Scroll Top

RTL-Faktencheck: 2100 wäert d’Weltbevëlkerung op 7,3 Milliarde Leit falen: Prognos oder Fakt?

RTL-Faktencheck: 2100 wäert d'Weltbevëlkerung op 7,3 Milliarde Leit falen: Prognos oder Fakt? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Kader vum Faktencheck-Dag den 2. Abrëll hate mer eis User opgeruff, eis Sujeten, déi iwwerpréift solle ginn, eranzeschécken. Eng Fro huet sech mat der Entwécklung vun der Populatioun beschäftegt.

“‘Weltbevëlkerungsauer’ -Wird es 2100 noch Menschen geben? Im ersten entwickelt sich die Welt wirtschaftlich ähnlich weiter wie in den letzten 50 Jahren. Dann wird die Bevölkerung bis 2050 langsamer wachsen, etwa im Jahr 2046 ihr Maximum von etwa 8,6 Milliarden erreichen und bis 2100 auf 7,3 Milliarden Menschen schrumpfen. Stëmmt dat? Prognose oder Fakt?”, esou de genaue Wuertlaut, dee mir als Fro erageschéckt kruten.

Et ass eng Prognos“, erkläert de Statec. D’Instituter, déi demographesch Projektioune erstellen, stäipe sech op verschidden Hypotheesen, vu Fruchtbarkeet, iwwer Mortalitéit bis zu der Migratioun. Op Basis vun dësen Zuele gëtt d’Bevëlkerung geschat, déi an der Zukunft op der Welt kéint liewen. “Well et schwéier ass, d’Zukunft genee virauszesoen, entwéckelen Fachinstituter normalerweis verschidden Zenarien, déi verschidden Hypotheesen kombinéieren.”  Doduerch entsteet eng Bandbreet u méigleche Verleef. Ob dës awer antrieden, hänkt dovun of, wéi zouverlässeg d’Hypotheese waren – an ob se sech tatsächlech bestätegen.

Hypotheesen op d’Basispopulatioun applizéiert

Bei demographesche Projektioune gëtt haaptsächlech d’Method vun de sougenannte “Composantes” benotzt. “De Grondprinzip vun dëser Method besteet doran, d’Bevëlkerung an der Zukunft ze projezéieren, andeems dräi Haaptfacteure consideréiert ginn: Fruchtbarkeet, Mortalitéit a Migratioun. Dës Facteure ginn op d’ursprénglech Populatioun applizéiert, fir d’Verännerunge mat der Zäit ze schätzen.”

Déi sougenannt Ausgangspopulatioun oder Basispopulatioun gëtt dobäi no Alter a Geschlecht opgedeelt. Duerno ginn Hypotheesen iwwer d’Fruchtbarkeet opgestallt, déi sech op historesch Trends an d’Entwécklung an anere Länner oder Regioune stäipen. Als nächst gëtt d’Mortalitéit consideréiert. Dobäi spillt eng méiglech Verbesserung vun der Liewenserwaardung eng wichteg Roll. “Zum Schluss ginn och hypotheetesch Migratiounsflëss – souwuel an e Land eran wéi och eraus – an d’Berechnunge mat abezunn.

Aner Hypotheesen – anere Resultater

Wien am Internet no der Weltbevëlkerung am Joer 2100 sicht, stéisst séier op ënnerschiddlech Zuelen – jee no Quelle. Dëst läit dorun, datt all Organisatioun, déi demographesch Prognosen erstellt, op eegene Hypotheesen opbaut, heescht et vum Statec. Fir Lëtzebuerg selwer huet d’national Statistikinstitut e méi komplexe Modell entwéckelt wéi deen, deen zum Beispill vun Eurostat oder de Vereenten Natioune benotzt gëtt. Eist Land huet nämlech eng spezifesch demographesch Situatioun, där am Modell vum Statec och Rechnung gedroe gëtt. Eise Populatiounswuesstem geet nämlech gréisstendeels op wirtschaftlech bedéngt Migratioun zeréck.

Demografesch Trends beaflossen d’Prognosen a wuel och d’Populatioun an der Zukunft

Frae wäerten an Zukunft manner Kanner kréien“, esou d’Experte vum Statec – en Trend, dee sech am Verglach mat de viregte Generatiounen ofzezeechne schéngt. Gläichzäiteg liewe Mënschen ëmmer méi laang. Dës zwou Entwécklunge sinn zentral Bestanddeeler vun der demographescher Dynamik. Am Géigesaz dozou ass d’Prognos vun der Migratioun wesentlech méi komplex:  “politesch, wirtschaftlech, ekologesch, asw.” A grad d’Migratioun spillt haut fir vill Länner, dorënner och Lëtzebuerg, eng wichteg Roll. 80 bis 85 Prozent vum Populatiounswuesstem hei am Land ginn direkt op Migratioun zréck.

