Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Demonstrant vu “Letzte Generation” huet seng Hand nach

Faktencheck: Demonstrant vu "Letzte Generation" huet seng Hand nach - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Klimaaktivistinnen an -aktiviste vun der däitscher Organisatioun “Letzte Generation” peche sech reegelméisseg op Stroosse fest, fir mediewierksam géint d’Ëmweltpolitik vun der däitscher Regierung ze protestéieren.

Den Aktivist sot der AFP awer, dass hie seng Hand spéider selwer vun de Stécker hätt befreie kënnen, net medezinesch versuergt gi wär a seng Hand behalen hätt.

Dosende User hunn d’Behaaptung zanter dem 9. Dezember 2022 op Facebook gedeelt.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 12. Januar 2023

Déi “Letzte Generation” ass eng Beweegung, déi géint fossil Brennstoffer demonstréiert an d’Regierung mat mediewierksamen Aktiounen zu enger Vitesselimite vun 100 Stonnekilometer op Autobunnen an engem 9-Euro-Ticket fir den ëffentlechen Transport beweege wëll. Bei deenen Aktioune peche sech d’Membere vum Mouvement ënner anerem op Autobunnen, hunn d’Landebunne vum Münchener Fluchhafe blockéiert, sech u Konschtwierker gepecht a Parteizentrale beschmiert. Dat féiert ëmmer nees zu Kritik un den Aktiounen an zu der Bezeechnung “Klimaterroristen”.

Bei engem Protest den 9. Dezember 2022 hu sech eng Rei Aktivistinnen an Aktivisten op der Alicenbréck zu Mainz un der Strooss festgepecht. Ee vun den Aktivisten huet Sekundenkleber mat Sand vermëscht, wat dozou féiert, dass en net mat Ueleg a Waasser vun der Strooss geléist konnt ginn. Dat hat als Konsequenz, dass hie mat enger Trennscheif huet musse befreit ginn. Sekundenkleber léisst sech och mat Waasser, Seef an Ueleg vun der Haut léisen. Dat dauert awer méi laang.

Hand gouf net amputéiert

D’AFP huet den 11. Januar 2023 mam Aktivist Raúl Semmler geschwat. Hien huet erkläert: “Ech hu mech un d’Strooss geklieft. D’Police huet du ganz laang gebraucht, fir mech mat Ueleg ze befreien an et huet wéi gedoen. Dowéinst war et engersäits en Zäitfacteur an anerersäits e Facteur vu Péng ze soen ‘Okay, da musse mir d’Flex huelen’.” Hien hätt de Koll doheem selwer erofkritt.

“Ech hunn dat doheem du mat Waasser an Ueleg erofkritt. Dat huet maximal eng hallef Stonn gedauert”, sot hie weider. “Zu kengem Zäitpunkt stoung eng Amputatioun am Raum. Et gouf eng Ambulancière, déi sot, es kéint eeschthaft Konsequenze fir meng Hand ginn. Awer ech kennen d’Kollen an hunn déi scho virdrun u menger Hand gehat.”

Den 12. Januar huet de Semmler der AFP, wéi ofgemaach, eng Foto mat der Beschrëftung “AFP 01/2023” zougeschéckt, déi beleet, dass et sech ëm eng aktuell Foto handelt. Dorop ass seng riets Hand ze gesinn, un där nach Makadammsstécker vun der Aktioun gepecht hunn. Seng lénks Hand war net ugepecht, well hien domat wärend der Aktioun e Banner ugehalen huet.

RTL Foto der nicht amputierten Hand von Raúl Semmler: 12. Januar 2023, Foto: Raúl Semmler

An de Bäiträg ass kee Beweis fir eng angeeblech Amputatioun ze fannen. De Ralf Peteranwahr, Spriecher vun der Stad Mainz, huet der AFP op Ufro den 13. Januar 2023 matgedeelt: “Dës Geschicht ass definitiv eng Falschmeldung.” Déi Amputatioun, déi et anscheinend gouf, géif net der Realitéit entspriechen. Hien huet och op spéider Aktiounen an der Stad verwisen, bei deenen de Semmler ze gesi war.

Och de Rinaldo Roberto, Porte-parole vun der Mainzer Police, huet de selwechten Dag erkläert, dass der Police keng Informatioune virléichen, dass beim Semmler e Schued un der Hand entstane wär. Och hien huet op eng spéider Aktioun verwisen, bei där “béid Hänn existent waren”.

Schonn de 26. Dezember 2022 war de Semmler an engem Videointerview mat RTL Däitschland ze gesinn, an deem ze gesinn ass, dass d’Stroossereschter vu senger Hand erofgeholl goufen.

Fazit: D’Hand vum Aktivist, deen Ufank Dezember 2022 aus enger Strooss zu Mainz huet mussen erausgeschnidde ginn, musst net amputéiert ginn. Hie konnt seng Hand vum Koll a vum Makadamm mat Ueleg a Waasser befreien. Eng Foto, déi hien un d’AFP geschéckt huet, beleet, dass seng Hand, déi ugepecht war, net amputéiert gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat an adaptéiert.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.