Scroll Top

Faktencheck: Klimaleegner benotzen erausgepickten Donnéeë fir Desinformatioun

Faktencheck: Klimaleegner benotzen erausgepickten Donnéeë fir Desinformatioun - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Hefteg Schnéifäll a Kalifornien brénge Mënschen dozou, d’Auswierkunge vun der globaler Äerderwiermung ze leegnen. Si versichen hir falsch Behaaptunge duerch geziilt erausgefiltert Wiederdonnéeën ze ënnermaueren – dës stamen nämlech aus engem Schigebitt.

“#ClimateScam-Profie behaapten ëmmer nees, dass de Schnéi a Kalifornien verschwënnt, wärend en a Wierklechkeet zouhëlt. Gëtt et iergendeppes, iwwer dat si net léien?”, huet den Tony Heller an engem Bäitrag vum 28. Mäerz 2024 op der Plattform X geschriwwen.

E weidere Bäitrag vum Heller, deen d’AFP scho wéinst der Verbreedung vun Desinformatiounen iwwer de Klimawandel iwwerpréift huet, verweist och op déi stënterlech kal Temperaturen, déi viru Kuerzem a Kalifornien waren, fir den Afloss vun der globaler Äerderwiermung a Fro ze stellen.

De Bäitrag enthält eng Grafik mat de järlechen Donnéeën iwwer de Schnéi fir d’Schigebitt Palisades Tahoe a Kalifornien.

RTL © AFP

RTL © AFP

Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler hu géintiwwer der AFP awer erkläert, dass an de Bäiträg geziilt Donnéeën ausgewielt ginn, fir Zweiwel un den Auswierkunge vum Klimawandel op d’Ekosystemer opkommen ze loossen – an dass Informatiounen zu Donnéeë vun engem Schigebitt net fir breet regional Trends stoe kënnen.

“Dat si klassesch Beispiller fir Klima-Desinformatioun”, sot den Daniel Swain, Klimawëssenschaftler um Institut fir Ëmwelt an Nohaltegkeet vun der University of California zu Los Angeles (UCLA). De Swain huet de 4. Abrëll 2024 géintiwwer der AFP erkläert, dass d’Schnéiquantitéit, déi normalerweis als “Waasserequivalent” vum geschmolte Schnéi gemooss gëtt, an de leschte Joerzéngten a ganz Kalifornien an am Weste vun den USA ofgeholl hätt – mat e puer Ausräisser bei Wiederstatioune mat méi kuerzen Opzeechnungen oder a méi héije Lagen.

D’Klimawëssenschaftlerin Katharine Hayhoe huet ugemierkt, dass “mir all Schnéiiwwerwaachungsstatiounen an der Regioun betruechte missten, fir festzestellen, wéi d’Schnéiquantitéit am Weste vun den USA ass – an net just eng.”

Donnéeë vun der US-Ëmweltschutzagence (EPA) weisen, dass tëschent 1955 an 2022 d’Schnéiquantitéit am Abrëll a wäiten Deeler vum Weste vun den USA ofgeholl huet.

RTL © AFP

“Et gëtt e puer Plazen an der Sierra Nevada, wou d’Schnéiquantitéit marginal zougeholl huet (manner wéi 20 Prozent), awer bei der Majoritéit vu Plaze sinn immens staark Réckgäng ze observéieren”, sot d’Hayhoe de 4. Abrëll 2024.

Expertinnen an Experte betounen, dass d’Donnéeë vun der Palisades-Tahoe-Websäit onzouverlässeg kéinte sinn. “Den Datesaz, op dee si sech bezéien, gëtt net vu seriéise wëssenschaftlechen Organisatioune gesammelt – et gëtt also keng Méiglechkeet, hir Methodik ze iwwerpréiwen an d’Kontinuitéit vun den Opzeechnunge sécherzestellen”, sot den Andrew Schwartz, Chef-Wëssenschaftler a Manager vum Central Sierra Snow Laboratory op der University of California-Berkley de 5. Abrëll 2024 géintiwwer der AFP.

Järlech Schwankungen

De Grond, firwat e puer kalifornesch Wiederstatiounen anormal Donnéeën iwwer Schnéiquantitéiten opgezeechent hunn, géif zum Deel mat de Wiederkonditiounen an dësem Bundesstaat zesummenhänken.

Den John Abatzoglou, Fach-Professer fir Klimavariabilitéit op der University of California-Merced, huet de 4. Abrëll 2024 géintiwwer der AFP erkläert, de Bundesstaat hätt “onvirstellbar variabel järlech Néierschléi, woubäi de meeschten Néierschlag vun November bis Mäerz fält (zoufällegerweis dann, wa sech eng Schnéidecke bilt)”.

D’Felicia Marcus, Gaaschtwëssenschaftlerin beim Water in the West Program vun der Stanford University, huet deem zougestëmmt a sot, dass et a Kalifornien “am leschte Joer a wäiten Deeler vun de Bierger an der Sierra Nevada en ongewéinleche Rekordschnéi gouf an och dëst Joer ass d’Schnéidecken e bëssen iwwer dem Duerchschnëtt”.

Si huet am Interview vum 4. Abrëll 2024 mat der AFP awer ugemierkt, dass “am Laf vum Klimawandel éischter eng Ëmverdeelung vun den Néierschléi wéi e gläichméissege Réckgang” observéiert géif ginn. Eng Rei Etüden hunn esou Tendenze festgestallt.

Déi global Äerderwiermung wäert dem wëssenschaftleche Konsens no zu engem Réckgang vun der Schnéiquantitéit féieren, woubäi et zu ënnerschiddleche lokalen a regionalen Tendenze komme kann, well de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel zu “villfältegen an heiansdo géigeleefegen Aflëss” féiert.

Unhand vun Donnéeë vum California Office of Environmental Health Hazard Assessment huet de Professer Abatzoglou e Réckgang vun ongeféier 28 Prozent vun der Schnéiquantitéit am gesamte Bundesstaat tëscht 1950 an 2022 berechent.

Hien huet och bäigefüügt, dass “glafwierdeg Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler nimools just Donnéeën iwwer e sou geréngen Zäitraum vun 23 Joer analyséiere géifen” – wéi et an de Bäiträg a Sozialen Netzwierker de Fall ass. “Wiederphenomeener musse schliisslech ëmmer an engem gréissere Kader betruecht ginn, fir aussokräfteg Réckschlëss ze treffen.”

D’AFP huet nach weider Behaaptungen iwwer de Klimawandel iwwerpréift.

Fazit: De Klimawandel, dee vum Mënsch gemaach ass, ass wëssenschaftlech onëmstridden. Klimaleegnerinnen a Klimaleegner versichen ëmmer nees duerch geziilt Erauspicke vun Donnéeën, Onsécherheet an Zweiwel iwwer de Klimawandel ze verbreeden. An dësem Fall goufen eenzel Donnéeën iwwer d’Schnéiquantitéit an engem Schigebitt a Kalifornien genotzt, fir generell Schlëss iwwer déi global Äerderwiermung ze treffen – däraarteg Donnéeë kënnen awer nimools global representativ gekuckt ginn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.