Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gepanzert Gefierer ginn net géint Bauereprotester an Holland vir

Faktencheck: Gepanzert Gefierer ginn net géint Bauereprotester an Holland vir - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Ufank Juli 2022 hunn honnerte User e Video op Facebook gedeelt, dee gepanzert Gefierer op enger Autobunn weist. Dozou gëtt behaapt, d’Regierung géif elo “Panzer” géint d’Bauereprotester asetzen, fir se “gewaltsam néierzeschloen”.

Honnerte User hunn de Video an déi dozougehéierend Behaaptung Ufank Juli 2022 op Facebook gedeelt. D’Behaaptung ass och op Twitter kurséiert an huet op Telegram iwwer honnertdausend Leit erreecht. Souwuel op Facebook wéi och op Telegram gehéiert de Konspiratiounsideolog Ken Jebsen zu den Haaptverantwortlechen, déi dës Behaaptung verbreet hunn. D’AFP huet Falschbehaaptungen, déi vum Jebsen diffuséiert goufen, schonn e puer Mol iwwerpréift (hei, hei, hei).

D’Behaaptung: User hunn de Video, an deem e puer blo gepanzert Gefierer op enger Autobunn ze gesi sinn, gedeelt an dobäi behaapt: “De Regime vun Holland léisst elo Panzeren urullen. De Regéierenden an Holland gëtt et wuel sou lues ze waarm ënnert dem Hënner. D’Bauereprotester spëtze sech ëmmer weider zou, deelweis herrsche biergerkrichsänlech Zoustänn an Holland. Bierger liwwere sech Stroosseschluechte mat der Police.” Schliisslech heescht et: “Elo solle Panzeren an den Asaz kommen, fir d’Protester gewaltsam néierzeschloen.”

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 21.07.2022

D’Protester vun hollännesche Baueren, déi zënter 2019 undaueren, sinn ëmmer nees Géigestand vu falsche Behaaptungen a sozialen Netzwierker. Sou hu User schonn Ufank Juni fälschlecherweis behaapt, déi hollännesch Baueren hätte selwer e Panzer fir hire Protest benotzt. Am Juli 2022 goufen och al Opname vun engem Trakter aus dem Joer 2015, deen zu Bréissel probéiert huet, eng Ofspärung vun der Police ze duerchbriechen, als aktuell duergestallt gedeelt. De Video, deen elo gedeelt gëtt, géif och weisen, wat fir grouss Gefierer bei den aktuelle Protester an Holland, wéi et schéngt, zu Asaz kéimen.

D’Bauerinnen a Bauere protestéiere géint Oploe vun der Regierung, no deenen Emissioune vu Stéckstoffoxid bis 2030 däitlech reduzéiert misste ginn. D’AFP hat gemellt, Holland géif plangen, d’Stéckstofffräisetzung an 131 Regiounen ëm bis zu 70 Prozent ze reduzéieren, fir d’Klimaziler vum Land bis d’Joer 2030 z’erreechen. D’Demonstranten hu mat hiren Trakteren ënner anerem Supermarchéë blockéiert. Am Kader vun de Protester hunn e puer Demonstranten Enn Juni 2022 virum Haus vun der hollännescher Ëmweltministesch Christianne van der Wal-Zeggelink eng Ofspärung vun der Police gestiermt. Dobäi koum et zum Deel zu gewalttätegen Eskalatiounen. Polizisten hunn Ufank Juli 2022 Warnschëss ofginn, well si sech menacéiert gefillt hunn.

Video weist gepanzert Gefierer an der Géigend vun Den Haag

Am Video, deen op Facebook gedeelt gouf, si blo gepanzert Gefierer op enger Autobunn ze gesinn. Se sinn an Holland ënnerwee. D’Beschrëftung vun de Gefierer ass wéinst der schlechter Qualitéit net liesbar.

