Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Onbewise Behaaptungen iwwer dem Selenskyj säi Verméigen

Faktencheck: Onbewise Behaaptungen iwwer dem Selenskyj säi Verméigen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A Bäiträg op de sozialen Netzwierker, déi zu Dausende gedeelt goufen, heescht et, dass de Wolodymyr Selenskyj pro Mount 11 Milliounen Dollar verdéngt, e Milliardeverméigen hätt – dozou géif och en Haus am Wäert vu 35 Milliounen Dollar a Florida gehéieren – an eng Rei aner Behaaptungen iwwer säin deiere Liewensstil.

“De President vun der Ukrain besëtzt en Haus am Wäert vu 35 Milliounen Dollar a Florida an huet 1,2 Milliarden Dollar op engem Bankkont an Iwwerséi”, heescht an engem Text op engem Bild, dat den David Wolfe, en amerikaneschen Auteur a Verfechter vu réiem Geméis, de 24. Februar 2023 getwittert huet.

“De Selenskyj besëtzt 15 Haiser, dräi Privatfligeren a kritt pro Mount 11 Milliounen Dollar Akommes. Firwat freet sech keen, wou eis Ënnerstëtzung higeet?”

RTL Screenshot from Twitter taken February 28, 2023

D’Bäiträg schéngen eng Behaaptung erëmzeginn, déi fir d’éischt am Februar 2022 op engem Telegram-Kanal opgedaucht war, dee Medieberichter no vun der russescher Regierung kontrolléiert gëtt. D’Uschëllegunge goufen am Internet propagéiert, wéi d’USA de 24. Februar 2023, dem éischte Joresdag vun der russescher Invasioun, der Ukrain weider Sécherheetsmoossnamen an Héicht vun zwou Milliarden Dollar zousoten.

D’USA hu méi wéi d’Hallschent vun de 50 Milliarden Dollar u Militärhëllef bereetgestallt, déi Kiew zënter Krichsufank kritt huet. Dës Ënnerstëtzung gëtt vu verschiddene Politiker kritiséiert, dorënner eelef Republikaner am Representantenhaus, déi eng Resolutioun fir d’Astelle vun der amerikanescher Hëllef fir d’Ukrain mat ënnerstëtzt hunn.

Beamten am US-Verdeedegungsministère soten, et géif keng Beweiser dofir, dass Kiew d’Hëllef mëssbraucht – an d’Zuelen, déi an de sozialen Netzwierker publizéiert goufen, wären onbegrënnt, wéi och aner onofhängeg Organisatioune fir Faktenchecke matgedeelt hunn (hei, hei).

“Keng vun den uewe genannten Aussoen ass wouer”, sot de Spriecher vum Selenskyj, de Sergej Nykyforov, géintiwwer der AFP an engem Schreiwes. “Dat ass e bewossten, awer vergeebleche Versuch, d’Ënnerstëtzung vun der amerikanescher Gesellschaft fir de Kampf vum ukrainesche Vollek fir Fräiheet a Gerechtegkeet ze beaflossen.”

D’AFP huet de Wolfe ëm eng Stellungnam gefrot, krut awer keng Äntwert.

Eegentum

Dem Wolfe säin Tweet behaapt, dass de Selenskyj, e fréiere Schauspiller a Komiker, en “Haus am Wäert vu 35 Milliounen Dollar a Florida” besëtzt. Eng Iwwerpréiwung vun der AFP vun den ëffentlechen Opzeechnungen an alle 67 Counties vum Bundesstaat huet erginn, dass den ukrainesche President do kee Besëtz ënner sengem Numm huet.

Forbes huet an engem Artikel vum Abrëll 2022 geschat, dass de Selenskyj en Immobilieportfolio vu véier Milliounen Dollar hätt. Zu senge Verméigenswäerter gehéieren dräi Wunnengen – dorënner Immobilien zu Kiew an op der Krim -, zwou, wou hie Matbesëtzer ass, ee kommerzielle Besëtz a fënnef Parkplazen.

De Selenskyj a seng Fra hunn och zwee Autoen a sechs Luxusaueren an hirer Verméigensdeklaratioun aus dem Joer 2020 uginn, wéi aus dem Dokument ervirgeet, dat bei der Nationaler Agence fir Korruptiounspreventioun (NACP) agereecht gouf.

Forbes huet am Joer 2022 matgedeelt, dass et “keng Beweiser” fir eng Flott vu Luxusyachten a Privatjette fonnt hätt, déi dem Selenskyj gehéiere géif. D’AFP huet och keng Spuer vu méigleche Verméigenswäerter fonnt, déi an de Bäiträg an de sozialen Netzwierker ernimmt ginn.

