Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung mëssbraucht

Faktencheck: Dokument iwwer KZ-Doudesaffer fir Holocaust-Leugnung mëssbraucht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

D’Nationalsozialisten an Nationalsozialistinnen hu wärend dem Holocaust ronn sechs Millioune Judden a Jüddinnen ëmbruecht. Dës Zuel gëtt ëmmer nees ugezweiwelt. Am Internet gëtt fir dës Kontestatioun en Dokument vun Doudeszertifikater benotzt, dat fir d’Gesamtzuel un Affer awer net aussokräfteg ass, wéi déi ausstellend Autoritéit selwer confirméiert huet. Just fir en Deel vun den Affer wär esou eng Zertifikatioun ausgestallt ginn, well vill Morden och ausserhalb vu Lagere stattfonnt oder Nationalsozialiste wichteg Dokumenter vernicht hunn.

“Déi éischt Holocaust-Lige gouf duerch d’Rout Kräiz confirméiert. Et ware keng 6.000.000!!!”, heescht et an engem Facebook-Post vum Juni 2018. Doran enthalen ass en Dokument mat Doudesaffer aus NS-Konzentratiounslagere vum Sonderstandesamt Arolsen.

Bäiträg wéi dës sinn och op Telegram souwéi op anere Sprooche wéi Ungaresch oder op engleschen antisemittesche Internetsäiten am Ëmlaf, op der Plattform X am Zesummenhang mat Holocaust-Kontestatiounen.

RTL © AFP

An den Dokumenter gëtt d’Wuert “beurkundet” (actéiert) awer just am Zesummenhang mat den attestéierten Doudesfäll benotzt, net a Bezuch op d’Gesamtzuel vun den Doudesfäll. Och d’Dokument vun 1984 benotzt dës Formuléierung. An dësem Fall schléisst sech allerdéngs follgend Formuléierung un: “D’Zertifikatiounszuele vum Sonderstandesamt loosse keng Réckschlëss op déi tatsächlech Zuel un Doudegen an de Konzentratiounslageren zou.” (“Die Beurkundungszahlen des Sonderstandesamtes laßen keine Rückschlüsse auf die tatsächliche Zahl der Toten in den Konzentrationslagern zu.”)

RTL © AFP

D’Heike Rummel-Stracke, Beamtin fir den État civil am Sonderstandesamt, huet an enger E-Mail vum 29. Januar 2024 matgedeelt: “Mir ginn dacks no der Zuel vun zertifizéierte Stierffäll vum Sonderstandesamt gefrot, deelweis well een unhand vun eisen Ënnerlagen op d’Zuel vun de Stierffäll an den eemolege Konzentratiounslageren insgesamt schléisse wëll.”

“Dës Konklusioune loossen eis Zuelen net zou”, huet d’Rummel-Stracke erkläert a bäigefüügt, dass d’Amt just Stierffäll attestéiere géif, “déi, wéi et d’Personenstandsgesetz fuerdert, ouni Zweiwel feststinn”. Déi blouss Vermuddung vum Doud géif net duergoen.

“Beweiskräfteg Ënnerlage fir d’Zertifizéierung vu Stierffäll ze kréien ass awer schwéier, well an de leschte Krichsdeeg vill dovu vernicht goufen”, huet si wësse gelooss. Ausserdeem wären eng Rei Stierffäll “sengerzäit vum État civil vun der Doudesplaz zertifiéiert” ginn. Och Doudesfäll aus de Ghettoen, an deene Jüddinnen a Judde liewe missten, sinn der Madamm Rummel-Stracke no net an den Zoustännegkeetsberäich vum Sonderstandesamt gefall.

D’Hessenschau [Emissioun vum Hessesche Rundfunk, Um. v. d. Red.] hat am Mäerz 2023 an engem Artikel iwwer d’Sonderstandesamt geschriwwen, dass et sech opgrond vun der enker Zesummenaarbecht mat den “Arolsen Archives” zu Bad Arolsen befanne géif. Dem Artikel no hätt d’Amt bis elo insgesamt 350.000 Stierffäll attestéiert.

Aufgab warscheinlech ni ofgeschloss

D’Arolsen Archives bezeechne sech op hirer Internetsäit als “den internationalen Zenter fir NS-Poursuitte mat dem weltwäit ëmfaassendsten Archiv iwwer Affer an Iwwerliewender vum Nationalsozialismus”, deen Informatiounen “iwwer ronn 17,5 Millioune Mënschen” enthält.

D’Organisatioun huet an enger E-Mail vum 24. Januar géintiwwer der AFP erkläert, dass “d’Sonderstandesamt bis haut haaptsächlech, awer net exklusiv, op d’Sammlunge vun den Arolsen Archives zeréckgräift”, fir Doudesattestatiounen auszestellen.

