Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: De leschten Ausbroch vum Ätna huet net méi CO2 emittéiert wéi d’Mënschheet jeemools

Faktencheck: De leschten Ausbroch vum Ätna huet net méi CO2 emittéiert wéi d'Mënschheet jeemools - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’CO2-Emissiounen, déi beim jéngsten Ausbroch vum Ätna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer wäit ënner den Emissiounen, déi duerch mënschlech Aktivitéite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee wärend Stonnen ausgebrach war, heescht et a Bäiträg op de sozialen Netzwierker, dëse Phenomen hätt “méi CO2 emittéiert, wéi de Mënsch jee produzéiert hätt”. Dat stëmmt awer net.

Vill Tweets, déi e puer dausend Mol an diverse Sprooche gedeelt goufen – dacks mat engem Video vun engem ausbriechende Vulkan mat Dampwolleken -, si vu Kommentare begleet, déi d’Emissioune vum Mënsch relativéieren an d’Klimapolitik uprangeren.

Et kann ee Vulkaner net besteieren“, steet mat enger gewësser Ironie op Englesch an engem Tweet, deen zanter dem 25. Mee méi wéi 5.000 Mol gedeelt gouf an e “Kampf géint de Klimawandel” uprangert, deen d’Mënschen zwénge géif, “eis Autoen opzeginn, net ze fléien an Insekten ze iessen“.

Dësen Tweet gouf de 25. Mee ënnert anerem vum Silvano Trotta gedeelt, dee wärend der Covid-19-Pandemie heefeg Konspiratiounstheorië verbreet hat an an der Tëschenzäit och zu engem vun de wichtegste franséische Vermëttler fir klimaschiedlech Argumenter op Twitter ginn ass (z.B. hei).

RTL © AFP

Aner Tweets, déi de selwechten englesche Bäitrag deelen, füge bäi, dass “een eenzegen Ausbroch wéi dësen an e puer Deeg déi jorelaang Beméiunge vun der ‘Dekarboniséierung’ an Europa zerstéiert“.

Mënschlech Emissioune “40- bis 100-mal méi héich wéi all vulkanesch Emissioune” pro Joer

Awer dës Behaaptunge si falsch: Ofgesi vun der Aktivitéit vum Ätna, sinn déi järlech Kuelendioxidemissioune vun alle Vulkaner effektiv wäit méi geréng, wéi déi anthropogen (déi vum Mënsch gemaach) Emissiounen an engem Joer, wéi d’Fuerscher, déi vun der AFP befrot goufen, erkläert hunn.

“D’CO2-Emissioune pro Joer aus fossille Brennstoffer a Bëschbränn si (jee no Joer) 40- bis 100-mol méi héich, wéi all vulkanesch Emissiounen zesummen”, sot d’Cathy Clervaux, Fuerschungsdirektesch vum CNRS, de 26. Mee 2023 der AFP.

Déi befrot Chercheure stëtze sech op Zuele vum Deep Carbon Observatory (DCO), enger Ekipp vu 500 Wëssenschaftler, déi sech mat den CO2-Emissiounen op der Äerd befaassen an detailléiert ënnersichen, wéi Kuelestoff duerch natierlech oder mënschlech Prozesser gespäichert, emittéiert an nees absorbéiert gëtt.

An enger Rei vun Etüden, déi 2019 an der Zäitschrëft “Elements” verëffentlecht goufen, erkläert den DCO, dass Vulkaner zwar e groussen Undeel un de weltwäiten CO2-Emissiounen hunn, awer dass hir Responsabilitéit fir d’Stéierung vum Klima wäitaus méi geréng ass, wéi déi anthropogen Emissiounen.

D’CO2-Emissiounen, déi all Joer duerch (schlofend oder ausbriechend) Vulkaner fräigesat ginn, leien a Wierklechkeet duerchschnëttlech tëscht 0,28 an 0,36 Gigatonne pro Joer. Mënschlech Aktivitéiten (Verkéier, Industrie, Landwirtschaft, Hëtzen, asw.) hunn hirersäits am Joer 2022 40,6 Gigatonnen CO2 emittéiert, sou de Global Carbon Project (Link hei archivéiert).

