Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’Droe vu Maske féiert net zu Kriibs

Faktencheck: D'Droe vu Maske féiert net zu Kriibs - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Droe vu Maske léisst kee Kriibs aus. Trotzdeem gëtt dës Behaaptung a Bäiträg am Internet mat engem angeeblechen Zitat vum däitschen Nobelpräisdréier Otto Heinrich Warburg a Verbindung bruecht, fir géint d’Droe vu Masken opzeruffen.

RTL Facebook-Screenshot der Behauptung: 11.08.2022

Zënter dem Ufank vun der Corona-Pandemie hu User eng Rei vu Falschbehaaptungen iwwer Maske an Ëmlaf bruecht. Dass Maske bei gesonde Mënsche keng ze héich CO2-Wäerter ausléisen oder zu Sauerstoffmangel féieren, huet d’AFP scho widderluecht, genee wéi eng Etüd, déi vermeintlech en Zesummenhang tëscht Kriibs a Maske beleeë sollt. Och d’Zitat vum Warburg ass an der Vergaangenheet schonn op Facebook ëmhier gegeeschtert. D’AFP huet et hei op Serbesch iwwerpréift.

D’AFP huet par conter e puer Mol iwwer den Notze vu Maske bericht (hei, hei, hei). Se bidde Schutz virun Infektiounen an hëllefen esou bei der Andämmung vun der Pandemie.

Otto Warburg an d’Warburg-Hypothees

Den Otto Heinrich Warburg, gebuer am Joer 1883, war en däitsche Physiolog a Biochemiker, deem seng Aarbechten iwwer d’Zellootmung revolutionär waren. 1931 krut hien den Nobelpräis “fir seng Entdeckung vun der Natur an d’Funktionéiere vum Enzym fir Ootmung”.

D’Warburg-Hypothees war d’Suppositioun, “dass de Mangel u Sauerstoff bezéiungsweis déi defekt Ootmung en zentraalt Element fir d’Entstoe vu Kriibs ass”, huet d’Angela Otto den 21. August 2022 an enger E-Mail un d’AFP erkläert. D’Otto fuerscht un der Technischen Universität München an huet sech intensiv mat der Aarbecht vum Warburg beschäftegt.

RTL Otto H. Warburg (Bundesarchiv, Bild 102-12525 / Georg Pahl / CC-BY-SA 3.0)

Dës Thees gouf an de leschte Joren an der Wëssenschaft awer ëmmer méi a Fro gestallt, wéi d’Angela Otto erkläert. “De Konsens vun haut ass, dass Kriibs jee no Geweebetyp multifaktoriell Ursaache kann hunn: Et gëtt keng ‘lescht’ Ursaach – wéi e Bakterium oder Virus bei enger Infektiounskrankheet. Domat ass d’Thees, dass Sauerstoffmangel zum Entstoe vu Kriibs féiert, haut iwwerholl.” Et géif vill Tumoren, deenen hir Mitochondrie keng metabolesch oder respiratoresch Defekter opweise géifen.

Dat huet och de Matthias Preusser, Professer fir Onkologie op der Medizinischen Universität Wien, den 18. August der AFP matgedeelt: “D’Usiicht, déi an der Hypothees vum Warburg vertruede gëtt, dass eng Verännerung vun der Zeelootmung (aerob Glykolyse amplaz mitochondriale Citratzyklus) den eenzegen Ausléiser vu Kriibs ass, gëllt als iwwerholl.”

D’Warburg-Hypothees zum Entstoe vu Kriibs berout op dem no him benannte Warburg-Effekt. Gëtt et genügend Sauerstoff, féieren normal Zellen d’Glykolyse, den Ofbau vu Glukos, duerch a leeden den definitive Produit an de Stoffwiesselzyklus. Feelt et u Sauerstoff, ännert sech dat an de finale Produit gëtt amplaz a Mëllechsaier ëmgewandelt. De Warburg huet observéiert, dass och Kriibszellen dëse verännerte Glukos-Stoffwiessel opweisen an dëst Verhalen och bei genuch Sauerstoffversuergung weisen.

“D’Roll vum Warburg-Effekt ass nach ëmmer ëmstridden, awer en huet warscheinlech vill Virdeeler fir d’Wuesstem vun Tumoren”, huet den Jason Locasale den 29. September 2021 iwwer déi nach undauerend Fuerschung geschriwwen. De Locasale ass Expert fir Kriibs a Stoffwiessel an ass Professer a Kriibsexpert op der Duke University an den USA. Hien huet och bäigefüügt, dass d’Fuerschung dozou nach net ofgeschloss wär.

