Wärend Imker a Frankräich Enn August 2024 e “schwaarzt Joer” virausgesot hunn, dass d’Hunnegproduktioun an de Beiestäck drastesche zeréckgaange wär, goufen an engem Text, deen a Sozialen Netzwierker vill gedeelt goufen, d’Virdeler vun dësem natierleche Liewensmëttel a vun de Beien opgelëscht.
Ënner anerem gëtt behaapt, dass Hunneg “lieweg Enzymer” enthalen oder dass en dem Gehier hëllefe géif, “besser ze funktionéieren”. Mee vill vun dëse Behaaptunge si falsch, iwwerdriwwen oder ze nuancéieren, wéi Imker, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, erkläert hunn.
“Merci villmools, léif Beien!”, “Merci, meng schéi Beien…!” Dat si Bäiträg vu Facebook an der Plattform X, déi zënter hirer Publikatioun am Summer 2024 dausendfach gedeelt goufen an eng Rei Virdeeler vun de Bestäuber oplëschten.
© AFP
“Wosst Dir, dass ee Läffel Hunneg duergeet, fir e Mënsch 24 Stonnen um Liewen ze erhalen? […] Wosst Dir, dass Hunneg lieweg Enzymer enthält? Wosst Dir, dass bei Beréierung mat engem Metallläffel dës Enzymer ofstierwen?” Dat sinn e puer Behaaptungen iwwer Beien an hiren Hunneg vun enger Lëscht, déi am Internet am Ëmlaf ass.
Dësem Inventaire no géif Hunneg net just kee “Verfallsdatum” hunn, mee och “dem Gehier hëllefen, besser ze funktionéieren”, an de vun de Beie produzéierte Propolis wär ee vun de “stäerksten natierlechen Antibiotiquen”.
Um Enn steet an de Behaaptungen, déi och op Rumänesch op Facebook gedeelt goufen, dass eng Bei “manner wéi 40 Deeg” liewen an “op d’mannst 1.000 Bléien” ufléie géif, woubäi se insgesamt “manner wéi een Téiläffel Hunneg” produzéiere géif, wat hirem Equivalent vun enger “Liewensaarbecht” entsprieche géif.
Awer wärend e puer Elementer vun dëser Lëscht, déi d’Virdeeler vun Hunneg a Beie lueft, korrekt sinn, sinn anerer iwwerdriwwen, ierféierend oder falsch, betounen eng Rei Beienziichter, déi vun der AFP kontaktéiert goufen.
“Et gëtt tatsächlech Virdeeler vum Hunneg, […] vu Propolis, vum Gelee Royale a sou weider, dat ass onëmstridden. Awer et sollt een net egal wat erzielen”, huet den Henri Clément, Spriecher vum franséische Beienziichterverbond (UNAF), den 2. September géintiwwer der AFP beklot.
Geet ee Läffel Hunneg duer, fir 24 Stonnen um Liewen ze bleiwen? – Ass ze nuancéieren
“Ouni ze iessen, bleift ee 24 Stonnen a méi laang um Liewen!, huet den Yves Berthaud, Co-Auteur, mam Anne Chevais, vum Buch “Connaissance des abeilles: Pour une apiculture rationelle”, an Erënnerung geruff (archivéierte Link).
Den 12. September sot d’Marie-Laure Legroux (archivéierte Link), Vizepresidentin vun der Société centrale d’apiculture (SCA), géintiwwer der AFP: “Hunneg ass Zocker. All Narung, déi een un engem Dag zou sech hëlt, hält een um Liewen. Awer et kann een och 24 Stonnen näischt iessen a weiderliewen. Dat mécht also kee Sënn!”
Enthält Hunneg “lieweg Enzymer”, déi bei Kontakt “mat engem Metallläffel” stierwen? – Falsch
Och wann Hunneg Enzymer enthält, ass et falsch, se als “lieweg” duerzestellen, wéi den Yves Berthaud betount: “[Enzymer] si keng Liewewiesen.”
“Enzymer gi vu liewegen Zelle produzéiert, awer et sinn organesch Substanzen […], déi d’Aktiounen oder Reaktiounen an der Wab acceleréieren”, wéi d’Marie-Laure Legroux erkläert. “All Bei huet e bëssen aner Enzymer, [déi] un der Transformatioun vum Nektar bedeelegt sinn. D’Transformatioun vun Nektar duerch dës Enzymer, no an no, a mat Belëftung, Hunneg produzéieren.”
