Scroll Top

Faktencheck: Neit Gesetz an Dänemark verbitt Reeboufändel net

Faktencheck: Neit Gesetz an Dänemark verbitt Reeboufändel net - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

An Dänemark gëllt zënter dem Joer 2025 en neit Gesetz, dat just bestëmmt Fändelen op ëffentleche Plazen erlaabt.

A Sozialen Netzwierker gouf Mëtt Dezember 2024 behaapt, d’Gesetz géif och de Reeboufändel verbidden. A Wierklechkeet ass de Fändel vun der LGBTQ-Communautéit awer explizitt vum Verbuet ausgeholl – an en ass net déi eenzeg Ausnam.

Den Dannebrog – sou heescht den däneschen Nationalfändel – huet zënter dem 1. Januar 2025 eng speziell Positioun: Just hien ass engem neie Gesetz no u Fändelsmasten an Dänemark erlaabt. D’Gesetz zu dëser Reegelung, dat Enn 2024 gestëmmt gouf, huet awer och eng Rei Ausnamen. Notzer vu Sozialen Netzwierker hunn awer Mëtt Dezember 2024 op Facebook an X geschriwwen, dass och “keng Reeboufändelen” erlaabt wären an hunn d’Moossnam erfreet mat “leeft dach” kommentéiert. Dobäi hu si e Screenshot vun engem Artikel vun der “Süddeutsche Zeitung” iwwer dat neit Gesetz gedeelt.

RTL © AFP

Dës Behaaptung ass awer falsch, wéi d’Gesetz an Informatioune vum dänesche Justizministère weisen. Dat geet och eendeiteg aus dem Artikel vun der “Süddeutsche Zeitung” ervir.

Den 3. Dezember 2024 huet dat dänescht Parlament fir e Gesetz gestëmmt, dat vum 1. Januar 2025 u just nach d’Eropzéie vum dänesche Staatsfändel erlaabt. Fändele vun anere Länner sinn un ëffentleche Masten dann net méi erlaabt, wéi aus engem Pressecommuniqué vum zoustännege Justizministère vum 3. Dezember 2024 ervirgoung (hei archivéiert). E puer Ausname ginn direkt am Gesetz ernimmt (hei archivéiert). Sou géif d’Verbuet beispillsweis “net déi finnesch, färöesch, grönlännesch, islännesch, norwegesch, schweedesch an däitsch Fändele” ëmfaassen.

Am Pressecommuniqué vum Justizministère gëtt konkretiséiert, wat fir Fändele vun elo un erlaabt a wat fir verbuede sinn: Nieft Nationalfändele sinn och regional Fändele wéi zum Beispill vu Katalounien u Masten ënnersot souwéi assimiléiert Fändele wéi deen aus dem Palästina.  Explizitt ausgeholl sinn nieft de Fändele vun de skandinavesche Länner an Däitschland wéi och déi, “déi international oder regional Verbänn a Kooperatioune representéieren” souwéi “aner Fändelen, déi keng Nationalfändele vun anere Länner, regional Fändelen oder mat dësen assimiléiert Fändele sinn”. Dat géif ënner anerem och “Reeboufändelen, Piratefändelen a Fändele mat verschiddene Logoen a Markenzeechen” aschléissen.

De Reeboufändel ass en internationaalt Symbol vun der LGBTQ-Communautéit. D’englesch Ofkierzung LGBTQ steet fir lesbesch, schwul, bisexuell, transgender a queer.

Den amtéierende Justizminister oder d’-ministesch kann dem Gesetz no zousätzlech Ausname festleeën, déi net explizitt dora virgeschriwwe sinn. Sou ass am Moment den ukrainesche Fändel un ëffentleche Masten erlaabt, heescht et am Pressecommuniqué. Der Begrënnung vum Gesetz no gëllt d’Verbuet ausserdeem just fir ëffentlech Maste vun op d’mannst 4 Meter Héicht (hei archivéiert). U méi niddrege Masten, Hausfassaden oder och Balcone si weiderhin all Fändelen erlaabt.

Artikel erkläert neit Gesetz

Den Artikel vun der “Süddeutsche Zeitung” vum 16. Dezember 2024, deen an de Bäiträg als Screenshot gedeelt gëtt, geet an d’Detailer vum Gesetz an, erkläert historesch Hannergrënn vum dänesche Fändel a wéi et zum Gesetzestext koum – nämlech duerch eng Klo vun engem USA-Fan, dee vu sengem Noper wéinst dem Eropzéie vum amerikanesche Fändel eng Plainte gemaach krut. Schliisslech wär engem kinneklechen Dekreet vun 1915 no just den Danneborg erlaabt. E Gesetz gouf et bis elo net. D’Ausnam fir de Reeboufändel am doropshin votéierte Gesetz gëtt am Artikel och explizitt ernimmt.

An Däitschland war dëst Gesetz virun allem dowéinst e Sujet an der Ëffentlechkeet, well den däitsche Fändel zu den Ausnamen zielt. Dat bréngt Erliichterunge fir d’däitsch Minoritéit an Dänemark mat sech: Si muss vun elo un net méi fir all Ulass extra eng Geneemegung ufroen, fir de schwaarz-rout-gëllene Fändel eraushänken ze dierfen.

Fazit: En neit Gesetz an Dänemark erlaabt grondsätzlech just nach d’Eropzéie vum däneschen Nationalfändel. D’Gesetz gesäit awer eng Rei Ausname vir. Dozou gehéiert nieft de Fändele vu skandinavesche Länner och de Reeboufändel vun der LGBTQ-Communautéit.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.