Beim Statec geet een awer dovunner aus, datt d’Migratioun an Zukunft méi moderat wäert sinn, wann ee se mat de lescht Jore vergläicht.

Technologie huet e “komplexen Afloss” op Populatiounsprognosen

Den technologesche Fortschrëtt beaflosst d’Prognosen iwwer d’Bevëlkerungsentwécklung op verschidde Manéieren, souwuel direkt wéi och indirekt. “D’Entwécklunge bei der Gesondheet, an der Landwirtschaft an an der Bildung hu bedeitend dozou bäigedroen, d’Stierflechkeet besonnesch bei Kanner staark ze reduzéieren, wat am 20. Joerhonnert zu engem Bevëlkerungswuesstem gefouert huet“, esou de Statec.

Allerdéngs kann den Afloss vun der Technologie och an déi entgéintgesate Richtung goen. “Nei Technologien, virun allem am Beräich vun der Kommunikatioun an Ënnerhalung, veränneren d’Liewensweisen an d’individuell Erwaardungen. A staark vernetzte Gesellschafte erkennt een eng wuessend Tendenz zum Singleliewen.” Och gi vill Leit eréischt spéit Elteren oder verzichte ganz drop, Kanner ze kréien. “Dat féiert zu engem allgemenge Réckgang vum Taux vu Gebuerten, besonnesch an den entwéckelte Länner.”

Dëst Phenomen beaflosst d’Prognose fir d’Populatioun. D’Populatioun gëtt méi al, an an e puer Länner kéint se op laang Siicht souguer zréckgoen.

Onvirstellbar Facteuren erschwéieren d’Prognosen

Nieft den demographeschen an technologeschen Entwécklungen, ginn et eng Rëtscht aner Facteuren, déi d’Populatiounsentwécklung beaflosse kënnen – juristesch, wirtschaftlech, gesondheetlech oder ëmweltbedéngt, “Dës Facteure sinn awer schwéier bis guer net virauszesoen“, soen d’Experte vun de Statistiken.

E Beispill wier eng méiglech Barrière an der EU géint Migratioun oder déi weltwäit Konflikter, déi eng Roll kéinte spillen. “Esou sinn am Ufank vun der russescher Invasioun an der Ukrain vill ukrainesch Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm, fir sech hei néierzeloossen“, heescht et weider. Och d’Covid-19-Pandemie hat dann och e staarken Afloss op d’Migratioun an an engem méi klenge Mooss och op d’Stierflechkeet.

Demographesch Modeller: Zouverlässeg, mä net onfeelbar

Demographesch Modeller ginn allgemeng als zouverlässeg ugesinn – awer hir Genauegkeet hänkt vu verschiddene Facteuren of, esou d’Experte vum Statec. Si nenne véier Haaptaspekter, déi d’Zouverlässegkeet vun esou Prognosen beaflossen:

  • Qualitéit vun den observéierte Donnéeën: D’Bevëlkerungsprognose baséieren op Donnéeën aus administrativen Registeren, Vollekszielungen oder Ëmfroen. D’Qualitéit vun dësen Donnéeën huet en direkten Afloss op d’Genauegkeet vun de Prognosen.
  • Hypothesen iwwer zukünfteg Trends: D’Modeller mussen Hypotheesen iwwer d’Gebuerten, d’Stierflechkeet an d’Migratioun an der Zukunft maachen. Dës Hypotheese baséieren op historeschen Trends a wëssenschaftlechen Analysen, mä si enthalen ëmmer en Deel Onsécherheet
  • Zäitraim: Kuerzfristeg Prognosen (5–10 Joer) si meeschtens méi zouverlässeg wéi laangfristeg (méi wéi 20 Joer), wéinst der zouhuelender Onsécherheet mat der Zäit
  • Onvirstellbar Facteuren: Onvirstellbar Evenementer wéi Naturkatastrophen, Pandemien oder politesch Verännerunge kënnen demographesch Trends beaflossen an d’Prognosen manner präzis maachen.

Trotz dësen Erausfuerderunge ginn demographesch Modeller kontinuéierlech verbessert – duerch Fortschrëtter an der Statistik, der Informatik an dem Sammele vun Daten. Weltwäit schaffe Statistiksämter dorunner, hir Methodologien ze verfeineren, fir nach méi präzis Prognosen ze liwweren.

An awer “trotz dësen Verbesserunge bleift et wichteg ze verstoen, datt demographesch Prognose keng exakt Viraussoe sinn, mä Schätzungen op Basis vun de beschte verfügbare Informatiounen“, esou de Statec. D’Modeller si wäertvoll Instrumenter fir dPlanungen oder d’Huele vun Decisiounen. Mä jiddereen, dee mat hinne schafft, soll sech de Limitten an Onsécherheete bewosst sinn, déi mat esou Prognose verbonne sinn.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.