Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck : Dëst Planzen-Experiment beweist keng Gefor duerch WLAN

Faktencheck : Dëst Planzen-Experiment beweist keng Gefor duerch WLAN - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

WLAN ass e Funknetzwierk, dat erlaabt, sech ouni Kabel mam Internet ze verbannen. Am Internet ass awer déi falsch Behaaptung am Ëmlaf, WLAN géif mënschlech Zellen zerstéieren. Dat géif e Video vu Cressonsomen no vun engem Router weisen, déi bal net wuessen. Fachleit no hätt WLAN awer net genuch Energie, fir Zellen oder Moleküllen ze schiedegen.

“WLAN hënnert de Kierper um Entgëften an zerstéiert d’Zellen”, schreift e User an engem Instagram-Posting, dee mëttlerweil iwwer 4.500 Likes erreecht huet. Dobäi deelt hien e Clip mat zwee ënnerschiddlechen Zeenen. An dëse si jeeweils e WLAN-Router a Cressonsomen ze gesinn. Wann de Router ausgeschalt ass, schéngt de Cresson ze wuessen: Déi gréng Kraider schéissen an d’Luucht, wéi Zäitrafferopname vun der éischter Videoastellung weisen. Ass de WLAN awer ageschalt, keimt de Som anscheinend net. An der zweeter Zeen ass kee Wuesstem vun der Planz ze gesinn.

De kuerze Clip gouf op Instagram e puermol gedeelt. Och op Facebook fanne sech änlech Bäiträg. Op Telegram goufen änlech Videoen zéngdausendfach ugekuckt. An däitschsproochege Blogs fanne sech och Artikele mat änleche Behaaptungen iwwer WLAN.

RTL © AFP

A sozialen Netzwierker sinn zuelräich falsch Informatiounen iwwer Gesondheet am Ëmlaf. D’AFP huet an der Vergaangenheet zum Beispill déi falsch Ausso iwwerpréift, 5G-Technologie kéint Palmen dout maachen. Och d’Behaaptung, déi aktuell gedeelt gëtt, ass falsch. Faktenchecken zum Theema Gesondheet sammelt d’AFP hei.

WLAN-Stralung fir mënschlech Zellen ongeféierlech

De Florian Kohn ass wëssenschaftleche Referent am Kompetenzzentrum Elektromagnetische Felder (EMF) vum däitsche Bundesamtes für Strahlenschutz (BfS). Hien huet der AFP de 14. November 2023 an enger E-Mail geschriwwen: “WLAN-Felder hunn net genuch Energie, fir Zellen oder Moleküllen ze schiedegen.” Hien huet erkläert, dass lokal Netzwierker ouni Kabel wéi WLAN, genee wéi de Mobilfunk, zu de sougenannten héichfrequenten elektromagnéitesche Felder (HF-EMF) gehéieren.

Dës HF-EMF gehéieren zu der “netioniséierender Stralung”, huet de Fachmann erkläert. Den Energiegehalt vun dëse Felder wär ze geréng, fir Zellen a Moleküllen direkt schiedegen ze kënnen: “Ioniséierend Stralung, wéi beispillsweis d”Röntgenstralung, kann Zellen direkt schiedegen, well dës däitlech méi Energie transportéiert.” Am Verglach tëscht Röntgenstralung a WLAN hätt d’Röntgenstralung awer ongeféier dräi Milliarde Mol méi Energie, sou de Kohn. “Déi eenzeg bis haut wëssenschaftlech nogewise Wierkung vun HF-EMF ass eng Wäermewierkung. D’Felder vu Mobilfunk a WLAN erwiermen also eise Kierper. Fir dass dës Erwiermung net sou staark gëtt, dass se negativ Aflëss op eis Gesondheet huet, gëtt et Grenzwäerter. Se schützen och Persounegruppe wéi Kanner a Kranker zouverlässeg.”

Och de Rudolf Stollberger, pensionéierte Professer fir Medizinntechnik op der Technischen Universität (TU) Graz, huet der AFP den 23. November 2023 geschriwwen: “Déi gepulst elektromagnéitesch Felder (EM), déi vu WLAN-Routere gesent ginn, ënnerscheede sech an hirer Natur net vun anere Funkquellen. Bei héichfrequente Felder an dësem genotzte Frequenzberäich ass just eng thermesch Wierkung vun der Stralung wëssenschaftlech onbestridden an eendeiteg ze erklären.” Et wär soumat just beluecht, dass et méi waarm géif. Dohier baséieren och d’Normen zum Persouneschutz dorop, sou de Stollberger.

