Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Wandrieder produzéiere vill méi Energie wéi hir Produktioun kascht

Faktencheck: Wandrieder produzéiere vill méi Energie wéi hir Produktioun kascht - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Stroum aus erneierbaren Energiequellen, wéi Wand, leescht e wichtege Bäitrag bei der Reduktioun vun Zäregasen. An engem Video am Internet gëtt awer behaapt, dat energieintensiivt Fundament aus Bëtong vu Wandkraaftanlage géif onverhältnisméisseg vill CO2 verursaachen. Deem ass awer net sou.

RTL © AFP

De Video ass en Extrait vun engem méi laange Video, deen op engem Kanal op Instagram a YouTube verëffentlecht gouf, dee Wandkraaft kritesch géintiwwer steet. Den Titel vum Video ass “Werner erklärt Windindustrieanlagen Teil 6 (Zement mit CO2-Abdruck)”. De Mann am Video ass de Werner Haller, Entrepreneur aus der Regioun Ravensburg. Hie stellt d’Rechnung op, dass 1500 Kubikmeter Bëtong fir d’Fundament vun enger eenzeler Wandturbinn néideg sinn. Sou géifen eleng dofir méi wéi 315 Tonnen CO2 ausgestouss.

Deem géintiwwer stéing dem Haller senger Ausso am Video no eng duerchschnëttlech “Produktivitéit” vun den Anlage vun 18 bis 22 Prozent: “Dat heescht, déi Drécksdénger sti méi, wéi dass se lafen.” Och den Titel vum Video op Facebook zweiwelt un, dass Wandkraaftanlagen an der Zomm e positive Klimabilan hunn: “Jiddereen, dee behaapt, Wandenergieanlage spueren CO2, wannechgelift ganz genee oppassen!!!”

Den 13. September huet den Haller d’Behaaptung AFP géintiwwer confirméiert. Den Entrepreneur, deen eng Entreprise fir Baumaschinnen an Notzgefierer bedreift, hält de Wand am Altdorfer Bësch fir ze geréng, fir d’Anlagen op dëser Plaz produktiv ze notzen: “Wandenergie ass am Prinzip keng schlecht Iddi. Awer net op dëser Plaz.” Hie behaapt, d’Wierkung a Baden-Württemberg wär ze geréng. D’Donnéeë vum Hiersteller fir d’Stroumproduktioun hält hien net fir realistesch.

Quantitéit u Bëtong ass realistesch

D’Aussoe bezéie sech op e geplangte Wandpark am Altdorfer Bësch bei Ravensburg a Baden-Württemberg. Do solle bis 2029 39 Wandturbinne mat enger Gesamtleeschtung vu ronn 280 Megawatt opgestallt ginn. Der Websäit vun der Altdorfer Wald GmbH no, déi fir de Bau vum Wandpark verantwortlech ass, sollen do Wandturbinne vum Model V172-7.2 MW vum däneschen Hiersteller Vestas opgebaut ginn. Dës sollen eng “duerchschnëttlech Héicht vun 199 Meter an eng Gesamthéicht vu bis zu 285 Meter” erreechen.

Am Video gëtt dozou follgendes behaapt: “Mir brauche bei engem Rad 1.500 Kubikmeter Bëtong. Dat entsprécht bei engem Rad 21.000 Säck Zement, wat Dir hei gesitt. Dat entsprécht 525.000 Kilogramm Zement, wuelgemierkt, net Bëtong, rengen Zement.”

D’Quantitéit vu 1.500 Kubikmeter Bëtong fir Anlage vun dëser Gréisst wier realistesch, schreift d’Inna Eck, Spriecherin vum Fraunhofer-Institut für Windenergiesysteme (IWES), den 8. September 2023 an enger E-Mail un d’AFP: “Déi genannt Donnéeë si fir dësen Typ vu Wandturbinn zimmlech korrekt.” Och de Bëtongshiersteller Dyckerhoff gëtt un, dass “duerchaus 1.000 Kubikmeter Bëtong fir ee Fundament néideg sinn.” Dem Hiersteller no besteet d’Gesamtmass vun enger vergläichbarer Anlag zu 72 Prozent aus Bëtong.

De Bëtongrechner vun der Internetsäit www.beton-info.de geet bei 1.500 Kubikmeter Bëtong souguer vun enger Zementquantitéit vu 720.000 Kilogramm aus.

