Scroll Top

Faktencheck: Äerderwiermung ass geféierlech fir d’Gesondheet

Faktencheck: Äerderwiermung ass geféierlech fir d'Gesondheet - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

Ob Januar, Mäerz oder Juni: D’Joer 2024 huet elo scho Rekorder vum jeeweilege wäermste Mount zënter den Opzeechnunge verzeechent.

 A Sozialen Netzwierker si wärenddeem klimaskeptesch Behaaptungen am Ëmlaf, déi d’Gefore vun der Äerderwiermung erofspillen. Notzerinnen an Notzer verweisen dobäi op eng Etüd aus der Fachzäitschrëft “The Lancet” a behaapten, duerch d’Äerderwiermung géife méi Mënscheliewe gerett wéi menacéiert ginn. D’Donnéeë goufen am Internet allerdéngs falsch duergestallt, wéi en Auteur vun der Etüd géintiwwer der AFP erkläert huet. E puer Zuele goufen ausserdeem ierféierend verrechent, fir d’Gefore vum vum mënschegemaachte Klimawandel erofzespillen.

“Lancet-Etüd demaskéiert d’Ligen iwwer anscheinend Klimadoudeger op der ganzer Welt”, steet an engem Facebook-Post vum 23. Juli 2024. Dobäi gëtt eng Etüd vun der Zäitschrëft “The Lancet” aus dem Joer 2021 verlinkt an eng Tabell gedeelt, déi duerch Temperatur bedéngt Doudesfäll no Kontinenter opgeschlësselt oplëscht. “Weltwäit ginn et méi Keeltdoudeger wéi Hëtztdoudeger, an dat ëm de Faktor 10”, schreift e weidere Facebook-Notzer, deen déi selwecht Etüd verlinkt.

D’Behaaptungen zirkuléieren ausserdeem op der Plattform X a ginn zu Dausenden op Telegram ugeklickt. “Scho gewosst? An Afrika gëtt et méi Doudeger duerch Keelt wéi duerch Hëtzt”, huet zum Beispill en Telegram-Notzer dozou geschriwwen.

RTL © AFP

D’Etüd vum “Lancet”, déi an de Bäiträg verlinkt ass, gouf am Juli 2021 ënnert dem Titel “Global, regional, and national burden of mortality associated with non-optimal ambient temperatures from 2000 to 2019” verëffentlecht. Dora goufen déi weltwäit Doudesfäll ënnersicht, déi duerch “net optimal” Temperaturen ausgeléist goufen. D’Autorinnen an d’Auteure vun der Etüd koumen zur Konklusioun, dass déi meescht duerch d’Temperatur bedéngten Doudesfäll tëscht 2000 an 2019 éischter mat kale wéi mat waarmen Temperaturen zesummenhoungen.

Klimaexperten, dorënner en Auteur vun der Etüd, hunn der AFP erkläert, dass d'”Lancet”-Donnéeën iwwer reng temperaturbezunn Doudesfäll net dofir gëeegent wären, fir aus hinnen direkt Konklusiounen iwwer Doudesfäll, déi op de Klimawandel zeréckzeféiere sinn, ze zéien.

An der Vergaangenheet goufen Donnéeën aus der “Lancet”-Etüd schonn e puer Mol aus dem Kontext gerappt, fir domat de Klimawandel unzezweiwelen. Am Joer 2023 hat d’AFP d’Behaaptung widderluecht, dass méi héich Temperaturen als Konsequenz vun der Äerderwiermung ongeféierlech fir d’mënschlech Gesondheet wären.

Donnéeën aus dem Kontext vun der Originaletüd gerappt

“De Klimawandel wierkt sech net just op d’temperaturbedéngt Stierflechkeet aus, mee huet och aner direkt an indirekt Konsequenzen”, huet de Yuming Guo de 25. Juli 2024 géintiwwer der AFP erkläert. Hien hat un der “Lancet”-Etüd matgeschafft. Hien huet op eng Rei klimasensitiv Facteure wéi Iwwerschwemmungen, Dréchenten a Loftverschmotzung higewisen, déi de Stierfrisiko a verschiddene Bevëlkerungsgruppen däitlech erhéije kënnen.

De Guo enseignéiert op der australescher Monash University zu Melbourne global Ëmweltgesondheet a Biostatistik. Hien huet erkläert, seng Ekipp hätt erausfonnt, dass et opgrond vun der globaler Erwiermung “an de meeschten Deeler vun der Welt zu enger Nettohausse vun den temperaturbedéngten Doudesfäll komme wäert.”

