Scroll Top

Faktencheck: Sketch aus dem Irak gëtt benotzt, fir angeeblech virgetäuscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen

Faktencheck: Sketch aus dem Irak gëtt benotzt, fir angeeblech virgetäuscht Affer vum Assad-Regimm duerzestellen - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL-Grafik

Ënnert der Féierung vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) hate Kämpfer den 8. Dezember 2024 d’syresch Haaptstad Damaskus eruerwert an domat d’gewalttäteg Herrschaft vum Baschar al-Assad op en Enn bruecht. Am Internet ass en angeebleche Beweisvideo am Ëmlaf, wéi e fréiere Prisonéier vum Saidnaja-Prisong inzenéiere géif, vun de fréiere staarke Leit am Land blesséiert ginn ze sinn. A Wierklechkeet weist de Video awer Iraker, déi zu Bagdad e Sketch dréien.

D’Rebellen, déi vun der islamistescher Miliz Hayat Tahrir al-Scham (HTS) ugeféiert ginn, haten den 8. Dezember 2024 d’Muecht a Syrien iwwerholl an de fréiere President Baschar al-Assad verdriwwen, deem seng Famill d’Land iwwer fënnef Joerzéngte laang regéiert hat. Den Herrscher, deem Entféierung, Folter an Ermordung vun Anescht-denkende reprochéiert gëtt, ass a Russland geflücht. Doropshi goufen Anlage wéi de Saidnaja-Prisong bei Damaskus befreit. Do soll den Assad-Regimm Mënscherechtsorganisatiounen no Leit gefoltert an ëmbruecht hunn.

Am Internet hu User elo awer a Fro gestallt, ob dës Berichter der Wourecht entspriechen, andeem si beispillsweis e Video gedeelt hunn, deen als Inzenéierung vun engem Syrer duergestallt gëtt. De Behaaptungen no soll de Mann am Clip just sou maachen, wéi wann hien ënner dem Baschar al-Assad am Saidnaja-Prisong blesséiert gouf. “Dem Assad säi ‘Folteraffer’ spréngt op säi ‘krankt’ Been, bis hien eng hanner d’Ouere kritt”, huet ee vun de ville User op Facebook geschriwwen. Am weideren Text huet hie kommentéiert: “D’Medie ginn net midd, de gestierzte syresche President Baschar al-Assad als ‘Diktator’, als ‘bluttrënschtege Schluechter’, als d’Inkarnatioun vum Béisen ze dämoniséieren.”

Am ongeféier 10 Sekonne laange Video klëmmt e Mann mat agegipstem rietse Been aus engem Taxi. Den angeeblech Gefolterte stäipt sech fir d’éischt op säi blesséiert Been – bis den Taxichauffer him mat engem Schlag op den Hannerkapp ze verstoe gëtt, dass hien d’Bee wiessele soll.

RTL © AFP

Och op de Plattformen X an Telegram ass de Video inklusiv der Behaaptung, dass den amerikanesche Sender CNN d’Opnamen diffuséiert hätt, am Ëmlaf.

D’Sequenz gouf och an anere Sprooche verbreet, dorënner op Englesch, Spuenesch, Chineesesch an Italieenesch. Behaaptungen op Franséisch, Bulgaresch souwéi op Rumänesch huet d’AFP schonn iwwerpréift. D’AFP huet och keng Hiweiser dorop fonnt, dass CNN dëse Video diffuséiert hätt.

Am Ufank war den Humor

Fir den Uert vum Tournage ze bestëmmen, huet d’AFP eng ëmgekéiert Billersich mat Sequenzen aus dem Video duerchgeféiert. D’Resultat war eng Versioun vum Clip a besserer Qualitéit, déi eng Telefonsnummer an de Schrëftzuch “x_hayder_r” op engem Taxi erkenne léisst. Eng erweidert Sich am Internet mat dësen Informatiounen huet zum Instagram-Kont vun der Persoun geféiert, déi de Video ursprénglech den 8. Dezember 2024 gedeelt hat (hei archivéiert).

