Scroll Top

Faktencheck: CO2 wierkt sech och negativ op Planzen aus

Faktencheck: CO2 wierkt sech och negativ op Planzen aus - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Auswierkunge vu Kuelestoffdioxid op d’Klima vun der Äerd si signifikant.

A Sozialen Netzwierker huet sech elo d’Ausso verbreet, dass Planzen bei enger méi héijer Konzentratioun vum Zäregas besser wuesse géifen. D’Behaaptung ass awer ierféierend a gëtt genotzt, fir déi klimaschiedlech Konsequenze vum Gas klengzerieden. Zwar kënne méi héich CO2-Konzentratioune fir Planze vu Virdeel sinn. Planze kënnen awer just e Brochdeel vun den CO2-Emissioune an hirer Stoffwiessel abauen. Et ass ausserdeem bewisen, dass Kuelestoffdioxid fir de vum Mënsch gemaache Klimawandel responsabel ass, deen nees negativ Auswierkungen op de Wuesstem vu Planzen huet.

Iwwer 10.000 Mol gouf e Video gedeelt, deen e User den 22. Juni 2024 op Facebook gepost huet. “Ech kann net verstoen, firwat CO2 e Schuedstoff soll sinn. Et ass dach d’Grondlag fir all Liewen op dësem Planéit”, seet den amerikanesche Klimafuerscher John Christy doran. “Ouni CO2 gëtt et kee Wuesstem. A bei enger méi héijer Konzentratioun wuessen d’Planzen eendeiteg besser”, seet hie weider.

A Sozialen Netzwierker ginn dës Aussoe genotzt, fir d’klimaschiedlech Suitte vum Zäregas Kuelestoffdioxid (CO2) klengzerieden. “Mir loossen eis dach net fir domm verkafen” a “Klima-Diktatur” huet zum Beispill eng Userin ënnert engem Video kommentéiert, deen de 7. August 2024 op Facebook verëffentlecht an och zu Dausende verbreet gouf.

RTL © AFP

An dësem gedeelte Clip schwätzt den amerikanesche Klimaskeptiker a Klimatolog John Christy. Dësen huet schonn an der Vergaangenheet ierféierend Aussoen am Zesummenhang mam Klimawandel gemaach, déi d’AFP iwwerpréift huet.

De Christy kënnt och an der brittescher Dokumentatioun “The Great Global Warming Swindle” zu Wuert, déi wéinst Feeler hefteg kritiséiert gouf. Persounen, déi am Film optrieden, vertriede méi oder manner skeptesch Positiounen zum Klimawandel.

Extrait vun enger Doku aus dem Joer 2007

Eng ëmgekéiert Billersich huet erginn, dass et sech beim Video, deen aktuell gedeelt gëtt, ëm en Extrait aus dengem Bäitrag vu “Spiegel TV” aus dem Joer 2007 handelt. De Logo ass ausserdeem lénks am Clip ze gesinn. 

RTL © AFP

De Bäitrag vu “Spiegel TV” faasst Aussoe vu Wëssenschaftler zesummen, déi der Usiicht sinn, d’global Erwiermung géif keen Ulass fir Besuergnis ginn.

Extraite vun dësem Video ginn am Internet ëmmer nees gedeelt. Géigeniwwer der Faktencheck-Ekipp vu “Correctiv” huet d’Produktiounsekipp vu “Spiegel TV” am Joer 2019 confirméiert, dass de Bäitrag den 29. Abrëll 2007 um däitschen “RTL” diffuséiert gouf. Et gëtt vun engem “aus haiteger Siicht sécherlech ëmstriddene” Film geschwat.

Kuelestoffdioxid ass fir Wuesstem vu Planzen noutwenneg

Planze brauchen tatsächlech CO2, fir ze wuessen, wéi d’AFP schonn an engem anere Faktencheck zum selwechte Sujet gewisen huet. Se notze Kuelestoffdioxid, fir bei engem Prozess vu Photosynthees zesumme mat Waasser a Liicht Kuelenhydrater a Waasserstoff ze produzéieren. Dobäi entzéie se der Loft CO2 a späicheren de Kuelestoff an hire Blieder, Stiller, Stämm a Wuerzelen. Op dës Manéier entstinn natierlech Kuelestoffcuvetten, an deenen de Kuelestoff gebonne gëtt.

