Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Video weist net, wéi prorussesch Influencerin ausgewise gëtt

Faktencheck: Video weist net, wéi prorussesch Influencerin ausgewise gëtt - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

A sozialen Netzwierker ass zanter Enn November 2022 e Video am Ëmlaf, deen zwee Polizisten an eng Fra um Berliner Fluchhafe weist. User hu behaapt, de Video géif weisen, wéi eng Fra expulséiert géif, well si de russeschen Ugrëffskrich ëffentlech guttgeheescht huet.

E puer User hunn Enn November 2022 d’Behaaptung op Facebook gedeelt (hei, hei). Och op Twitter war d’Falschinformatioun am Ëmlaf. D’Propagandistin Alina Lipp, déi aus Däitschland kënnt a Russesch schwätzt, huet mat enger änlecher Behaaptung op Telegram zéngdausende vu Leit erreecht. Si huet d’Falschmeldung zwar korrigéiert – allerdéngs mat enger weiderer Falschinformatioun. Nämlech, dass d’Julia P. an Untersuchungshaft wär. De Video, deen déi angeeblech Expulsioun weist, war och an anere Sproochen an och an ënnerschiddlechen Ausféierungen – op Italieenesch, Englesch, Spuenesch, Ukrainesch a Russesch – ze fannen.

RTL Screenshot der Behauptung auf Facebook: 01.12.2022

De Video gëtt an de sozialen Netzwierker mat Bezuch op d’Julia gedeelt. Beim Julia handelt et sech ëm eng 30 Joer al Russin, déi a sozialen Netzwierker ëmmer nees géint d’Ukrain hetzt an zwou Ukrainerinnen op oppener Strooss belästegt huet. Ausserdeem war si an der russescher Sendung “AntiFake” am “Éischte Kanal” ze gesinn. Do solle westlech Fake News opgedeckt ginn, mee d’Sendung an d’Julia hunn de Géigendeel gemaach: Falschinformatiounen. Schonn an der Sendung vum 14. Oktober 2022 heescht et fälschlecherweis, wie sech an Europa géint Russland oder d’Ukrain äussere géif, géif aus dem Land verwise ginn. Dovu wär d’Julia vermeintlech betraff.

An Däitschland enquêtéiert de Parquet Landshut géint d’Russin. Op Ufro vun der AFP huet de Spriecher vum Parquet, Alexander Ecker, den 30. November 2022 gesot: “Si steet am Verdacht, d’Tatbestänn vun Approbatioun vu Strofdoten, vu Bedreeung a vu Beleidegung verwierklecht ze hunn.” Och d’Approbatioun vun der illegaler russescher Attack op d’Ukrain ass dem däitsche Bundesinnenministerium no eng Strofdot. Wéinst dëse Verdächtegungen huet d’Police de 14. Oktober 2022 dem Julia P. hir Wunneng duerchsicht a Smartphonen an en Notebook confisquéiert. D’Auswäertung ass nach net ofgeschloss, dohier gëllt d’Onscholdsvermuddung. Enger Matdeelung vun der Police no hält sech d’Julia “am Moment ouni gülteg Openthaltserlabnis an Däitschland op”. Géintiwwer der AFP housch et ausserdeem: “Si befënnt sech net an Untersuchungshaft.”

Fra am Video ass net d’Julia P.

D’Bild- an Tounqualitéit vum Video léisst keng sécher Ausso zou, ob d’Fra am Video wierklech d’Julia ass. Dowéinst huet d’AFP bei der Bundespolice nogefrot. Den 30. November 2022 huet de Spriecher vun der Bundespolice, Michael Spieß, d’Plaz vun der Opnam confirméiert. Hie sot och: “Et handelt sech heibäi net ëm d’Julia P..” Weider Froen huet hien net beäntwert.

Expulsiounen a Russland an an der Ukrain ausgesat

Well d’Julia P. keng gülteg Openthaltserlabnis fir Däitschland huet, kéint si grondsätzlech ënner Ëmstänn tatsächlech ausgewise ginn, wann eng Asyldemande ofgeleent oder dat däitscht Bundesamt fir Migratioun a Flüchtlingen (BAMF) kee Grond fir en Openthalt zum Schutz gesäit. D’Iwwerpréiwung an d’Ëmsetzung léich dem BAMF-Spriecher Stefan von Borstel no allerdéngs an der Zoustännegkeet vun de Bundeslänner, wéi hien den 1. Dezember sot.

Medieberichter (hei, hei) no sinn Expulsiounen an d’Ukrain an a Russland aktuell allerdéngs wéinst dem Krich praktesch ausgesat.

De Michael Siefener, Spriecher vum bayreschen Inneministère, huet der AFP den 1. Dezember confirméiert, dass d’Expulsiounen ausgesat sinn: “Réckféierungen a Russland fanne zanter dem Ufank vum vëlkerrechtswiddregen Ugrëff vu Russland op d’Ukrain faktesch net méi statt. Onbegleet wéi och begleet Réckféierungen a Sammelcharterflich sinn der Bundespolice no ënner Berécksiichtegung vun de Fluchverbindungen, déi aktuell ageschränkt sinn, net méiglech ze plangen.”

Dem däitschen Ausseministère no gëtt et wéinst de krichsbedéngte Sanktioune keng Direktflich vun Däitschland op Moskau. Och verschidde Buchungsportaler fir Flich bidden am Moment keng Direktflich un.

Fazit: De Video, deen a sozialen Netzwierker gedeelt gouf, weist der Police no net d’Russin Julia P.. Si gouf net ausgewisen oder verhaft. Si befënnt sech den Autoritéiten no an Däitschland. Aktuell sinn Expulsioune a Russland wéinst dem Krich an der Ukrain aus logistesche Grënn ausgesat.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.