Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Dëse Video weist net den Helikoptercrash vum iranesche President

Faktencheck: Dëse Video weist net den Helikoptercrash vum iranesche President - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Déi dramatesch Opname vun engem Helikopter dauchen ëmmer nees am Internet op a gi fälschlecherweis mam Accident vum iranesche President Ebrahim Raisi a Verbindung bruecht. Am Video ass awer en Helikopter ze gesinn, deen am schnéibedeckten Hang vum Mount Hood am US-Bundesstaat Oregon ofstierzt.

“Plaz vum Helikopteraccident vum iranesche President” steet am Titel vun engem koreanesche Post, deen den 20. Mee 2024 am DC Inside Forum gedeelt gouf.

De Bäitrag enthält e kuerze Clip vun engem Helikopter, deen an d’Säit vun engem schnéibedeckten Hiwwel knuppt. Seng Karkass rullt duerno de Bierg erof an hannerléisst eng Spuer vun Zerstéierung.

De Bäitrag war opgedaucht, nodeem den iranesche Staatsfernsee d’Noriicht vum Raisi sengem Doud verbreet hat.

En Helikopter mat dem iranesche President u Bord hat um Wee op Tabriz, d’Haaptstad vun der Provënz Ost-Aserbaidjan, d’Kommunikatioun mat der Zentral verluer.

RTL © AFP

De Video gouf an änleche Bäiträg op YouTube an op dem südkoreanesche Forum Ilbe gedeelt.

E weist awer a Wierklechkeet Noriichtematerial vun engem Ofstuerz vun engem Rettungshelikopter an Oregon am Mee 2002.

Mëssbrauchte Video

Eng ëmgekéiert Billersich op Google huet e passende Clip fonnt, deen den 31. Mee 2022 vu KGW News, engem lokalen Noriichtesender an Oregon, op YouTube publizéiert gi war (archivéierte Link).

De Video huet den Titel: “Rettungshelikoptercrash um Mount Hood | 20 Joer duerno” (“Mount Hood rescue helicopter crash | 20 years later”).

De Video, deen och am KGW-Bericht am Kader vum 20. Joresdag vun der Mount-Hood-Katastroph publizéiert gouf, weist e Rettungshelikopter, dee beim Versuch, blockéiert Wanderer ze retten, an de Bierg knuppt.

Dem Bericht no sinn dräi Wanderer bei deem Accident gestuerwen, deen dës Rettung erfuerdert hat, awer beim Accident vum Helikopter koum keen ëm d’Liewen (archivéierte Link).

Hei si Screenshot-Vergläicher tëscht dem Clip, deen an de falsche Bäiträg gedeelt gouf (lénks), an dem originale KGW-News-Clip (riets):

RTL © AFP

D’Internetsäit vum Clackamas County Sheriff, deen d’Rettungsmissiounen zu Mount Hood geréiert, huet en Artikel publizéiert, deen änlech Biller vun der Katastroph am Mee 2002 gewisen huet (archivéierte Link).

“Zwee Helikoptere vun der lokaler Tëlee hunn de schreckleche Virfall live gefilmt an d’Filmmaterial gouf wärend vill Deeg weltwäit gewisen”, huet et geheescht.

Op dem Filmmaterial sinn déi schockéiert Reaktioune vun den Noriichtespriecher ze héieren, wéi den Helikopter den Hang erofstierzt.

An der Tëschenzäit huet d’AFP Fotoe vum Wrack vum Raisi sengem Helikopter (hei an hei) publizéiert, déi weisen, dass den Ofstuerz net an engem schnéibedeckte Bierg stattfonnt huet (archivéiert Links hei an hei).

D’AFP huet och e Bild aus engem Video vum iraneschen Hallefmound gedeelt, dat d’Wrack vum Raisi sengem Helikopter an engem Bëschgebitt weist.

RTL © AFP

D’AFP huet weider Fotoen iwwerpréift, déi fälschlecherweis mat dem Helikopteraccident vum Raisi a Verbindung bruecht ginn (here and here).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.