D’Behaaptung aus dem aktuell gedeelte Video ass Fachleit no awer ierféierend. De Philip Wigge, Chef vum Beräich “Planzlech Adaptatioun” um Leibniz-Insitut fir Geméis- a Zéiplanzebau, huet der AFP den 13. August 2024 geschriwwen: “Dat ass e bëssen esou, wéi wann ee soe géif, dass Waasser liewensnoutwenneg ass (dat ass et), awer ignoréieren, dass een trotzdeem an enger Schwämm erdrénke kann.” Iwwerschëssegen CO2 an der Atmosphär hätt den “onangeneemen Nieweneffekt”, dass en d’Klima op der Äerd ophëtze géif.

Den Hans Pörtner, Klimafuerscher um däitschen Alfred-Wegener-Institut, huet der AFP den 10. August 2024 geschriwwen: “Mir schéngt dat nees e Versuch ze sinn, Zweiwelen ze séien an doduerch Onsécherheet iwwer dréngend erfuerderlech Mesurë fir d’Reduzéierung vun CO2-Emissiounen an Upassung un de Klimawandel hierzestellen an ze verstäerken.” De Bezuch op déi angeeblech ze niddreg CO2-Konzentratiounen, déi dowéinst keng Wierksamkeet op d’Atmosphär hätten, géif dem Pörtner no dacks hiergestallt, fir Skepsis ze verbreeden.

Dat confirméiert och de Klaus Minol géigeniwwer der AFP. De Biolog ass Chef vun der Redaktioun “Pflanzenforschung.de”, e Projet vum däitsche Bundesministeriums für Bildung und Forschung. Hien huet den 12. August 2024 geschriwwen: “Grondsätzlech sinn d’Aussoe vum Här Christy graff vereinfacht a berécksiichtegen de Kärproblem net.”

Erhéichten CO2-Gehalt ka Planzewuesstem stimuléieren

Zwar kënnen héich CO2-Konzentratiounen an der Loft fir vill Planze vu Virdeel sinn – besonnesch bei enger Dréchent. Heibäi handelt et sech ëm de sougenannten CO2-Düngeeffekt, wéi d’Geowëssenschaftlerin Kirsten Thonicke an de Klimafuerscher Stefan Rahmstorf, béid vum Potsdam-Institut für Klimafolgenforschung, géigeniwwer der AFP an E-Maile vum 9. August 2024 erkläert hunn. De Rahmstorf huet weider ausgeféiert: “Da mussen d’Planzen déi kleng Ëffnungen am Blat (Stomata) net esou wäit opmaachen, fir genuch CO2 aus der Loft opzehuelen, an da verléiere se net esou vill Waasser un d’Loft.” Duerch déi klammend CO2-Konzentratioun ass d’Äerd a munchen Deeler och effektiv méi gréng ginn.

CO2 ass awer och fir de vum Mënsch gemaache Klimawandel verantwortlech, deen nees negativ Auswierkungen op de Wuesstem vu Planzen huet. Den CO2-Düngeeffekt bedeit ausserdeem net, dass e Klima mat méi CO2 fir déi haiteg Planze besser wär, huet de Rahmstorf geschriwwen. “Well dofir misst den CO2-Düngungseffekt déi negativ Auswierkunge vum Klimawandel op d’Ekosystemer (zum Beispill Problemer wéinst Dréchent) méi wéi ausgläichen, wat an der Reegel net de Fall ass.”

RTL © AFP

Klammend CO2-Wäerter an der Atmosphär kënnen net direkt duerch e méi staarke Planzewuesstem kompenséiert ginn, wéi och de Biolog Minol erkläert huet an op Fuerschungsresultater zu dësem Sujet verwisen huet. Ausserdeem géif och de Buedem – de gréisste Kuelestoffspäicher vun der Äerd – duerch klammend Temperaturen u Kuelestoff verléieren, wouduerch nach méi CO2 an d’Atmosphär gerode géing.

