Am September 2024 koum et an Europa zu staarken Iwwerschwemmungen, déi Fuerscher mam Klimawandel a Verbindung setzen. A Sozialen Netzwierker war doropshin eng Lëscht vun extreemen Héichwaasser zu Köln zënter dem Joer 1784 mat der Behaaptung am Ëmlaf, dass deenen hiert Optrieden de Klimawandel widderleeë géing. Mee d’Héichwaasserdonnéeën, déi am Internet ënnerwee sinn, sinn onvollstänneg an deelweis feelerhaft.
Héichwaasser hu Fachleit no regional an ënnerschiddlech Ursaachen, mee de Klimawandel géif dës extreem Wiederphenomener verstäerken.
“De vum Mënsch gemaache ‘Klimawandel’ ass déi eigentlech Menace!”, huet eng Facebook-Notzerin den 18. September 2024 geschriwwen. Dozou huet si e Sharepic vun mat iwwerflute Stroossenusiichte mat néng historesche Peegelstänn gedeelt. Iwwer de Fotoe steet “Köln Héichwaasser Schäiss Klimawandel 1784”. Den héchste Peegelstand vun dëser Rei gëtt dobäi fir d’Joer 1784 mat 13,82 Meter uginn, wärend den niddregste Peegel fir d’Joer 2024 mat 8,23 Meter duergeluecht gëtt.
Den identesche Sharepic gouf op Facebook iwwer 5.000 Mol gedeelt. D’Kommentarer ënner dem Bäitrag weisen, dass eng Rei Notzer de Klimawandel unzweiwelen an d’historesch Héichwaasser vum Rhäin als Beleeg dofir gesinn. Een Notzer huet zum Beispill geschriwwen: “De Klimawandel ass a bleift eng Ligen” (Original: “Lug und Trug”). En aneren huet gekontert: “Ëmmer schéin d’Märerchersstonn vun de Gréngen nolauschteren an CO2-Steier bezuelen. Vläicht hëlleft et jo.”
Och op Threads an Telegram gouf de selwecht Sharepic villfach gedeelt, op der Plattform X hunn ausserdeem polneschsproocheg User d’Bild mat däitschem Text gedeelt.
© AFP
Ëmmer nees stellen Notzer a Sozialen Netzwierker d’Existenz vum vum Mënsch gemaache Klimawandel a Fro. Historesch Evenementer wéi Héichwaasser oder besonnesch niddreg Waasserstänn goufen dobäi dacks als Argumenter genotzt. D’AFP huet schonn eng Rei Behaaptunge widderluecht, zum Beispill dass niddreg Peegelstänn zu Dresden am Joer 1904 de “Klimaschwindel” beweise géifen, genee wéi d’Dréchent um Bodensee am Joer 1540. Och déi aktuell verbreet Bäiträg bezweiwelen unhand vun eenzelen extreeme Wiederphenomener d’Roll vum Mënsch un der globaler Äerderwiermung.
Den aktuelle Bäitrag mat den ierféierende Peegelstänn ass zënter Mëtt September a Sozialen Netzwierker am Ëmlaf. an den Deeg virdrun war d’Berichterstattung vum Stuermdéif “Anett” gepräägt, deen international “Boris” genannt gëtt: A Polen, Éisträich, Tschechien, Rumänien an anere Länner a Mëttel- an Osteuropa hat den immense Staarkree fir hefteg Iwwerschwemmunge gesuergt. An den Héichwaassergebidder koumen op d’mannst 24 Mënschen ëm d’Liewen.
An Däitschland war d’Situatioun vergläichsweis entspaant. Duerch staarke Ree waren awer d’Peegele laanscht däitsch Flëss däitlech geklomme wéi beispillsweis um Rhäin zu Köln.
Eng Rëtsch Norichtenagencen, dorënner d’AFP, hate gemellt, d’Evenementer wären e Beleeg dofir, wéi extreem Wiederphenomener duerch déi vum Mënsch ausgeléist Erwiermung verstäerkt ginn – wat nees d’Kritik vu Skeptiker méi grouss gemaach huet. An der Vergaangenheet huet d’AFP schonn eng Rei Falschbehaaptungewidderluecht, de Klimawandel hätt keen Afloss op extreem Wiederphenomener.
Authentesch Foto vu Köln
Eng ëmgekéiert Billersich ergouf, dass den online gedeelte Sharepic en Extrait vun enger authentescher historescher Foto vu Köln weist. D’Originalbild gouf vum Deutschen Bundesarchiv op Wikimedia verëffentlecht an ass online fräi zougänglech. De Quellendonnéeën no ass d’Foto vum November 1930.