“Mee Enzymer sinn näischt Lieweges, dat si Proteinnen. Et gëtt also keng Stierflechkeet vun Enzymer bei Beréierung mat engem Metallläffel […]. Mir Imker selwer lageren den Hunneg zum Zäitpunkt vun der Recolte an Inox, also a Metall”, sou d’Expertin.
D’Eegenschafte vum Hunneg dogéint géifen “duerch d’Hëtzt beschiedegt”.
Hunneg hëlleft “dem Gehier, besser ze funktionéieren”? – Just en anert séisst Liewensmëttel
Als séisst Liewensmëttel huet Hunneg zwangsleefeg en Afloss op d’Gehier – allerdéngs net méi wéi aner Liewensmëttel vum selwechten Typ. En huet also keng spezifesch Wierkung.
“[Hunneg ass] wéi all aneren Zocker. D’Gehier ass dee gréissten Zockerkonsument, deen et ka ginn”, betount d’Marie-Laure Legroux.
Wéi de Muséum d’histoire naturelle op senger Internetsäit schreift (archivéierte Link), brauch d’Gehier, fir ze funktionéieren, vill Energie, well et bis zu 20 Prozent vun de Kalorië verbraucht, déi mir konsuméieren.
“Et brauch also Kuelenhydrater (Uebst, Kären, …) […] a Fett”, sou den Muséum d’histoire naturelle, deen och op d’Risike vun iwwerméissegem Konsum hiweist: “Zocker a Fett sinn zwar weesentlech Brennstoffer a Bestanddeeler vun eisem Gehier, mee all iwwerméisseg Consommatioun riicht sech géint de Konsument, andeem se en entzündungsfërdernd Ëmfeld schaaft, dat e schiedlechen Afloss op d’Gehierstrukturen ausüübt.”
Propolis, ee vun de “stäerksten natierlechen Antibiotiquen”? – Ass ze nuancéieren
“Et muss ee sech doriwwer am Klore sinn, dass Propolis en Naturprodukt ass, deem seng Zesummesetzung jee no Hierkonft (also de Beem, vun deenen et recoltéiert gëtt) extreem variabel ass”, erënnert den Yves Berthaud.
Well, wéi d’Marie-Laure Legroux erkläert, “ass et eng zéiflësseg Substanz, déi d’Knospe vu bestëmmte Beem, Pëppelen, Nolebeem asw., bedeckt.” Se gëtt besonnesch vu Beie benotzt, fir Lächer an de Beiestäck opzefëllen oder och fir kleng Déieren anzebalsaméieren, déi an de Beiestack agedronge sinn, awer “et gëtt kee Beweis dofir, dass Propolis en natierlechen Antibiotique ass”.
De Referenzdatebank fir Gesondheetsprodukter VIDAL (archivéierte Link) no ass Propolis zwar “räich un antisepteschen an antimykotesche (géint Schimmelpilz) Verbindungen”, awer “et goufe keng seriö Etüden iwwer d’Wierksamkeet vu Propolis beim Mënsch duerchgeféiert”, wou seng Benotzung “éischter der Traditioun zouzeuerdnen” ass.
“D’antiseptesch Wierkung vu Propolis ass zwar am Labo nogewisen, awer et gëtt keng geséchert Beweiser fir e gesondheetlechen Notze beim Mënsch”, betount de VIDAL an erënnert dorun, dass d’europäesch Gesondheetsagencen am Joer 2012 am Zesummenhang mat bestëmmte gesondheetsbezunnen Donnéeën iwwer Narungsergänzungsmëttel mat Propolis festgestallt haten, dass dës Produkter net behaapten dierfen, “antimikrobiell Wierkungen ze hunn” oder – ënner anerem – “d’Funktioun vum Immunsystem ze ënnerstëtzen”.
Wéi d’Portal vun de Schwäizer Beienziichterorganisatiounen op senger Internetsäit (archivéierte Link) ausféierlech duerstellt, gëtt Propolis net just vun de Schaffbeie benotzt, fir “d’Bannemauere vun hirem Liewensraum ze tapezéieren”, mee et huet och eng “staark bakterizid, antiviral a fungizid Wierkung”.