RTL © AFP

A senger Instagram-Beschreiwung ernimmt den Notzer, dass him e Buttek am Véierel al-Kadhimiya zu Bagdad gehéiere géif, dat sech an der Géigend vun enger Pompjeeskasär befënnt. Ausserdeem sinn am Hannergrond vum Video Nimm vu Restauranten op Arabesch ze erkennen. Der Iwwersetzung vu Google Lens no befënnt sech am Hannergrond e Falafel-Buttek.

RTL © AFP

Dësen Hiweis hëlleft dobäi, déi genee Plaz, wou de Video gedréit gouf, erauszefannen. Eng Sich no Falafel-Restauranten op Google Earth Pro am Quartier al-Kadhimiya zu Bagdad huet der AFP de geneeën Uert vum Tournage geliwwert.

RTL © AFP

De Video gouf also zu Bagdad gedréit.

CNN dementéiert Diffusioun

Mat enger Stéchwierdersich konnt d’AFP ausserdeem keng Resultater iwwer d’Behaaptung fannen, CNN hätt de Video diffuséiert, wéi eng Rei User an däitsche Facebook-Posts behaapt hunn.

Op AFP-Ufro huet eng Spriecherin vum Noriichtesender den 19. Dezember 2024 geäntwert: “CNN huet dëst Filmmaterial op kenger vu senge Plattformen diffuséiert oder verëffentlecht.”

Video war virdru schonn am Ëmlaf

AFP-Recherchen hunn erginn, dass de selwechte Video scho virdru vun Notzer mat anere falsche Behaaptungen op Internetplattforme gedeelt gi war. “Schonn nees Pallywood (Uspillung op Palästina an Hollywood, Um. v. d. Red.)! E Schauspiller aus Gaza gëtt sech als ‘Affer’ aus, benotzt awer aus Versinn de falsche Fouss, andeems hie mat engem angeeblech gebrachene Fouss hippt. Dat nennt Dir Vëlkermord!”, huet et zum Beispill an engem franséische Bäitrag op X vum 13. Dezember 2024 geheescht.

Wéinst de propagéierte Behaaptungen huet den Auteur vum Video selwer mat engem Dementi reagéiert a verséchert, dass de Video zu Bagdad opgeholl gi wär a virun allem, dass et humorvoll gemengt gewiescht wär. D’Opnam hätt kee Bezuch zur Situatioun an anere Länner.

“Dëse Video gouf am Irak, zu Bagdad, mee prezis am Staddeel al-Kadhimiya opgeholl”, huet den Notzer “x_hayder_r”  de 14. Dezember 2024 op Arabesch op Instagram matgedeelt. “De Video gouf 25 Millioune Mol ugekuckt. En humorvolle Video, deen Dir jonke Palästinenser zouschreift an duerstellt, wéi wann en a Gaza spillt. Wat huet dat mat Gaza ze dinn, sot mir dat?”, huet hien nach bäigefüügt.

Zënter dem Ufank vum Krich tëscht Israel an der Hamas de 7. Oktober 2023 ginn eng Rëtsch Videoen a Fotoen aus dem Zesummenhang gerappt a gedeelt, fir d’ëffentlech Meenung ze beaflossen. Munch Internetnotzer ënnerstelle Palästinenser zum Beispill, vermeintlech Inzenéierungen, fir déi eege Verloschter an d’Luucht ze dreiwen. Dëse Virworf ass dacks mam Begrëff “Pallywood”, enger Zesummesetzung vun de Begrëffer “Palästina” an “Hollywood”, am Ëmlaf.

Och zënter dem Fall vum Baschar al-Assad sinn am Internet eng Rëtsch falsch oder aus dem Kontext gerappt Biller ënnerwee. Munch gi fälschlecherweis als Beleeg fir Gewaltvirwërf ënnert der Assad-Féierung ausginn, wat d’AFP zum Beispill op Franséisch iwwerpréift huet. An anere Bäiträg gëtt mat engem ale Video fälschlecherweis virun engem “Stuerm” vu Flüchtlingen op Europa gewarnt.

Fazit: E villfach gedeelte Video weist kee Syrer, dee virgëtt, vum Assad-Regimm blesséiert ginn ze sinn. D’Opnam staamt vun engem Iraker, deen e Sketch zu Bagdad opgeholl an op Instagram gedeelt huet.

Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.