Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Gesetz erlaabt US-Bundesstaat net, Kanner ze “entféieren”

Faktencheck: Gesetz erlaabt US-Bundesstaat net, Kanner ze "entféieren" - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

E Gesetz am Bundesstaat Washington, dat dorop ofziilt, Kanner ze protegéieren, gouf vu Behaaptungen an d’Viséier geholl, et géif “staatlech sanktionéiert Entféierungen” erlaben. Deem ass awer net esou.

“D’Gesetz, dat kierzlech ënnerzeechent gouf, wäert et der Regierung erméiglechen, den Openthalt vun entlafe Kanner ze verheemlechen, déi virginn, Geschlechtsëmwandlungen oder Ofdreiwunge wëlle virzehuelen. Dat heescht, kee ka géint déi ‘staatlech sanktionéiert Kannerentféierung’ protestéieren”, heescht et an engem Post op Instagram vum 10. Mee 2023 vum Portal Pundit, enger Internetsäit, déi d’AFP schonn e puer Mol iwwerpréift huet.

RTL © AFP

Eng ganz Rei vun Artikelen a Bäitrag a sozialen Netzwierker wéi TwitterTikTok a Facebook – vill dovun op Spuenesch – maachen änlech Behaaptungen iwwer d’Gesetz.

Den 9. Mee 2023 huet den demokratesche Gouverneur Jay Inslee d’Gesetz 5599 (SB-5599) mam Titel “Supporting Youth and Young Adults Seeking Protected Health Services” ënnerschriwwen.

“Bei dësem Gesetz geet et einfach dorëm, en Zougang zu stabillen a sécheren Institutiounen ze hunn a sécherzestellen, dass Kanner net ouni Daach iwwer dem Kapp op der Strooss landen”, sot d’Erin Hut, eng Pressespriecherin vum Washington Senate Democratic Caucus.

“D’Gesetz 5599 erlaabt lizenzéierte Kannerheemer, sech a bestëmmte Fäll un de Ministère fir Kanner, Jugend a Familljen amplaz un d’Elteren ze adresséieren, z.B. wann e Kand reproduktiv Gesondheetsdéngschter oder geschlechtsspezifesch Betreiung sicht.”

Benoriichtege vun den Elteren a Suergerecht

Déi am Internet zitéiert Legislatiounen ernimme weder déi rechtlech Trennung oder d’Entzéie vum Suergerecht vun den Elteren, nach eliminéiere se d’Flicht vum Staat, si iwwer hiert Kand ze informéieren.

D’Gesetz vum Bundesstaat Washington (hei archivéiert) beseet, dass lizenzéiert Kannerheemer “den Elterendeel vum Jugendleche bannent 72 Stonne kontaktéiere mussen, virzuchsweis awer bannent 24 Stonnen, nodeems de Jugendlechen am Heem opgeholl gouf.”

Et gëtt Ëmstänn, ënner deenen d’Kannerheem de Ministère fir Kanner, Jugend a Famill (DCYF) amplaz d’Eltere kontaktéiere kann, och wann d’Benoriichtege vun engem Elterendeel dozou féiere kéint, dass e Mannerjärege blesséiert, vernoléissegt oder sexuell mëssbraucht an ausgebeut gëtt.

D’Gesetz SB-5599 deent dës Fäll op Mannerjäreg aus, déi eng “geschlechtsspezifesch Behandlung” oder “reproduktiv Gesondheetsversuergung” wënschen.

Och mat dësen Ännerungen ass de Ministère weiderhi verflicht, e gutt gemengte Versuch ze ënnerhuelen, d’Elteren ze kontaktéieren. D’Institutioun muss och Déngschtleeschtungen ubidden, déi dorop ofzilen, “de Konflikt ze léisen an d’Famill nees zesummenzeféieren”, wéi et am Gesetz steet.

D’Deirdre Bowen, Direktesch vum Family Law Center op der University of Seattle, sot géintiwwer der AFP: “Fir Transgender-Jugendlecher a Fäll ze protegéieren, an deene si blesséiert oder diskriminéiert kéinte ginn, kontaktéiert d’Kannerheem net direkt d’Elteren.” Dat bedeit awer net, dass se net benoriichtegt ginn.

“Amplaz kënnt hei de Staat an d’Spill, fir Ënnerstëtzung ze leeschten an ze versichen, d’Famill nees zesummenzeféieren”, sot si. “D’Gesetz ermächtegt de Staat a kengem Fall, Mannerjäreger vun hiren Elteren ze trennen.”

Dat ouni uerdentleche Prozess ze maachen, “wär géint d’Verfassung”, sot d’Bowen. Kanner ginn a Washington just da vun den Elteren ewechgeholl, wa se mëssbraucht oder vernoléissegt ginn.

D’Gesetz ännert och näischt un der Alterslimitt fir d’medezinesch Zoustëmmung, déi bei 18 läit – an et bitt och keng reproduktiv oder genderspezifesch Déngschtleeschtungen un, sot d’Bowen.

Hei fannt Dir méi iwwer Artikele vun der AFP am Zesummenhang mat Falschinformatiounen iwwer LGBTQ.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.