Wéi d’Stuermdéif “Boris” schlëmm Iwwerschwemmungen a Mëttel- an Osteuropa bruecht huet, hu Klimawandelskeptikerinnen a Skeptiker a sozialen Netzwierker d’verstäerkend Roll vum Klimawandel beim ville Reen geleegent.
Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen hunn awer en Zesummenhang tëscht der méi waarmer Atmosphär an de staarke Reefäll festgestallt. Eng Rei Fachleit hu géintiwwer der AFP erkläert, d’Resultater wäre symptomatesch fir d’Äerderwiermung, déi vum Mënsch ausgeléist gouf a gëtt.
“Just well d’Äerd 1,3°C méi waarm ass wéi an der Klenger Äiszäit am Joer 1850 an d’Atmosphär méi Waasserdamp enthält, bedeit dat NET, dass e bestëmmt Wiederphenomeen duerch de Klimawandel ausgeléist gouf”, huet de Ryan Maue an engem Bäitrag vum 18. September op der Plattform X geschriwwen. Den amerikanesche Meteorolog huet an der Vergaangenheet ëmmer nees seng Skepsis géintiwwer Klimawëssenschaften zum Ausdrock bruecht.
© AFP
Änlech Behaaptungen, an deenen d’Roll vun der globaler Erwiermung bei den aktuellen Onwiederen an Europa ofgeleent gëtt, sinn nieft X och op Facebook am Ëmlaf gewiescht, wéi d’Stuermdéif “Boris” immens vill Reen iwwer Mëttel- an Osteuropa bruecht huet. D’Stuermdéif “Annett”, dat international “Boris” genannt gëtt, huet a Polen, Tschechien, Éisträich a Rumänien fir aussergewéinlech staark Reefäll an Iwwerschwemmunge gesuergt. Op d’mannst 24 Mënsche koumen dobäi ëm d’Liewen, an enger Rei Gebidder klëmmt d’Waasser nach ëmmer.
Eng Rëtsch Noriichtenagencen, dorënner d’AFP, hu gemellt, d’Evenementer wären e Beleeg dofir, wéi extreem Wiederphenomeener duerch déi vum Mënsch ausgeléist Erwiermung verstäerkt ginn – wat nees Kritik vu Skeptiker a Skeptikerinnen op sech gezunn huet.
Awer “d’Phenomeen passt perfekt an dat globaalt Bild vun intensive Reefäll an engem sech erwiermende Klima”, sot den Erich Fischer, Dozent fir Ëmweltwëssenschaften op der ETH Zürech. Géintiwwer der AFP sot hien den 19. September 2024: “Dat gouf schonn an den 1990er-Joren an Aarbechten a Berichter virausgesot. Elo gesi mir dës Verännerung och däitlech an den Observatiounen – dorënner och d’Observatioune fir Däitschland, Éisträich an d’Schwäiz.”
Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hu festgestallt, dass extreem Nidderschléi op de meeschte Statiounen a Mëtteleuropa am leschte Joerhonnert zougeholl hunn. Änlech Wiederphenomeener sinn zwar net nei, awer se trieden elo an enger méi waarmer Atmosphär op, wat d’Nidderschléi méi intensiv mécht, wéi wann dat selwecht Phenomeen an der Vergaangenheet opgetruede wär.
© AFP
“Viraussoe vu fréier ginn elo duerch Observatiounen a Modeller confirméiert. Et kann also kee behaapten, dass dat onerwaart koum”, sou de Fischer ofschléissend.
E Konsortium vun onofhängege Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinne fir de Weltklimarot (IPCC) huet Aschätzungen zur Warscheinlechkeet vun Extreemwiederen an engem sech verännerende Klima erstallt. Dora stinn och “handfest Beweiser” fir d’Zouhuele vum Ausmooss an der Intensitéit vun extreemen Nidderschléi an Europa zënter den 1950er-Joren.
D’Iris de Vries, och vun der ETH Zürech, huet den 18. September erkläert: Et gëtt kloer eendeiteg Beweiser dofir, dass de Klimawandel de Spektrum vu méiglechen Nidderschléi verännere wäert a scho verännert huet”, well déi méi waarm Loft méi Waasser späichere géif.
“ClimaMeter” ass eng Initiativ fir d’séier Erfaassung vun extreeme Wiederphenomeener, déi vum franséischen Centre national de la recherche scientifique (CNRS) a vum Institut Pierre Simon Laplace koordinéiert gëtt. An enger vun hiren Analysen housch et: “Mir interpretéieren de Stuerm Boris als en aussergewéinlecht Phenomeen a Bezuch op d’Nidderschlagsquantitéit an en immens ongewéinlecht Phenomeen a Bezuch op d’Drockmuster, deem seng Eegenaarte gréisstendeels op de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel zeréckgeféiert kënne ginn.” Natierlech Klimaschwankunge hu bei de jéngsten Iwwerschwemmunge “warscheinlech eng méi kleng Roll” gespillt, housch et an der Analys vum 17. September 2024.
Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler ginn dovun aus, dass Staarkreen a Mëttel- an Osteuropa am Zäitraum 2071 bis 2100 am Verglach zu 1971 bis 2000 ëm méi wéi 35 Prozent zouhuele wäert, wat zu méi heefegen a méi geféierleche Stuerzflute féiere wäert.
“De katastrophale Reen a Mëtteleuropa ass genee dat, wat Wëssenschaftler a Wëssenschaftlerinnen am Zesummenhang mam Klimawandel erwaarden”, sot och d’Joyce Kimutai, Fuerscherin um Grantham Institute – Climate Change and the Environment um Imperial College London. “Iwwerschwemmunge wéi dës kënnen Dosende vu Mënschen doutmaachen a Schied a Milliardenhéicht verursaachen, a se wäerten ëmmer méi schlëmm ginn, bis mir fossil Brennstoffer duerch méi propper, erneierbar Energiequellen ersetzen”, huet si den 19. September 2024 erkläert.
D’AFP huet scho méifach Behaaptungen iwwer extreem Iwwerschwemmungen an hiren Zesummenhang mam Klima iwwerpréift. Op der AFP-Internetsäit sinn all d’Faktenchecken zum Sujet Klima gesammelt.
Fazit: Wéi d’Stuermdéif “Boris” schlëmm Iwwerschwemmungen iwwer Mëttel- an Osteuropa bruecht huet, gouf d’Roll vum Klimawandel bei den intensive Reefäll am Internet fälschlecherweis zeréckgewisen oder erofgespillt. Fuerscher gesinn awer e kloren Zesummenhang tëscht enger méi waarmer Atmosphär an extreemen Nidderschléi. Fachleit hunn erkläert, d’Phenomeener wären typesch Konsequenze vun der vum Mënsch ausgeléister Äerderwiermung.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.