D’AFP huet mat Screenshots aus dem Video eng ëmgedréint Billersich no weidere Publikatioune mat den Opname gemaach an en Tweet vum 21. Juni 2022 fonnt. Dësen Tweet weist de Video an enger besserer Qualitéit. Dem Tweet no géif de Video d’Autobunn 13 a Richtung Den Haag weisen.

D’AFP huet d’Plaz am Video mat der Hëllef vun Hiweiser op der Foto fonnt. Am Video ass eng Esso-Tankstell op enger dräispuereger Autobunn mat enger zousätzlecher Pannespuer nieft engem Feld ze gesinn. Ausserdeem falen e schwaarz-rout Schëld mat der Opschrëft “Open” souwéi e schwaarzen Affichage op (rout Kreesser).

RTL Screenshot aus dem auf Twitter geteilten Video: 21.07.2022, Hervorhebungen durch AFP

D’AFP huet op Google Street View no passenden Esso-Tankstellen op der A13 an Holland gesicht an huet eng op der Autobunn tëscht dem Fluchhafe Rotterdam an Delft, enger Uertschaft südwestlech vun Den Haag, fonnt.

Opnam gouf tëscht Dezember 2021 a Juni 2022 gemaach

D’AFP huet och déi ongeféier Zäit vun der Opnam vum Video erausfanne kënnen. Hiweiser dofir liwwert d’Schëld mat der Opschrëft “Open” am Video. An den archivéierten Opname vu Google Street View si Fotoe vun der Plaz vum Dezember 2021 ze fannen. Zu dësem Zäitpunkt war eng aner Reklamm um Schëld drop. Déi nächst verfügbar Opnam staamt vu Mee 2022 a weist d’Opschrëft “Open”. De Video muss also no Dezember 2021 opgeholl gi sinn.

D’Schëld mat der Reklamm riets nieft der schwaarzer Annonce mam Schëld “100” ass Google Street View no eréischt zënter 2017 op der Plaz ze gesinn. Op alle Google-Opname bis Dezember 2021 hat d’Schëld eng aner Reklamm. De Fast-Food-Restaurant Kentucky Fried Chicken, fir deen d’Reklamm vun Dezember 2021 no placéiert war, ass den Donnéeë vu Google no eréischt ongeféier Oktober 2020 nieft der Tankstell opgaangen. Tëschenzäitlech Ännerunge si méiglech, awer onwarscheinlech.

Gepanzert YPR-Gefierer net am Asaz géint Bauereprotester

Am qualitativ bessere Video aus dem Tweet sinn op de blo gepanzerte Gefierer d’Opschrëft “Koninklijke Marechaussee” an dat hollännescht Immatrikulatiounszeechen “NL” ze liesen.

D’Koninklijke Marechaussee ass déi hollännesch Gendarmerie an Deel vun der Arméi. Se iwwerwaacht d’Sécherheet vum Staat, gëtt awer och am Ausland agesat.

D’AFP huet no Berichter iwwer den Asaz vun de Gefierer aus dem Video zënter Dezember 2021 an der Regioun ronderëm Den Haag gesicht. Op Twitter huet d’Koninklijke Marechaussee den 21. Juni 2022 selwer e Video publizéiert, deen déi selwecht blo gepanzert Gefierer weist. Dës gepanzert Infanteriekampfgefierer, déi wéi kleng Transporter ausgesinn, heeschen an Holland YPR-Gefierer. Se kënnen och mat Artillerie fir de Kampf oder anerem Geschier ausgerüst ginn. Allgemeng ginn esou Kettegefierer, der Websäit vun der Agence no, och bei Masseprotester agesat.

Op Demande vun der AFP huet de Spriecher vun der Koninklijke Marechaussee, de Mike Hofman, geschriwwen: “YPRe goufen ni wärend de Bauereprotester agesat.”

An awer hat déi hollännesch Verdeedegungsministesch Kajsa Ollongren den 1. Juni 2022 géintiwwer dem “Algemeen Dagblad” ugekënnegt, fir den Noutfall gepanzert Gefierer vun der Koninklijke Marechaussee op den Amsterdamer Fluchhafe Schiphol geschéckt ze hunn. Se sollten d’Stroosse fir bei de Fluchhafe fräihalen. Op Nofro vun der AFP huet den Hofman erkläert, dass et sech dobäi ëm Schaufelbaggere gehandelt hätt.