D’Arolsen Archives hunn ausserdeem d’Ausso vum Sonderstandesamt bekräftegt, dass “d’Ausstellung vun engem fërmleche Stierfakt fir Affer vun den nationalsozialistesche Konzentratiounslagere just da méiglech war an ass, wann individuell Ënnerlagen zu eenzelen Affer virleien, dat heescht Dokumenter, déi op d’mannst usazweis d’Eenzelheete vum Doud vun enger Persoun an engem Konzentratiounslager beschreiwen”. Dat géif doduerch méi schwéier gemaach ginn, dass “vill KZ-Akten an aner physesch Beweiser zu eenzelen Häftlinge vun den Nazie virun der Befreiung vernicht goufen, fir all Beweis fir déi begaange Verbriechen auszeläschen.”

En plus wäre “Konzentratiounslagere bei Wäitem net déi eenzeg Plaz” gewiescht, “op där Massemord stattfonnt huet; d’Massenerschéissunge [Link vun der AFP bäigefüügt] vu Jüddinnen a Judden an Osteuropa si just e Beispill dofir”, sou d’Arolsen Archives weider. “Och goufen Affer, déi direkt no hirer Arrivée a Vernichtungslagere wéi Auschwitz-Birkenau ëmbruecht goufen, vun den Nazien iwwerhaapt net registréiert, soudass et keng gräifbar Spuere vun eenzelen Affer op dëse spezielle Plaze vum Dout maache gëtt.”

D’Arolsen Archives hunn och matgedeelt, dass d’Ausstelle vun de Stierfakte bis haut undauert. Dass sech d’Gesamtzuel am Laf vun der Zäit ännert, léisst sech dorun erkennen, dass d’Zuel vun den Zertifizéierungen, déi fir all Lager ausgestallt goufen, am Dokument vun 1984 méi héich ass wéi am Dokument aus dem Joer 1979. D’Zuele vum Sonderstandesamt “wäerten an noer Zukunft net vollstänneg sinn (warscheinlech ni)”, huet d’Organisatioun erkläert.

Wärend den Holocaust d’Bezeechnung fir den nationalsozialistesche Vëlkermord un de Judden ass, weisen d’Arolsen Archives dorop hin, dass “sech d’Zuelen, déi vum Sonderstandesamt ermëttelt goufen, net emol ausschliisslech op jüddesch Affer bezéien, mee op eng Villzuel vu Gruppen an Eenzelpersounen, déi an de Lageren ëmkomm sinn. D’Nazien hunn och Kommuniste souwéi aner politesch Géigner, Sinti a Roma, Homosexueller, Zeugen Jehovas a vill anerer verfollegt an ermort.”

“Dës Mënschen hunn existéiert a gelieft”

D’Sonderstandesamt huet géintiwwer der AFP matgedeelt, dass d’Dokument vun 1979 zwar tatsächlech vun hinne verschéckt gouf. A munche Versiounen a verschiddene Sprooche goufen awer eenzel Sätz ergänzt. Ausserdeem war d’Original Deel vun engem längeren Austausch, an deem d’Amt am Virfeld virdru gewarnt hat, dass d’Zuele keng Réckschlëss op d’Gesamtzuel un Doudesfäll zouloosse géifen.

An enger vun de Passagen, déi an englescher Sprooch bäigefüügt goufen, heescht et “Vum: Internationale Roude Kräiz, Arolsen, Westdäitschland”. Dëst ass warscheinlech eng Uspillung dorop, dass den Internationale Kommitee vum Roude Kräiz (IKRK) bis 2012 tatsächlech d’Arolsen Archives an hir Virgängerorganisatioun, den Internationale Sichdéngscht, verwalt huet, wéi den IKRK op senger Internetsäit schreift.

Den IKRK huet sech schonn zu de Behaaptunge geäussert, beispillsweis an engem Bäitrag vun der brittescher Faktencheck-Organisatioun “Full Fact” vun 2019. D’Fatima Sator, Spriecherin vum IKRK, huet der AFP an enger E-Mail vum 26. Januar 2024 confirméiert: “Den IKRK erkennt den Holocaust als Tatsaach un a bestreit a kengster Weis déi offiziell Zuel un Doudesaffer.”

D’Sator huet och erkläert, dass den Arolsen Archives detailléiert Informatiounen iwwer eng Rei Affer feelen. Zum Beispill goufen déijéineg, déi “direkt an den Doud op Auschwitz, Chelmno, Sobibor, Treblinka, Majdanek, … geschéckt goufen, iwwerhaapt net registréiert, weeder liewend nach dout.”

“Den IKRK huet keng Zuelen oder Donnéeën zu dësen Affer, bezweiwelt awer net, dass all dës Mënschen existéiert a gelieft hunn, éier se op tragesch Manéier ermort goufen”, huet d’Sator wësse gelooss.

Den IKRK huet sech mat der Kontrovers iwwer seng Roll wärend dem Zweete Weltkrich ëffentlech ausenanergesat, zum Beispill an dësem Artikel aus dem Joer 2020, dee virum Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz publizéiert gouf. Doran heescht et, dass de Joresdag “e Versoe” vum IKRK markéiert, “dat Versoen, de Millioune vu Mënschen, déi an den Doudeslagere vernicht goufen, ze hëllefen a se ze schützen. Den IKRK huet säi Bedaueren iwwer seng Impuissance an d’Feeler, déi en am Ëmgang mat der nationalsozialistescher Verfollgung an dem Vëlkermord gemaach huet, ëffentlech zum Ausdrock bruecht.”

