A sozialen Netzwierker ass zënter Mëtt Januar e Video am Ëmlaf, an deem e jonke Mann behaapt, dass gesiedegt Fettsaiere net zu Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge féieren.
Zanter dem 15. Januar 2023 ass e spueneschsproochege Video op Facebook, Tiktok an Instagram am Ëmlaf a gouf e puer dausend Mol gedeelt.
Facebook-Screenshot der Behauptung: 23. Januar 2023
“Virun ongeféier 60 Joer huet en US-amerikaneschen Dokter mam Numm Ancel Keys d’Behaaptung an d’Welt gesat, dass Cholesterol de Risiko fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen erhéicht, ouni stéchhalteg wëssenschaftlech Beweiser dofir virweisen ze kënnen”, seet de Mann am ierféierende Video. “Duerch seng Rotschléi hu mir weltwäit de Konsum vu gesiedegte Fettsaieren, déi vun Déiere kommen, reduzéiert.”
Dem Video no wär doropshin de Konsum vu planzlechen Ueleger wéi Soja-, Raps- oder Maisueleg säit den 1960er Joren “exorbitant” geklommen.
Zuelen ouni Informatioun zu de Quellen
De Produzent vum Video weist zwou Grafike mat Zuelen, fir seng Behaaptungen ze ënnermaueren. Eng Google-Sich zu den Titele vu béiden Duerstellungen, “Total meat consumption by type” (Fleeschkonsum insgesamt no Typ vu Fleesch) an “American Consumption of Vegetable Oil” (Amerikanesche Verbrauch vu Planzenueleg) huet op d’Internetsäit vun “Heart & Soil” vum Paul Saladino geféiert, dee Reklamm fir seng fleeschbaséiert Ernierung mécht. D’Grafike sinn an engem Bäitrag op der Internetsäit ze fannen.
D’Websäit mécht Reklamm fir eng fleeschbaséiert Ernierung a bezeechent Liewensmëttel wéi Geméis, Kären a Leguminoen als “héichgëfteg“. Dat ass eng Virstellung, déi dem allgemenge Konsens vu Gesondheetsagencen op der ganzer Welt widdersprécht, wat si bis elo iwwer d’Virbeuge vu Fettleiwegkeet an iwwer Liewensmëttel, déi bei anere chronesche Krankheete recommandéiert ginn, erfuerscht hunn.
De Saladino verkeeft iwwer Facebook angeeblech ergänzend Liewensmëttel op der Basis vun Déierenorganer.
Déi éischt Grafik, déi vum Hiersteller vum Video, deen am Ëmlaf ass, zitéiert gouf an en angeebleche Réckgang vum Fleeschkonsum weist, huet keng siichtbar Quell, soudass et net méiglech ass erauszefannen, vu wou d’Donnéeë kommen.
D’AFP huet déi disponibel Statistiken iwwer Fleeschkonsum tëscht 1961 an 2013 aus dem oppenen Donnéesportail vun der Ernierungs- a Landwirtschaftsorganisatioun vun de Vereenten Natiounen (FAO) erofgelueden. Souwuel d’Wäerter wéi och d’Tendenze weeche vun den Donnéeën am Video an op der Internetsäit “Heart & Soil” of.
Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge weise sech an der Reegel duerch eng Verengung vun enger Arterie opgrond vun der Usammlung vu Cholesterol a Fett.
Et gëtt zwou Aarte vu Cholesterol. De “schlechte” Cholesterol heescht LDL a ka potenziell d’Arteerie verstoppen. De “gudde” Cholesterol HDL dogéint weist eng méi héich Dicht op a kann esou an d’Liewer transportéiert an ausgescheet ginn.
“Dës Lipoproteinne sinn Transporter fir Fettpartikelen”, sot de Contreras an huet bäigefüügt, dass eng fetträich Ernierung zu engem méi héijen LDL-Cholesterolspigel féiere géif. “Mënsche mat engem méi héijen LDL-Cholesterolspigel hunn e vill méi héije Risiko an eng méi héich Inzidenz vu kardiovaskulären Evenementer”, sot hien.
Den De la Peña huet deem zougestëmmt an ergänzt, dass en héije Wäert vu schlechtem Cholesterol “de kardiovaskuläre Risiko erhéicht. Säit ville Jore gëtt ënnersicht, dass d’Senkung vum LDL-Cholesterol dëse kardiovaskuläre Risiko däitlech miniméiert, an zwar an deem Mooss, dass de Stierflechkeetstaux, d’Zuel vun Häerzinfarkter an d’Optriede vu koronalen oder kardiovaskulären Evenementer erofgeet.”
Och déi däitsch Häerzstëftung schreift online: “Méi héich Bluttfetter steigeren de Risiko, en Häerzinfarkt oder Hiereschlag ze kréien.” Virun allem LDL-Cholesterol wär en Haaptrisikofacteur.
De Wëssenschaftler huet trotz allem dorop higewisen, dass dës Donnéeë mat Virsiicht ze genéisse wären, well gesiedegt Fetter souwuel “gutt Fetter” wéi och “schlecht Fetter” enthale géifen. “Et gëtt gesiedegt Fetter a klenge Formen, wéi se a Mëllechprodukter virkommen, déi gutt fir de Kierper sinn, fir d’Funktioune vum Gehier a vum Nervesystem, fir d’Stoffwiesselfunktiounen, fir d’Reduzéiere vun der Oxidatioun”, wéi hien opgezielt huet.
Och d’Dokter García sot, dass et net ze recommandéiere wär, de Konsum vu gesiedegte Fetter, déi virun allem an Déiereprodukter wéi Fleesch oder Mëllechprodukter virkéimen, vollstänneg ze vermeiden. “All dës Liewensmëttelgruppe si fir eis Ernierung an eis Kierperfunktiounen immens wichteg.”
