Dass d’Moundlandungen angeeblech gefälscht goufen, ass e Klassiker aus Konspiratiounskreesser.
Elo gouf eng onbemannt Mars-Missioun vun der NASA zum Zil vun änleche Behaaptungen: Am August 2024 gouf eng Foto aus Algerien dausendfach am Internet gedeelt, mat der Behaaptung, se géif eng vermeintlech Inzenéierung vun der Missioun beweisen. Mat enger detailléierter Fotoanalys souwéi Beleeg vum Fotograf konnt d’AFP awer noweisen, dass dës Behaaptunge falsch sinn.
Ufank August 2024 hunn dausenden Notzer an Notzerinnen op TikTok a Facebook engleschsproocheg Bäiträg mat zwou scheinbar ënnerschiddleche Fotoe vun enger Wüüstelandschaft gedeelt. D’Bildbeschreiwung op deem ieweschte Bild ass “MARS” a weist zwee onbemannt Raumfaartgefierer. D’Bildbeschreiwung vum ënneschte Bild ass “ALGERIA” a weist e puer Mënschen, déi op scheinbar identesch Dünen a Bierger blécken, wéi op deem ieweschte Bild. De Bildverglach deit un, dass d’Foto vun der Mars-Missioun an Algerien inzenéiert gi wär.
Vum 13. August 2024 u gouf d’Bild och mat däitschsproochege Bäiträg op Facebook gedeelt.
© AFP
Eng weider Beschrëftung op deem Bild, dat online an Ëmlaf ass, ass: “Éischte Fluch Richtung Mars de 17. Abrëll 2021. Vun: Ingenuity Helicopter.” Domat gëtt ugedeit, dass d’Bild anscheinend vun engem Helikopter mam Numm Ingenuity vun der amerikanescher National Aeronautic and Space Agency (NASA) gemaach gouf.
Obwuel eng Rëtsch Kommentaren ënner den engleschsproochege Bäiträg zu Recht op d’Onwarscheinlechkeet vum Bild hiweisen, halen e puer Notzerinnen an Notzer et duerchaus fir authentesch: “Dat ass de Beweis, dass mir ni um Mars waren, d’NASA filmt just an Algerien”, huet zum Beispill en Notzer ënnert engem engleschsproochege Facebook-Bäitrag vum 10. August 2024 geschriwwen.
© AFP
D’AFP huet awer keng Beweiser dofir fonnt, dass d’NASA e vergläichbaart Bild jeemools verëffentlecht huet.
Zwou Versioune vun der selwechter Foto
Mathëllef vun enger ëmgekéierter Billersich mat der ënneschter Hallschent vum diffuséierte Bild konnt d’AFP d’Originalfoto fannen. Se gouf a besserer Opléisung op méi Internetsäite verëffentlecht, dorënner “Krishnamurti France”.
Weider Analyse vun der Foto hunn erginn, dass souwuel dat iewescht Bild mat der Bezeechnung “Mars” wéi och dat ënnescht mat der Bezeechnung “Algerien” zwou Versioune vum selwechten Originalbild sinn. De Schiet vum Bierg am Hannergrond, déi grouss Steng am Vierdergrond an e puer aner Elementer stëmmen iwwerteneen:
© AFP
D’angeeblech “Mars”-Versioun vum Bild gouf mat enger photoshop-änlecher Software beaarbecht: D’Originalfaarwe goufen entsiedegt, d’NASA-Gefier an en Helikopter goufen agesat an d’Persoune mat hirem längleche Schiet, déi um “Algerien”-Bild ënnen ze erkenne sinn, goufen ewechgeholl. Obwuel dat beaarbecht Bild zimmlech onschaarf ass an eng niddreg Opléisung huet, sinn d’Been vun enger vun de Persounen aus der Originalfoto nach ze gesinn, wann een an der “Mars”-Versioun ganz no eruzoomt:
© AFP
D’Originalfoto konnt ausserdeem vun der Internetsäit “Krishnamurti France” erofgeluede ginn. An de Metadate vum Bild gëtt den Numm “Gregory Rohart” als Auteur uginn. Dëse Metadaten no gouf d’Foto de 6. Januar 2009 um 9.56 Auer mat enger Canon 40D-Kamera geschoss.
© AFP
Ëffentlech zougängleche Quellen no ass de Grégory Rohart e franséischen Déieren- an Naturfotograf a Reesblogger, deen ënner anerem an Algerien gereest ass. Op AFP-Ufro huet de Rohart den 23. August 2024 confirméiert, dass hien d’Foto gemaach huet.
Originalfoto gouf ouni Erlabnis vum Fotograf verbreet
De Rohart huet der AFP e Screenshot vum Originalbild op “Lightroom” zur Verfügung gestallt, enger vu Fotografen heefeg benotzter Katalogiséierungs- a Beaarbechtungssoftware. Dorop sinn déi selwecht Metadaten a Beliichtungsdetailer ze erkennen:
© AFP
“Ech hunn et an Algerien geschoss, wéi ech an der Wüüst vun Tadrart wandere war”, huet de Rohart an enger E-Mail un d’AFP geschriwwen an huet sech dobäi op d’Wüüsten- a Biergregioun vun Tadrart, no vun der Grenz tëscht Algerien a Libyen, bezunn. “Als Fotograf wëll ech natierlech net, dass eng Foto vu mir ouni meng Zoustëmmung benotzt gëtt, an nach manner, dass se aus hirem urspréngleche Kontext gerappt gëtt”, sou de Rohart.
