Scroll Top

Faktencheck: D’Great Barrier Reef ass massiv bedrot, trotz Korallenzouwuess

Faktencheck: D'Great Barrier Reef ass massiv bedrot, trotz Korallenzouwuess - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Dat australescht Great Barrier Reef huet ëmmer nees mat bedrolechen Zuelen iwwer Korallestierwe Schlagzeile gemaach. Trotzdeem behaapte klimaskeptesch Stëmmen a Sozialen Netzwierker, dass am Joer 2024 eng Rekordzuel u Koralle bäikomm wär. Den Informatioune vun der australescher Mieresagence no goufen d’Donnéeë fir 2024 awer nach guer net verëffentlecht.

Expertinnen an Experten hunn ausserdeem erkläert, dass déi réng Zouwuesstauxe keng ausräichend Gréisst fir d’Gesondheet vun engem Riff wären.

“Passt net bei d’Propaganda, awer 2024 gëtt et e Rekord u Korallenzouwuess fir d’Great Barrier Reef baséierend op offiziellen Donnéeën”, schreift en Notzer de 6. Juli 2024 op Facebook. Ausserdeem post hien eng Grafik mat Zouwuesszuele vun der Korallebedeckung, déi angeeblech vum Australeschen Institut fir Miereswëssenschafte (AIMS) stame sollen.

Aner Notzerinnen an Notzer hunn änlech Aussoen an Zuelen op de Plattforme Facebook, X an Telegram gedeelt. Vill verlinken heibäi op e Blog-Artikel vum Europäeschen Institut fir Klima an Energie (EIKE). Och an anere Sproochen ass d’Behaaptung am Ëmlaf, dorënner Englesch, Hollännesch a Franséisch.

RTL © AFP

De Veräin EIKE bedreift en däitschsproochege Blogg, deen an der Vergaangenheet schonn e puermol mat klimaskepteschen Artikelen opgefall ass (heihei). De Bäitrag, deen den 2. Juli 2024 op dëser Säit verëffentlecht gouf, ass d’Iwwersetzung vun engem Text vun der australescher Autorin Joanne Nova. Am engleschsproochegen Original ass en den 29. Juni 2024 erauskomm. D’Nova huet an de leschte Joren ëmmer nees d’Auswierkunge vun der Korallebleech a vun der Versauerung vum Ozean op d’Ekosystemer am Mier zeréckgewisen.

Mee all d’Behaaptungen, de Korallen am Great Barrier Reef géing et am Moment besser wéi jee goen, wären ierféierend, hu Mieresexpertinnen an -experte géintiwwer der AFP erkläert.

Koralle leide massiv ënner der Bleech

“All Ausso, dass sech d’Riff am Moment a sengem beschten Zoustand befënnt, ass falsch – virun allem, wann een déi lescht Bleech consideréiert, déi vill Gebidder, d’Great Barrier Reef mat abegraff, betraff huet”, sot de Peter Mumby vum Zenter fir Miereswëssenschaften op der University of Queensland géintiwwer der AFP den 8. Juli 2024.

Eng Korallebleech fënnt statt, wann d’Waassertemperatur klëmmt an d’Korallen dowéinst mikroskopesch kleng Algen – sougenannt Zooxanthellen – ausstoussen, fir ze iwwerliewen. D’Great Barrier Reef gëllt als de gréisste Koralleriffsystem vun der Äerd. An de Summeren 2023/2024 huet do déi gréisst Häerdebleech zënter dem Ufank vun den Opzeechnunge stattfonnt.

RTL © AFP

An alle Géigende vum Great Barrier Reef sinn extreem Bleechen opgetrueden, déi méi wéi 90 Prozent vum Korallebestand betraff hunn. D’Phenomeen ass un d’Temperaturrekorder gekoppelt an ass zënter 2016 fënnef Mol opgetrueden, verstäerkt duerch déi vum Mënsch gemaach global Äerderwiermung.

Donnéeë fir 2024 stinn nach aus

An den ierféierende Bäiträg ginn Donnéeë vum Australeschen Institut fir Miereswëssenschaften als supposéierte Beweis fir den angeebleche “Rekordwuesstum” vum Korallesystem am Joer 2024 genannt.

E Spriecher vum AIMS huet awer den 9. Juli 2024 géintiwwer der AFP erkläert, dass dës Zuelen net stëmme kéinten. D’Institut hätt nach keng definitiv Donnéeë fir d’Joer 2024 virgeluecht. De Bericht soll eréischt am August 2024 verëffentlecht ginn.

