Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck : Cash oder Kaart? Si 50 Euro ëmmer 50 Euro?

RTL-Faktencheck : Cash oder Kaart? Si 50 Euro ëmmer 50 Euro? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

 

An engem Post, deen op de soziale Reseaue ronderëm geet, gëtt behaapt, dass 50 Euro net ëmmer 50 Euro sinn. Mir hunn de Faktencheck gemaach.

An dësem Post behaapt den Auteur, dass et en Ënnerscheet mécht, ob een an engem Geschäft 50 Euro mat der Kaart bezilt oder 50 Euro mat Boergeld. Wann en 50 Euro-Schäin ëmmer rëm benotzt gëtt, soll de Billjee net u Wäert verléieren. Bezilt een déi 50 Euro mat der Kaart, ginn hei ëmmer rëm Fraisen ofgezunn. Den Auteur behaapt dann, dass no enger gewësser Zomm un Transaktiounen näischt méi vun deene 50 Euro soll iwwreg sinn.

RTL © Screenshot

Richteg oder falsch?

Wann ee Cash bezuele wëll, muss ee fir d’éischt u Cash kommen

Wann de Schäin vun enger Hand an déi aner geet, da kascht dat näischt. Wann ee Boergeld um Bancomat ophieft an dat op der Bank, wou ee Client ass, da bezilt ee keng Fraisen. Mat Ausnam vun der Kaart selwer, déi ee bezuelt huet, wou se ausgestallt gouf. Dozou kënnt nach eng Cotisatioun u seng Bank, déi all Joer fälleg ass. Geet een op e Bancomat, wou een net Client ass, muss een an de meeschte Fäll eng Kommissioun pro Transaktioun un déi aner Bank bezuelen.

Cash oder Kaart? Wat kascht et de Client?

Wann een an engem Restaurant oder engem Geschäft mat Boergeld bezilt, huet een als Client keng Fraisen. Dat selwecht gëllt awer och, wann een als Client d’Kaart benotzt. Fir de Client kommen hei keng Fraisen op.

D’Käschten, déi bei enger Transaktioun mat der Kaart comptabiliséiert ginn, musse vum Verkeefer gedroe ginn.

Cash bezuele = Käschte fir de Geschäftsmann

Eng Etüd vun der Däitscher Bundesbank huet erginn, dass bei enger Bezuelung mat Boergeld och Fraise fir de Geschäftsmann entstinn. Dat sinn zwar keng direkt Fraisen, mee indirekt Ausgaben, déi sech der Däitscher Bundesbank no op 0,24 Euro pro Cash-Bezuelung belafen.

Dës Zomm ass eng Héichrechnung vun e puer Facteuren. Zum Beispill d’Käschte fir d’Uschafung vu Wiesselgeld, d’Ofwécklung, den Transport, d’Sécherheet an d’Assurance. Fir de Verkeefer ass Boergeld verbonne mat Zäitopwand, Personalkäschten a Fraisen un d’Bank, wann een zum Beispill op den Dépôt de nuit zeréckgräift.

De Verkeefer riskéiert bei Transaktioune mat Boergeld Suen ze verléieren, sech ze verzielen oder Falschgeld ze kréien, wat e klore Verloscht wier.

De gréisste Verloscht kënnt awer mat der Zäit. D’Inflatioun verännert nämlech de Wäert vum 50 Euro-Schäin. Et steet zwar weiderhi 50 Euro um Schäin, et kann ee mat der Zäit awer manner domat kafen.

Bei Bezuelunge mat der Kaart schaffen d’Banke permanent drun, fir d’Veraarbechtungszäite vun enger Transaktioun ze verkierzen. Eng “Instant payement” Transaktioun dauert an der Moyenne 10 Sekonnen an ass 24 Stonnen op 24 méiglech.

Dës éischt Ausso aus dem Post stëmmt also net, well et de Geschäftsmann och eppes kascht, wann ee mat Boergeld bezilt.

“Wann een ëmmer Cash bezilt, bleiwe 50 Euro 50 Euro”. Dës Ausso ass also falsch.

Wéi eng Käschte bréngt d’Bezuelung mat der Kaart mat sech?

Wann e Client am Restaurant oder an engem Geschäft mat der Kaart bezilt, sou ginn et ënnerschiddlech Fraise fir de Patron.

Fix Käschten – De Kaarten-Terminal
Et gi vill verschidde Liesapparater fir d’Bankkaarten. Op der enger Säit huet ee stationär Maschinnen, déi iwwert e Kabel verbonne sinn. Op der anerer Säit ginn et mobil Maschinnen, wou d’Connectioun iwwert eng Sim-Kaart leeft. An der Reegel ass et esou: Wat den Apparat méi Optioune bitt, wat en de Geschäftsmann méi kascht.

Eng Kaarten-Liesmaschinn kritt ee vu verschiddene Bedreiwer verkaf oder verlount. Meeschtens ginn d’Kontrakter mat der eegener Bank ausgehandelt. Beim Präis ass et änlech wéi bei den Telefon-Operateuren. D’Banke proposéieren dem Geschäftsmann a Funktioun vum Gebrauch an dem Besoin ënnerschiddlech Apparater an ënnerschiddlech Forfaiten. D’Locatioun vum Terminal mat an ouni Forfait kascht an der Moyenne tëscht 10 a 50 Euro de Mount. Verschidden Ubidder proposéieren nieft dem Forfait nach zousätzlech Servicer, wéi eng Helpline, d’Installatioun oder den Austausch vum Material.

