Virum Hannergrond vu Sécherheetsbedenke ronderëm de Futtballmatch tëscht Frankräich an Israel de 14. November am Stade de France, wéinst den Tensiounen am Noen Osten an no engem Futtballmatch zu Amsterdam, hunn Internetnotzer d’Bild vun israeelesche Poliziste gedeelt a verséchert, dass dës Poliziste virum Match am Paräisser Quartier Saint-Denis fotograféiert goufen. Dat ass awer net wouer, well d’Bild israeelesch Polizisten zu Jerusalem am Joer 2022 weist.
Obwuel 4.000 Polizisten a Gendaarme fir de Match agesat goufen, huet de Paräisser Prefet Laurent Nunez betoune mussen, dass keng israeelesch Agenten “ronderëm de Stade de France, op der ëffentlecher Strooss” an den Asaz kéimen.
D’franséisch Futtball-Nationalekipp huet d’israeelesch Ekipp de 14. November 2024 an enger ugespaanter Atmosphär empfaangen, wou e Sécherheets-Dispositif en place huet musse gesat ginn. Dat wéinst dem Konflikt am Noen Osten, deen zënter dem Ufank vum Krich am Oktober 2023 tëscht Israel an der islamistescher Palästinenserbeweegung Hamas an der Gazasträif eskaléiert ass.
Den Drock war grouss, nodeems et an der Nuecht vum 7. op den 8. November no engem Europa-League-Match zu Ausschreidunge komm war, bei deene Supportere vu Maccabi Tel Aviv duerch d’Stroosse vun Amsterdam gejot a geschloe goufen (hei archivéiert).
Bei dësen Attacken, déi besonnesch vun Israel an den hollänneschen Autoritéiten als antisemittesch bezeechent goufen, goufen 20 bis 30 Leit blesséiert, wourop déi westlech Haaptstied mat Kritik reagéiert hunn. Hollännesch Gruppen, déi dem hollännesche Premierminister no “e Migratiounshannergrond” hunn, hätten de Sträit ugefaangen a wären domat engem Opruff nokomm, Judden unzegräifen, deen am Virfeld a Sozialen Netzwierker verëffentlecht gi war. Virum Match war et zu vereenzelten Tëschefäll komm, dorënner och anti-arabesch Gesäng, déi vu Maccabi-Supportere skandéiert gi wären.
D’Gewalttätegkeete sinn och an engem Ëmfeld vu Polariséierung an Europa ze gesinn, wou antisemittesch, anti-israeelesch an islamfeindlech Akten zënter Oktober 2023 zougeholl hunn.
Wärend den europäeschen Antisemitismus an der Vergaangenheet seng Wuerzelen um extreem-rietse Bord hat, kënnt en am Moment och deelweis vu bestëmmte lénksen an islamistesche Kreesser op.
“Verschidde Leit fuerderen d’Verleeë vum Match Frankräich-Israel. Ech akzeptéieren dat net. Frankräich weecht net zeréck, well dat géif bedeiten, virun der Menace vu Gewalt a virum Antisemitismus ze kapituléieren”, huet de franséischen Inneminister Bruno Retailleau den 8. November op der Plattform X geschriwwen (hei archivéiert). Israel huet seng Supporteren dozou opgeruff, de Besuch am Stade de France ze meiden, enger Quell bei der Police no waren awer “ongeféier 100 Supporteren” um Match.
Et war erwaart ginn, dass de Stadion zu Saint-Denis (80.000 Plazen) zimmlech eidel bleiwe géif, well just tëscht 12.000 a 25.000 Zuschauer erwaart gi waren. Schlussendlech wollte knapp 16.600 Zuschauer de Match gesinn.
An dësem ugespaante Kontext gouf e Bild vu Poliziste mat dem Text “Israeelesch Police am 93., fir Frankräich-Israel ze assuréieren” vu ville Konten op de Plattformen X, Facebook an TikTok gedeelt. “D’Fro ass legitim: Ass Frankräich e besat Gebitt?”, huet en Notzer an de Raum gestallt.
© AFP
Awer dëst Bild huet näischt mam Match vum 14. November ze dinn. Et ass net rezent a gouf net a Frankräich gemaach.
AFP-Foto
Eng ëmgekéiert Billersich huet dës Foto an israeelesche Medie vum 20. Abrëll 2022 (hei archivéiert) a spéider a franséischen Artikelen ab dem 15. Mäerz 2023 erëmfonnt, z.B. an dësen Artikele vu FranceInfo (hei archivéiert), oder vun Orient le Jour (hei archivéiert), déi sech mat Theemen an Israel beschäftegen a keng Referenz op Frankräich maachen.
D’Foto gëtt dem Ahmad Gharabli als Fotograf an der AFP zougeschriwwen.
Se ass am AFP-Archiv mam Datum vum 17. Abrëll 2022 gespäichert. D’Donnéeë vum Fotograf besoen, dass d’Bild zu Jerusalem an der Géigend vun der Léiwepaart (Lions Gate) opgeholl gouf.
Et fält op, dass d’Originalbild an de vun der AFP ënnersichte Publikatiounen ofgeschnidde gouf, fir de Kontext ze verheemlechen.
© AFP
De selwechten Archiven no handelt et sech ëm eng Foto aus enger Serie vun e puer Fotosgalerien.
© AFP
E puer dovu goufen iwwregens och schonn den Dag duerno vu franséische Medie benotzt (hei archivéiert).
Verstäerkt Sécherheetsmesuren
De Paräisser Prefet fir d’Police, Laurent Nunez, hat sech en Donneschdeg, de 14. November 2024, op FranceInfo zu dësem Match geäussert (hei archivéiert). Hie goung op déi ëmfangräich Sécherheetsmesuren an (hei archivéiert), déi en place gesat goufen, fir de Match ze assuréieren. 4.000 Polizisten a Gendaarme ware ronderëm an – wat seele virkënnt – am Stadion, souwéi an den ëffentlechen Transportmëttelen an a ganz Paräis am Asaz. Ongeféier 1.600 Sécherheetsbeamte goufen och am Stade de France mobiliséiert an de RAID, d’Sécherheetsunitéit vun der franséischer Police, gouf fir d’Sécherheet vun der israeelescher Ekipp agesat, déi no hirer Arrivée de Méindeg virdrun an enger Blos ofgeschott gouf.
Trotz dëser staarker Policepresenz hat de Laurent Nunez betount, dass “et keng israeelesch Agente gëtt, déi an der Ëmgéigend vum Stade de France op der ëffentlecher Strooss am Asaz sinn”, well “dat a Frankräich net méiglech ass”.
Amplaz wären “e puer Agenten, déi zum israeelesche Sécherheetsapparat gehéieren, no un der Ekipp drun, an ausschliisslech un der israeelescher Delegatioun” a géife sech wärend dem Match “an der Kommandozentral vum Stade de France” ophalen.
Am Zesummenhang vum Konflikt tëscht Israel a Palästina a besonnesch am Beräich vum Sport si vill falsch Informatiounen am Ëmlaf. D’Faktencheck-Ekipp vun der AFP huet eng Rëtsch dovun iwwerpréift.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.