“Eent vun den Evenementer aus der Vergaangenheet, dat am beschten erfuerscht ass”

Op der Internetsäit vum United States Holocaust Memorial Museum (USHMM) heescht et: “D’Nazien an hir Alliéiert a Kollaborateuren hu sechs Millioune jüddesch Mënschen ëmbruecht. Dëse systemateschen, staatlech gefërderte Vëlkermord ass haut als Holocaust bekannt. D’Nazien an hir Alliéiert a Kollaborateuren hunn och aner massenhaft grujeleg Dote begaangen. Si hu wärend dem Zweete Weltkrich Millioune vun net-jüddesche Mënsche verfollegt an dout gemaach.”

Wéi de Musée erkläert, hunn d’Morden op verschiddene Plaze stattfonnt, e puer dovun a Konzentratiounslageren, anerer a Vernichtungslageren. Millioune vu Mënsche goufen awer och a Stied an Dierfer ëmbruecht.

Zwar hunn d’Nationalsozialisten an Nationalsozialistinne versicht, d’Beweiser fir hir grujeleg Doten ze vernichten, awer “war de Massemord vun den Nazien esou ëmfangräich an destruktiv, dass et onméiglech war, d’Verbrieche vollstänneg ze vertuschen an d’Beweiser ze vernichten. Et war offensichtlech, dass Millioune vu Mënschen dout waren a ganz Communautéite vermësst goufen”, erkläert den USHMM. Zeien an Dokumenter beleeën d’Morden an d’Ausläsche vu grousse Bevëlkerungsgruppen.

Offiziellen Zuelen no hu virum Krich eelef Millioune Judden a Jüddinnen an Europa gelieft, wéi den SWR geschriwwen huet. Nom Krich louch dës Zuel bei fënnef Milliounen. Wéi an deem Artikel erkläert gëtt, hunn d’Nationalsozialistinnen an Nationalsozialiste selwer d’Zuel vun de Jüddinnen a Judden, déi si ëmbruecht haten, 1944 op iwwer fënnef Millioune geschat, ee Joer virum Enn vum Drëtte Räich.

D’IKRK-Spriecherin Sator huet als Beispill “d’Existenz vu Lëschte vun de Jüddinnen a Judden, déi aus dem besate Frankräich an der Tschechoslowakei an d’polnesch Lageren deportéiert goufen”, genannt. D’Zuel vun de Persounen, déi bei der Arrivée registréiert goufen, ass geréng am Verglach mat der Zuel, déi déijéineg erfaasst hunn, déi se an den Zuch gesat hunn.”

An Däitschland hunn 1933 ronn 500.000 Jüddinnen a Judde gelieft, zirka 250.000 vun hinne si bis 1939 ausgewandert. Ongeféier 165.000 goufe vun den Nationalsozialisten an Däitschland ëmbruecht, wéi d’Bundeszentrale für politische Bildung op hirer Internetsäit opschlësselt.

“Den Holocaust ass eent vun den Evenementer aus der Vergaangenheet, dat am beschten erfuerscht ass. Trotz dem Mangel un Ënnerlagen, déi sech speziell op den Doud vun eenzelen Affer bezéien (wéi uewen duergeluecht), gouf d’Ausmooss vun der nationalsozialistescher Verfollgung an Ermordung vu Wëssenschaftler an Autoritéiten unhand vun enger Rëtsch vun Ënnerlagen, dorënner Deportatiounslëschten, Berichter vu Vollekszielungen, Nokrichsuntersuchungen an aner glafwierdeg Informatiounsquellen, akribesch an ëmmer nees rekonstruéiert”, schreiwen d’Arolsen Archives. “Un der Zuel vun den Affer gëtt et keen Zweiwel.”

“Wann iwwerhaapt, ware fréier Schätzunge méiglecherweis ze konservativ, woubäi déi weider historesch Fuerschung iwwer d’Ausmooss vun den NS-Verbriechen e fortlafende Beräich vun den Untersuchungen ass. Revisioniste versichen trotzdeem, d’NS-Verbriechen ze kontestéieren oder déi historesch unerkannt Zuel un Affer ze reduzéieren”, huet d’Organisatioun erkläert.

Fazit: D’Dokumenter iwwer Doudesaffer an NS-Konzentratiounslageren, déi a sozialen Netzwierker gedeelt ginn, si keng Beleeg dofir, dass d’Zuel vun de Mënschen, déi am Holocaust ëmbruecht goufen, méi niddreg wéi sechs Milliounen ass. Souwuel dat zoustännegt Sonderstandesamt Arolsen wéi och d’Arolsen Archives souwéi den IKRK hu confirméiert, dass een duerch dës Dokumenter net op d’Gesamtzuel un Doudesaffer schléisse kann.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.