Scroll Top

Faktencheck: Desinformatioun huet d’Flutkatastroph a Spuenien verschäerft

Faktencheck: Desinformatioun huet d'Flutkatastroph a Spuenien verschäerft - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Wärend d’Iwwerschwemmungen nach ganz Dierfer an der Regioun Valencia an anere Géigende vu Spuenien zerstéiert hunn, goufen a sozialen Netzwierker scho geféierlech a schiedegend Noriichte gedeelt. Zum Beispill goung vu falsche Warnmeldunge rieds, spéider koume falsch Statements vu Klimawandelleegner dobäi. D’Autoritéiten hu sech doduerch gezwonge gesinn, géint dës Falschmeldunge virzegoen.

Eng Woch no der Flutkatastroph am Südoste vu Spuenien goufen 219 Doudeger an 89 Vermësster gezielt. Op verschiddene Plaze war sou vill Ree gefall wéi soss an engem ganze Joer.

Nieft offizielle Warnungen hu sech a sozialen Netzwierker och doutéis Meldunge verbreet, déi de Risiko mat sech bruecht hunn, nach méi Panik auszeléisen an d’Aarbecht vun de Pompjeeën, der Police an dem Gesondheetspersonal op der Plaz ze behënneren. Hei ass beispillsweis en Evakuatiounsavis fir Leit, déi zu Valencia laanscht d’Flëss Magro a Mijares wunnen, ze nennen: D’Autoritéiten hunn d’Awunner zwar den 29. Oktober 2024 am Nomëtteg gewarnt, sech vun de Flossuferen ewechzehalen, an enger Falschmeldung gouf awer behaapt, dass si d’Mënschen e puer Stonne méi spéit opgefuerdert hunn, hir Haiser ze verloossen.

D’Virtual Operations Support Team (VOST) huet géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Gefor bestéing, dass Leit, déi a Flutgebidder liewen, a Panik geroden an “onkoordinéiert d’Stad verloosse” wëllen, woubäi si dann op Stroossen ënnerwee sinn, déi méiglecherweis vum Ree zerstéiert goufen, a soumat “den Zougang fir Rettungsgefierer blockéieren”. VOST ass en Zesummeschloss vu Fräiwëllegen, déi a Krisenzäite Sozial Netzwierker iwwerwaachen.

Geneesou geféierlech fir d’ëffentlech Sécherheet ass d’Noriicht iwwer eng gefälscht Noutruffnummer, déi am Internet verbreet gouf. Et sollt een dës uruffen, wann d’offiziell Nummer (112) net erreechbar ass.

D’Quantitéit un Desinformatioun an den éischten Deeg vun der Flutkatastroph war sou grouss, dass de Regionalpresident vu Valencia, de Carlos Mazón, an de Chef vun de Pompjeeën, de José Miguel Basset, hunn dorop reagéiere mussen: “Dës ‘Fakenews’, déi an Ëmlaf bruecht goufen, hunn eis viru grouss Problemer gestallt. Déi doran ernimmt Evakuéierungen, Iwwerschwemmungen an Dammbréch huet et nämlech alleguer net ginn – d’Aarbecht vun der Noutfallekipp gouf duerch dës Falschmeldungen erhieflech gestéiert”, sou de Chef vun de Pompjeeën.

Scholdzouweisungen duerch Klimawandelleegner

Bei d’Roserei an d’Frustratioun koum nach d’Sich no de vermeintleche Schëllegen dobäi. Dobäi koum en a Spuenien gängegen Desinformatiounsnarrativ an d’Spill: d’angeeblech “Zerstéierung vu Staudämm”, déi d’Regierung vum Pedro Sánchez ordonéiert hu soll, hätt d’Tragedie nach verschlëmmert.

A Spuenien gouf an de leschte Joren awer kee grousse Stauséi ofgerappt. Allerdéngs goufen alternativ Flossleef a Waasserfäll eliminéiert – also Hindernisser fir Flëss, déi Waasser späicheren oder zeréckhalen. Dat wären awer just e puer gewiescht, déi net méi genotzt goufen oder verfall waren an Iwwerschwemmungen hätten ausléisen oder verschlëmmere kënnen, sou de César Rodríguez vun der Associatioun “AEMS-Ríos con Vida” géintiwwer der AFP am Joer 2023.

Ausserdeem hu vill Notzer a Sozialen Netzwierker behaapt, dass Geoengineering hannert der Flutkatastroph stieche géif – an de vum Mënsch gemaache Klimawandel, dee si bestreiden, näischt domat ze dinn hätt. D’Wëssenschaft ass awer eendeiteg: Weeder déi angeeblech “Chemtrails” (Kondenssträifen, déi vu Fligeren hannerlooss ginn), nach de Projet HAARP (deen d’Ionosphär ënnersicht an net d’Wieder manipuléiert) sinn d’Ursaach fir d’Flutkatastroph, déi eng Konsequenz vum Klimawandel ass, dee vum Mënsch ausgeléist gouf a weiderhi gëtt.

Laut den Donnéeë vun der World Weather Attribution, déi den Zesummenhang tëscht extreeme Wiederphenomeener an dem Klimawandel ënnersicht, ware dëse Staarkreen 12 Prozent méi staark wéi virun der globaler Erwiermung. “De Klimawandel bréngt ëm, wéi mir a Spuenien elo op tragesch Manéier hu misse gesinn”, sot de Pedro Sánchez an huet d’Géigner a Leegner vum Klimawandel kritiséiert.

Wann aus Onvirstellbarkeet Roserei gëtt

D’Visitt vum spuenesche Kinnekspuer, dat zesumme mam Sánchez an dem Mazón eng vun de betraffe Stied an der Regioun Valencia besicht huet, huet en “Ausbroch vu Roserei” ausgeléist, dee sech och an Desinformatiounen erëmgespigelt huet. Et war eng Foto vun engem Konvoi vu Policegefierer mat der Behaaptung am Ëmlaf, et géif sech ëm d’Eskort vum Kinnek Filipe VI. handelen, awer et war e Policekonvoi vu Madrid, deen an der Géigend ukomm war.

Desinformatioun gëtt awer net just duerch Roserei oder Leegne geniert, mee och duerch Trauregkeet. Dëst weist e Bild vun engem Pompjee, dee wäit verbreete Meldungen no “gekrasch” huet, nodeem hien d’Déifgarage vun engem Akafszenter “um Buedem zerstéiert” verlooss hat.

Op Nofro vun der AFP huet de Fotograf vum Bild confirméiert, dass et sech net ëm e kräischende Gest gehandelt huet, mee ëm Middegkeet. “Et gouf eng Falschmeldung verbreet, déi besot, dass sech an der Déifgarage vill Läiche befanne géifen. Dat stëmmt net”, sot de Generaldirekter vun der Police, de Francisco Pardo.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.