Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Waren d’Affer vu Bommenattacken eng Inzenéierung?

81c5e3c4b594273dbed59f4d409873d3

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

Den 10. Oktober 2022 huet Russland den Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad Kiew a weider ukrainesch Stied mat Rakéiten ugegraff. Dobäi goufen ënner anerem d’Bürosgebai Tower 101 zerstéiert an Zivilistinnen an Ziviliste blesséiert.

E puer Deeg no russeschen Attacken op Kiew den 10. Oktober 2022 hunn eng Rei Useren a sozialen Netzwierker déi “westlech Medien” fälschlecherweis virgehäit, d’Attacken inzenéiert ze hunn. Dës Behaaptunge goufen a verschiddene Sprooche lancéiert: op Franséisch, Spuenesch, Hollännesch an Englesch. Déi “falsch Blesséiert” wäre just geschminkt Zivilisten. Den engleschen Tweet vun der russescher Politik-Journalistin Maria Dubovikova hat ënner anerem den Adjoint vum russeschen UN-Ambassadeur, den Dmitri Poljanski, gedeelt. An och op Däitsch haten Notzerinnen an Notzer dës Behaaptung verbreet, bei engem Posting, deen e puer honnertmol gedeelt gouf, gouf den Text mëttlerweil awer geännert.

RTL

Facebook-Screenshot des am 03.11.2022 archivierten Postings mit der Behauptung: 08.12.2022

Wärend de Bommenattacke ware vill Fotoreporteren op der Plaz. Si hunn der Noriichtenagence AFP confirméiert, Mënsche gesinn a fotograféiert ze hunn, déi blesséiert waren, geblutt hunn a vun Doktere versuergt goufen. Dës Rapporte widderleeën d’Bezichtegung vun enger “Inzenéierung”, déi a sozialen Netzwierker gedeelt gouf. Si bestätegen doriwwer eraus, dass d’Bombardéierunge vum 10. Oktober 2022 Affer gefuerdert a materielle Schued verursaacht hunn. International Medien a Presseagencë hunn dozou eng ganz Rëtsch vu Fotoen, Videoen a Reportagë verëffentlecht an hunn domat d’Evenementer dokumentéiert.

Et ass net déi éischt Kéier, dass an ierféierende Publikatiounen der ukrainescher Arméi an de “westleche Medien” eng soi-disant Inzenéierung vun den Affer vum Konflikt virgehäit gëtt. D’AFP huet schonn aner Artikelen zu änlechen Uschëllegunge verëffentlecht (hei, hei an hei). Faktenchecke vun der AFP zum Theema Ukrain sinn hei ze fannen.

Vu wou kommen d’Opnamen?

Am gedeelte Video mat ukraineschen Ënnertitele stinn eng Fra an e Mann, béid bluttverschmiert, nieft engem anere Mann a militärescher Uniform. Hinne vis-à-vis sti Fotografen a riichten hire Fotoapparat op si, wärend eng eeler Fra hire Smartphone no un d’Gesiicht hält, sou wéi wa si gläich eng Foto maache géif.

“Wat ass dat? Ech weess et net. Fotograféiert Dir mech, Andrej Andrejewitsch. Waart, ech maachen eng Foto a schécke se menger Schwëster a Russland”, seet si op Ukrainesch.

Den däitsch-russesche private Fernseesender OstWest hat d’Opnamen den 10. Oktober 2022 online gesat. An der Videobeschreiwung op YouTube steet: “Ugrëff op den Zentrum vu Kiew a Bombardéierung vun der Ukrain.”

Déi franséisch Dageszeitung Libération hat an hirer Titelgeschicht vum 11. Oktober 2022 iwwer déi russesch Attacken op eng Rei ukrainesch Stied als Revanche fir den Ugrëff op d’Krim-Bréck bericht. D’Noriichtesäit “Der Spiegel” huet och iwwer d’Rakéitenattacke geschriwwen.

D’Titelbild vun der Libération hat den ukrainesche Fotograf Efrem Lukatksy fir déi amerikanesch Noriichtenagence Associated Press (AP) geschoss. Et weist dës Fra, déi voll mat Blutt ass.

RTL

Screenshot vom 27. Oktober 2022 auf der Website von Libération

RTL

Screenshot vom 27. Oktober auf der Website der Associated Press

Och eng AFP-Meldung mat der Ausso vun enger Awunnerin beschreift d’Konsequenze vun de russesche Bommenattacken op Kiew an aner ukrainesch Stied vum 10. Oktober 2022. Den Originalvideo, deen d’AFP iwwer eng Stéchwierdersich fonnt huet, beleet d’Evenementer zousätzlech.

D’Noriichtenagence Associated Press huet den Originalvideo den 10. Oktober 2022 publizéiert. E weist der Videobeschreiwung no “eng blesséiert Fra op der Strooss mat enger Ambulanz, ëmgi vun anere blesséierte Persounen, där e Mann an Uniform hëlleft. […]  Russland huet e Méindeg eng Rei vun déidlechen Attacke géint eng Rëtsch ukrainesch Stied lancéiert an dobäi zivil Ziler zerstéiert, dorënner och den Zentrum vu Kiew.”

