionell chineesesch Medezin 2019 an den offizielle Krankheets- a Behandlungskatalog opgeholl. Europäesch Wëssenschaftler hunn dës Entscheedung kritiséiert, well TCM net evidenzbaséiert schaffe géif.

De Markus Steuer vum TCM Fachverband Schweiz huet den 28. Mäerz 2023 geschriwwen: “Et gëtt sougenannt Noutfallpunkten, déi vu gutt ausgebilten TCM-Fachpersounen ugewannt kënne ginn. Et muss een déi genee Plaz vun dëse Punkten allerdéngs kennen, soss kann déi gewënscht Wierkung net erziilt ginn.” Ob am Video, deen online ënnerwee ass, esou ee Punkt getraff géif, wär net kloer ze gesinn. Johns Hopkins Medicine schreift iwwer Akupunktur, dass et eng effektiv Behandlungsmethod kéint sinn.

“Mir recommandéiere Laien awer net, esou Punkten ze sichen, scho guer net opgrond vun engem Video am Internet”, sou de Steuer. Amplaz géif bei engem Kreeslafstëllstand och fir TCM-Fachpersoune gëllen, e Samu ze ruffen, eng Häerzdrockmassage duerchzeféieren a séier mat engem Defibrillator ze reagéieren. “D’Noutfallpunkte sinn eng Ergänzung zu dësen Direktmoossnamen, keen Ersatz!”

Fazit: Bei engem Häerzinfarkt sollten direkt d’Noutdéngschter verstännegt ginn, fir dass Patientinnen a Patienten esou séier wéi méiglech behandelt kënne ginn. Dat recommandéieren zuelräich Expertinnen an Experten, genee sou wéi den TCM Fachverband Schwäiz. Fir d’Method, bei engem Häerzinfarkt op déi bannescht Säit vum Aarm ze schloen, géif et keng wëssenschaftlech Beweiser, sou eng Kardiologin géintiwwer der AFP. Bei Verdacht op en akuten Häerzinfarkt Zäit ze verléiere wär der Expertin no liewensgeféierlech.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.