Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dës “Schéinheetsroutinne” fir Kanner si geféierlech fir d’Haut

Faktencheck: Dës "Schéinheetsroutinne" fir Kanner si geféierlech fir d'Haut - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Op TikTok leie Videoe vu klenge Meedercher, déi Schéinheetsproduite bei der berüümter Chaîne Sephora kafen an hir “Schéinheetsroutine” filmen, am Trend.

Kanner am prepubertären Alter setze sech fir immens deier Marken a Produiten an, an ofgesi vun der moralescher Verurteelung, déi dëse Konsumtrend ervirrifft, warnen Hautdoktere virun de Gefore vun esou Produiten, déi net fir jonk Haut gëeegent sinn.

“Wéi dir a mengem leschten ‘au Sephora’ gesinn hutt, hunn ech vill nei Produite kaaft!”, seet e Meedche mat 900.000 Abonnenten am Juli 2023 an engem TikTok-Video an dréckt eng Dose vun zoue Crèmen a Serume virun d’Kamera. D’Meedche mat de laange blénkege Fangerneel peekt fir d’éischt en “Anti-Imperfektioun”-Serum aus, deen et sech an d’Gesiicht schmiert, an dann eng Crème am Wäert vun iwwer 60 Euro, wou en Hyaluronsaier-Derivat dran ass (en “Anti-Aging”-Wierkstoff). Duerno schminkt et sech mat Rouge, Grondéierung, engem Highlighter a mat Lëppestëft.

RTL © AFP

An den USA si verschidden Zorte vu “Sephora Kids”-Videoen a sozialen Netzwierker immens beléift. Vill vun hinne ginn a Sephora-Butteker gedréint a weisen, wéi all déi jonk Meedercher, normalerweis zesumme mat hire Mammen, “Skincare”-Produkter (Hautfleeg) auswielen. Munch filmen op dës Manéier d’Laune vun hire Meedercher, déi ëm all Präis d’Produite vun enger Mark wëllen. Dës Produite gi vun der North West Kardashian, der Duechter vum Star Kim Kardashian an och e “Sephora Kid”, gefeiert.

Dës südamerikanesch Mamm vermaart d’Visitte vun hirer 8 Joer aler Duechter am Buttek mam schwaarz-wäiss gesträifte Schëld, a verséchert gläichzäiteg (op Spuenesch): “Wann hatt dës Saache wëll, da kafen ech se him, well et wäert him net schueden. Wat de Kanner schuet, ass ze vill Fleesch iessen, Limonad drénken, opgewiermt Iessen aus der Mikrowell”.

RTL © AFP

Verschiddener gi beim Shoppen an engem Sephora-Buttek e Verméigen aus: eng franséisch TikTokerin huet 1.400 Euro bei engem Besuch zu Miami ausginn. Dës Exzesser veriergere verschidden Internetnotzer, déi zum Beispill schreiwen: “E Salaire fir Make-up…”

Verwinnt Kanner, vun deenen e puer, bekloen (op TikTok) heiansdo dat respektloost Verhale vu Verkeeferinnen am Buttek an deele Biller vun zerstéierte Rayonen, ëmgekippte Crèmen, verstreetem Make-up…

RTL © AFP

Am Mëttelpunkt vun dësem Trend steet d’Mark Sephora, déi zur Grupp vun LVMH gehéiert. D’Entreprise huet op d’Ufroe vun der AFP net geäntwert.

Jugendlech Haut ass “méi empfindlech a méi ufälleg”

Den Haaptproblem, sou Experten, läit am Choix vun de “Sephora Kids”, Produiten ze kafen, déi net fir Kanner geduecht sinn.

D’Produiten, déi an dëse Videoen an d’Vitrinn gestallt ginn, enthalen trotz hirer giereger a regressiver pastellfaarwener Verpackung potenziell aggressiv Wierkstoffer. Ënner de Crèmen, fir déi d’Mini-Influencerinne Reklamm maachen, si vill “Anti-Aging”- oder “Anti-Imperfektiouns”-Produiten.

D’Attraktivitéit vu Kanner fir Anti-Aging-Produite weist sech och an der Berodung, huet den amerikaneschen Dermatolog Danilo Del Campo der AFP de 27. Februar matgedeelt. Den Del Campo huet och Patienten, déi “nach keng Jugendlecher” sinn a sech esou Crèmë wënschen.