“Klimaskeptiker stierze sech op Vulkaner a betruechte se als méiglech gréisser CO2-Emittenten, awer dat ass einfach net de Fall”, hat d’Marie Edmonds, Co-Autorin vun der Etüd a Fuerschungsdirektesch vum Departement fir Geowëssenschaften op der University of Cambridge, der AFP bei der Verëffentlechung vun der Etüd vum Deep Carbon Observatory erkläert (Archiv).

RTL © AFP

Den CO2, dee beim Ausbroch vum Ätna fräigesat gouf, ass wäit ewech vun de järlechen anthropogenen Emissiounen

Wat ass, wann een nëmmen d’Aktivitéit vum Ätna isoléiert, ee vun den aktiivste Vulkaner an ee vun de gréissten CO2-Emittenten? “E Vulkan wéi den Ätna emittéiert duerchschnëttlech ongeféier 5.000 Tonnen CO2 pro Dag”, sot de Patrick Allard, Fuerschungsdirekter vum CNRS um Insitut physique du globe zu Paräis (IPGP) a Co-Auteur vun der DCO-Etüd vun 2019, de 26. Mee 2023 der AFP géigeniwwer. Allerdéngs klammen d’CO2-Emissiounen am Fall vun engem Ausbroch staark.

Bei der leschter Eruptioun am Mee konnt d’Héicht vun den CO2-Emissiounen net vum Institut National de Géophysique et Volcanologie (INGV), dee fir d’Observatioun vum Ätna zoustänneg ass, bestëmmt ginn. De Grond: schlecht Wieder, huet de Patrick Allard erkläert, dee sech iwwer d’Behaaptungen an de Publikatiounen am Internet an de leschten Deeg wonnert, obwuel keng Donnéeë virleien.

De Fuerscher, deen e puermol am a ronderëm den Ätna geschafft huet, erkläert awer, dass “eng Eruptioun vun dësem Ausmooss fir e Vulkan mat besonnesch CO2-räichem Magma wéi dem Ätna ongeféier 30.000 Tonne pro Dag produzéiere kann. Obwuel ee weess, dass d’Eruptioun net esou laang dauere kann.”

Dës Zuel ass wäit ewech vun de 40 Milliarden Tonnen, déi pro Joer duerch mënschlech Aktivitéiten emittéiert ginn, dat heescht iwwer 110 Milliounen Tonne pro Dag.

E Video vun 2021

Ausserdeem staamt de Video, dee mat dem Bäitrag gedeelt gouf, aus dem Joer 2021. D’AFP huet nämlech iwwer eng ëmgekéiert Billersich en identesche Video fonnt, deen de 16. Februar 2021 op Facebook gepost gouf (Link hei archivéiert).

Den Auteur vun der Opnam gouf vun der AFP kontaktéiert an huet confirméiert, dass de Video mat engem Vulkanausbroch aus dem Joer 2021 iwwereneestëmmt.

Doriwwer eraus huet sech d’Eruptioun vum 21. Mee 2023 vun där vun 2021 ënnerscheet, well se méi dréif war an och Äschen dobäi waren, an och d’Lava war manner gutt siichtbar am Verglach zu der Eruptioun am Februar 2021, wéi aus de Rapporte vum Nationalen Institut fir Geophysik a Vulkanologie vum Ätna-Observatoire ervirgeet (12).

RTL © AFP

Et ass net déi éischt Kéier, dass esou Behaaptungen iwwer vulkanesch Aktivitéit am Ëmlaf sinn. An de leschte Joren huet d’AFP eng Rëtsch änlech Behaaptungen iwwer aner Eruptiounen an Indonesien oder zu La Palma iwwerpréift.

RTL © AFP

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.