Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Keng offiziell Enquête wéinst Milliounen Doudesfäll no Corona-Impfungen a Japan

Faktencheck: Keng offiziell Enquête wéinst Milliounen Doudesfäll no Corona-Impfungen a Japan - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Och a Japan hunn d’Covid-Impfungen dozou bäigedroen, d’Stierflechkeet duerch Infektiounen ze senken. A sozialen Netzwierker heescht et dogéint, déi japanesch Regierung hätt viru Kuerzem eng offiziell Enquête vu “Milliounen Doudesfäll” an d’Weeër geleet, déi an Zesummenhang mat den Impfunge stoe sollen.

Zënter Ufank Januar 2023 gëtt behaapt, dass déi japanesch Regierung eng Enquête an d’Weeër geleet hätt, fir Milliounen Doudesfäll ze ënnersichen, déi duerch d’Corona-Impfung ausgeléist gi wieren.
Dosende User hunn de Bäitrag op Facebook an Twitter gedeelt, dorënner och den däitschen AfD-Politiker Georg Pazderski. Op Telegram hunn zéngdausenden d’Behaaptung gesinn, déi och op Englesch, Franséisch a Finnesch
verbreet gouf.

D’Behaaptung: “Japan leet offiziell Enquête iwwer Milliounen Doudesfäll duerch Covid-Impfstoffer an d’Weeër”, heescht et am Ufank vun engem Bäitrag. Deemno wiere “japanesch Fuerscher beoptraagt ginn, d’Mechanismen ze ënnersichen, duerch déi experimentell Injektioune mat mRNA-Impfstoffer Doudesfäll a grav Niewewierkungen ausléise kënnen”. Am Kader vun enger Etüd hätt e japanesche Professer fir Medezin festgestallt, dass et “signifikant Verännerungen an der geneetescher Ausstattung vum Immunsystem bei de geimpfte Patiente gouf.”

RTL

Zënter dem Ufank vun de Covid-Impfungen Enn Dezember 2020 sinn eng Rei vu Falschinformatiounen iwwer d’Impfstoffer an hir vermeintlech Niewewierkungen am Ëmlaf. An dësem Zesummenhang goufen ëmmer nees Etüden an Donnéeë vereinfacht, falsch oder ierféierend weiderginn. D’AFP huet an der Vergaangenheet scho Behaaptunge widderluecht, no deene Boosterimpfungen de Krankheetsrisiko erhéije géifen, mRNA-Impfstoffer zu Feelgebuerte féiere géifen oder d’Impfstoffer a Relatioun mat den Afepouken (elo Mpox genannt) stéingen. Faktenchecken zu dëse Sujeten a weider Recherchen iwwer Covid-Impfunge sinn hei ze fannen.

Keng offiziell Enquête

Och d’Behaaptung, Japan hätt eng offiziell Enquête wéinst “Millioune” vun Doudesfäll duerch d’Covid-19-Impfung an d’Weeër geleet, gehéiert an dës Kategorie. Donnéeë vun der japanescher Regierung weisen, dass d’Covid-Impfungen net zu Milliounen Doudesfäll am ostasiatesche Land geféiert hunn. Et gëtt och kee Beweis dofir, dass Japan eng Enquête zu dësen Doudesfäll ageleet huet.

Eng Sich an de jéngste Pressecommuniquéë vum japanesche Gesondheetsministère huet keng Annonce vun enger offizieller Enquête vu “Milliounen” Doudesfäll am Zesummenhang mat der Covid-19-Impfung gewisen, wéi an de Bäiträg op de sozialen Netzwierker behaapt gëtt.

RTL Corona-Impfung in Tokio am 8. Juni 2021 ( AFP / CHARLY TRIBALLEAU)

Duerch eng Sich op Google ass d’AFP op eng Internetsäit gestouss, op där de Video vun engem parteiiwwergräifende japanesche Kongress fir Recherchen iwwer de “kausalen Zesummenhang tëschent Impfung a Mortalitéit a Gesondheetsrisiken no der Impfung” beschriwwe gëtt. Et gëtt awer keen Hiweis dorop, dass dës Konferenz Deel vun enger offizieller Enquête säitens der Regierung war.

