Scroll Top

Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d’global Erwiermung gegrënnt

Faktencheck: De Weltklimarot gouf als Reaktioun op d'global Erwiermung gegrënnt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

De Weltklimarot (IPCC) gëtt ëmmer nees zum Zil vu klimaskepteschen Desinformatiounen. Aktuell ass e “Sharepic” a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf, mat deem User e kausalen Zesummenhang tëscht klammenden Temperaturen an der Grënnung vum IPCC am Joer 1988 implizéieren.

Mee wéi Fachleit confirméiert hunn a wéi aus enger Rei Fuerschungsaarbechten ervirgeet, gouf de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel scho laang virun der Grënnung vum Weltklimarot festgestallt.

De Weltklimarot (IPCC) gëtt a klimaskeptesche Kreesser ëmmer nees diffaméiert. De 4. Dezember 2024 huet e Facebook-Notzer geschriwwen: “Loosst iech kee Blödsinn erziele vun den dubiéisen Institutiounen, déi iech d’Suen aus der Täsch zéien, wéi de Weltklimarot.” Nieft dem Text huet hien e Sharepic gepost, deen zënter Enn Oktober 2024 dausendfach a Sozialen Netzwierker verbreet gouf. Ënner dem Titel “Temperatur-Hausse an Europa” weist en eng Grafik mam Temperaturverlaf vun de leschten 100 Joer, woubäi eng staark Hausse ab den 1980er-Joren ze gesinn ass. Mat roude Feiler ass d’Joer 1988 markéiert an als “Grënnung vum Weltklimarot” ausgewisen.

“Wann (…) Temperature grad an deem Moment klammen, wéi de Weltklimarot gegrënnt gouf, deem säin Zil et ass, de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel ze beleeën, weess een, dass ee veraascht gëtt”, huet en Telegram-Notzer den 2. November 2024 e bal identesche Sharepic kommentéiert, dee sech just duerch de Schrëftzuch “Petr Bystron MdEP” am rietsen ënneschten Eck ënnerscheet. Op Threads, X an Instagram ass de Sharepic och am Ëmlaf, deelweis mat an ouni Schrëftzuch iwwer de Petr Bystron.

RTL © AFP

De Politiker Petr Bystron, dee fir déi däitsch Partei AfD, déi vum däitsche Verfassungsschutz als rietsextreeme Verdachtsfall agestuuft ass, am Europäesche Parlament sëtzt, hat d’Grafik den 28. Oktober 2024 op sengem Facebook-Account publizéiert. “Huet anscheinend näischt bruecht, vum Trabi op den E-Auto ëmzeklammen?”, huet de Bystron dozou geschriwwen. Och de Schwäizer Volkspartei-Politiker an Nationalrat (Deputéiertern an der Schwäiz, Um. v. d. Red.) Andreas Glarner hat de Sharepic den 30. Oktober 2024 op sengem X-Account gedeelt.

Mat Hëllef vun enger ëmgekéierter Billersich an enger erweiderter Stéchwierdersich konnt d’AFP kee Post mat dësem Sharepic fannen, dee méi al ass wéi dem Bystron säi Bäitrag.

Vertrauenswierdeg Grafik gouf tendenziéis beaarbecht

An e puer vun de Bäiträg gëtt als Quell vun der Grafik d’amerikanesch Ozean- und Atmosphärenbehörde (NOAA) genannt, där hiert Waasserzeechen och op dem kurséierende Sharepic ze erkennen ass. An tatsächlech ass d’Grafik op der NOAA-Websäit ze fannen (hei archivéiert).

Eng ervirgehuewe Markéierung fir d’Joer 1988 souwéi eng Erwänung vum Weltklimarot sinn op der Originalgrafik awer net ze fannen:

RTL © AFP

Der NOAA-Websäit no weist d’Grafik d’Temperaturentwécklung an Europa fir den Zäitraum 1924 bis 2024. D’Miessdonnéeë koume vun dausende Wiederstatioune weltwäit.

De Peter Hoffmann, Meteorolog a Fuerscher um Potsdam Institut für Klimafolgenforschung (PIK), huet den 19. Dezember 2024 géintiwwer der AFP confirméiert, dass d’NOAA-Grafik e realistescht Bild vun den Temperaturverännerungen an Europa weise géif. D’rout a blo agefierft Grafikfläche weise keng Duerchschnëttstemperature vun den eenzele Joren un. Se weise villméi d’Ofwäichunge pro Joer vum Temperaturmëttelwäert vun de Joren 1910 bis 2000. Temperaturofweechungen, déi méi héich si wéi de Mëttelwäert, goufen dobäi rout ervirgehuewen, méi niddreger blo.

