Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Kéi an Australien kréie keng déidlech mRNA-Impfstoffer gesprëtzt

Faktencheck: Kéi an Australien kréie keng déidlech mRNA-Impfstoffer gesprëtzt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Aktuell gëtt an Australien un mRNA-Impfstoffer géint Krankheete bei Notzdéiere gefuerscht, allerdéngs sinn do nach keng esou Impfstoffer disponibel. Trotzdeem hu User a sozialen Netzwierker déi falsch Behaaptung gedeelt, dass australesch Bauere mat enger Impfflicht dozou gezwonge géife ginn, hire Kéi déidlech mRNA-Impfstoffer ze sprëtzen. Esou eng Impfflicht gëtt et net.

Dosende User hunn d’Behaaptung Ufank Oktober 2022 op Facebook gedeelt an och op Telegram huet dës net-bewise Geschicht Honnertdausenden erreecht. D’Behaaptung gouf och vum prominenten australeschen Impfgéigner David Oneeglio op Englesch verbreet.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 24.11.2022

D’Behaaptung war am Ëmlaf, nodeem den australesche Bundesstaat New South Wales den 28. September 2022 bekannt ginn hat, dass en e Vertrag mat enger US-amerikanescher Biotech-Firma ofgeschloss hätt, fir d’Entwécklung vun mRNA-Impfstoffer, fir zwou Krankheete bei Notzdéieren ze fërderen.

D’Impfstoffer, déi viraussiichtlech net virun August 2023 asazbereet wäerte sinn, solle bei der Maul- und Klauenseuche (MKS) an der Lumpy-Skin-Krankheet hëllefen. MKS ass eng héich ustiechend, akut verlafend Viruserkrankung mat Féiwer, déi och Blosen u Lëpsen, Patten an Auder ze erkennen ass. Se befält alleguer d’Déiere mat Patten. D’Lumpy-Skin-Krankheet ass e Virus, dee Béischte befält a sougenannt Lumps, als Klompen an der Haut um ganze Kierper ausléist. Béid Krankheete si fir de Mënsch net geféierlech.

Nodeem béid Krankheeten an Indonesien ausgebrach waren, huet Australien am Juli 2022 dat ganzt Land an Alarmbereetschaft versat. Australien reglementéiert seng Bio-Sécherheet ganz streng.

An Australien si bis elo keng mRNA-Impfstoffer fir Kéi zougelooss

D’Bäiträg op Facebook behaapten, d’mRNA-Impfunge wären an Australien obligatoresch. Dat ass falsch. Stand 24. November 2022 sinn iwwerhaapt keng mRNA-Impfstoffer géint béid Krankheete fir Notzdéieren zougelooss.

De Pall Thordarson, Direkter vum RNA-Institut vun der Universitéit vun New South Wales, sot de 4. Oktober géintiwwer der AFP: “Et gëtt keng Méiglechkeet, dass Béischten hei mat mRNA geimpft ginn, a scho guer net doru gestuerwe sinn.”

Och e Spriecher vum Premierminister vun New South Wales sot den 11. Oktober géintiwwer der AFP: “D’Regierung vun New South Wales huet d’Benotze vun engem Impfstoff bei Notzdéieren net ordonéiert – eis Erausfuerderung besteet doran, een ze entwéckelen.”

Den 13. Oktober 2022 huet déi australesch Regierung en nationale Plang fir d’Bekämpfung vun der Lumpy-Skin-Krankheet publizéiert. de Plang beschreift Impfungen als wichtegt Instrument, fir d’Ausbreedung vun der Krankheet ze verhënneren a gëtt och e kuerzen aktuellen Iwwerbléck vun der Fuerschung an anere Länner. An Israel a Südafrika wären Impfstoffer bei Déieren am Asaz. Allerdéngs handelt et sech dobäi net ëm mRNA-Impfstoffer, mee ëm lieweg Impfstoffer.

D’AFP huet och bei der Christina Hölzel, Cheffin vun der Aarbechtsgrupp Déierenhygiène, Déieregesondheet a Liewensmëttelhygiène un der Christian-Albrecht-Universität zu Kiel, nogefrot, wéi et ëm esou Impfstoffer, wéi se an de Behaaptungen erwäänt ginn, an Däitschland steet. De 24. November 2022 sot si der AFP: “An Däitschland gëtt et keng zougeloossen oder benotzt mRNA-Impfstoffer bei Kéi, generell war jo de Covid-Impfstoff den éischten mRNA-Impfstoff, deen iwwerhaapt an Däitschland zougelooss gouf.”

Keng Repercussiounen op Déiereprodukter

Am Moment ginn mRNA-Impfstoffer beim Mënsch géint Covid-19 agesat. D’AFP huet a fréiere Faktenchecke schonn ausféierlech bericht, dass mRNA-Impfungen d’DNA net veränneren (hei, hei, hei).

Bei mRNA-Impfstoffer gëtt keen aktive Virus gesprëtzt. “mRNA” steet fir “messenger RNA”, och Buet-Ribonukleinsaier genannt. Dës Impfung liwwert dem Kierper souzesoen e geneetesche Bauplang, deem seng Zellen op dëser Grondlag dann Antikierper hierstellen. D’DNA enthält an hirem Duebelstrang wichteg Ierfinformatiounen, souzesoen de Bauplang vun engem Mënsch mat all sengen Eegenschaften. D’RNA huet just een eenzele Strang.

International Experten an Expertinne souwéi medezinesch Instituter (hei, hei, hei) si sech eens: Eng mRNA-Impfung verännert d’DNA vun engem Mënsch net. Si erklären unisono, dass d’RNA, déi bei der Impfung gesprëtzt gëtt, just an engem bestëmmten Deel vun der Zell zum Asaz kënnt. De geneetesche Bauplang kënnt awer net bis an den Zellkär, wou sech d’DNA befënnt. Op Grondlag vun der geimpfter RNA forméiert de Kierper Deeler vum Coronavirus no. Mat der eigentlecher DNA vun den Zellen huet dëse Virgang awer näischt ze dinn.

Dës Websäit vun der Cambridge-Universitéit erkläert d’Funktiounsweis vun mRNA. D’AFP erkläert et och an dësem Video:

De Pall Thordarson huet erkläert, dass d’mRNA-Impfstoffer, déi fir Déieren entwéckelt ginn, änlech wierke sollen. “Eis DNA ass anere Mamendéieren (z.B. Béischten a Schwäin) an tatsächlech allen Déieren (Fësch an Hénger inclus) ganz änlech.”

E Spriecher vum australesche Ministère fir Grondstoffindustrie, deen déi landwirtschaftlech Industrie vum Land iwwerwaacht, huet de 5. Oktober géintiwwer der AFP erkläert, sollten mRNA-Impfstoffer agesat ginn, géife se “keng Repercussiounen op Déiereprodukter wéi Fleesch oder Mëllech hunn.”

Fazit: D’AFP huet keng Beleeg fir eng angeeblech mRNA-Impffllicht an doraus resultéierend Doudesfäll bei Kéi an Australien fonnt. An Australien gëtt zwar un mRNA-Impfstoffer géint Krankheete bei Notzdéiere gefuerscht, aktuell sinn awer keng am Asaz. Och eng Impfflicht mat dësen Impfstoffer gëtt et net.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.