“Ëmmer méi Kanner benotze Kosmetik fir Erwuessener. Vill vun den Elteren, déi ech betreien, wëssen emol net, dass et e Risiko gëtt a vertrauen den ‘Influencer’ méi wéi hirem Dokter”, huet den Expert bedauert, deen “eng Hausse vun Hautreaktiounen a Suergen opgrond vum Mëssbrauch vun dëse Produkter” festgestallt huet.

Hien zielt e puer méi problematesch Inhaltsstoffer op: Retinol (Anti-Aging) a Saieren (wéi Glykolsaier a Salicylsaier), déi rout Plazen, Ofschuppungen a Spannungsgefiller an der Haut ausléise kënnen.

Den Dermatolog warnt: “Jonk Haut ass méi empfindlech a méi ufälleg fir Irritatiounen”, an d’Hautbarriär kann duerch ongëeegent Inhaltsstoffer geschiedegt ginn. Hie warnt ausserdeem virun enger ze fréier Expositioun géintiwwer enger Villzuel vu Chemikalien, déi an dëser Kosmetik dra sinn, “wat allergesch Reaktiounen oder Dermatitis ausléise kann”.

Eng weider amerikanesch Dermatologin, déi de 27. Februar vun der AFP kontaktéiert gouf, d’Anne Chapas, huet och festgestallt, dass “méi Hautausschléi an Irritatioune bei Pre-Pubertären oder Teenageren optrieden, déi déi Crèmë benotzen, fir déi an den Netzwierker Reklamm gemaach gëtt.

“Als Dermatologin fannen ech et gutt, dass sech Kanner ëm hir Haut këmme wëllen. Awer si musse ganz duuss Produite benotzen, déi fir jonk Haut oder Akne gëeegent sinn.”

Fir Risiken ze vermeiden, réit den Dokter Del Campo, “Eltere mussen de Choix vun de Kosmetikprodukter vun hire Kanner iwwerwaachen a sech virrangeg fir Produiten entscheeden, déi speziell fir jonk an empfindlech Haut entwéckelt goufen. D’Benotze vun duussen, parfumfräien an hypoallergeene Produkter kann hëllefen, eng gesond Hautbarriär ze kréien, ouni se onnéidege Reizstoffer oder Allergeenen auszesetzen.”

Eng Rei Doktere reagéieren direkt op TikTok, wéi dës Dermatologin, déi d’Hautproblemer vun engem 9-järege Kand nom Benotze vu Produite kommentéiert huet, déi fir säin Alter net geduecht sinn.

RTL © AFP

Impakt op d’Selbstwäertgefill

Den Dokter Del Campo weist och op “Problemer mam Selbstwäertgefill bei klenge Kanner hin, déi d’Bedierfnes verspieren, Defauten ze korrigéieren, déi guer net existéieren”. Dësen Trend ” ka sech op hiert Selbstbild an hiert Selbstvertrauen an dëse Joren, déi entscheedend fir d’Entwécklung sinn, auswierken.”

Op TikTok relativéiere Mammen, andeem si versécheren, dass et just e “Spill” wär. Awer fir de Michaël Stora, Psychoanalytiker an Expert fir digital Praktiken, “féiere sech dës Meedercher net wéi eng Popp op, wéi een et an hirem Alter erwaarde géif. Si si Poppen.”

Hie weist op déi “previsibel Dimensioun” vun dësem Phenomen hin, bei Kanner, déi vu Gebuert u “fotograféiert a gepost” goufen. Oder “Objete vun der Fetischiséierung” vun hiren Eltere sinn, déi an hire Kanner eng Verlängerung vu sech selwer gesinn.

“Ech gesinn ëmmer méi Elteren, déi sech an dëser narzisstescher Gebriechlechkeet befannen, déi d’Welt just als schéin / net schéin betruechten”, stellt de Stora fest a stellt d’Fro vun der Hypersexualiséierung vu Kanner.

D’Solène Delecourt, Professesch zu Berkeley a Spezialistin fir sozial Ongläichheeten, ass och der Usiicht, dass dës Videoen “eng ganz stereotypesch Duerstellung vu Meedercher a Frae verstäerken a bäibehale kënnen”, wéi ee schonn am Internet gesäit. “Et si keng Fraen, awer si si schonn engem staarke sozialen Drock ausgesat.”

Hir Etüd, déi am Februar an der Fachzäitschrëft “Nature” verëffentlecht gouf, weist, dass Biller am Internet geschlechtsspezifesch Virurteeler vu Frae verstäerken, mat nohaltegen Auswierkungen op d’Notzer, déi domat konfrontéiert ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.