Bei der Foto, déi a sozialen Netzwierker verbreet gouf, kënnt ee bei enger ëmgedréinter Sich op d’Billerdatebank vun der AP, wou och den Datum vum 10. Oktober 2022 ze fannen ass.

Wéi schonn d’Foto vun der Libération, gouf och dës vum Fotograf Efrem Lukatsky opgeholl. Hien huet der AFP de 14. Oktober 2022 per Messenger confirméiert, den Auteur vun der Foto a vum Video ze sinn. Och op sengem Facebook-Account huet hien nach eng Kéier selwer ëffentlech Stellung zu den Uschëllegunge bezunn. “Dir beschëllegt mech, d’Welt mat menge Fotoen ze täuschen”, huet hien dozou geschriwwen.

RTL

Screenshot der Website von Associated Press, aufgenommen am 18. Oktober 2022

Zwee Deeg no der Bombardéierung konnt d’Fra aus dem Video als Oleksandra Kiselyova identifizéiert ginn. Iwwer dat, wat geschitt ass, huet si mam ukrainesche Sender TCH geschwat, deen hir Renconter mat dem uniforméierte Mann gefilmt hat. Hien hat hir am Moment vun der Attack gehollef.

Op den Opnamen ass d’Gesiicht vum Oleksandra Kiselyova voll mat Bluttergëss a Spuere vu Schnëtt. Am Verlaf vum Interview erwäänt si, wéi am Video an de sozialen Netzwierker, hir Schwëster. “Hatt weess, wat mir geschitt ass, awer hatt huet net ugeruff”, sot si.

Blesséierter a SAMU op der Plaz

Méi Fotoreporteren, déi den 10. Oktober 2022 op der Plaz waren, hunn d’Evenement aus verschiddene Bléckwénkelen opgeholl a verëffentlecht. Hir Berichter bestätegen, dass méi Zivilistinnen an Ziviliste bei dëser Rakéitenattack blesséiert goufen an hu musse versuergt ginn.

Den ukrainesche Fotograf Oleksandr Khomenko huet beispillsweis op sengem Facebook-Account e Video publizéiert, an deem d’Oleksandra Kiselyova ze gesinn ass, ëm déi sech grad e Mann këmmert an hiert Gesiicht voller Blutt verbënnt. Weider Persounen, déi och am Gesiicht blesséiert sinn, ginn och versuergt.

“No enger Rakéitenattack op Bürosgebaier an der Géigend vun der Kiewer Gare den 10. Oktober 2022, leeschten Dokteren d’Éischtversuergung vun de Blesséierten. Ech hunn eelef Blesséierter gesinn, déi fortbruecht goufen, zum Gléck gëtt et keng Doudeger”, steet an der Videobeschreiwung.

“Ech goung grad an der Géigend vun der Gare a Richtung Taras-Schewtschenko-Strooss, wou déi éischt Rakéit ageschloen huet, wéi ech eng Explosioun héieren hunn an Damp an der Géigend gesinn hunn. Ech sinn direkt dohi gelaf. D’Rakéit ass am Bürosgebai Tower 101 erofkomm, an der Géigend vun der thermescher Zentral”, sot de Fotograf de 17. Oktober 2022 géintiwwer der AFP via Messenger.

Den Tower 101, deen elo schwéier beschiedegt ass, ass am Video vun der Associated Press, deen op YouTube verëffentlecht gouf, z’erkennen, genee wéi um Facebook-Video vum Oleksandr Khomenko an op Google Street View:

RTL

Screenshot von Youtube, erstellt am 26. Oktober 2022

RTL

Screenshot von Facebook erstellt am 25. Oktober 2022

RTL

Screenshot von Google Street View, erstellt am 25. Oktober 2022

Den Tower 101 befënnt sech am Zentrum vu Kiew, net wäit vum Schewtschenko-Park, deen den 10. Oktober 2022 vun den Attacke getraff gouf. Dat confirméiert dës AFP-Meldung: “Am flott arboréierte Schwetschenko-Park huet d’Rakéit en déiwe Krater geschloen an eng Kannerspillplaz zerstéiert.”

“Dat éischt, wat ech gesinn hunn, waren d’Dokteren, déi méi Persoune behandelt hunn, deenen hiert Gesiicht a Kierper bluttiwwerstréimt waren. Méi Journalisten hunn op der Plaz geschafft, ënner anerem den Efrem Lukatsky. Mir hu 15 bis 20 Minutte Säit u Säit geschafft”, sot den Oleksandr Khomenko weider.

Am Video, dee vun him opgeholl gouf, soen d’Oleksandra Kiselyova an de Mann an Uniform, deen hir hëllefe kënnt:

(Mann): “Naja, ech géif gär heemgoen. Do waarde Frënn op mech. Awer maacht Iech keng Suergen, mir bréngen alles nees an d’Rei. Mam Verband sinn ech fäerdeg.”

