Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Et stierwen net masseg Puppelcher duerch mRNA-Impfstoffer

Faktencheck: Et stierwen net masseg Puppelcher duerch mRNA-Impfstoffer - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Zënter der Zouloossung vun mRNA-Impfstoffer géint Covid-19 an Europa am Dezember 2020 gi reegelméisseg Behaaptunge gedeelt, déi d’Effikassitéit vun den Impfungen a Fro stellen a méiglech Schiedegunge bei Patienten an Ongebuerenen eropbeschwieren.

Honnerte User hunn d’Behaaptung iwwer d’Gefäässwänn am August 2022 op Facebook an Twitter gedeelt. Op Telegram huet de Video iwwer honnertdausend User erreecht. Den Extrait staamt aus engem AUF1-Interview mam Mikrobiolog Sucharit Bhakdi. AUF1 ass en éisträichesche Sender, dee Konspiratiounserzielunge verbreet an deem seng Behaaptunge schonn e puer Mol vun der AFP iwwerpréift goufen (hei, hei). Beim Bhakdi handelt et sech ëm e prominenten Impfgéigner, deen der AFP och scho mat enger Partie falsche Behaaptungen opgefall ass (hei, hei).

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 14.09.2022

Zanter dem Ufank vun der Fuerschung un mRNA-Impfstoffer géint Covid-19 an hir Zouloossung an Däitschland kurséieren ëmmer nees falsch Informatiounen iwwer déi neiaarteg Impftechnologie. D’AFP huet schonn eng Rei vu Behaaptunge vun impfkriteschen Experten iwwerpréift, dass mRNA-Impfunge bei Mënschen d’Gefäässer schiedege géifen (hei, hei, hei), dorënner och de Sucharit Bhakdi.

mRNA-Impfstoffer a Gefäässschiedegungen

Dem Paul-Ehrlich-Institut (PEI) sinn déi Behaaptunge scho bekannt. De 26. August 2022 huet d’Spriecherin Susanne Stöcker erkläert: “Dubiéis Behaaptunge ginn net doduerch méi warscheinlech, dass se eemol am Joer vun anere Mënschen a mat neiem Fokus nei opgewiermt ginn. Dës Rumeure goufe schonn 2021 e puer Mol propagéiert, zum Beispill vum Byram Bridle a Robert Malone.” D’AFP huet Behaaptunge vu béiden Impfskeptiker scho widderluecht.

D’Stöcker sot, dem PEI wäre keng Fäll vu “befalenen” oder “zerstéierte Gefäässwänn” bei gesonde Mënsche bekannt.

De PEI publizéiert reegelméisseg Sécherheetsrapporten iwwer Verdachtsfäll vun Niewewierkunge vu Covid-Impfstoffer, déi gemellt ginn. En tatsächlechen Zesummenhang bedeiten dës Fäll allerdéngs nach net. De jéngste Rapport geet vum Ufank vun der Impfcampagne bis den 30. Juni 2022. Doran daucht näischt op, dat explizitt op “befalen” oder “zerstéiert Bluttgefäässer” hindeit. Allerdéngs gëtt et verschidde Krankheetsbiller als onbestätegt Verdachtsfäll, déi an ënnerschiddleche Formen eppes mat Bluttgefäässer ze dinn hunn.

Dozou ziele Gefäässentzündungen (Vaskulitis), -verstopfungen a -verschléissunge (Embolie, Myokardinfarkt) souwéi Gefäässerkrankungen an Zesummenhang mat engem Bluttgerënsel wéi zum Beispill verschidden Zorte vun Thrombosen. Och en erhéichte Risiko fir en Hiereschlag gëtt et duerch eng mRNA-Impfung net, wéi d’Deutsche Gesellschaft für Neurologie wësse léisst.

Bei all deene Verdachtsfäll läit den Taux vu gemellten Niewewierkunge bei béiden mRNA-Impfstoffer Comirnaty vu BioNTech/Pfizer a Spikevax vu Moderna ënner 0,6 Prozent. D’Majoritéit vun de Verdachtsfäll entfält dobäi op Thrombosen. Bei de meeschten anere Krankheetsbiller läit dee selwechten Taux bei wäit ënner 0,2 Prozent.

An 120 Doudesfäll, onofhängeg vun der Impfstofftechnologie, wär en effektiven Zesummenhang mat der Impfung “warscheinlech” oder “méiglecherweis d’Ursaach”. Insgesamt krut de PEI 323.684 Verdachtsfallmeldungen iwwer Niewewierkungen oder Impfkomplikatiounen. De Sécherheetsrapport ass entstanen, wéi scho méi wéi 64 Millioune Mënschen an Däitschland op d’mannst eemol geimpft waren. Fir de Gros vun der Majoritéit vun de Leit, déi géint Covid-19 geimpft sinn, sinn mRNA-Impfungen also net déidlech oder grav.

D’AFP huet bei der Deutschen Gesellschaft für Pathologie wéinst der Behaaptung nogefrot. De 27. September 2022 hunn zwee Membere vun der Gesellschaft dës dementéiert.