Dat huet och de Wolfgang Bösch, Professer um Institut für Hochfrequenztechnik op der TU Graz, den 22. November 2023 an engem Telefonat mat der AFP erkläert. Hien huet konkretiséiert: “Dat Eenzegt, wat WLAN-Stralung maache kann, ass eppes erhëtzen – wéi bei Mikrowellen zum Beispill. Energie, déi vu WLAN ausgeet, kann d’Kierpertemperatur awer maximal ëm een Zéngtel Grad Celsius erhéijen.” Wann eng Persoun eng Trap eropleeft, géif sech d’Kierpertemperatur méi erwiermen, sou de Bösch. Hien huet ausserdeem bäigefüügt, dass et WLAN an d’Handye scho laang géif ginn: “Wann et iergendwellech Effekter géif, da misst een déi exponentiell Hausse an der Tëschenzäit scho gesinn.”

Behaaptunge baséieren op Schülerexperiment

An dësem Bäitrag gëtt als Quell fir dës Behaaptung e YouTube-Video ugeféiert, dat e Schülerexperiment iwwer Cresson a WLAN weist. D’Experiment gouf 2019 an der US-amerikanescher Middle School Sacopee Valley am Bundesstaat Maine duerchgeféiert. Schonn am Joer 2013 gouf et en änlecht Schülerexperiment iwwer Cresson a WLAN an Dänemark.

Och eng Rei aner Schoule souwéi Projeten hunn änlech Experimenter duerchgeféiert. D’Resultater änele sech dacks (z.B. hei): De Som vum Cresson keimt manner bis deelweis bal guer net, wann de Router ageschalt ass. Ass d’WLAN-Stralung par conter ofwiesend, schéngt de Cresson ze wuessen. An anere Fäll war d’Resultat par conter net sou eendeiteg (z.B. hei).

Experiment no Meenung vu Fachleit “onwëssenschaftlech”

De Jens Jäkel, Professer fir Systemtheorie a Mechatronik op der Hochschule für Technik, Wirtschaft und Kultur zu Leipzig, huet der AFP de 14. November follgendes geschriwwen: “Eng Gefor fir d’Gesondheet hänkt vu konkreeten Ëmstänn of. Ginn déi gesetzlech Virschrëften agehalen, ass d’Gesondheetsgefor bei WLAN no aktuellem Stand vun der Wëssenschaft net ginn. D’Experiment am Video ass heifir net relevant an entsprécht net de wëssenschaftleche Standarden.”

De Stollberger vun der TU Graz huet der AFP dozou den 23. November 2023 och geschriwwen: “D’Videoe sinn initial beandrockend, awer natierlech net als wëssenschaftleche Beleeg gëeegent. Sou kéint een och e YouTube-Video vun engem Zaubertrick, bei deem eng Persoun aus engem Behälter ewechgezaubert gëtt an dann anzwousch anescht opdaucht, als Noweis dofir gëllen, dass Beame gelénge kann.” Beim gewisene Video iwwer den experimentelle Noweis vun der Wierkung vun den elektromagnéitesche Felder vum aktive WLAN-Router géifen dem Stollberger no nämlech all Noweiser, dass bis op d’elektromagnéitesch Welle vum WLAN-Router all aner Parametere wéi zum Beispill Temperatur, Stäerkt vun der Beliichtung a Fiichtegkeet d’selwecht sinn, feelen.

Erhéicht Temperatur duerch WLAN-Router

Eng méiglech Begrënnung fir den Ausgank vum Schülerexperiment wär dem Stollberger no: “Als Erklärung fir den Ënnerscheed am Wuesstemsverhale vum Cresson am gewisenen Experiment spekuléieren ech, dass an deem enge Back, an deem de Cresson net gewuess ass, d’Temperatur duerch den aktive WLAN-Router selwer schonn däitlech méi héich war wéi am aneren, wouduerch méiglecherweis d’Substrat dréche gouf.”