(Oleksandra Kiselyova): “Iwwerall ass mäi Blutt, och op mengem Pullover.”

(Mann): “Dat ass net schlëmm, d’Haaptsaach ass, dass et Iech gutt geet. Meng Box ass voller Blutt an ech weess net, vu wiem et kënnt.”

De Wladyslaw Musljenko, e weidere fräie Fotograf, deen och op der Plaz war, sot der AFP de 25. Oktober 2022 op Ufro hin: “Ech hunn déi Fotoen den 10. Oktober 2022 zu Kiew geschoss, an der Géigend vun dësem Gebai, dat Energie liwwert (thermesch Zentral, Um. v. d. Red.) an an der Géigend vun der Gare. Net wäit vun der Plaz fort, op der ech d’Fotoe gemaach hat, war eng russesch Rakéit explodéiert. Dat war e schreckleche Moien – et gouf zuelräich Explosiounen.”

RTL

Screenshot vom Facebook-Account des freien Fotografen Wladyslaw Musijenko

“D’Persounen, déi ech fotograféiert hunn, goufe wärend der Explosioun blesséiert. Wéi sech dat ofgespillt huet, weess ech net. Ech war eréischt op der Plaz wéi d’Doktere schonn Hëllef geleescht hunn. An der Ëmgéigend goufen nach weider Persoune blesséiert, et kann ee se iwwregens och op anere Fotoe gesinn”, sot de Fotograf an huet op Fotografië verwisen, déi hie fir déi international Noriichtenagence Reuters gemaach hat.

RTL

Screenshot der Website von Reuters: 25. Oktober 2022

RTL

Screenshot der Website von Reuters: 25. Oktober 2022

D’AFP huet och Fotoen iwwer d’Auswierkunge vun dëser Bombardéierung publizéiert, wéi op den nächste Biller ze gesinn ass, déi den 10. Oktober 2022 vum staatleche Rettungsdéngscht vun der Ukrain opgeholl goufen:

RTL

Dieses Foto des staatlichen ukrainischen Rettungsdienstes zeigt eine Rettungskraft, die einer verletzten Frau am Ort des Bombardements in Kiew am 10. Oktober 2022 hilft. ( AFP PHOTO / UKRAINIAN STATE EMERGENCY SERVICE / HANDOUT)

Och aner Initiative fir Faktenchecken hu sech mat deem Theema befaasst an Artikelen dozou verëffentlecht (hei an hei).

Nei Strategie vu Russland: Ënnerbriechung vum ukrainesche Stroumnetz

D’Bommenattacken, déi Russland den 10. Oktober 2022 verüübt huet, hate virun allem als Zil, déi ukrainesch Infrastruktur ze zerstéieren an den Zougang vum Land zu sengen Energieressourcen ze beschränken.

No enger Rei vun Néierlagen u ville Fronten an der Ukrain, hat sech Russland fir e Strategiewiessel decidéiert, fir d’Situatioun ze wenden: massiv Attacken op ukrainesch Kraaftwierker am Virlaf vum Wanter.

RTL

Angestellte eines Cafés bedienen ihre Kundinnen und Kunden im stromlosen Lwiw, im Westen der Ukraine, nachdem drei russische Raketen am 11. Oktober die Energieinfrastruktur angegriffen hatten. ( AFP / YURIY DYACHYSHYN)

Säit Ufank Oktober huet déi russesch Arméi zeg Missilen an honnerte vu Kamikaze-Dronen aus iranescher Produktioun op Produktiounssitte fir Energie an der gesamter Ukrain, besonnesch op d’Haaptstad Kiew, geschoss. Domat ass et Russland gelongen, ronn 40 Prozent vum ukrainesche Stroumnetz lamzeleeën.

Den 23. Oktober 2022 huet de staatlechen Energieversuerger Ukrenergo an Deeler vu Kiew de Stroum ofgestallt, fir d’Stroumversuergung no weidere russesche Loftattacken op d’Infrastruktur vum Land ze “stabiliséieren”, wéi d’AFP vun enger Privatentreprise matgedeelt krut.

Fazit: De Video, deen a sozialen Netzwierker gewise gouf, an d’Foto, déi dobäi gehéiert, weise keng ukrainesch Schauspillerinnen a Schauspiller zu Kiew, déi sech als Bommenaffer verkleet hunn. Et sinn Zivilistinnen an Zivilisten ze gesinn, déi bei de russesche Rakéitenattacken op d’Haaptstad, den 10. Oktober 2022, blesséiert goufen. Dat hu verschidde Fotoreportere géintiwwer der AFP confirméiert, déi op der Plaz waren. Iwwer d’Konsequenze vun der Bombardéierung hunn och verschidden international Medie bericht.

Dësen Artikel vun der AFP gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.