Aner Risikofacteuren
Et gëtt Gewunnechten, déi de kardiovaskuläre Risiko erhéijen. Den De la Peña nennt hei beispillsweis d’Fëmmen. “Fëmme produzéiert e prothromboteschen Entzündungszoustand. Et erhéicht d’Fäegkeet vum Kierper, e Bluttgerënnsel ze bilden a verstäerkt (…) d’Schiedegung vum Endothel (Zellschicht un der banneschter Fläch vun de Blutt- a Lymphgefäässer). Et reizt d’Zellschicht, mécht se duerchlässeg fir Schuedstoffer a fërdert d’Forméiere vun Oflagerungen.”
Nieft dem Konsum vun Tubak géifen nach aner Risikofacteuren existéieren, sot den Dokter Contreras. “Déi wichtegst Facteuren, déi mat Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen a Verbindung bruecht ginn, si Stéierunge vum Fettstoffwiessel oder Verännerunge vum Cholesterolspigel, Diabetis, (Fëmmen) a Blutthéichdrock.”
D’Geneetik spillt och eng wichteg Roll. “Déi koronal Häerzkrankheet ka geneetesch Ursaachen hunn a verstäerkt an der Famill optrieden”, schreift déi däitsch Häerzstëftung. Den De la Peña huet allerdéngs betount, dass d’DNA just ee vun enger Rei Facteure wär: “Wann zum Beispill mäi Papp mat 40 Joer en Infarkt erlidden huet, heescht dat net, dass ech och ee wäert hunn. Dat bedeit just, dass mäi Risiko méi grouss ass, een ze kréien. Aus statistescher Siicht an aus Siicht vum gesonde Mënscheverstand. Wann ech dann nach fettleiweg sinn, Blutthéichdrock hunn a fëmmen, erhéijen ech de geneetesche Risiko, dee mäi Papp mir hannerlooss huet.”
Si planzlech Ueleger de “Feind”?
Den Auteur vum Video, deen am Ëmlaf ass, behaapt: “Däi Feind sinn d’Planzenueleger an du sollts se aus denger Kichen eraushuelen.” Et wär awer problematesch, all planzlech Ueleger an enger Grupp zesummenzefaassen, sou d’Ernierungswëssenschaftlerin García. “Et gëtt Ueleger, déi gutt fir d’Gesondheet sinn an et gëtt déi, déi et net sinn”, sot si. Beispillsweis Kokosnossueleg: Si huet eng systematesch Etüd aus dem Joer 2020 zitéiert, an där d’Consommatioun vu Kokosnossueleg wärend zwee Méint ënnersicht gouf. “Wärend dësem Zäitraum konnte mir feststellen, dass de Lipidprofil vun de Persoune beaflosst gouf an et koum zu enger däitlecher Hausse vum LDL-Cholesterol.”
Den De la Peña huet dorop higewisen, dass den Auteur vum verbreete Video “ganz pauschal iwwer planzlech Ueleger schwätzt. Wann een differenzéiert, erkennt een, dass et gutt a schlecht Fett gëtt. Dohier gëtt et gutt Planzenueleger an och schlecht Planzenueleger. (…) Um Enn wäert alles, wat den LDL-Cholesterolspigel senkt, theoretesch zu enger Verréngerung vu kardiovaskulären Evenementer féieren.”
De Probleem wär, sou d’García, dass d’Industrialiséierung vu Planzenueleger a ville Fäll zu enger Verhäerdung vu Fetter a Produkter geféiert hätt. “Dat heescht, se ginn a fest Fetter ëmgewandelt an dës Fetter si vill méi geféierlech wéi gesiedegt Fetter.” Se ginn och als Transfettsaiere bezeechent. Dat sougenannt Hydréiere gëtt beispillsweis heefeg bei der Hierstellung vu Margarinn agesat.
De Konsum vu planzlechen Ueleger kann der Dokter García no vu Virdeel sinn, hänkt awer dovun of, wéi se benotzt ginn. Et gëtt zum Beispill proposéiert, dës Ueleger net nees opzewiermen, well een dobäi Transfettsaieren iesse kéint.
Gesond Ernierung
Déi dräi Expertinnen an Experten, déi befrot goufen, ware sech eens, dass déi mediterran Ernierung eng gesond Method fir d’Virbeuge vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge wär. D’García sot, dass dobäi d’Consommatioun vu réiem Olivenueleg üblech wär. Ausserdeem wär d’Ernierung räich u gréngem Geméis wéi Mangold, Spargel, Spinat a Brokkoli souwéi un Uebst. “Ëmsou méi Villfalt beim Uebst, ëmsou méi grouss den Notzen”, sot si.
E weidere wichtege Facteur ass d’Consommatioun vu Vollkarprodukter wéi Huewer, Weessekären, Quinoa, Naturräis a Mais. Anerersäits sinn och Leguminoe wéi Bounen, Saubounen, Lënsen a Käicher eng gutt Quell fir planzlech Eewäisser.
Fazit: Den iwwerméissege Konsum vu gesiedegte Fettsaieren erhéicht wuel de Risiko, eng Häerz-Kreeslaf-Erkrankung ze kréien. Och ënner Planzenueleger gëtt et déijéineg, déi dozou féieren, dass de “schlechten” LDL-Cholesterolspigel klëmmt, awer och Ueleger, déi gutt fir d’Gesondheet sinn. Dat hunn eng Rei Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler souwéi Gesondheetsagencë confirméiert.
Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.