Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De Klaus Schwab huet beim WEF net gefuerdert, Walen duerch KI ze ersetzen

Faktencheck: De Klaus Schwab huet beim WEF net gefuerdert, Walen duerch KI ze ersetzen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

2017 huet de Matgrënner vu Google, de Sergey Brin, um Jorestreffe vum Weltwirtschaftsforum (WEF) deelgeholl an huet mam WEF-Grënner Klaus Schwab iwwer Entrepreneursgeescht, nei Technologien a Kënschtlech Intelligenz geschwat.

“Dem Klaus Schwab seng alarméierend Visioun: KI wäert Wieler ersetzen a Walen obsolet maachen”, heescht et an engem Bäitrag vum 19. Februar 2024 op Facebook, deen e kuerze Clip vum WEF-Grënner Klaus Schwab deelt. De Video gouf an enger Rei Posts wärend dem 54. WEF-Jorestreffen zu Davos an der Schwäiz a sozialen Netzwierker propagéiert.

De Video gouf och op Telegram an X souwéi an anere Sprooche villfach gedeelt, dorënner Englesch, Tschechesch oder Slowakesch. E puer vun de Bäiträg enthalen nieft dem Clip en Artikel vum Blog “tkp” vum 17. Januar 2024, an deem och behaapt gëtt, de Schwab hätt op dem WEF-Sommet 2024 Wale fir iwwerflësseg erkläert. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Falschinformatiounen iwwerpréift, déi vun dem éisträichesche Blog verbreet goufen.

RTL © AFP

De Video ass allerdéngs siwe Joer al a staamt soumat net vum WEF-Sommet 2024. D’Falschbehaaptungen, déi dora verbreet ginn, goufen am August 2023 vu Faktencheck-Organisatioune wéi “CheckYourFact“, “Lead Stories” oder och “Ellinika Hoeaxes” widderluecht.

De Klaus Schwab an de WEF sinn heefeg Zil vun Desinformatioun. D’AFP huet Desinformatiounen iwwer d’Organisatioun an hire Grënner schonn e puer mol widderluecht.

Schwab huet eng hypotheetesch Fro gestallt

Am Joer 1998 huet de Sergey Brin zesumme mam Larry Page, sengem Geschäftspartner an eemolege Studiekolleeg vun der Stanford University, d’Entreprise Google gegrënnt. Alphabet, d’Mammegesellschaft vu Google, ass Stand Enn Januar 2024 weltwäit déi véiertgréisst Entreprise, wat d’Maartkapital ugeet.

D’Gespréich tëscht dem Brin an dem Schwab, aus deem de Clip staamt, war den 19. Januar 2017 beim 47. WEF-Sommet zu Davos. An der Dagesuerdnung gouf et als “e Gespréich mam Google-Grënner Sergey Brin iwwer Féierung, Entrepreneursgeescht an déi véiert industriell Revolutioun” beschriwwen. D’AFP konnt keng Hiweiser op weider ëffentlech Treffe vum Brin a Schwab nom 19. Januar 2017 fannen. Eng Sich am Internet huet just Resultater iwwer d’Gespréich um deemolege Sommet gewisen, dat a voller Längt op dem offizielle YouTube-Kanal vum WEF verëffentlecht ass (hei archivéiert).

Doran ass ze gesinn, dass de Schwab am Gespréich d’Roll vum Moderator anhëlt an dem Brin Froe stellt. Seng éischt Fro huet déi nächst Grenz vun der véierter industrieller Revolutioun betraff – e Sujet, iwwer deen de Schwab 2016 och e Buch geschriwwen huet. De Brin huet doropshin iwwer Innovatioune bei Google an d’Entwécklung vu Kënschtlecher Intelligenz geschwat, déi senger Meenung no “d’Fortsetzung vun der Automatiséierung ass, déi mir an de leschten zweehonnert Joer erlieft hunn”. Hien huet och hir Auswierkung op d’Biologie, d’Gesondheetswiesen, d’Ekonomie an d’Gesellschaft insgesamt beschriwwen.

Den Deel aus dem Video, deen aus dem Kontext gerappt ass, fänkt bei Minutt 9:56 un. De Schwab fänkt am Originalvideo mat dëse Wierder un: “Mir wëssen nach net, wéi d’Technologie ausgesi wäert. Awer eng Angscht, vun där ech héieren hunn, ass, dass d’Technologie elo – an digital Technologien – haaptsächlech eng analytesch Muecht hunn, elo gi mir an eng prediktiv Muecht.” De Schwab erkläert soumat, dëst wär just eng “Angscht” an näischt, fir wat hien astoe géif.

“Mir hunn déi éischt Beispiller gesinn an Är Entreprise huet sech staark doru bedeelegt”, seet hien zum Brin. “Awer den nächste Schratt kéint dora bestoen, an de preskriptive Modus iwwerzegoen, wat bedeit, dass ee keng Wale méi duerchféiere muss, well ee se scho viraussoen an duerno soe kann: ‘Firwat brauche mir d’Walen?’ – well mir wëssen, wéi d’Resultat ausgesi wäert. Kënnt Dir iech esou eng Welt virstellen?”, freet de Schwab ofschléissend.

De Verglach vum gedeelte Clip mam Originalvideo weist, dass den Ufank an de Schluss vum Schwab senger hypotheetescher Fro un de Brin erausgeschnidde goufen. Souwuel d’Äusserung “Awer eng Angscht, vun där ech héieren hunn” am Ufank, wéi och d’Fro “Kënnt Dir iech esou eng Welt virstellen?” um Schluss sinn net am Clip ze héieren.

RTL © AFP

De Brin geet a senger Äntwert op allgemeng Froe vum Zougang vun der Mënschheet zu esou enger Technologie an. Hie raumt an, dass d’Zukunft ongewëss wär an dass sech eis Wäerter, Wënsch a Liewensgewunnechten am Laf vun der Zäit staark verännere kënnen, soudass et fir eis schwiereg wär, se haut ze verstoen. “Et kéint een da weider froen: ‘Majo, firwat brauche mir, Dir wësst schonn, gewielt Representanten?’ – wann ee genausou gutt all Decisiounen treffe kéint? Ech denken, dat ass déi eng Saach. Si woe sech un déifgräifend Froen, wéi ech fannen. Mir hunn haut eng Rei vu Wäerter a Wënsch, déi warscheinlech ganz anescht si wéi virun der industrieller Revolutioun a virun der Agrarrevolutioun”, erkläert de Brin a füügt bäi: “An et kéint sinn, dass d’Aart a Weis, wéi mir et an honnert Joer betruechten, sou vill anescht ass wéi haut, dass et fir eis bal net méi ze erkennen ass.”

Enger Internetsich no huet de Klaus Schwab och nom Gespréich mam Brin den Ersatz vu Walen duerch Kënschtlech Intelligenz ëffentlech net ënnerstëtzt.

Fazit: De Klaus Schwab huet net gesot, Wale sollten duerch Kënschtlech Intelligenz ersat ginn. Eng Ausso um WEF-Jorestreffen 2017 gëtt a verkierzter Versioun a sozialen Netzwierker gedeelt. Se ass Deel vun enger hypotheetescher Fro un de Google-Matgrënner Sergey Brin wärend engem gemeinsame Gespréich zu Davos.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.