Medieberichter vun der hollännescher Noriichtesäit “NH Nieuws” iwwer d’Situatioun vum 4. Juli zu Schiphol beleeën, dass blo Schaufelbaggeren an aner Gefierer op der Plaz gestanen hunn, awer keng YPRe wéi am Facebook-Video ze gesinn ass. Bis an den Nomëtteg waren awer just e puer Sympathisante vun de Bauereprotester present.

Blo YPR-Gefierer waren Deel vun enger ugekënnegter Übung

D’Sécherheetsagence Koninklijke Marechaussee huet am Tweet vum 21. Juni informéiert: “Haut fueren YPR-Panzergefierer vun der Marechaussee op ëffentleche Stroossen. Dat ass eng Übung.” Och déi ongeféier Route vun de Gefierer tëscht Den Haag a Rotterdam ass do genannt. D’Esso-Tankstell, déi am Facebook-Video ze gesinn ass, läit och an dem genannte Gebitt tëscht Rotterdam an Den Haag.

D’Noriichtesäit vum “Algemeen Dagblad” huet iwwer dës Übung bericht. Engem weidere Bericht vun “Omroep West” vum selwechten Dag no géifen esou Übungen e puer Mol am Joer organiséiert ginn. Souwuel den Twittervideo mat der falscher Behaaptung, den Tweet vun der Sécherheetsagence wéi och d’Medieberichter stame vum 21. Juni 2022. Den Hofman huet erkläert, d’Eendagesübung géif véier Mol am Joer stattfannen, fir d’Fuercapacitéite bäizebehalen. Ofgesi vun dësen Übungen, wären d’YPR-Gefierer zulescht beim Nuclear Security Summit 2014 agesat ginn.

De Spriecher vun der Koninklijke Marechaussee sot géintiwwer der AFP ausserdeem: “Dat war en Deel vun enger Übung, déi op eisem Twitter-Account ugekënnegt gouf. Et ass seelen, dass dës Gefierer op ëffentleche Stroosse ze gesi sinn. Mir wollten net, dass d’Bevëlkerung besuergt ass.” Esou Übunge fannen e puer Mol am Joer statt, awer de Spriecher sot: “Mir mengen, dass de Video den 21. Juni opgeholl gouf.”

D’AFP huet eng zweet Übung fonnt, bei där déi blo Gefierer méi wéi ee Joer virdrun an enger änlecher Regioun agesat goufen. Erëm huet d’Koninklijke Marechaussee op Twitter op d’Übung opmierksam gemaach an d’hollännescht “Algemeen Dagblad” huet de selwechten Dag, den 10. Mäerz 2021, doriwwer bericht.

D’AFP huet keng Beweiser dofir fonnt, dass déi blo gepanzert Gefierer aus dem Video bei enger “gewaltsame Néierschloe” vun de Bauereprotester am Asaz waren. Och huet d’AFP keng Berichter iwwer Ausschreidunge vum 21. Juni 2022 fonnt. An awer gëtt et eng Presenz vun anere gepanzerte Gefierer am Kontext vu Bauereprotester an och bei Stroossespäre vum 21. Juni 2021 als Virbereedung op ugekënnegt Protester.

Fazit: D’Behaaptung, de Video, deen a sozialen Netzwierker am Ëmlaf ass, géif Panzere vun der hollännescher Regierung weisen, déi d’Bauereprotester gewaltsam op en Enn brénge sollten, ass falsch. Déi gepanzert Infanteriegefierer waren am Kader vun enger Übung op de Stroossen an der Géigend vun Den Haag ënnerwee. Dat confirméiere Medieberichter souwéi d’Sécherheetsagence, déi fir déi blo Gefierer zoustänneg ass, der AFP.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.