Expertinnen an Experte vu Meedan Health Desk, enger Organisatioun aus den USA, déi géint Feelinformatiounen am Gesondheetsberäich virgeet, hunn an enger E-Mail vum 10. Februar 2023 géintiwwer der AFP erkläert, et géif “keng Beweiser oder Ënnerlagen dofir ginn, dass et a Japan eng Enquête iwwer Doudesfäll am Zesummenhang mat der Covid-19-Impfung gëtt”, an dobäigefüügt, dass déi japanesch Regierung alle Biergerinnen a Bierger, déi dofir a Fro kéimen, eng Impfung géint Covid-19 recommandéiere géif, well den Notze vum Impfstoff méi grouss wier wéi d’Risiken. Et géif och keng Unhaltspunkten dofir, dass et a Japan opgrond vun den Impfungen zu Doudesfäll a groussem Ëmfang komm wär.

Entschiedegung fir 20 Doudesfäll am Zesummenhang mat enger Impfung

Am japanesche Gesondheetsministère gëtt e Gremium aus Experten, dee sech mat de Covid-19-Impfungen a supposéierten onerwënschten Niewewierkunge befaasst. Eng Spriecherin vum Ministère huet der AFP den 30. Januar 2023 matgedeelt, dass “de Ministère reegelméisseg Diskussiounen iwwer d’Niewewierkunge vun de Covid-19-Impfstoffer féiert” an dass hir keng Informatiounen oder Noriichtenartikelen iwwer eng grouss Zuel Doudesfäll bekannt wären, déi duerch Covid-19-Impfstoffer ausgeléist gi wieren.

De Ministère weist op senger Internetsäit dorop hin, dass déijéineg, déi “no der Impfung gestuerwe sinn, net um Impfstoff gestuerwe sinn”. Bei Doudesfäll oder Erkrankungen no enger Covid-19-Impfung bitt déi japanesch Regierung eng Entschiedegung a Form vun engem eemolege Paiement un, wann “e kausalen Zesummenhang” mat der Impfung net widderluecht ka ginn.

Bis den 12. Januar 2023 huet d’Regierung esou eng Entschiedegung fir den Doud vun 20 Persounen am Alter tëschent 20 an 90 Joer unerkannt, wéi de japaneschen ëffentlech-rechtleche Sender NHK matgedeelt huet. Offiziellen Donnéeën no si bis den 2. Mäerz 2023 awer 72.573 Japanerinnen a Japaner u Covid-19 gestuerwen.

Etüd ass kee Beleeg fir déidlech Niewewierkungen

D’Bäiträg a sozialen Netzwierker ernimmen och eng Fuerschungsgrupp vun der Universitéit Hiroshima ronderëm de Medezinprofesser Masataka Nagao, déi bei der Obduktioun vu verstuerwene Geimpften angeeblech erausfonnt hätt, “dass signifikant Verännerungen an der geneetescher Ausstattung vum Immunsystem bei geimpfte Patienten, bei deenen eng Autopsie gemaach gouf, festgestallt gi wieren.” Dat heescht, dass sech de Geenom vun den ënnersichte Persoune verännert hätt. Ob dat um Impfstoff louch, ass allerdéngs ongekläert. D’AFP huet an der Vergaangenheet d’Behaaptung widderluecht, dass mRNA-Impfstoffer d’DNA verännere kënnen.

Eng Ekipp vu Fuerscherinnen a Fuerscher vun der Universitéit Hiroshima huet tatsächlech am August 2022 eng Etüd an der Fachzäitschrëft “Frontiers in Immunology” verëffentlecht, an där véier Doudesfäll no enger Impfung mat engem Covid-19-Impfstoff ënnersicht goufen. Déi obduzéiert Persoune waren no enger zweeter Dosis mat engem mRNA-Impfstoff gestuerwen, woubäi eng Autopsie bei hinne keng eendeiteg Doudesursaach feststelle konnt.