Aner Etüden hu gewisen, dass d’Zuele vun den Doudesfäll a Krankheeten am Zesummenhang mat Hëtztwelle schonn an de leschten zéng Joer zougeholl hunn.

De Guo huet confirméiert, dass an der “Lancet”-Etüd méi héich Zuele fir Doudesfäll duerch Keelt wéi duerch Hëtzt genannt ginn. Awer: “D’Konklusioun, dass de Klimawandel Liewe rett, ass eendeiteg tendenziéis”, sot hien an huet weider ausgeféiert: “Et ass offensichtlech, dass de Klimawandel eescht Auswierkungen op d’mënschlech Gesondheet huet.” Dora wäre sech  seriö wëssenschaftlech Stëmmen eens, wéi et e Fakteblat aus dem sechste Bericht vum Weltklimarot vun de Vereenten Natiounen (IPCC) zesummefaasst.

Ierféierend Rechnung

E puer vun de Bäiträg a Sozialen Netzwierker enthalen d’Behaaptung, dass duerch déi méi waarm Temperaturen als Konsequenz vum Klimawandel all Joer “166.000 Mënscheliewe gerett” géifen. Dës Behaaptung gouf eng éischt Kéier den 19. Juli 2024 an engem Facebook-Post vum dänesche Statistiker an Auteur Bjorn Lomborg op Englesch verëffentlecht. De Lomborg huet ënner anerem e Buch geschriwwen, an deem hien argumentéiert huet, déi weltwäit Suerg iwwer de Klimawandel géif méi schuede wéi notzen.

De Lomborg huet an engem X-Thread déi ierféierend Zuel vun 166.000 Mënscheliewe berechent. An dësem Thread huet hien d’Differenz tëscht weltwäiten Doudesfäll duerch Keelt an Hëtzt an de Joren 2000 bis 2019 duergeluecht: “Temperatur-Hausse vun 2000-2019 bedeit méi Hëtztdoudeger (116.000), awer och manner Keeltdoudeger (283.000). D’Äerderwiermung verhënnert domat 166.000 Doudesfäll pro Joer”, huet hien dozou geschriwwen.

An der “Lancet”-Etüd heescht et zwar effektiv, dass d’global Erwiermung “kuerzfristeg zu enger liichter Verréngerung vun den temperaturbedéngten Doudesfäll féiere kéint, obwuel op laang Siicht ze erwaarden ass, dass de Klimawandel de Stierflechkeetstaux no uewen dréckt”. Den Auteur vun der Etüd Guo huet dozou gemengt: “Vun 2000 bis 2019 goung d’keeltbedéngt Stierflechkeet zeréck ,wärend d’hëtztbedéngt Stierflechkeet zougeholl huet, wat zu engem Netto-Réckgang vun der Gesamt-Stierflechkeet geféiert huet.” Mee hien huet gläichzäiteg betount, dass dem Lomborg seng Konklusioune falsch wären: “Vill weider Facteuren droen zu den iwwerhéichte Stierflechtkeetstauxe bäi. Et ass net richteg, dësen Netto-Réckgang eleng dem Klimawandel zouzeschreiwen.”

Och d’Klimaexpertin Lisa Alexander, Professesch fir Klimatologie op der University New South Wales an Australien, sot de 24. Juli 2024 géintiwwer der AFP, dass d’Bäiträg an de Sozialen Netzwierker ierféierend wären, well se sech op een eenzegen Saz vun Donnéeë beschränke géifen.

“Kuerzfristeg kéint ee vun esou eppes wéi engem ‘Netto-Réckgang’ bei den Doudeszuelen duerch d’global Erwiermung schwätzen. Mee d’Geschicht ass vill méi komplizéiert”, sot d’Alexander. “D’Auswierkunge vun Hëtzt ginn an der Reegel duerch aner Facteure beanträchtegt – Gesondheet, sozioekonomesche Status, Alter an esou weider”, huet si erkläert.