© AFP
D’Bildbeschrëftung vum Originalbild ass: “Héichwaasser virun der Kölner Alstad. An der Mëtt vum Bild den Tuerm vu Groß St. Martin.” D’Notzung vu grad dësem Bild weist awer schonn, dass d’Peegelstänn, déi um Sharepic opgeféiert ginn, onvollstänneg sinn. Vun engem Héichwaasser am Joer 1930 ass do näischt ze liesen.
Onvollstänneg, feelerhaft Donnéeën
Offiziellen Donnéeë vum Landesamts für Natur, Umwelt und Verbraucherschutz Nordrhein-Westfalen no huet de Rhäin bei Köln en duerchschnëttleche Peegelstand vun 2,97 Meter (hei archivéiert), wéi och d’Noriichtenagence dpa gemellt huet. Vun engem Peegelstand vu 4,5 Meter u ginn zu Köln Héichwaasserschutzmesuren ergraff, déi vun de Stadtentwässerungsbetriebe Köln (StEB Köln) koordinéiert ginn.
Op der Internetsäit vun den StEB Köln ass eng ëmfaassend Héichwaassergeschicht vun der Stad zougänglech (hei archivéiert). Zënter dem Joer 1784 goufen do 52 staark Héichwaasser registréiert, bei deenen de Kölner Peegel op d’mannst 7,5 Meter erreecht hat. Op dem Sharepic gi fir dësen Zäitraum awer just néng Peegelstänn opgezielt.
Ausserdeem sinn zwee Wäerter, déi an de Sozialen Netzwierker verbreet goufen, feelerhaft: Fir d’Joer 1784 nennen d’StEB eng Peegelhéicht vun 13,55 Meter, am feelerhafte Bäitrag gëtt vun 13,63 Meter geschwat. A wärend op dem Sharepic fir 1845 en Héichwaasser vun 10,34 Meter ugi gëtt, hunn d’StEB Köln fir dat Joer iwwerhaapt keen Héichwaasser verzeechent.
© AFP
Ausserdeem produzéiert déi online verbreet Auswiel en tendenziéisen Androck: Mat Ausnam vum Wäert vun 2024 gi just extreem Héichwaasserdonnéeë mat Peegelstänn vun iwwer 10 Meter genannt. Sou entsteet den Androck, d’Héichwaasser aus dem Joer 2024 wär immens kleng ausgefall, de vum Mënsch ausgeléiste Klimawandel kéint also keng entscheedend Roll spillen.
Mee d’Héichwaassergeschicht vun den StEB Köln weist, dass 46 vun den 52 Héichwaasser zënter 1784 a Wierklechkeet Peegelstänn vun ënner 10 Meter haten. D’Héichwaasser vun 2024 mat 8,23 Meter ass domat op kengem Fall en Ausräisser no ënnen, mee läit am Mëttelfeld.
Ursaache vun extreemen Héichwaasser
Héichwaasser sinn an der Reegel op lokal Wiederphenomeener zeréckzeféieren, beispillsweis staark Néierschléi oder plëtzlecht Schmëlze vu Schnéi, awer och op mënschlech Agrëff an d’Leef vu Flëss. Dat huet den Dominik Rösch, Ëmweltwëssenschaftler a Pressespriecher bei der Bundesanstalt für Gewässerkunde (BfG), op AFP-Ufro de 25. September 2024 erkläert.
Dat aussergewéinlech staarkt Rhäinhéichwaasser vu 1784 war dem Rösch no “eng Verkettung vu verschiddenen ongënschtege Facteuren”: En heftege Vulkanausbroch op Island am Joer 1783 huet d’Wieder vun der Nordhemisphär staark beaflosst an huet fir extreem Néierschléi an niddreg Temperature gesuergt. Am Wanter 1783/84 war immens vill Schnéi gefall an et war immens kal, soudass vill Flëss zougefruer waren an eng deck Couche Äis haten. “E Waarmloftabroch ronderëm den 23. Februar 1784 a groussraimege Reen hunn e plëtzlecht Dawieder bewierkt”, huet de Rösch erkläert. D’immens waasserhalteg Schnéimasse si geschmolt, konnten awer wéinst der décker Couche Äis op de Flëss just begrenzt offléissen.
Et koum zu engem sougenannten “Äisstau” an enger domat anhiergoender Héichwaasserkatastroph, déi op villfälteg Manéier dokumentéiert gouf, beispillsweis an dësem Kupferstich:
© AFP
“Äishéichwaasser vum Rhäin sinn hautdesdaags ganz onwarscheinlech”, sot de Rösch weider. Sou war de Rhäin am Wanter 1962/63 déi lescht Kéier zougefruer. Grond dofir wäre mënschlech Agrëff, wéi d’Zouféiere vu waarmem Waasser aus Industrieanlagen a “besonnesch d’Zouhuele vun der Lofttemperatur duerch de Klimawandel”.