Och no Récksprooch mam Fotograf war et net méiglech, déi exakt Plaz an der Géigend vun Tadrart ze lokaliséieren, wou d’Foto geschoss gouf. D’AFP huet awer eng aner Foto vun der selwechter Landschaft op der Internetsäit vum italieenesche Reesbüro “Spazid’avventura” fonnt:
© AFP
© AFP
Doraus léisst sech schléissen, dass d’Bild net um Mars gemaach gouf, mee an der Sahara am Südoste vun Algerien.
D’Mars-Missioune vun der NASA
D’Beschrëftung vum Bild, dat online an Ëmlaf ass, erwäänt den “Ingenuity Helicopter” als Quell an den Datum “17. Abrëll 2021”. Tatsächlech huet d’NASA en Helikopter mam Numm Ingenuity entwéckelt. Dëse war am Juli 2020 u Bord vun engem ferngesteierte Mars-Gefier (Rover) mam Numm Perseverance mat enger NASA-Rakéit vun der amerikanescher Loft- a Raumfaartstatioun Cape Canaveral an d’All gestart.
© AFP
De Rover Perseverance gouf mam Optrag lassgeschéckt, no Unzeeche fir mikrobiellt Liewen um Mars ze sichen, souwéi Daten iwwer d’Geologie an d’Klima vum roude Planéit ze sammelen. No erfollegräicher Landung op der Marsuewerfläch am Februar 2021 huet de “Percy” Buedemprouwen an eng Rëtsch weider Date gesammelt. Eng nei Mars-Missioun wäert néideg sinn, fir dës Prouwen enges Daags ze biergen an op d’Äerd ze transportéieren. Mat de Prouwe sollen zum Beispill Technologië fir de Gewënn vu Sauerstoff aus der Marsatmosphär getest ginn.
Op dës Manéier kéinten nach ni do gewiescht Ablécker an d’Geschicht vum Planéit souwéi aner Erkenntnisser iwwer seng Bewunnbarkeet erausfonnt ginn.
De Mars-Helikopter Ingenuity weit just 1,8 Kilogramm a gouf u Bord vum Mars-Rover Perseverance an d’All geschéckt. En huet den 19. Abrëll 2021 erfollegräich säin éischte Fluch um Mars absolvéiert, wat zugläich den éischte motoriséierte Fluch op engem anere Planéit wéi op der Äerd markéiert huet. Wärend dësem historesche Moment ass den Ingenuity dräi Meter héich an déi dënn Marsatmosphär geklommen an huet e puer Fotoe gemaach, éier en nees ouni Schued gelant ass.
Dëse Fluch huet net just d’Machbarkeet vun der Exploratioun vum Mars aus der Loft bewisen, mee huet och wichteg Date fir zukünfteg Missioune geliwwert, bei deene fléiend Gefierer agesat kéinte ginn, fir d’Uewerfläch vum Planéit ze ënnersichen.
No dësem erfollegräichen éischte Fluch gouf den Ingenuity insgesamt 72 Mol agesat. Dobäi huet den Helikopter an iwwer zwou Stonne Fluchzäit eng Gesamtdistanz vun ongeféier 17 Kilometer, ënnerdeelt a kuerz Etappen, zeréckgeluecht.
D’Aufgab vum Ingenuity bestoung doran, d’Beschafenheet vun der Marsuewerfläch aus der Loft auszekondschaften. Domat huet den Helikopter de Rover Perserverance bei der Sich no Spuere vu mikrobiellem Liewen ënnerstëtzt.
© AFP
D’Laangliewegkeet vum Ingenuity huet all Erwaardunge vun der NASA iwwertraff: de klengen Helikopter huet Erausfuerderunge wéi Stëbsstierm, äiseg Temperaturen, schwéier zougänglechen Terrain bewältegt an en defekte Sensor iwwerstanen. De leschte Fluch vum Ingenuity, den 18. Januar 2024 goung awer mat enger Brochlandung op en Enn, bei där d’Rotorblieder beschiedegt goufen. De 16. Abrëll 2024 huet den Helikopter säi lescht Signal op d’Äerd geschéckt, zesumme mat enger Abschidsnoriicht.
Ingenuity a Perseverance wäerten um Mars bleiwen a weider Daten opzeechnen. Dës wäerten awer eréischt zukünfteg Fuerschungsgeneratiounen ofruffe kënnen, wann eng nei Mars-Missioun d’Datenträger asammelt an op d’Äerd zeréckbréngt.
Fazit: Eng Foto aus Algerien, déi am Internet am Ëmlaf ass, widderleet d’Mars-Missioune vun der NASA net. Dat konnt d’AFP mat enger ausféierlecher Bildanalys a Beleeg vum Originalfotograf noweisen.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.