Ursprong vum Zitat

D’AFP huet d’Angela Otto no deem angeeblechen Zitat an de Bäiträg befrot, no deenen eng Zell sech no zwee Deeg mat 35 Prozent Sauerstoffmangel an eng Kriibszell verwandele géif.

Si huet op en änlecht Zitat an enger Aarbecht vum Warburg aus dem Joer 1965 verwisen. Do heescht et: “Eng Hemmung vun der Ootmung vun 33 Prozent, ervirgeruff duerch en Erofsetze vum O2-Drock, geet also duer, fir de Stoffwiessel vu Kriibs ze produzéieren.”

Dass eng Zell Verhale weist, wat de Warburg als Stoffwiessel vu Kriibs beschreift, bedeit allerdéngs nach net, dass eng Zell sech an en Tumor verwandelt huet. “Haut wësse mir, dass Zellen iwwer Sauerstoff-Sensore verfügen, déi hire Stoffwiessel sou reguléieren, dass si Zäite mat niddregem Sauerstoffgehalt iwwerliewen, ouni sech an Tumorzellen ze verwandelen. Ech hunn an der Vergaangenheet eng Rei Aarbechte mat Tumorzellen an Hypoxie (Sauerstoffmangel, Um. v. d. Red.) duerchgefouert a sinn ni op e Rapport oder eng Bemierkung gestouss, dass eng normal Zell eleng doduerch, dass si e puer Deeg laang enger Hypoxie ausgesat ass, zu enger Kriibszell gëtt. Och gesond Zelle sinn esou ugepasst, dass si zäitweileg Periode mat niddregem Sauerstoffgehalt iwwerliewe kënnen”, sot d’Angela Otto den 30. September 2021. De Stoffwiessel vu Kriibs eleng géif nach keng Kriibszell definéieren.

D’Méiglechkeet, dass de Warburg d’Thees formuléiert huet, no där sech Zelle bei 35 Prozent manner Sauerstoff a Kriibszelle verwandele géifen, hält de Slobodan Devic fir onwarscheinlech. Hien ass Assistenzprofesser op der McGill University a Kanada an Auteur vun enger Etüd iwwer de Warburg-Effekt. “Wann déi (aner Hypothees) richteg wär, géif déi komplett wëssenschaftlech Welt dovu wëssen, mech ageschloss”, sot hien.

Am Warburg senge verëffentlechten Aarbechten zum Stoffwiessel aus dem Joer 1926 an zur Ursaach vu Kriibszellen aus dem Joer 1956 kënnt d’Zitat aus de Bäiträg am Internet net vir.

Eng Zell géif sech awer net an eng Kriibszell verwandelen, wa se fir zwee Deeg ënner Sauerstoffmangel stéing, sou d’Angela Otto: “Kriibs entsteet iwwer eng Rei Joren. Dat wosst schonn den Otto Warburg.” Metabolesch Verännerunge wären an der Reegel reversibel, well sech Zellen de Konditioune vun hirer Ëmgéigend upassen.

Droe vu Maske féiert net zu Sauerstoffmangel

D’AFP huet sech schonn an der Vergaangenheet e puer Mol mat der Behaaptung vu Sauerstoffmangel duerch Maske beschäftegt. Fir esou e Faktencheck huet de Philipp Lepper, Member vun der Deutschen Gesellschaft für Pneumologie und Beatmungsmedizin (DGP) a Chefdokter vum Universitätsklinikum Saarland, mat der AFP kooperéiert. Hien huet de 6. Oktober 2020 an enger E-Mail erkläert: “Well d’Loftquantitéit hannert der Mask ganz geréng ass an d’Mask beim Anootme ëmmer erëm mat frëscher Loft duerchmëscht gëtt, huet dat keen Afloss op d’Wäerter vu Sauerstoff a Kuelendioxid am Kierper.”

