Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Google huet net annoncéiert, säin Déngscht Gmail ofzesetzen

Faktencheck: Google huet net annoncéiert, säin Déngscht Gmail ofzesetzen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

E Bild, dat am Internet viral goung, behaapt ze weisen, dass Google säin E-Mail-Déngscht Gmail, ee vun de weltwäit beléiftsten Déngschter, ofsetze wéilt. Mee den presuméierte Screenshot ass eng Fälschung.

RTL © AFP

D’Iwwerschrëft vum presuméierten Hiweis beseet: “Google setzt Gmail of.”

“No ville Joren, an deene Millioune vu Leit op der ganzer Welt vernetzt goufen, eng séier Kommunikatioun assuréiert kruten an eng ganz Rei vu Verbindunge gefërdert goufen, geet d’Rees vun Gmail op en Enn”, geet den Text deelweis weider. “Den 1. August 2024 wäert Gmail offiziell ofgesat ginn, wat de Schluss vun dësem Service bedeit. Dat heescht, dass vun dësem Datum u keng E-Maile méi op Gmail verschéckt, empfaangen oder gespäichert kënne ginn.”

D’Foto an déi entspriechend Behaaptungen zum Ënnergang vun Gmail goungen op der Plattform X viral, wéi den Technologie-Ris ugekënnegt hat, dass den Asaz vu Gemini, sengem KI-Tool, no hannen datéiert gouf an dat wärend dem Réckschlag, wou de Programm eng Duerstellung vun Truppen aus der Nazi-Zäit als Mënsche mat ënnerschiddlechen ethneschen Hannergrënn gewisen hat. Bannent e puer Stonne war “Gmail” an den Trends Topptheema op X.

Obwuel Google schonn an der Vergaangenheet Produiten ausrangéiert huet, wäert d’Entreprise Gmail net ofsetzen. De System ass Deel vun engem Product-Package, dee vu méi wéi 3 Milliarde Mënschen op der Welt genotzt gëtt.

“Gmail ass do, fir ze bleiwen”, sot Google op sengem X-Kont an engem Bäitrag vum 22. Februar an huet domat d’Rumeure widderluecht (hei archivéiert).

Google hat virdrun op senger Support-Säit matgedeelt, dass ee sech vun der Basis-HTML-Versioun trenne géif an een alleguer d’Clienten op d'”Standard-Usiicht” iwwermëttele géif, déi déi meescht benotze géifen (hei archivéiert).

D’AFP huet Google fir en zousätzleche Kommentar kontaktéiert, krut awer keng Äntwert.

Wéi d’Rumeur ugefaangen huet

Déi viral Behaaptung, Google géif Gmail komplett eliminéieren, huet mat engem Notzer op der Plattform X mam Numm “SHL0MS” ugefaangen, deen der AFP an enger Rëtsch Direktmessagë sot, hie wär “en digitale Konzept-Kënschtler mat Pseudonym”, deen dofir bekannt ass, 2022 an engem Protest géint Gurmangsegkeet an der Kryptokultur e Lamborghini an d’Loft gejot ze hunn.

No der Publikatioun vum presuméierte Screenshot den 22. Februar huet den SHL0MS an ëffentleche Konversatioune mat aneren X-Notzer zouginn, dass et eng Arnaque war an huet d’Foto an de Bäitrag ëmmer nees fir sech reklaméiert.

RTL © AFP

De Kënschtler sot der AFP, hien hätt déi gefälscht Ukënnegung vu Google mat dem Feature “inspect element” vum Browser selwer erstallt, fir Ännerungen un enger E-Mail vu Google ze maachen, déi scho Joren al ass. D’AFP huet onofhängeg iwwerpréift, dass et méiglech ass, d’Annonce vun enger E-Mail op dës Manéier ze manipuléieren.

Déi ursprénglech E-Mail hat ugekënnegt, dass Google säi Programm fir d’Web-Analys ersetze géif. D’Entreprise hat dës den 18. Abrëll 2022 verschéckt.

RTL © AFP

“Ech betruechte Schwindelen als Deel vu mengem Ëmgang mat Konscht”, sot den SHL0MS an enger Direktnoricht den 23. Februar. “Dat war als Konschtwierk iwwer eis gesellschaftlech Ofhängegkeet vun zentraliséierte Systemer duerch Konzerner geduecht, déi heefeg notzerfeindlech Entscheedungen treffen.”

D’AFP huet schonn an der Vergaangenheet Feelinformatiounen iwwer aner Google-Produkter opgedeckt (hei, hei an hei).

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.