Donnéeën iwwer Doudesfäll duerch Hëtzt ginn net duer

Enger Rëtsch vu Klimaexperten no ass et grondsätzlech komplizéiert, exakt Donnéeën zu Doudesfäll, déi duerch de Klimawandel bedéngt sinn, ze kréien. “Doudeger duerch Hëtzt sinn iwwerall kee grousse Sujet”, sot zum Beispill d’Caradee Wright, leedend Fuerscherin beim südafrikanesche Rot fir medezinesch Fuerschung, den 3. August 2023 géintiwwer der AFP. Dofir wär et och esou wichteg, genee Donnéeën iwwer hëtztbedéngt Gesondheetsproblemer ze sammelen – besonnesch a Länner vum globale Süden.

Bei engem Hëtzschlag-Patient, deen an eng Klinick ageliwwert gëtt, géife fir gewéinlech och Basiserkrankunge wéi Diabetes oder Otemproblemer diagnostizéiert ginn, huet d’Wright erkläert. Dës Krankheete géifen dacks als Doudesursaach genannt an d’Hëtzt géif seelen an der Statistik opdauchen.

D’Klimatologin Lisa Alexander vun der University New South Wales huet op Landaarbechter, déi am Januar 2023 a verschiddenen Deeler vu Südafrika un engem Hëtzschlag gestuerwe sinn, verwisen. Si huet bäigefüügt, dass besonnesch Mënschen, déi ënner haarde Konditiounen am Fräie schaffen an deenen et u Ventilatoren, Waasser oder Klimaanlage feelt, “d’Haaptlaascht vun de gesondheetlechen Auswierkunge vun der Hëtzt wäerten droen”.

Gläichzäiteg géif iwwer dës Bevëlkerungsgruppe vergläichsweis wéineg gefuerscht a bericht ginn, sot d’Alexander weider: “Besonnesch aus ville Länner mat niddregem a mëttlerem Akommes, an deenen Hëtzt e grousse Problem duerstellt, hu mir bal keng fiabel Donnéeën iwwer Doudesursaachen an Iwwerstierflechkeet.” 

RTL © AFP

Och de Klimaexpert Elfatih Eltahir, Professer um amerikaneschen MIT-Zenter fir Klimawandel zu Cambridge, huet den 23. Juli 2024 géintiwwer der AFP betount, dass “de Risiko duerch extreem Temperaturen erhieflech variéiert” a vu ville sozioekonomesche Facteuren ofhämke géif. “Verschidde Communautéite sinn ënnerschiddlech staark duerch Klimaverännerunge kompromettéiert a weisen en ënnerschiddlecht Mooss u Vulnerabilitéit op”, huet hien erkläert.

Hëtztbedéngt Doudesfäll huelen zou

Den IPCC huet a sengem Bericht aus dem Joer 2021 festgestallt, dass déi lescht véier Joerzéngte jeeweils méi waarm ware wéi all Joerzéngt virdrun zënter 1850. “Et ass eendeiteg, dass d’Atmosphär, d’Ozeaner an d’Land duerch mënschlechen Afloss erwiermt goufen”, sou de Bericht.

Jee nom Niveau vun der Erwiermung an der Plaz géif den Undeel u Mënschen, déi déidlechem Hëtztstress ausgesat sinn, den IPCC-Donnéeën no bis zum Enn vum 21. Joerhonnert vun 30 Prozent op 48 bis 76 Prozent klammen – an domat aller Viraussiicht no och d’Doudesfäll duerch Hëtzt.

Am Joer 2024 gouf et scho méi Hëtztwellen a villen Deeler vun der Welt, dorënner osteuropäesch Länner, Japan an Nord- a Mëttelamerika. A Marokko si kierzlech op d’mannst 21 Mënsche bannent 24 Stonnen duerch extreem Temperature gestuerwen.

All Faktenchecken iwwer falsch an ierféierend Behaaptungen iwwer de Klimawandel sinn op der AFP-Internetsäit ze fannen.

Fazit: Am Internet ass déi ierféierend Behaaptung am Ëmlaf, d’Äerderwiermung géif pro Joer 166.000 Mënscheliewe retten. Dobäi gëtt eng “Lancet”-Etüd aus dem Joer 2021 verlinkt. D’Donnéeë vun der Etüd goufen allerdéngs aus hirem eigentleche Kontext gerappt, fir d’Gefore vum Klimawandel erofzespillen, wéi en Auteur vun der Etüd géintiwwer der AFP erkläert huet. Enger Partie Klimafuerscher no féiert d’Äerderwiermung effektiv zu méi Krankheeten an Doudesfäll, besonnesch bei vulnerabele Bevëlkerungsgruppen.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.