RTL mRNA-Impfstoffe liefern genetischen Bauplan für Antigene: Wirkweise des Impfstoffes von Pfizer-Biontech ( JOHN SAEKI, MATTHIAS BOLLMEYER, LAURENCE CHU / AFP)

D’Fuerscher hu mat Hëllef vun der RNA-Sequenzéierung de geneetesche Patrimoine vun de véier Testpersounen am Verglach mat enger Kontrollgrupp vu Mënschen ënnersicht, déi u Bluttverloscht a Strangulatioun gestuerwe waren. Si hu festgestallt, dass verschidde Geenen an der Grupp vun de Geimpften héichregléiert an aner Geenen nees erofregléiert waren, wat d’Auteuren op eng Iwwerreaktioun vum Immunsystem, e sougenannten Zytokinstuerm, duerch d’Impfung schléisse gelooss huet.

Am Fazit maachen d’Autorinnen an d’Auteuren awer keng Ausso iwwer d’Doudesursaach vun den ënnersichten Testpersounen. Villméi stelle si fest: “Eis Resultater loossen awer net erkennen, wat dës ofwäichend Zytokinreaktioun haaptsächlech ausgeléist huet.” Villméi erkläre si, dass si dës Immunreaktioun bei véier Verstuerwenen observéiert hunn, déi zoufälleg grad och e Covid-19-Impfstoff gesprëtzt kruten, wat just bedeit, dass d’Fuerscher d’Corona-Impfung als méiglech Ursaach a Betruecht gezunn hunn.

Lafend Fuerschung iwwer d’Ursaach

Weder d’Universitéit Hiroshima nach de Masataka Naga hunn op AFP-Ufroen zu der ernimmter Etüd reagéiert. Allerdéngs huet den Nagao géintiwwer der australescher Norichtenagence AAP fir e Faktencheck zum selwechten Theema gesot, dass et e presuméierte kausalen Zesummenhang tëscht den Impfungen an der Immunreaktioun kéint ginn, dësen awer nach net bewise wär, well d’Fuerschungen dozou nach net ofgeschloss sinn.

An enger weider E-Mail un d’AFP vum 1. Mäerz 2023 huet eng Expertin vum Meedan Health Desk erkläert, dass den Opbau vun der Etüd net gëeegent wär, fir allgemeng Aussoen iwwer méiglech Niewewierkunge vun Impfstoffer ze treffen: “De Probleem bei dëser Etüd ass, dass et sech just ëm eng Fallstudie ouni strengen Design handelt an d’Gréisst vun de Stéchprouwe ganz, ganz kleng ass.”

Et wär net méiglech, doraus ze schléissen, dass d’Impfungen d’Ierfgutt vun den Testpersoune verännert huet. “Mir kënnen aus dëser Etüd oder dëser Aart vun Etüd (Fallstudie) keng endgülteg Schlussfollgerungen zéien, se liwwert eis just weider Informatiounen, op deene mir méi staark Konzepter fir Etüden opbaue kënnen. An de strengen, randomiséierte Kontrolletüden, déi zu Impfstoffer an onerwënschte Resultater (Doudesfäll abegraff) duerchgeféiert goufen, gëtt et keng Hiweiser dorop, dass Covid-19-Impfstoffer en Zytokinstuerm ausléisen.”

D’Covid-19-Impfstoffer, déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO zougelooss goufen, goufen a kontrolléierten Etüden an och an der geimpfter Bevëlkerung grëndlech op hir Sécherheet an Effikassitéit beim Mënsch getest. Dës Etüden hu keng Beweiser dofir erbruecht, dass Covid-19-Impfstoffer de Grond fir iwwerméisseg Doudesfäll sinn.

Fazit: Japan huet keng offiziell Enquête vu Milliounen Doudesfäll als Konsequenz vun de Covid-19-Impfstoffer an d’Weeër geleet. Bis elo huet déi japanesch Regierung an 20 Doudesfäll Entschiedegunge bezuelt, an deenen en Zesummenhang mat enger Impfung net ausgeschloss konnt ginn. Déi zitéiert Etüd beweist net, dass d’Impfungen zu déidlechen Iwwerreaktioune vum Immunsystem féieren.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.