Den Yves Coppieters, Epidemiolog zu Bréissel sot am Juli 2020 géintiwwer der AFP, dass eng Mask fir e gesonde Mënsch keng Gefor duerstelle géif. “D’Mask ass keen zouene Kreeslaf, se léisst Sauerstoff duerch”, huet hie betount. Allerdéngs kéint se d’Ootmung vun enger Persoun mat Häerz- oder Otemprobleemer oder bei grousser Ustrengung beanträchtegen oder en onangeneemt Gefill ausléisen.” Just bei falschem Benotze oder schwéiere medezinesche Beanträchtegunge wär vu Masken ofzeroden. Am Juni 2020 huet zum Beispill d’Vinita Dubey vun der School of Public Health am kanadeschen Toronto virdru gewarnt, dass  Hyperventiléieren, dat duerch eng Panik ausgeléist gëtt, beim Droe vu Masken zu Schwindel féiere kéint.

Och d’WHO schreift op hirer “Mythbusters”-Websäit: “E méi laangt Benotze vu medezinesche Maske kann onangeneem sinn. Et féiert awer weder zu enger CO2-Vergëftung nach zu engem Sauerstoffmangel.”

Déi US-amerikanesch Gesondheetsagence CDC faasst op hirer Websäit de Fuerschungsstand fir d’Droe vu Masken zesummen. Obwuel nach weider Fuerschung néideg wär, hätten Etüde keng oder just ganz geréng Auswierkungen duerch Maske gewisen. Och eng aarbechtsmedezinesch Etüd aus Däitschland weist dat.

Keng Opfällegkeete bei Diagnos vu Kriibs duerch Masken

D’Bäiträg schwätzen deelweis ausserdeem vun angeeblech staarken Haussë vu Kriibserkrankungen zënter 2021. Behaaptungen zu méiglechen Zesummenhäng tëscht Masken a verschiddene Krankheeten, dorënner Kriibs, huet d’AFP an der Vergaangenheet schonn iwwerpréift.

Den Jason Locasale huet dozou geschriwwen: “Et gëtt kee Beweis dofir, dass d’Droe vu Masken d’Erkranken u Kriibs beaflosse kéint, zemol se beim richtegen Droen d’Ootmung bal net beanträchtegen dierft. Beweegung a Verännerunge vun der Ootmung kéinte sech op Kriibs auswierken, an dat ass e Gebitt, dat am Moment intensiv ënnersicht gëtt.”

De Matthias Preusser huet den 18. August 2022 géintiwwer der AFP ausgeschloss, dass d’Droe vu Masken oder den doduerch bedéngte Sauerstoffmangel méiglecherweis Kriibs ausléise kéint. “Sauerstoffmangel ass net ënnert de Risike vun der International Agency for Research on Cancer (IARC) vun der WHO gelëscht, déi Kriibs ausléisen.” Hien huet ausserdeem op eng Rei Etüde verwisen, déi weisen, dass d’Sauerstoffsättegung duerch d’Droe vu Maske bal net beaflosst gëtt (hei, hei, hei). Eng Hausse bei der Inzidenz vu Kriibs säit dem Joer 2021 ass him net bekannt.

D’Angela Otto huet allerdéngs drop higewisen, dass d’Nohanneverréckele vun den Checkuppe wärend der Pandemie duerno zu enger Hausse bei der Erkennung vu bestëmmte Kriibserkrankungen ausléise kann.

D’AFP huet ausserdeem beim Alexander Katalinic, dem President vun der esellschaft der epidemiologischen Krebsregister in Deutschland (Gekid) nogefrot. Hien huet den 30. August 2022 geschriwwen, dass déi exakt Donnéeë vun 2021 zwar nach ausgewäert géifen, soudass en exakt Matdeele fir déi däitsch Kriibszuele schwéier wär, awer: “Baséierend op déi virleefeg Zuele kënne mir awer mat héijer Sécherheet soen, dass mir keng ‘massiv’ Hausse vun de Fallzuele gesinn. Ganz sécher keng exponentiell Hausse. War d’Hausse massiv, da géife mir schonn eppes gesinn. Mir gesinn och an de groussen Ariichtungen, déi mir betreien, keng däitlech Verännerunge vun den Traitementszuelen aus dem Joer 2021 am Verglach zu de Jore virdrun.” En anert Verhale wärend der Pandemie kéint sech awer och op d’Fallzuele vu Kriibs auswierken.

Fazit: Wa Maske richteg benotzt ginn, si se fir gesond Mënschen onbedenklech. Se féieren net zu Sauerstoffmangel oder Kriibs. Et gëtt ausserdeem keng Beweiser dofir, dass Kriibs duerch Sauerstoffmangel ausgeléist géif.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.