Och d’Biologieléierin vun der dänescher Schoul, an där eent vun den Experimenter duerchgeféiert gouf, huet engem Mediebericht vum Mee 2013 no erkläert, dass sech e puer vun de lokalen Debatten dorëm gedréint hunn, ob déi negativ Auswierkungen dorop zeréckzeféiere wären, dass de Som vum Cresson duerch d’Hëtzt, déi vun de benotzte WLAN-Routeren ausgestraalt gouf, gedréchent sinn. Si huet awer erkläert, dass d’Schülerinnen an d’Schüler de Cresson a béide Gruppe wärend dem ganzen Experiment ausräichend fiicht gehalen hunn an d’Temperaturen thermostatesch kontrolléiert goufen. An engem Artikel vun der brittescher Dageszeitung “The Guardian” vum Dezember 2013 gouf dat och thematiséiert: “D’Wëssenschaftler, déi zu der Untersuchung befrot goufen, vermudden, dass d’Routeren Hëtzt ofginn, wat de Cresson an de Raim, an deenen d’Routere stoungen, warscheinlech ausgedréchent huet, sou dass dat entspriechend Waasser fir si net duergoung.”

Keng Etüd iwwer exakt Auswierkunge vu WLAN op Planzen

Géintiwwer der AFP huet den Expert Stollberger schliisslech op eng änlech, wëssenschaftlech baséiert Untersuchung vu Fuerscher vun der Technescher Universitéit Košice an der Slowakei verwisen, déi “e gewëssen Afloss” vu WLAN-Stralung op Planze weise géif – allerdéngs “weesentlech manner wéi am YouTube-Video”, sou den Expert. An der genannter Etüd vu Fuerscher vun der Technescher Universitéit Košice an der Slowakei heescht et: “D’Experiment huet negativ Auswierkunge vu WLAN-Stralung op Cresson gewisen. Awer fir d’Confirmatioun vun dësem Argument wäert et noutwenneg sinn, dëst Experiment ze widderhuelen.” Eng Wierkung op Zellen iwwer d’Wäermt eraus ass dem Stollberger no jiddefalls net unerkannt. Och der Behaaptung an de sozialen Netzwierker, WLAN géif de Kierper um Entgëften hënneren, konnt de Stollberger näischt ofgewannen.

De Florian Kohn vum BfS huet der AFP geschriwwen: “Bis elo konnte bei Feldstäerkten ënner de Grenzwäerter keng schiedlech Wierkungen op Planzen duerch kënschtlech elektresch, magnéitesch oder elektromagnéitesch Felder nogewise ginn.” Et géif ëmmer nees vereenzelt Etüden, déi Aflëss op d’Wuesstem vu Planze weise géifen, sou de Fachmann. “Dës sinn awer ganz widderspréchlech a reeche vu positiven Effekter (bessere Wuesstem) bis hin zu negativen Effekter (gehënnerte Wuesstem). E Wierkmechanismus konnt bis haut net fonnt ginn.”

Op Réckfro vun der AFP housch et den 22. November 2023 vum Pressedéngscht vum Bundesamt: “Fir eng wëssenschaftlech belaaschtbar Ausso treffen ze kënnen, musse Versich no unerkannte wëssenschaftleche Qualitéitskrittären duerchgefouert ginn. Fir eng fundéiert Beuerteelung géif een e Versuchsprotokoll brauchen, wéi et an Etüden, déi wëssenschaftleche Standarden entspriechen, Usus ass. Dem BfS ass keng wëssenschaftlech gutt gemaach Etüd bekannt, déi dësen oder en änlechen Effekt weist.”

D’Fro, ob WLAN schiedlech wär, beäntwert d’BfS online. Schiedlech Wierkungen op d’Gesondheet kéinten net optrieden, heescht et do.

Fazit: Am Internet verbreet sech d’Falschbehaaptung, dass WLAN-Stralen an der Lag wären, mënschlech Zellen ze zerstéieren. Dës Behaaptung stäipt sech op e Video, an deem Som vu Cresson no bei engem Router ze gesinn an déi bal net wuessen. Fachleit betounen awer, dass WLAN net iwwer genuch Energie verfüügt, fir Zellen oder Moleküllen ze schiedegen. Duerch WLAN-Strale kéinten ausserdeem keng gesondheetlech Schied optrieden. Doriwwer eraus gouf dat gedeelt Experiment net op Basis vun unerkannte wëssenschaftleche Standarden duerchgeféiert.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.