Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Weist dës Grafik, wéi sech radioaktiivt Waasser vu Fukushima am Mier verdeele wäert?

Faktencheck: Weist dës Grafik, wéi sech radioaktiivt Waasser vu Fukushima am Mier verdeele wäert? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Wéi Japan sech am Juli dorop preparéiert huet, traitéiert Ofwaasser aus dem Atomkraaftwierk Fukushima an d’Mier ze leeden, hunn Notzer a sozialen Netzwierker e Bild mat der falscher Behaaptung gedeelt, et géif d’Prognos vun der Ausbreedung vu radioaktive Stoffer am Pazifik weisen.

RTL

De Bäitrag gouf am Internet gedeelt, nodeem Japan d’Zoustëmmung vun der IAEO (International Atomenergie-Organisatioun) fir seng Pläng krut, méi wéi eng Millioun Tonnen traitéiert Ofwaasser aus dem Atomkraaftwierk Fukushima an d’Mier ze leeden.

D’Waasser gouf iwwer 12 Joer op der Plaz gesammelt, nodeem d’Anlag vun engem Tsunami iwwerschwemmt gi war, deen d’Killsystemer vun der Anlag ausser Kraaft gesat hat.

Japan huet de 24. August domat ugefaangen, d’Waasser trotz dem Widderstand vun den Nopeschlänner, dorënner Südkorea a China, ze entsuergen.

D’Behaaptung gouf e puermol op Facebook (hei, hei an hei) gedeelt, ënner anerem och op Chineesesch (hei, hei, hei, hei an hei).

Awer d’Behaaptung ass falsch. D’Bild weist d’Schätzung vun der NOAA vun der Amplitude vun den Tsunami-Wellen, déi duerch d’Äerdbiewen 2011 ausgeléist goufen, wéi se duerch de Pazifeschen Ozean gezu sinn.

Schätzung vun der Héicht vun de Wellen

E Spriecher vun der NOAA sot der AFP de 25. August, dass d’Bild vu sengem Zenter fir Tsunami-Fuerschung kuerz no engem Tsunami erstallt gouf, deen duerch en Ënnerwaasserbiewen ausgeléist gouf, dat Japan 2011 getraff hat.

De Spriecher sot weider, dass d’Bild déi “maximal Héicht vun den Tsunamiwellen a keng Stralung weist” an dass d’Bild eng Zentimeter-Skala als Referenz huet.

Eng kombinéiert Sich aus ëmgekéierter Biller- a Stéchwierdersich op Google hunn erginn, dass d’Grafik an deem ierféierende Bäitrag tatsächlech eng ausgeschnidde Versioun vun enger gréisserer Kaart war, déi op der Websäit vun der NOAA eropgeluede gouf (hei an hei archivéiert).

“D’Grafik leet d’Resultater vun enger Prognos duer a weist qualitativ a quantitativ Informatiounen iwwer den Tsunami, dorënner och d’Wiesselwierkung vun den Tsunamiwelle mat bathymetresche Mierkmoler vum Mieresbuedem an de Küstelinnen niewendrun”, heescht et op der Internetsäit vun der NOAA.

Déi gréisser Kaart op der NOAA-Websäit enthält den Text: “Japan (Tohoku) Tsunami, 11. Mäerz 2011. Maximal Wellenamplituden”. Dësen Text schéngt an den ierféierende Bäiträg erausgeschnidde ginn ze sinn.

Ënnen e Verglach vun der Kaart, wéi se an den ierféierende Bäiträg (lénks) an op der NOAA-Websäit (riets) ze gesinn ass:

RTL

D’Norichtenagence fir Fotoen Getty Images hat d’Grafik och den 11. Mäerz 2011 mat der Beschrëftung, déi dës als d’Prognos vun der NOAA no dem Äerdbiewen 2011 beschreift (Linkarchivéiert), verëffentlecht.

D’AFP huet an der Vergaangenheet Bäiträg opgedeckt, déi déi selwecht NOAA-Grafik mat falsche Behaaptunge gedeelt hunn.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.