Huet Hunneg “kee Verfallsdatum”? – Nee, awer et muss e Mindesthaltbarkeetsdatum opweisen
A Frankräich gëtt et keng Obligatioun, e Verfallsdatum op Glieser unzeginn. Amplaz “muss e Mindesthaltbarkeetsdatum ugi ginn”, betount den Yves Berthaud a weist dorop hin, dass “Hunneg, wann e kill gelagert gëtt – [ouni] ze verdierwen – e puer Joer haltbar ka sinn.”
“Zu den obligatoreschen Angabe [vun engem Hunnegglas] gehéieren d’Verkafsbezeechung, d’Lëscht mat den Ingredienten, de Mindesthaltbarkeetsdatum an Informatiounen iwwer den Hiersteller oder Verkeefer”, erkläert de Wirtschaftsministère op senger Homepage (archivéierte Link).
“Bei Hunneg schwätzt een net vun engem Verfallsdatum, well et sech net ëm eppes handelt, dat verdierft. […] De Mindesthaltbarkeetsdatum bedréit an der Reegel 18 Méint. Dat bedeit, dass all Eegenschafte vum Hunneg an dësen 18 Méint hiren Héichpunkt erreechen”, erkläert d’Marie-Laure Legroux.
© AFP
Eng Bei “lieft manner wéi 40 Deeg, flitt op d’mannst 1.000 Bléien un a produzéiert manner wéi een Téiläffel Hunneg”? – Dat stëmmt
Schlussendlech sinn d’Zuelen, déi op der Lëscht vun de Behaaptungen iwwer d’duerchschnëttlech Produktivitéit vun enger Bei am Laf vun hirem Liewen stinn, bis op e puer Nuancen zimmlech genau, wéi d’Experten, déi vun der AFP kontaktéiert goufen, erkläert hunn.
“[Et ass richteg, dass] Summerbeie [manner wéi 40 Deeg liewen]. D’sougenannt Wanterbeie kënnen 3 bis 5 Méint liewen”, sou den Yves Berthaud.
Bei der Fro, wéi vill Bléien eng Bei am Duerchschnëtt uflitt, kënnt et op d’Dauer un – dat gëtt an der Lëscht vun de Behaaptungen net méi genee erkläert. “Beie fléien e puer honnert Bléien den Dag un. Also sinn et der vill méi, [wann et wärend hirem gesamte Liewen ass]”, schränkt d’Marie-Laure Legroux an a mierkt un, dass se am Duerchschnëtt zimmlech sécher manner wéi een Téiläffel Hunneg produzéieren.
“Eng Bei ka 500.000 Pollekären op engem vun hiren hënneschte Bee späicheren [an] an enger Stonn 250 Bléien ufléien”, sou d’Internetsäit “Abeille sentinelle” (archivéierte Link), en nationale gemengnëtzege Programm, dee vun der Union Nationale de l’Apiculture Française (UNAF) an d’Liewe geruff gouf.
2024, e “schwaarzt Joer” fir d’Hunnegproduktioun a Frankräich
D’Imker hunn Enn August 2024 e “schwaarzt Joer” a Frankräich beklot (archivéierte Link), virun allem wéinst engem verreenten a kale Fréijoer, wat zu engem drastesche Réckgang vun der Hunnegproduktioun an de Beiestäck geféiert huet.
Wéi d’Agence nationale de sécurité sanitaire de l’alimentation, de l’environnement et du travail (Anses) op hirem Internetsite schreift (archivéierte Link), si Beien, déi 90 Prozent vun de bestäubenden Insekten ausmaachen, zënter enger Rei Jore weltwäit mat “engem Affaiblissements- a Mortalitéitsphenomeen vun de Beievëlker” konfrontéiert, souwuel aus biologesche Grënn wéi och opgrond vum Réckgang vun hirer Alimentatioun souwéi aus Grënn, déi nach onbekannt sinn.
D’AFP huet schonn eng Rei Behaaptungen iwwer Déieren iwwerpréift, zum Beipsill eng Lëscht mat angeeblechen Eegenschafte vum Wollef, enger Behaaptung iwwer d’angeeblech sozial Organisatioun vun engem Ruddel, eng aner iwwer d’negativ Auswierkunge vun Hënn a Kazen op d’Klima an d’Aartevillfalt oder iwwer d’angeeblech Gefore vu Geckoen a Salamandere fir de Mënsch.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.