D’Pandora Papers, Dokumenter, déi den International Consortium of Investigative Journalists (ICIJ) zougespillt krut an 2021 publizéiert huet, weisen, dass de Selenskyj a seng Geschäftspartner 2012 en Netzwierk vun Offshore-Entreprisen opgebaut hunn. D’Enquête, un där ronn 600 Journaliste bedeelegt waren, huet op engem Leak vu ronn 11,9 Milliounen Dokumenter vu 14 Finanzdéngschtleeschtungsentreprisen op der ganzer Welt berout.

Der ICIJ hiren Erkenntnisser no goufen zwou vun den Offshore-Gesellschaften, déi dem Selenskyj senge Partner gehéiert hunn, benotzt, fir dräi Immobilien am Zentrum vu London ze kafen. Awer et gëtt “keng Unzeechen dofir, dass de Selenskyj selwer un den Immobiliegeschäfter zu London bedeelegt war”, wéi den Organized Crime and Corruption Reporting Project (OCCRP) deemools geschriwwen huet.

Den Drew Sullivan, Matbegrënner an Editeur vum globalen Netzwierk vun investigative Journalisten, sot der AFP den 3. Mäerz an enger E-Mail, dass de Selenskyj zwar “räich” wär, den OCCRP awer “keng aner Verméigenswäerter fonnt” hätt, déi ee mat him a Verbindunge brénge kéint.

“De Wolfe ass kee Journalist oder Expert”, füügt de Sullivan dobäi. “Hie verkeeft pseudowëssenschaftlech Gesondheetsprodukter. Hie beschreift sech selwer als Konspiratiounstheoretiker, ass géint Vaccinen, ouni Beweiser dofir ze liwweren, dass Impfungen Autismus ausléisen, an huet och gesot, dass d’Äerd flaach ass.”

Den ICIJ huet kee weidere Commentaire dozou ofginn.

Nettoverméigen an Akommes

Der Zäitschrëft “Forbes” no gëtt et siwe Milliardären an der Ukrain – an de Selenskyj ass keen dovun. De President huet “ongeféier 20 Milliounen Dollar”, sot de Magasinn a sengem Rapport fir 2022.

Eng Rei vunOrganisatioune fir Faktenchecken, dorënner och e puer mat Sëtz an der Ukrain, sinn zu änleche Konklusioune komm.

De Selenskyj a seng Fra, d’Olena Selenska, hu méi wéi 700.000 Dollar op Bankkonten a 650.000 Dollar boer an hirer Steiererklärung 2020 deklaréiert. D’Haaptverméige vum President ass awer eng Bedeelegung u Kvartal 95 LLC, déi op 25 Prozent geschätzt gëtt. Kvartal 95 LLC ass eng Produktiounsfirma, déi hien 2003 mat Frënn aus Schoulzäiten an aus sengem Droitsstudium gegrënnt huet.

“Mir gesi keng signifikativ Verännerunge säit der Publikatioun vun dësem Artikel”, sot de Wolodymyr Landa, stellvertriedende Chefredakter vu Forbes Ukraine, an enger E-Mail vum 7. Mäerz. “Op alle Fall verléiert Kvartal 95 u Wäert, well d’Nofro no Comedy-Sendungen am leschte Joer däitlech zeréckgaangen ass.”

Wat säin Akommes betrëfft, sou huet de Selenskyj am Joer 2020, senger leschter Steiererklärung no, als President 336.000 UAH (ukrainesch Griwna) verdéngt. Dat entsprécht bal 12.500 US-Dollar pro Joer, baséierend um duerchschnëttleche Wiesselcours am Joer 2020.

Eng Rei vun ukraineschen Norichtenagencen haten am Fréijoer 2021 gemellt, dass de Selenskyj och 4,6 Milliounen UAH (171.120 Dollar) u Lizenzgebühren an 13,4 Millioune UAH (498.480 Dollar) aus dem Verkaf vun engem Haus a vun engem Grondstéck deklaréiert huet. De Groussdeel vun de Lizenzgebühre koum vu Kvartal 95, dat e geschatene Joresëmsaz vun 30 Milliounen US-Dollar huet.

D’Zelenska huet en Akommes vun 952.900 UAH (35.447 Dollar), dat si vun der Firma krut, fir d’Joer 2020 deklaréiert. Dat bréngt der Famill an deem Joer e Gesamtakommes vun ongeféier 220.000 US-Dollar, ouni de Verkaf vun der Immobilie. Dat läit also wäit ewech vun den 11 Millioune pro Mount, wéi et an de Bäiträg behaapt gëtt.

D’AFP huet e puer Mol den NACP kontaktéiert, fir weider Informatiounen ze kréien, mee krut keng Äntwert.

D’AFP huet an der Vergaangenheet nach aner Falschinformatiounen iwwer de Selenskyj an den Ukrainkrich iwwerpréift.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.