Eng Fuerschungsariichtung an der Antarktis, déi 2010 fäerdeggestallt gouf, gouf vun amerikaneschen an internationale Wëssenschaftler genotzt, fir subatomar Partikelen aus dem Weltraum ze ënnersichen.
Fuerscher soen, d’Anlag – bekannt als IceCube – géif iwwer en Netzwierk vun optesche Sensore verfügen, fir Neutrinos fir d’Grondlagefuerschung ze detektéieren. An e Verdeedegungsexpert sot, der Anlag géif d’Capacitéit feelen, Energie ze produzéieren, déi amstand wier, d’Äerd ze duerchdréngen.
“Den IceCube Neutrino-Detektor ass net just eng passiv Oflauschtermaschinn… et ass de weltwäit gréisste gesteierten Energiewaffesystem”, huet e Mann, deen als Eric Hecker identifizéiert gouf, geschriwwen an huet an engem Video weider behaapt, e Fournisseur fir Raytheon ze sinn. De Video gouf den 11. Februar 2024 op Facebook gedeelt.
“En ass responsabel fir d’Äerdbiewen 2011 zu Christchurch an Neiséiland”, seet de Mann am Video, dee vun engem Podcast vun der Shawn Ryan Show staamt an am Juli 2023 op YouTube gedeelt gouf. Den Hecker huet an engem Video, deen am August 2023 op TikTok verbreet gouf, änlech Behaaptunge gemaach.
© AFP
Awer d’Anlag emittéiert keng Energie a produzéiert näischt, wat kapabel ass, en Äerdbiewen auszeléisen, sou Wëssenschaftler, déi mam Zenter ze dinn hunn, an en onofhängegen Expert.
“Den IceCube emittéiert näischt. En zeechent Partikelen aus dem Weltraum fir astronomesch Etüden op. En ass e konventionelle Partikeldetektor, deen aus engem Kubikkilometer Naturäis besteet”, sot de Francis Halzan, Chefwëssenschaftler vum IceCube a Physiksprofesser op der University of Wisconsin, déi d’Fuerschung vu ronn 300 Wëssenschaftler aus 14 Länner koordinéiert, an enger E-Mail vum 20. Februar.
Den Ignacio Taboada, en Astrophysiker vun der Georgia Tech University a Spriecher vum IceCube, sot der AFP den 20. Februar an engem Interview, dass d’Anlag Deel vun der “Grondlagewëssenschaft” ouni onmëttelbar praktesch Uwendung ass an dorop ofziilt, e bessert Verständnis vun Neutrinos ze kréien, déi abegraff, déi aus Schwaarze Lächer entstinn.
Den Taboada sot, dass en Impakt baussent der Anlag “net méiglech” wär an huet bemierkt, dass d’Sensoren, déi an der Anlag installéiert sinn, 2,5 Kilometer déi an dat antarktescht Äis gebuert goufen. “Am Hibléck op den Impakt op d’Äis ass dat wierklech minimal”, sot hien.
D’Sensore produzéiere “ganz schwaacht LED-Liicht”, dat bei der Untersuchung vun Neutrinos hëlleft, sot den Taboada. Hie sot, Raytheon wär e fréiere Fournisseur an der Ariichtung gewiescht, awer hien hätt keng Kenntnis vum Eric Hecker oder iergendenger Roll, déi hie gespillt hätt. D’AFP huet Raytheon kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.
Zënter der Erëffnung am Joer 2010 hunn d’AFP an aner Norichtenagencen iwwer d’Fuerschung am IceCube bericht.
© AFP
Den Iain Boyd, a Professer fir Loft- a Raumfaart an Direkter vum Center for National Security Initiatives op der University of Colorado, sot, d’Behaaptungen am Video wieren net plausibel.
“Den Energiedetektor kéint net einfach duerch d’Drécke vun engem Knäppchen als Energietransmitter benotzt ginn. Et wär eng Villzuel vun zousätzlecher grouss ugeluechter Infrastruktur néideg, fir d’Energie als gesteiert Waff ze generéieren an ze benotzen”, sot de Boyd an enger E-Mail vum 21. Februar. “Dës Infrastruktur an déi domat verbonne Reserven, fir d’Generéiere vun engem Stral, kéinten och an der Antarktis net virun der Ëffentlechkeet verstoppt ginn.”
De Boyd sot ausserdeem, dass d’Energieniveauen, fir esou e Stral duerch d’Äerd ze schécken, dee méiglecherweis en Äerdbiewen ausléise kéint, “ausserhalb vun der Skala” wären.
“Den IceCube-Detektor ass esou grouss, well e versicht, ganz kleng Partikele bei niddregem Energieniveau ze detektéieren. En ass net dorop ausgeluecht, mat de grousse Quantitéiten un Energie ëmzegoen, déi fir déi behaapt Effekter néideg sinn”, sot hie weider.
Doriwwer eraus huet de Boyd bemierkt, dass konventionell gesteiert Energiesystemer wéi Laser a Mikrowellen “net an de Buedem andréngen”, an sot weider: “Wann d’Behaaptung ass, dass iergendeng aner Form vun Energie benotzt gëtt, dann ass een ëmmer nach wäit dovun ewech ze erklären, wéi en Äerdbiewen 1000 Meilen ewech ausgeléist gouf.”
Den US Geological Survey seet op senger Internetsäit (hei archivéiert), dass Äerdbiewen, déi vu Mënschen ausgeléist ginn – an der Reegel duerch Fracking -, seele sinn. Ausserdeem goufe keng grouss Äerdbiewen op mënschlech Aktivitéiten zeréckgeféiert. Neiséiland gouf am Februar 2011 vun engem Biewe vun der Stäerkt 6,3 getraff, e puer Méint virdru gouf et e Biewe vun der Stäerkt 7,1.
D’AFP huet weider Behaaptungen iwwer gesteiert Energiewaffen opgedeckt (hei, hei).
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.