Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Beweisen dës Fotoen, dass Russland brittesch Frachtschëffer bombardéiert huet?

Faktencheck: Beweisen dës Fotoen, dass Russland brittesch Frachtschëffer bombardéiert huet? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker ginn zwou Fotoe gedeelt, déi angeeblech d’Follge vun enger Bombardéierung vu brittesche Frachtschëffer duerch déi russesch Loftwaff am Hafe vun Odessa am Süde vun der Ukrain de 16. Juli 2023 weisen.

“An de fréie Moiesstonne vum 16. Juli huet déi russesch Loftwaff e Waffendepot an der ukrainescher Hafestad Odessa ugegraff”, heescht et an engem Bäitrag op der chineesescher Internetsäit Zhihu an einfachem Chineesesch. De Bäitrag gouf de 17. Juli 2023 am Internetforum verëffentlecht.

“Zwee brittesch Frachtschëffer, déi fënnef Kilometer ewech waren, goufen attackéiert”, steet weider am Text.

RTL © AFP

De Bäitrag gouf verëffentlecht, nodeem sech Russland geweigert hat, en Ofkommes ze verlängeren, dat der Ukrain den Export vu Kären iwwer den Hafe vu Odessa erlaabt.

Engem AFP-Bericht no huet dat ukrainescht Militär Russland den 18. Juli 2023 beschëllegt, just e puer Stonnen nom Auslafe vum Ofkommes, den Hafe vun Odessa ugegraff a verschidden Ariichtunge beschiedegt ze hunn (hei archivéiert).

D’Fotoe gouf mat änleche Behaaptungen och op X, fréier Twitter, gedeelt, op Douyin, souwéi a chineesesche sozialen Netzwierker wéi Weibo, Wechat a Xiaohongshu. D’Behaaptungen a Biller goufen och op de chineeseschen Norichteportaler Toutiao, Netease a Sina verëffentlecht.

D’Fotoe stamen awer aus der Zäit virum Amarsch vu russeschen Truppen an d’Ukrain. Eng vun de Fotoen an deem ierféierende Bäitrag gouf 2020 a Libyen geschoss, wärend déi aner d’Nowierkunge vun engem Brand an engem indoneeseschen Hafen am Joer 2019 weist.

Libysch Ugrëffer am Hafe vun Tripolis

Eng Kombinatioun aus Stéchwierdersich an ëmgekéierter Billersich huet erginn, dass eng vun de Fotoen am Februar 2020 op Twitter gedeelt gouf (hei archivéiert).

De Bäitrag gouf verëffentlecht, wéi de Fernseesender Al-arabiya News, deen zu Dubai usässeg ass, den 18. Februar 2020 bericht huet, dass d’libysch Nationalarméi e Frachtschëff mat Munitioun a Waffen aus der Tierkei am Hafe vun der Haaptstad Tripolis un der nordwestlecher Küst vu Libyen ugegraff hat (hei archivéiert).

RTL © AFP

Eng Analys vun der Foto mat den ierféierende Behaaptungen, déi a sozialen Netzwierker verbreet gouf, huet entspriechend Symboler ronderëm den Hafe vun Tripolis erginn. Dozou gehéieren d’Tierm Tripoli Tower und Bulayla’s Tower (archivéiert Links hei an hei).

RTL © AFP

Gebaier mat wäissen Baussewänn, déi am Vierdergrond vun der Foto an den ierféierende Bäiträg ze gesi sinn, stëmme mat Gebaier iwwereneen, déi op Fotoen a Satellittebiller op Google Earth a Google Maps ze gesi sinn.

RTL © AFP

Bränn an Indonesien

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet erginn, dass déi zweet Foto am ierféierende Bäitrag vun der indoneesescher Norichtenagence Antara News den 23. Februar 2019 verëffentlecht gouf (hei archivéiert).

D’Bildënnerschrëft heescht aus dem Indoneeseschen iwwersat: “Pompjeeë versichen, d’Feier ze läschen, dat Fëscherbooter am Hafe vu Muara Baru, Jakarta, e Samschdeg erreecht huet (23/02/19)”.

D’Feier hat Dosende vu Schëffer zerstéiert an dräi Persoune blesséiert, sou e Bericht vun der engleschsproocheger Dageszeitung Jakarta Post an Indonesien vum 24. Februar 2019 (hei archivéiert).

RTL © AFP

An der Tëschenzäit war a Südafrika eng weider falsch Behaaptung iwwer dëse Video am Ëmlaf, deen dräi verschidden Extraite kombinéiert (archivéiert hei, hei an hei) an a Wierklechkeet eng déidlech Explosioun weist, déi Beirut am Libanon am August 2020 getraff hat.

D’AFP huet keng glafwierdeg Berichter iwwer e vu Russland geféierte Rakéitenugrëff op brittesch Frachtschëffer an der Ukrain am Juli 2023 fonnt.

Fazit: D’Fotoe weise keng russesch Attack op brittesch Frachtschëffer an der Ukrain am Juli 2023. D’Biller stamen aus enger Zäit virun dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain a goufe bei Bränn bzw. Explosiounen a Libyen an Indonesien gemaach.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.