“Et gëtt däitlech, dass sech d’Erwiermung an de leschte Joerzéngten acceleréiert huet”, huet den Hoffmann per E-Mail erkläert. Am Joer 2024 ass d’Ofwäichung der Grafik no op ongeféier 2 Grad géintiwwer dem Referenzzäitraum geklommen.

“Am Verglach zu de globalen Entwécklunge weist se (d’Grafik, Um. v. d. Red.) ausserdeem eng méi staark Hausse vun der Temperatur an Europa”, huet den Hoffmann bäigefüügt. Dëst wär mat der Tatsaach z’erklären, dass sech d’Loft iwwer Landmasse grondsätzlech méi staark erwiermt wéi iwwer Ozeanen (hei archivéiert).

D’Undeitung, déi mam Sharepic vermëttelt gi soll, d’global Erwiermung hätt eréischt mat der Grënnung vum Weltklimarot am Joer 1988 ugefaangen, ass awer falsch, wéi Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler iwwereneestëmmend erkläert hunn.

Global Erwiermung huet scho virun 1988 ugefaangen

Den Donnéeë vum Copernicus-Klimadéngscht vun der Europäescher Unioun no sinn d’Temperaturen an Europa schonn zënter dem Enn vum 19. Joerhonnert geklommen. Dës Hausse huet sech awer besonnesch an de leschte 40 Joer acceleréiert. D’Joer 2024 wäert de Copernicus-Prognosen no mat gréisster Warscheinlechkeet als bis elo wäermst Joer zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen an d’Geschicht agoen. Och weltwäit erhéicht sech d’Vitess vun der Erwiermung zënter den 1980er-Joren, wéi eng Copernicus-Iwwersiicht weist:

RTL © AFP

D’Weltorganisation fir Meteorologie (WMO) huet matgedeelt, dass déi lescht Dekad (2011 bis 2020) mat Ofstand dat wäermst Joerzéngt zënter den Opzeechnunge war – souwuel u Land wéi och am Ozean.

Donnéeë vun der amerikanescher Weltraumagence NASA beleeën dës Entwécklung och. “Eendeiteg Beweiser weisen, dass sech d’Äerd mat enger beispillloser Vitess erwiermt. Mënschlech Aktivitéite sinn dofir d’Haaptursaach”, heescht et op der Internetsäit vun der NASA. Zu dëse mënschlechen Aktivitéiten zielen zum Beispill den ëmmer méi staarken Ausstouss vun Zäregasen zënter dem Ufank vun der Industrialiséierung, d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer, d’Ofholze vu Bëscher, d’Ausbreede vun der Landwirtschaft a méi intensiv Déierenzuucht.

Iwwer de mënschlechen Afloss op de Klimawandel herrscht wëssenschaftleche Konsens, wéi d’AFP schonn an enger Rei Faktenchecken festgestallt huet. Eng Rëtsch Experten, déi vun der AFP befrot goufen, hunn dat ëmmer nees confirméiert. Sou huet zum Beispill de Stefan Brönnimann, Professer fir Klimatologie um Geographischen Institut vun der Universität Bern, fir e Faktencheck iwwer den Undeel vum Mënsch un der aktueller Äerderwiermung géintiwwer der AFP gesot: “De Mënsch dréit zum majoritären Deel zum oflafende Klimawanel bäi”. Den Aiko Voigt, Professer um Institut für Meteorologie und Geophysik vun der Universität Wien, sot an dësem Zesummenhang: “Natierlech Undriffsfacteure spille praktesch keng Roll.”

De Matthias Mauder, Professer fir Meteorologie op der Technischen Universität Dresden, sot der AFP fir e weidere Faktencheck am Joer 2022: “Dës Erwiermung wär ouni d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer net denkbar. Soulaang d’Mënschheet weiderhin CO2 duerch d’Verbrenne vu fossille Brennstoffer an d’Atmosphär emittéiert, wäert dës Erwiermung weidergoen.”

