Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Impfgéigner verbannen ouni Beweis Doud vu Prominente mat Covid-19-Impfung

Faktencheck: Impfgéigner verbannen ouni Beweis Doud vu Prominente mat Covid-19-Impfung - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Soubal eng prominent Persoun stierft, daucht a sozialen Netzwierker den däitschsproochegen Hashtag #plötzlichundunerwartet, oder déi englesch Versioun #diedsuddenly, op.

Säit senger Entwécklung am Joer 2020 ass de Corona-Vaccin Haaptbestanddeel vu ville Konspiratiounstheorien. Behaaptungen, déi stënterlech Doudesfäll mat Vaccinatiounen a Verbindung bréngen, gi säit der Publikatioun vum Film “Died Suddenly” (“Plëtzlech gestuerwen”) Enn November 2022 ëmmer méi heefeg.

Déi schockéierend Biller vu jonke Leit, déi ouni erkennbare Grond zesummebriechen an déi vu Kommentaren, déi Angscht iwwer d’Impfung verbreeden, ënnerbrach ginn, haten op der Plattform “Rumble” bis de 17. Januar 2023 iwwer 9 Millioune Leit erreecht.

Schonn um Dag vun der Verëffentlechung sinn d’Zuele vum Hashtag #diedsuddenly op Twitter explodéiert. Den 20. November 2022 louch en nach bei 4.000 Tweets, den 22. November 2022 gouf e méi wéi 76.000 Mol benotzt. Am däitschsproochege Raum heescht den Hashtag #plötzlichundunerwartet.

“All Kéiers, wann en Tweet den Doud mat engem Impfstoff a Verbindung bréngt, ass den Hype virprogramméiert”, sot déi franséisch Soziologin fir Wëssenschaft a Glawen, d’Romy Sauvayre vun der Université Clermont Auvergne géintiwwer der AFP.

“Eng bekannt Virgoensweis vun den Impfgéigner”, sot den US-amerikaneschen Onkolog David Gorski. Op der Internetsäit “Sciencebasedmedicine”, déi géint medezinesch Desinformatioun kämpft, schreift hien: “Et gëtt kee Beweis fir eng Korrelatioun an och net fir e kausalen Zesummenhang tëschent dem Impfstoff an de stënterlechen Doudesfäll.”

“Onbegrënnt Ängschten”

Seelen Niewewierkunge sinn zwar bekannt an et gouf och doriwwer bericht, mee d’Vaccine géint Covid-19 léise keng plëtzlech Doudeswellen aus, wat och vu Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler bestätegt gëtt. Ëmmer nei Falschmeldunge bréngen de Sujet vum plëtzlechen Doud zur Sprooch, wat keen Enn ze huele schéngt, och wann d’Majoritéit vun der Weltbevëlkerung haut geimpft ass. D’Romy Sauvayre sot, “fir Impfgéigner sinn dës Falschmeldungen Deel vun enger ‘confirmation blas’, also der Tendenz, selektiv just déi Informatioune wouerzehuelen, déi fir déi eege Siichtweis richteg sinn: Mënschen, déi schonn [vun der angeeblecher Nocivitéit vum Impfstoff] iwwerzeegt sinn, ginn an hirem Glawe bestätegt.”

Impfstoffer wäre schonn ëmmer Géigestand vun onbegrënnten Ängschte gewiescht, sot d’Sauvayre. “Iwwer den Impfstoff géint Hepatitis gouf behaapt, e géif angeeblech Multipel Skleros ausléisen dee géint Riedelen angeeblech Autismus.”

Mat den mRNA-Impfstoffer “beweege mir eis an enger anerer Dimensioun. Se sollen angeeblech d’Geneetik veränneren an ëmbréngen.” Den Impfstoff géif anscheinend “fir d’Reduzéierung vun der Weltbevëlkerung” agesat, wéi Internetnotzerinnen an -notzer a sozialen Netzwierker behaapt hunn. Et goung esou wäit, dass behaapt gouf, déi méi héich Stierflechkeet a Frankräich, déi fir d’Joer 2022 observéiert gouf, géing op d’Impfungen zeréck. Och wann déi erhéicht Stierflechkeet, déi vum Institut national de la statistique et des études économiques (INSEE) confirméiert gouf, hänkt se kengesfalls mam Vaccin géint de Virus, mee mam Virus selwer zesummen. Der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no si weltwäit 6,6 Millioune Mënschen duerch de Virus gestuerwen.

Wéi déi franséisch Statistikagence de 17. Januar 2023 bekannt gemaach huet, dass Frankräich 2022 den nidderegsten Taux bei de Gebuerten zënter 1945 hat, hu Userinnen a User doran en Zeeche gesinn, dass den Impfstoff angeeblech fir “e Réckgang vun der Fruchtbarkeet” a souguer fir “Feelgebuerte” responsabel wär. Och dat si Behaaptungen, déi vu villen Dokteren an Dokteschen ëmmer nees widderluecht goufen. Och d’AFP huet änlech Behaaptungen ëmmer nees widderluecht.

Onkloerheet iwwer den Doud

“Den Doud bleift ëmgi vun eppes Geheimnisvollen, wat bis elo philosophesch gepräägt ass”, sot de Sebastian Dieguez, Expert fir Konspiratiounstheorien op der Université de Fribourg an der Schwäiz, an huet bäigefüügt, dass dës Iwwerzeegung op der Onkloerheet iwwer d’Doudesursaache berouen, déi “net ëmmer einfach ze erkläre” sinn.

D’Uneneereie vun Doudesfäll, a se esou ouni Beweiser mat Impfungen a Verbindung ze bréngen, wär eng “onerschëpflech Quell” vun der Desinformatioun, sou den Expert. Besonnesch den Doud vu VIPe wär schonn ëmmer fruchtbare Buedem fir Spekulatioune gewiescht, sot de Soziolog an huet als Beispill d’Legende genannt, déi mam fréien Doud vum Sänger Elvis Presley ze dinn hunn.

Nodeem den amerikanesche Football-Spiller Damar Hamlin Ufank Januar 2023 wärend engem Match en Häerzstëllstand krut, hu sech d’Erwänunge vum Hashtag “diedsuddenly” op Twitter, der amerikanescher ONG Center for Countering Digital Hate (CCDH), déi sech géint Haass am Internet asetzt, vervéierfacht. Den Hamlin konnt nach um Spillfeld reaniméiert ginn.

“Fërmlech Sekonnen nom Doud vum Lisa Marie Presley oder Jeff Beck hunn Tweets hiren Doud mat engem Impfstoff géint Covid-19 a Verbindung bruecht”, sot de Sebastian Dieguez. “Et notzt een Dramaen aus, fir an der Impffro ideologesch Punkten ze sammelen.”

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.