De Falko Fend, medezineschen Direkter um Institut fir Pathologie, sot: “Aus eiser Aarbecht ergi sech keng Hiweiser fir eng Verännerung vun de Gefäässwänn no enger mRNA-Impfung, och no der Examinatioun vun Doudesfäll, déi an engem zäitlechen Zesummenhang, awer ouni kausalen Zesummenhang, mat enger mRNA-Impfung opgetruede sinn.”

D’Saskia von Stillfried und Rattonitz vum Institut fir Pathologie op der RWTH Oochen sot: “Eis si keng Donnéeë bekannt, déi esou eng Behaaptung ënnerstëtze géifen. Och déi aktuell Donnéeën aus dem Regëster, déi virleefeg ausgewäert goufen, weisen net dorop hin.”

De Johannes Oldenburg, Direkter vum Institut fir Hämophilie an Transfusiounsmedezin an der Universitéitsklinick Bonn, huet ausserdeem erkläert: “Richteg ass, dass de Coronavirus selwer zu Endothelzellschied un de Gefäässwänn féiere kann. Fir d’Impfstoffer ass dat awer net de Fall.” Endothelzelle sinn déi bannenzegt Zellschicht vun de Bluttgefäässer.

De Christian Münz, Professer fir viral Immunbiologie op der Universitéit Zürich hat scho fir en eeleren AFP-Faktencheck vum 6. Mee 2021 confirméiert: “Fir dass de Spikeprotein Endothelzellen a Bluttgefäässer schiedege kéint, misst dovun eng grouss Quantitéit am Bluttkreeslaf virleien.” Dat wär awer net de Fall, well d’Spikeproteinnen no der mRNA-Impfung an de Muskel eeben do verbleiwe géifen. Spikeproteinne sinn en Deel vum Coronavirus, mRNA-Impfstoffer enthalen de Bauplang dofir.

mRNA-Impfunge féieren net zu Feelgebuerten

An der Vergaangenheet ass och ëmmer nees d’Behaaptung kurséiert, mRNA-Impfunge géint Covid-19 géifen zu Feelgebuerte féieren. D’AFP hat schonn Ufank November 2021 d’Behaaptunge vun enger Gynekologin iwwerpréift, déi sech op eng falsch Observatioun vun der Gynekologin selwer bezunn hat. Si hat d’Resultater vun enger Observatioun vun den US-amerikaneschen Centers for Disease Control and Prevention (CDC) falsch duergestallt.

De 14. Juli 2022 huet d’CDC op hirer Internetsäit erkläert, dass hir Observatiounen un dausende schwangere Frae weise géifen, dass mRNA-Impfstoffer weder de Schwangeren nach hire Kanner schuede géifen. Et wär keen erhéichte Risiko fir eng Feelgebuert oder aner Schwangerschaftskomplikatioune festgestallt ginn. D’Observatioune géife weider lafen.

D’AFP huet trotzdeem nach eng Kéier bei Experten no der aktueller Behaaptung nogefrot. De 26. September 2022 sot den Ulrich Pecks, Chefdokter vun der Gebuertshëllef an der Universitéitsklinick Schleswig-Holstein, géintiwwer der AFP: “Et kënnt bei geimpfte Fraen tendenziell souguer zu enger Verréngerung vun Doutgebuerten am Verglach zu net geimpfte Fraen. Soumat ass d’Hypothees vu méi Doutgebuerte wéinst Impfung net haltbar.”

Den 31. August 2022 sot och den Cahit Birdir, Chefdokter vun der Gebuertshëllef a Prenataldiagnostik an der Universitéitsklinick Carl Gustav Carus zu Dresden géintiwwer der AFP: “Et gouf am Joer 2021/22 keng signifikant méi héich Zuel u Feel- oder Doutgebuerten an der Dresdener Uniklinick. D’mRNA-Impfstoffer géint Covid kënne bei Schwangeren net dozou féieren, dass Zelle vun der Plazenta zerstéiert ginn.” Och kéint d’mRNA-Impfung net dozou féieren, dass den Immunsystem d’Gefäässwänn vum Kand befält.

Och eng Etüd vum norweegeschen Institut fir ëffentlech Gesondheet vum 24. Mäerz 2022 huet mat Bléck op 157.521 Gebuerte confirméiert, dass trotz enger Impfung géint Covid-19 de Risiko vun enger Feelgebuert, Doutgebuert oder der Hospitaliséierung vum Kand wéinst enger Fréigebuert net méi héich leie géif.

Eng weider Etüd vun der schottescher Gesondheetsagence an Zesummenaarbecht mat der Edingburgh-Universitéit vum 13. Januar 2022 huet 28.457 geimpft Frae consideréiert a koum zur Konklusioun: “Déi niddereg Impfquote bei Schwangere muss onbedéngt ugaange ginn, fir d’Gesondheet vu Fraen a Puppelcher wärend der aktueller Pandemie ze schützen.”

Fazit: Vill Expertinnen an Experten, souwéi grouss ugeluecht Etüden a lafend Observatioune beleeën, dass mRNA-Impfunge géint Covid-19 – och wärend der Schwangerschaft – keng beonrouegend Signaler am Hibléck op d’Gefor fir Gefäässwänn vu Geimpften an Ongebuerenen ausléisen.

Dësen Artikel vun AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.