Variabel Käschten
Et ginn dräi verschidde Käschten, déi de Geschäftsmann pro Transaktioun bezuele muss.

1. D’Kommissioun tëscht zwou Banken

Hei handelt et sech ëm d’Transaktiounskäschten, déi dem Geschäftsmann seng Bank un dem Client seng Bank bezilt. Den Taux vun dëser Kommissioun ass zënter 2016 vun der EU reglementéiert an plafonéiert.

De Maximum u Kommissioun, dee ka gefrot ginn, läit bei 0,20 Prozent vum Präis bei Debitkaarten an 0,30 Prozent vum Präis bei Kreditkaarten. Zu Lëtzebuerg ass d’Kommissioun “d’interchange” allerdéngs méi déif. Bei enger V-Pay-Transaktioun zum Beispill läit d’Kommissioun bei 0,12 Prozent vum Präis. Wann de Client an de Geschäftsmann bei der selwechter Bank sinn, fält dës Kommissioun ganz ewech.

An de meeschten europäesche Länner gëtt et eng zousätzlech Taxe vun 0,04 Prozent, déi sech T.I.C.O nennt. Dat steet fir taux interbancaire de carte en opposition. Dës Taxe gëtt et bei Lëtzebuerger Kaarten allerdéngs net.

Beispill:
Wann e Client fir 50 Euro mat der V-Pay keeft, da sinn d’Fraise fir dësen Transfert 0,12 Prozent. Dat wier da 50 Euro x 0,12 Prozent, also 0,06 Euro. D’Fraise leien hei also bei 6 Cent.

2. Käschte vum Reseau-Bedreiwer

Dës Fraise gi vun de Reseau-Bedreiwer, wéi Sixt, Visa a Mastercard zum Beispill, ofgezunn. De Bedreiwer garantéiert d’Solvabilitéit vum Client géigeniwwer dem Verkeefer a garantéiert, dass d’Transaktioun duerchgefouert gëtt. Wéi héich dës Fraise sinn, decidéiert de Bedreiwer selwer.

Bei de grousse Bedreiwer, wéi Visa a Mastercard leien d’Fraise bei tëscht 1 an 1,3 Prozent. Beim Groupement des cartes bancaires (CB) sinn d’Käschte liicht méi niddereg mat 0,9 Prozent. American Express, déi net zum europäesche Reseau gehéieren, froe wesentlech méi.

3. D’Marge vun der Bank

Dës Marge freet d’Bank de Geschäftsmann fir d’Servicer, déi si offréiert. Jee no Bank ass dës Marge ënnerschiddlech. A Funktioun vun der Quantitéit an dem Montant vun den Transaktiounen, déi am Mount gemaach ginn, gëtt eng Marge negociéiert. E Geschäftsmann, deen deier Produite verkeeft, kann e besseren Taux aushandelen. D’Aktivitéit vum Geschäftsmann spillt bei de Negociatiounen och eng Roll. Bei enger Aktivitéit, wou de Risiko vu Bedruch méi héich ass, läit och den Taux méi héich. Et lount sech op alle Fall fir de Geschäftsmann en Taux mat der Bank auszehandelen.

D’Marge variéiert net nëmme vu Bank zu Bank, mee och vu Kaart zu Kaart. Eng Goldkaart huet deemno en aneren Taux wéi eng V-Pay. Am Generelle läit den Taux bei de grousse Banke bei 0,4 bis 0,8 Prozent.

D’Geschäftsleit bezuele fir de Service

Als Géigeleeschtung fir d’Fraise kritt de Geschäftsmann e Service gebueden. Dëse gewënnt Zäit bei der Comptabilitéit respektiv bei der TVA-Erklärung. De Geschäftsmann huet méi Kontroll iwwert seng Keess. Manner Boergeld heescht och manner Risk. Keng Deplacementer, kee Verloscht duerch falsch Comptabilitéit, keng Perte vu Boergeld a kee Vol.

No 50 Transaktioune mat der Kaart sinn déi 50 Euro fort?

Dës Behaaptung ass definitiv falsch.

Déi 50 Euro aus dësem RTL-Faktencheck verschwannen net aus der Ekonomie, egal ob se mat der Kaart oder mat Boergeld bezuelt goufen. D’Sue gi just anescht verdeelt. Just d’Inflatioun kann de Wäert vun engem Billjee veränneren.

D’Ausgangsbeispill illustréiert eng vereinfacht an iwwerflächlech Visioun op eng komplex Thematik. Den Auteur vum Post vergësst wesentlech Facteuren, déi mir och net bis an de leschten Detail analyséiere konnten. Et geet am Post net Riets vu Servicer, déi de Geschäftsmann bei Transaktioune mat der Kaart gebuede kritt. Dat geet vun TVA, zu Assurancë bis zum Onlineverkaf. De Client ka sech weder bei der Bezuelung mat der Kaart, nach mat Boergeld bekloen, well et hien a béide Fäll näischt kascht. Vill Verkeefer begréissen d’Bezuele mat der Kaart, och wann et si eppes kascht. D’Servicer, déi si dofir kréien, vereinfachen d’Aarbecht.

De groussen Ënnerscheet tëscht Boergeld an Digital ass, op der enger Säit de gemittleche Confort vum Digitalen, op der anerer Säit déi onendlech Fräiheet vu Boergeld.

Wéi d’Leit zu Lëtzebuerg am léifste Bezuelen a wéi d’Geschäftsleit et gesinn, kënnt dir hei noliesen.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.