RTL © AFP

CO2-Ausstouss vum Fundament an engem Mount kompenséiert

De Stefan Emeis, Professer fir Meteorologie mat engem Léieroptrag fir Energiemeteorologie um Karlsruher Institut für Technologie, rechent an enger E-Mail vum 4. September un d’AFP vir, wéi vill CO2 d’Fundament vun enger Wandturbinn verursaacht: “Pro Kubikmeter Bëtong gi ronn 200 Kilogramm CO2 fräigesat. Dat entsprécht bei 1.500 Kubikmeter 300.000 Kilogramm CO2.” De Werner Haller geet a sengem Video vun 315.000 Kilogramm CO2 aus.Deem  stellt den Emeis awer d’CO2-Erspuernesser vun enger Anlag mat 7 MW géintiwwer: “Wandrieder u Land erreeche rechneresch knapp 2.000 Stonnen Vollauslaaschtung pro Joer. Dat ergëtt bei 7 MW 14.000 Megawattstonne Stroum pro Joer.” Dem Emeis an Zuele vum däitschen Umweltbundesamt no goufen 2021 an Däitschland am Duerchschnëtt pro produzéiertem Megawatt duerchschnëttlech ronn 485 Kilogramm CO2 ausgestouss.

“Pro Joer gi soumat duerch dës eng Wandkraaftanlag 6.790.000 Kilogramm CO2 agespuert”, sou de Fuerscher. “Dat heescht, den CO2 fir de Bëtong ass rechneresch bannent manner wéi engem Mount nees duerch de Betrib kompenséiert.” Fir d’Kompensatioun vun der gesamter Anlag, den Tuerm abegraff, hält den Emeis sechs bis néng Méint fir realistesch. Säi Fazit: “Wandkraaftanlage loune sech, fir CO2 anzespueren.”

Ökobilanz vum Hiersteller

Eng änlech Rechnung stellt och den däneschen Hiersteller vu Wandturbinne Vestas selwer op. Sou ginn an engem onofhängeg gepréiften Ökobilan déi gesamt Käschte vun enger Anlag duergestallt. Déi jéngst Baurei, de Model V172-7.2 MW, gouf awer nach net getest. Fir eng vergläichbar Eolienne mat 6,2 MW Leeschtung läit sou ee Bericht scho vir. Verantwortlech fir den Test war de Matthias Finkbeiner, Direkter vum Institut für Technischen Umweltschutz vun der Technischen Universität Berlin.

An deem Bericht gëtt den Energy-Break-Even-Point, also den Zäitpunkt, vun deem un d’Wandturbinn méi Energie produzéiert huet wéi bei der Hierstellung, Betrib a Recycling opbruecht gëtt, mat 6,5 Méint uginn. Dat gëllt bei schwaache Wandverhältnisser um Land. “Dës ka sou interpretéiert ginn, dass d’Enventus V162-6.2 MW Wandkraaftanlag iwwer hir Liewensdauer 37-mol méi Energie zeréckgëtt, wéi si wärend hirem Liewenszyklus verbraucht”, sou de Bericht. Vestas no bedréit d’Liewensdauer vun hiren Anlagen 20 Joer.

D’Fraunhofer-Institut verweist an dësem Kontext op den neien europäesche Wandatlas: “No vum Standuert Altdorfer Bësch gëtt eng mëttel Wandvitesse vu knapp 6 Meter pro Sekonn op 150 Meter uginn.” Dat wär e bësse manner wéi déi 7,4 m/s, déi den Hiersteller ugëtt. “Domat gëtt den Energy-Break-Even-Point entspriechend méi spéit erreecht wéi an de calculéierte 6,5 Méint.”

Deem stëmmt och de Lennart Mohr vum Fachgebitt Erneierbar Energië vum Ëmweltbundesamt an enger E-Mail vum 6. September 2023 un d’AFP zou. Hie verweist op eng Etüd vu senger Agence, an där den Ökobilan vu Wandenergie- a Photovoltaikanlagen ënnersicht gouf. “An der Etüd gouf déi energeetesch Amortiséierungszäit vun enger Wandenergieanlag betruecht. Dobäi weisen d’Resultater, dass d’Primärenergie, déi an der Hierstellung, Notzung an um Liewensenn vun der Anlag agesat gëtt, a Form vu produzéiertem Wandstroum zeréckgewonne gëtt.” An der Etüd ass den Energieverbrauch fir d’Fundament vun den Anlage mat agerechent.

RTL © AFP

Duerchschnëttlech Leeschtung vu Wandturbinnen

Am Video gëtt behaapt, dass d’Wandrieder “am Schnëtt 18 bis 22 Prozent Produktivitéit” hunn. Bezéiungsweis gëtt gesot, “d’Drecksdénger sti méi, wéi dass se lafen”.

