Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Bëschbränn op Maui goufen net duerch e Laser ausgeléist

Faktencheck: Bëschbränn op Maui goufen net duerch e Laser ausgeléist - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Bëschbränn op Hawaii an op der Nopeschinsel Maui hu säit hirem Ausbroch den 8. August Dausenden Haiser zerstéiert, et gëtt ganz vill Doudesaffer an iwwer 1.000 Mënsche goufe bis de 15. August nach vermësst.

D’Behaaptung ass awer falsch, bei der Foto handelt et sech ëm de Start vun enger SpaceX-Rakéit am Joer 2018.

“RUMEUR: E laseränleche Liichtstral huet Maui, Hawaii, getraff, kuerz éier déi déidlech Bränn Lahaina vernicht hunn”, heescht et an engem vun de Bäiträg, déi op Facebook gedeelt ginn. Och Bäiträg, déi d’Bild mat engem vermeintleche Liichtstral weisen, goufen op Telegram an an englescher Sprooch op Tiktok zu Dausende gekuckt a gedeelt. Op dësem Bild ass e Stral ze gesinn, deen op e Gebitt no vun der Küst trëfft oder vun do an den Himmel schéisst, um Buedem forméiert sech eng Dampwollek ronderëm de Stral.

RTL

Op de Biller ass awer kee Laserstral ze gesinn, mee de Start vun enger Rakéit vun der amerikanescher Raumfaartagence SpaceX den 22. Mee 2018. D’Bild gouf den Dag nom Start op der offizieller Flickr-Säit (Link hei archivéiert) vu SpaceX verëffentlecht. Verschidden Noriichtenagencen an den USA hunn deemools d’Foto an hirer Berichterstattung opgegraff (Links hei, hei an hei archivéiert).

De Start vun der Rakéit vum Typ Falcon 9 war den 22. Mee 2018 um 12.47 Auer Lokalzäit vun der Vandenberg Space Force Base a Kalifornien wéi op der Internetsäit vun der Basis vun der Loftwaff bekannt gemaach gouf.

Laang Beliichtung suergt fir laange Stral vun der Rakéit

D’Foto gouf mat enger Laangzäitbeliichtung gemaach. Eng Analys vun de Metadate vun der Originalfoto weist, dass fir d’Opnam eng Beliichtungszäit vun 20 Sekonne gewielt gouf. Dat erkläert och dat liicht verschwomment Ausgesi vun de Wolleken a vun der Mieresuewerfläch, déi typesch si fir Laangzäitbeliichtungen.

RTL

Duerch déi laang Beliichtung erschéngt de Stral vun der Propulsioun vun der Rakéit wéi eng Linn. D’Rakéit ass duerch déi séier Beweegung net ze gesinn. SpaceX huet och en änlecht Bild vum Start aus der selwechter Perspektiv mat enger Beliichtungszäit vun engem Zweehonnertfofzegstel (oder 0,004) vun enger Sekonn verëffentlecht. Do ass d’Rakéit däitlech ze erkennen.

RTL

Experte schwätze vun extreemer Waldbrandgefor

D’Bränn op Hawaii an der Nopeschinsel Maui hunn den 8. August 2023 ugefaangen an hu sech séier ausgebreet. Déi historesch Stad Lahaina un der Westküst vu Maui, déi bei Touriste beléift war, gouf duerch d’Flame bal komplett zerstéiert. Bis de 15. August 2023 ass d’Zuel vun den Doudesaffer duerch d’Katastroph op op d’mannst 99 geklomm a kéint sech den Autoritéiten no nach verduebelen.

D’Bëschbränn op Hawaii hu séier Konspiratiounstherorien ervirgeruff, déi besoen, d’Bränn kéinten duerch sougenannt “zilgeriicht Energiewaffen” ausgeléist gi sinn. Dës sollen dem Rechnungshaff vun de Vereenegte Staaten (GAO) no konzentréiert elektromagnéitesch Energie mat Liichtgeschwindegkeet fir d’Bekämpfung vu feindlechen Truppen an Objeten asetzen. D’AFP konnt dës falsch Behaaptung scho widderleeën.

No den Donnéeë vum Nationale Wiederdéngscht vun den USA goufen d’Bränn op Maui duerch d’Dréchent an déi staark Loft vum noen Hurrikan Dora verstäerkt.

D’Susan Buchanan, Cheffin vum Departement fir Ëffentlechkeetsaarbecht vum Nationale Wiederdéngscht vun den USA, huet géintiwwer der AFP erkläert, den Déngscht hätt déi lokal Autoritéite scho bis zu enger Woch am Viraus “viru geféierleche Wiederkonditioune fir Bränn op Hawaii” gewarnt an an den Deeg virum Ausbroch vum Inferno offiziell Warnungen erausginn (Link hei archivéiert).

“Eng Mëschung aus dréchener Vegetatioun, staarker Loft, dréchener offalender Loft an niddreger Loftfiichtegkeet huet dozou bäigedroen, dass sech déi déidlech Bränn ausbreede konnten”, sou d’Buchanan an enger E-Mail vum 11. August 2023.

“Keng Entzündung aus dem Weltraum”

Eng Rei vun onofhängegen Experten hunn hir zougestëmmt. Et wär eng extreem Geforelag gewiescht, sot z.B. den Arnaud Trouve, President vum Departement fir Brandschutztechnik op der Universitéit Maryland. Den Trouve sot, hie géif net gleewen, dass d’Bränn op Hawaii op “aussergewéinlech Quellen” zeréckzeféiere sinn. Blëtzschlag an aner natierlech Phenomener – oder mënschlech Aktivitéite wéi technescht Versoen a Brandstëftung – wären heefeg d’Ursaach, sot hien.

Den noen Hurrikan huet Ausleefer vu staarkem Wand produzéiert, déi d’Flamen an d’Glut nach verstäerkt hunn. De Michael Gollner vun der Universitéit California-Berkeley sot, dass dat besonnesch a Siidlunge mat villen hëlze Gebaier a wéineg Schutz viru Bëschbränn geféierlech ka sinn. “D’Brandursaach ass zwar net bekannt, kéint awer vu Stroumkabelen ausgeléist gi sinn, déi duerch de Wand beschiedegt goufen. Oder vun enger anerer méiglecher Quell”, sot hien. “Bei sou staarker Loftstéiss an enger grousser Quantitéit un dréchenem Gras, dat ronderëm d’Siidlung läit, brauch et keng Entzündung aus dem ‘Weltraum’.”

Och d’Noriichtenagence dpa huet e Faktencheck zu dëser Behaaptung verëffentlecht.

Fazit: D’Bränn op der Insel Maui goufen net duerch e Laserstral ausgeléist. Bei der Foto, déi online am Ëmlaf ass, handelt et sech ëm Laangzäitbeliichtung vum Start vun enger SpaceX-Rakéit am Joer 2018 am US-Bundesstaat Kalifornien.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.