Am Februar 2024 huet de Klimafuerscher Jens Tambke vum däitschen Umweltbundesamt op AFP-Ufro fir e Faktencheck geäntwert, dass 33 Prozent vum CO2 an der Atmosphär vum Mënsch gemaach wären. “An et wären theoreetesch souguer 50 Prozent, wann d’Ozeanen an d’Landflächen eis net (…) all Joer ongeféier d’Hallschent vun eisen Emissiounen dankenswäerterweis ‘ofhuele’ géifen.”

IPCC gouf wéinst der Äerderwiermung gegrënnt

De Weltklimarot gouf am Joer 1988 duerch den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNEP) an d’WMO gegrënnt. Dem Renseignement vun der Däitscher IPCC-Koordinéierung no hate Fuerscherinnen a Fuerscher ab der Mëtt vum 20. Joerhonnert méi dacks festgestallt, dass sech d’Atmosphär an ongewéinlechem Mooss erwiermt an dass mënschlech Aktivitéiten, wéi de méi staarken Ausstouss vun Zäregasen, eng Ursaach dofir si kéinten. “Zil war et ze klären, wat fir eng Gefor vum Klimawandel ausgeet a wéi dorop reagéiert kéint ginn”, sou d’Spriecherin vun der Däitscher IPCC-Koordinéierung op AFP-Nofro den 18. Dezember 2024. De Weltklimarot géif awer keng eege Fuerschung bedreiwen, mee géif déi weltwäit verëffentlecht Erkenntnisser vu Klimawëssenschaften zesummendroen, fir dës wëssenschaftlech anzeuerdnen.

Den IPCC publizéiert reegelméisseg Rapporten, déi an der Wëssenschaftscommunautéit als neutral, zouverlässeg an unerkannt Quell fir d’global Erwiermung an den aktuelle Stand vun de Klimawëssenschaften ugesi ginn. Bei internationale Verhandlungen iwwer Klimapolitik leeschten d’IPCC-Rapporten e wichtege Bäitrag.

Am éischten Deel vum sechste Sachstandsbericht, deen den 9. August 2021 publizéiert gi war, gouf festgehalen, dass déi lescht véier Joerzéngte jeeweils méi waarm ware wéi all Joerzéngt virdrun zënter 1850. Am Bericht heescht et ausserdeem: “Et ass eendeiteg, dass den Afloss vum Mënsch d’Atmosphär, Ozeanen an d’Landflächen erwiermt huet.”

Dësen am Internet kurséierende Behaaptungen, deenen no et keen Zoufall si kéint, dass ausgerechent ab dem Grënnungsjoer vum IPCC d’Temperaturen däitlech ze klammen ugefaangen hunn, huet d’Spriecherin vun der IPCC-Koordinéierung däitlech widdersprach: “D’Kausalitéit ass de Géigendeel wéi an de Bäiträg implizéiert: Den IPCC gouf gegrënnt, well vermutt gouf, dass d’Temperature klammen”, huet si geschriwwen.

RTL © AFP

Och de Peter Hoffmann vum PIK huet déi am Internet kurséierend Behaaptungen als “aus naturwëssenschaftlecher Perspektiv onsënneg a komplett widderspréchlech zu Prozesser, déi no physikalesche Reegelen an Naturgesetzer oflafen” bezeechent.

D’Tatsaach, dass den IPCC scho viru 36 Joer gegrënnt gouf a sech d’Äerd trotzdeem a beängschtegender Vitess weider erwierme géif, géif villméi däitlech maachen, “dass d’Accumuléiere vun Erkenntnisser aus der Klima-Wëssenschaft net duergeet, fir de Klimawandel ofzebremsen”, sou den Hoffmann. “Dofir brauch et politescht Handelen iwwer d’Landesgrenzen eraus, wat offensichtlech an de leschte Joerzéngten net spierbar stattfonnt huet.”

Op der  AFP-Websäit sinn alleguer d’Faktenchecken zum Sujet Klima gesammelt.

Fazit: Eng Rëtsch Fuerschungsaarbechten a Miess-Donnéeë beleeën, dass d’global Erwiermung scho laang virun der Grënnung vum IPCC am Joer 1988 ugefaangen huet. Den IPCC gouf als Reaktioun op d’observéiert Äerderwiermung gegrënnt. Et herrscht wëssenschaftleche Konsens doriwwer, dass mënschlech Aktivitéiten zum groussen Deel fir de Klimawandel responsabel sinn.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.