D’Institut hätt schonn en éischten Deel vun den Donnéeën erhuewen, awer dem AIMS-Spriecher no huet de Groussdeel vun dëser Erhiewung virum Héichpunkt vun der Belaaschtung duerch d’Hëtzt an der domat verbonnener Bleech stattfonnt. Déi aktuell Korallebleech wär “eng vun den ëmfangräichsten a gravéierendsten an der Geschicht”. Ausserdeem wär “d’Häerdebleech nach net eriwwer”, firwat et nach ze fréi wär, fir déi komplett Auswierkungen erkennen ze kënnen. “D’Ekippe vum AIMS wäerten am September nees an d’Waasser goen, fir déi komplett Auswierkunge vun der Bleech vun 2024 op d’Korallebedeckung ze dokumentéieren. Dës Ereegnesser gi Mëtt 2025 an eisem Joresrapport iwwer d’Korallebedeckung verëffentlecht”, huet de Spriecher preziséiert.

Korallebedeckung seet nach näischt iwwer d’Gesondheet vun de Korallen aus

Dat Globaalt Netzwierk fir d’Iwwerwaachung vu Koralleriffer analyséiert weltwäit den Zoustand vun der Korallebedeckung. Dësen Donnéeën no léisst sech vun 2009 bis 2018 en däitlechen Trend no ënne bei der Quantitéit u Korallen am Great Barrier Reef beobachten. “Dëse Verloscht spigelt déi kumulativ Auswierkunge vu fréiere Korallebleechen a lokale Belaaschtungen erëm, beispillsweis duerch Mieresverschmotzung, Küstenentwécklung oder iwwerméissegt Fëschen”, sot den AIMS-Spriecher.

RTL © AFP

Dass d’Korallebedeckung am Great Barrier Reef an de leschte Joren zënter 2018 nees e bëssen zougeholl huet, seet awer nach näischt iwwer de generellen Zoustand vum Riff aus, soten Expertinnen an Experte géintiwwer der AFP.

D’Jen McWhorter, Wëssenschaftlerin am Ozeanographeschen a Meteorologesche Labo vum US-Institut fir Ozean- an Atmosphärfuerschung (NOAA),sot den 10. Juli 2024 géintiwwer der AFP, dass en Zouhuele vun der Korallebedeckung “warscheinlech vu verzweigte Koralle kënnt an net representativ fir d’Erhuelung vum Riff als Ganzt ass.”

Och d’Sally Keith, Dozentin fir Mieresbiologie op der University of Lancaster am Vereenegte Kinnekräich, huet der AFP den 10. Juli 2024 matgedeelt, d’Korallebedeckung wär en “einfache Moossstaf”, deen d’Auswierkunge vun Häerdebleechen op a vum Stierwe vu verschiddenen Zorten net erfaasse géif. “D’Zesummesetzung vun de Korallen ass wichteg fir d’Funktionéiere vum Ekosystem an déi grondleeënd Aartevillfalt”, sot d’Keith.

Gravéierend Auswierkunge vun der Bleech

Koralleriffer, wéi d’Great Barrier Reef, existéieren zënter Joerdausenden. Dem Terry Hughes no, Direkter vum Exzellenzzenter vum Australesche Fuerschungsrot fir Etüden iwwer Koralleriffer, wär et dowéinst extreem wichteg ze ënnersichen, wéi sech “d’Mëschung vun den Aarten, déi op an der Géigend vun de Riffer virkommen, a jéngster Zäit verännert huet”. Just esou kéint dokumentéiert ginn, wat fir Auswierkungen Extreemphenomeener, wéi déi aktuell Korallebleechen, op de ganzen Ekosystem am Mier hunn.

De Weltklimarot vun de Vereenten Natioune seet, dass “eng weider Verschlechterung vun de Riffer opgrond vum zukünftege Klimawandel elo onvermeidlech schéngt, mat gravéierende Konsequenze fir aner Ekosystemer am Mier an un der Küst.”

D’AFP huet an der Vergaangenheet schonn aner Behaaptungen iwwer d’Great Barrier Reef iwwerpréift a widderluecht. Faktenchecken zum Sujet Klima sammelt d’AFP hei.

Fazit: D’Behaaptungen, déi am Internet am Ëmlaf sinn, wou gesot gëtt, d’Koralleriffer vum australesche Great Barrier Reef wäre méi gesond wéi jee, sinn ierféierend. D’Aussoe goufe vun engem klimaskeptesche Blog verbreet, dee sech op vermeintlech offiziell Zuele vun der australescher Mieresagence fir 2024 berifft. Mee der Agence no goufen d’Zuele fir 2024 nach guer net verëffentlecht. Ausserdeem hunn Expertinnen an Experten der AFP erkläert, dass Donnéeën iwwer d’Quantitéit u Korallen nach keng relevant Ausso iwwer déi wierklech Gesondheet vun engem Riff aussoen. D’Great Barrier Reef ass nach ëmmer massiv vu Korallebleeche betraff, wat gravéierend Konsequenze fir déi biologesch Villfalt vun den Ozeaner huet.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.