Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: D’EU huet den Ufank vun der Summerzäit net wéinst dem Ramadan verréckelt

Faktencheck: D'EU huet den Ufank vun der Summerzäit net wéinst dem Ramadan verréckelt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

An der Nuecht op den 31. Mäerz 2024 ginn d’Aueren op Summerzäit ëmgestallt. Dësen Datum fält dëst Joer an de muslimesche Faaschtemount Ramadan.

Déi presuméiert Meldung staamt vun enger Satiresäit. Ausserdeem reegelt en EU-Gesetz de geneeën Datum vun der Zäitëmstellung an de Memberstaaten. D’Europäesch Kommissioun huet d’Falschbehaaptung als “Onsënn” bezeechent.

“Breaking News: EU setzt Zäitëmstellung bis nom Ramadan aus” ass op engem Screenshot vun engem Artikel ze liesen, deen Enn Mäerz 2024 an engem Bäitrag op Facebook gedeelt gëtt. An engem Video op TikTok gëtt erkläert, “aus Récksiicht op Mosleme geschitt d’Zäitëmstellung op d’Summerzäit eréischt nom Ramadan”. Sou kéinte “Leit, déi faaschten, eng Stonn méi laang iessen”.

RTL © AFP

D’Behaaptung ass awer fräi erfonnt.

Eng ëmgekéiert Billersich vum gedeelte Screenshot féiert zu engem Artikel op der Websäit “noktara.de” mat der selwechter Iwwerschrëft (hei archivéiert). Deemno hätt d’Europäesch Kommissioun d’Entscheedung getraff, d’Zäitëmstellung op d’Summerzäit op nom Ramadan ze verréckelen. Dat géif fir all d’Memberstaate gëllen.

Op hirer Websäit erklären d’Autorinnen an d’Auteure vun “noktara.de” awer, dass et sech bei hiren Artikelen ëm Satir handele géif a se fräi erfonnt wären (hei archivéiert). Den Hiweis op Satir ass an de Bäiträg an de sozialen Netzwierker net vermierkt.

Datum vun der Zäitëmstellung gesetzlech gereegelt

Op Ufro vun der AFP huet eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun an enger E-Mail vum 26. Mäerz 2024 erkläert: “Dës Behaaptung ass Onsënn.” Aktuell géif d’Zäitëmstellung an der Europäescher Unioun duerch e Gesetz aus dem Joer 2001 gereegelt, dat d’Europäescht Parlament an de Rot votéiert hunn. De Gesetzestext ass och online ze fannen (hei archivéiert). Deemno stellen all d’Memberstaate vun der EU d’Aueren de leschte Sonndeg am Mäerz op Summerzäit ëm, de leschte Sonndeg am Oktober ass et nees de Wiessel zeréck op d’Standardzäit, also d’Wanterzäit. “Dat huet weeder eppes mat reliéisen Evenementer ze dinn, nach brauch et e Beschloss vun der Kommissioun”, huet d’Spriecherin erkläert.

Just an ongeféier engem Drëttel vun alle Länner weltwäit gëtt et dës Zäitëmstellung: an den EU-Staaten, an Deeler vun den USA a Kanada souwéi Latäinamerika an der Karibik.

An dësem Joer fält d’Zäitëmstellung soumat op den 31. Mäerz 2024. D’Auere ginn dobäi vun 2 Auer op 3 Auer no vir gestallt. An engem Rhythmus vu fënnef Joer verëffentlecht z.B. dat däitscht Bundesministerium für Wirtschaft und Klimaschutz och de jeeweilegen Ufank an d’Enn vun der Summerzäit am Journal Bundesanzeiger. De Wiessel zeréck op d’Wanterzäit fënnt am Joer 2024 de 27. Oktober statt. Och Medie berichten iwwer dësen Datum.

Zäitraum vum Faaschte riicht sech nom Sonnestand

Am Joer 2024 huet de Ramadan den 11. Mäerz ugefaangen a geet no ronn véier Wochen den 10. Abrëll mam Fest vum Faaschtebriechen op en Enn. De Ramadan ass den néngte Mount am islamesche Kalenner. An dëser Zäit verzichte muslimesch Gleeweger wärend dem Dag op Iessen, Drénken, Fëmmen a Geschlechtsverkéier. Den Zäitraum pro Dag, an deem gefaascht gëtt, riicht sech awer net no der Auerzäit, mee nom Sonnenop- a Sonnenënnergank, wéi z.B. op der Websäit vun der Däitscher Islamkonferenz erkläert gëtt. Der Summerzäit no ass dat den 31. Mäerz 2024 beispillsweis zu Berlin viraussiichtlech um 6.42 Auer an um 19.39 Auer. Géif d’Wanterzäit gëllen, wiere Sonnenopgank a Sonnenënnergank jeeweils eng Stonn méi fréi.

RTL © AFP

An der Europäescher Unioun gëtt zënter enger Rei Joren doriwwer diskutéiert, ob d’Zäitëmstellung ofgeschaaft sollt ginn. Am September 2018 hat d’EU-Kommissioun d’Ofschafung virgeschloen, nodeem Biergerinnen a Bierger souwéi Memberstaaten dat gefuerdert haten. “D’Memberstaate sinn am beschten an der Lag, selwer ze decidéieren, ob se d’Summerzäit oder d’Standardzäit (‘Wanterzäit’) dauerhaft bäibehale wëllen”, sou d’Positioun vun der Kommissioun. Dobäi sollt eng Fragmentéierung a verschidden Zäite vermidde ginn. D’Europäescht Parlament huet de Virschlag ënnerstëtzt. Bis elo hunn d’Memberstaaten am Europäesche Rot nach kee gemeinsame Standpunkt fonnt.

Fazit: D’EU verréckelt d’Zäitëmstellung Enn Mäerz 2024 net op d’Zäit nom Ramadan. D’Behaaptung staamt ursprénglech vun enger Satire-Websäit. Wéini d’Zäit an der EU ëmgestallt gëtt, berout op engem Gesetz vun 2001. D’Europäesch Kommissioun huet d’Falschinformatioun en plus dementéiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.