Presuméiert “Beweiser” géint d’Existenz vum vum Mënsch gemaache Klimawandel wären d’historesch Héichwaasser awer op kengem Fall: “Extreem Eenzelphenomeener – och ouni Afloss vun Äis – huet et ëmmer ginn a wäert et ëmmer ginn”, huet de Rösch resuméiert.
Eenzel Peegelstänn soen näischt iwwer Klima aus
Eenzel Peegelstänn vun engem Floss sinn aus enger Rei vu Grënn keng gëeegent Method, fir Klimaverännerungen ze dokumentéieren, huet de René Orth, Professer fir d’Modelléierung vu Biogeocheemesche Systemer op der Universität Freiburg, géintiwwer der AFP den 30. Juli 2024 erkläert. Als historesch Momentopname géife se just d’Auswierkunge vu Wiederphenomeener zu engem bestëmmten Zäitpunkt dokumentéieren. “De Klimawandel ka sech just op laangfristeg Trends vu Waasserstänn vu Flëss auswierken”, huet den Orth preziséiert. Schliisslech beschreift “Klima” per Definitioun vum Deutschen Wetterdienst (DWD) eng Zesummefaassung vu Wiedervirkommnësser iwwer e laangen Zäitraum. De Waasserstand vum Rhäin gëtt dem Orth no ausserdeem net just duerch d’Wieder beaflosst, mee och duerch verschidde mënschlech Notzungszwecker. Waasser gëtt beispillsweis fir d’Bewässerung, als Drénkwaasser oder fir d’Kille vun Industrieanlage benotzt.
Den Dominik Rösch vum BfG huet erkläert: “Vun engem systematesche Wandel schwätzt een an der Wëssenschaft eréischt, wann Héichwaasser iwwer e Zäitraum vu ville Jore beleebar méi dacks optrieden, méi laang daueren, méi intensiv ginn oder sech nei Entsteeungsmechanismen ofzeechnen.” An der Klimafuerschung ginn dofir Zäitraim vun 30 Joer genotzt.
Grondsätzlech wär et schwiereg, Verännerungen am Optriede vun extreemen oder seelenen Evenementer statistesch robust nozeweisen. “D’Hiweiser heefe sech awer, dass sech de Klimawandel schonn op d’Geschéie vun Héichwaasser auswierkt an d’Effekter weider zouhuelen”, huet de Rösch nach bäigefüügt.
Klimawandel beaflosst d’Warscheinlechkeet vun Héichwaasser
E Konsortium vun onofhängege Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler fir de Weltklimarot (IPCC) huet Aschätzunge fir d’Warscheinlechkeet vun extreemen Wiederphenomeener an engem sech verännerende Klima erstallt. Se enthalen “handfest Beweiser” fir d’Zouhuele vun Ausmooss an Intensitéit vun extreemen Néierschléi an Europa zënter den 1950er-Joren.
D’Iris de Vries vun der ETH Zürech huet den 18. September 2024 géintiwwer der AFP erkläert: “Et gëtt kloer, eendeiteg Beweiser dofir, dass de Klimawandel de Spektrum vu méiglechen Néierschléi verännere wäert a scho verännert huet”, well méi waarm Loft méi Waasser späichere géing. Wëssenschaftlerinnen a Wëssenschaftler ginn dovun aus, dass Staarkreen a Mëttel- an Osteuropa am Zäitraum 2071 bis 2100 am Verglach zu 1971 bis 2000 ëm wéi 35 Prozent zouhuele wäert, wat zu méi heefegen a geféierleche Sturzflute féiere wäert.
Och eng aktuell Etüd vun der Fuerschungsinitiativ “World Weather Attribution” vu September 2024 koum zur Konklusioun, dass d’Néierschléi, déi am September 2024 zum Héichwaasser a Mëttel- an Osteuropa geféiert hunn, ouni de Klimawandel net sou gravéierend ausgefall wären.
D’AFP huet an der Vergaangenheet eng Rëtsch Behaaptungen iwwer extreem Iwwerschwemmungen an deenen hiren Zesummenhang mat dem Klima iwwerpréift. Op der AFP-Homepage sinn all d’Faktenchecken zum Sujet Klima gesammelt.
Fazit: Eng Lëscht vun historesche Peegelstänn um Rhäin zu Köln, déi am Internet kurséiert, widderleet net de vum Mënsch gemaache Klimawandel. Zum engen ass d’Lëscht onvollstänneg a feelerhaft. Zum aneren ergi sech aus eenzelen historesche Momentopname keng wëssenschaftlech Aussoen doriwwer, wéi sech d’Klima laangfristeg verännert, wéi Fachleit der AFP erkläert hunn. D’global Äerderwiermung géif awer dozou féieren, dass extreem Wiederphenomeener wéi Staarkreen zouhuelen – och um Rhäin.
Dësen AFP-Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.