De Bernhard Siegel, Expert fir regenerativ Energietechnik op der Hochschule für Technik und Wirtschaft Berlin, huet an enger E-Mail un d’AFP vum 31. August 2023 dës Aussoen ageuerdent. “An der Etüd iwwer den Ökobilan vu Wandenergie vum Umweltbundesamt ginn d’Auteure vun 1.800 Stonne pro Joer aus, an deenen d’Turbinn voll ausgelaascht ass.” Dat wier eng fiktiv Unzuel u Stonnen, an deenen déi maximal Leeschtung erbruecht gëtt, sou de Siegel. Jee no Wieder géif d’Anlag tëscht null an 100 Prozent u Leeschtung bréngen. “Bezunn op d’Joer mat 8.760 Stonne sinn dat zirka 20,5 Prozent vun der maximal méiglecher Leeschtung.” Bei Eoliennen am Mier läit dëse Wäert bei 37 Prozent.

D’Fraunhofer-Institut erkläert dëse Wäert als “d’Verhältnis tëscht der theoreetesch produzéierbarer Stroumquantitéit, wann d’Anlag dat ganzt Joer iwwer op Nennleeschtung lafe géif, an der Stroumquantitéit, déi a Wierklechkeet produzéiert gëtt.” Dat géif de Kapazitéitsfacteur genannt ginn. “Modern Wandenergieanlage wandele Wand a Stroum ëm, soubal eng Wandvitesse vun zirka 3 m/s op Duerchschnëttshéicht iwwerschratt gëtt. Dës Wandvitesse gëtt e Groussdeel vum Joer iwwerschratt, firwat Wandrieder de gréissten Deel vum Joer Stroum produzéieren.” Mat klammender Wandvitesse géif och d’Leeschtung bis zur Nennleeschtung klammen, sou d’Spriecherin Inna Eck. “Well de Wand net ëmmer sou staark bléist, produzéieren d’Eoliennen déi meescht Zäit Stroum mat hallwer Kraaft.”

RTL © AFP

De Kapazitéitsfaktor wier an de leschte Joren ëmmer weider geklommen, seet de Lennart Mohr vum Ëmweltbundesamt: “Generell ass d’Hausse duerch d’Technikentwécklung ze erklären, woubäi besonnesch unhand vu méi héijen Anlagen duerchschnëttlech méi staark a méi konstant Wandverhältnisser u Land wéi um Mier erschloss kënne ginn.” Generell wären déi ronn 20 Prozent Leeschtung duerch déi vun Dag zu Dag ënnerschiddlech Wandverhältnisser ze erklären. “Dobäi kommen technesch Aspekter, wéi z.B. e Management vum Reseau oder d’Maintenance. Awer och net-technesch aarteschutzrechtlech Aspekter, déi Zäite vum Stëllstand virgesinn.”

Wandenergie verursaacht wéineg Zäregasen

Och wa Wandrieder um Land just ronn ee Fënneftel vun hirer maximal méiglecher Leeschtung erreechen, si se eng klimafrëndlech Method, fir Energie ze gewannen. Fir d’Klimakonsequenze fir d’Stroumproduktioun ze rechnen, gëtt bestëmmt, wéi vill Gramm CO2-Equivalent pro produzéierter Kilowattstonn produzéiert gëtt. Den Zuele vum däitschen Ëmweltbundesamt no läit de Wäert fir Eoliennen, all d’Emissioune vun der Produktioun vun der Anlag abegraff, bei 17,7 Gramm pro Kilowattstonn.

Zum Verglach: Atomenergie produzéiert 18,3 Gramm CO2-Equivalent pro Kilowattstonn, Äerdgas 247 Gramm a Brongkuel souguer 412 Gramm.

Duerch déi vergläichsweis klimafrëndlech Energieproduktioun duerch Wandkraaft ginn déi Responsabel vum Projet, d’Wandpark Altdorfer Wald GmbH, vu bis zu 400.000 Tonnen agespuertem CO2 pro Joer duerch de Wandpark aus.

Fazit: Wandrieder si klimafrëndlech. Richteg ass, dass d’Hierstellung vum Tuerm a vum Fundament grouss Quantitéiten un Energie brauch. Allerdéngs produzéieren d’Wandturbinnen a manner wéi engem Joer méi Energie, wéi fir de Bau gebraucht gëtt. Dat hunn Expertinnen an Experte géintiwwer AFP erkläert an ass duerch Etüde confirméiert ginn.

Ajoute vum 14. September 2023: Am zweete Alinea goufen d’CO2-Emissioune vun de Fundamenter vun allen am Altdorfer Bësch geplangte Wandkraaftanlage genannt. Dëst gouf duerch d’CO2-Emissioun vun enger exemplarescher Anlag ersat.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.