Natierlech Grenz fir CO2-Opnam

“D’Gläichung ‘méi CO2 = méi Biomass/Wuesstem’ ass ze einfach a virun allem net linear”, huet de Minol weider ausgeféiert. Planze kéinten zousätzlechen CO2 nämlech just dann effektiv notzen, wann all aner Wuesstemsfaktore wéi Waasser, Liicht a mineralescht Närstoffugebuet ausräichend disponibel sinn.

Déi positiv Auswierkunge vu Kuelestoffdioxid op Planze sinn deemno limitéiert, wéi d’AFP schonn an engem aneren Artikel ausgeféiert huet. Eng Etüd, déi 2020 am Fachjournal “Science” publizéiert gouf, koum zum Beispill zur Konklusioun, dass d’Wierkung vum CO2-Düngeeffekt tëschent 1982 an 2015 weltwäit ofgeholl hätt. Dat gëtt ënnert anerem mat feelende Närstoffer an ofhuelender Disponibilitéit vu Buedemwaasser erkläert. Dem Klimafuerscher Pörtner no wäre Planzen ausserdeem manner stabill, wa se duerch CO2-Düngung méi séier wuessen. “Dobäi kënnt en ofhuelenden Närstoff- inklusiv Eewäissgehalt an eng domat ofhuelend Qualitéit vu Liewensmëttelplanzen.”

Verglach mat fréieren CO2-Peegele stëmmt net ganz

An dësem gedeelte Clip erkläert den John Christy och, dass d’CO2-Peegele virun enger Millioun Joren noweislech fënnef bis zéng Mol méi héich gewiescht wäre wéi haut. “Laangfristeg gesi blose mir also just dat an d’Atmosphär, wat do ursprénglech scho war”, ass seng Analys.

Effektiv gouf et an der Vergaangenheet Periode mat däitlech méi héijen CO2-Peegelen. Fachleit no ass e Verglach mat haitege Verhältnisser awer begrenzt. De Wolfgang Obermeier, wëssenschaftleche Mataarbechter um Léierstull fir Physesch Geografie a Landnotzungssystemer vun der Ludwig-Maximilian-Universität München, huet der AFP dozou den 9. August 2024 geschriwwen, dass däraarteg Periode méi wéi 100 Millioune Joer zeréckleien an däitlech méi waarm waren.

Dat huet och de Klimafuerscher Rahmstorf confirméiert. “Dat war viru ville Millioune Joren opgrond vun der Plackentektonik, éier den homo sapiens iwwerhaapt der Äerd erschéngt war.” Fir vergläichbar héich CO2-Wäerter ze fanne wéi haut, misst een op d’mannst 15 Millioune Joer zeréckgoen, sou de Rahmstorf. “Dat war eng ganz aner Planzewelt.”

Fachleit si sech ausserdeem eens, dass d’Nenne vun dësem Aspekt um eigentleche Sujet laanschtgeet. “Grousse Problem” wär dem Obermeier no vill éischter, dass d’CO2-Hausse aktuell esou séier geschéie géif a Planzen an Déieren hiren Habitat verléieren. “Ganz ze schweige vun der Hausse vun den Extreemen.”

Ëmmer nees stellen Notzerinnen an Notzer a Sozialen Netzwierker d’Existenz vum vum Mënsch gemaache Klimawandel a Fro. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Behaaptungen iwwerpréift, deenen no d’Äerderwiermung natierlech an net ongewéinlech wär oder dass net de Mënsch, mee d’Sonn oder Verännerungen an der Äerdëmlafbunn fir de Klimawandel responsabel wären.

Fazit: D’Behaaptung a Sozialen Netzwierker, dass méi héich CO2-Wäerter automatesch zu besserem Wuesstem vu Planze féieren, ass ierféierend an ignoréiert déi ëmfaassend negativ Auswierkunge vum Klimawandel, deen duerch méi héich CO2-Emissiounen ausgeléist gëtt. Planze kënnen och just e Brochdeel vun den CO2-Emissioune fir hire Stoffwiessel gebrauchen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.