Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: De Präis op der Pompel

RTL-Faktencheck: De Präis op der Pompel - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Den Ament zirkuléiert an de soziale Reseauen ee Post, deen d’Fro opwërft, wisou de Präis vum Barrel an d‘Präisser op der Pompel net ëmmer am Aklang sinn.

Donieft gëtt behaapt, d’Lëtzebuerger Regierung géif d’Präisser beaflossen. Mir hunn de Faktencheck gemaach.

De Präis vun de Pëtrolsproduiten, wéi mir en herno op der Pompel gesinn, setzt sech aus verschiddene Facteuren zesummen.

D’Käschte vum Produit selwer, de Steieren (Accisen an TVA) an de sougenannten “Coûts de distribution”. Dës ginn iwwert e Kontrakt tëscht dem Staat an dem Groupement énergie et mobilité festgeluecht, deen zanter 2004 d’Pëtrolspräisser zu Lëtzebuerg reegelt.

D’Evolutioun vum Brent an d’Präisser op der Pompel ginn an déi selwecht Richtung, och wann et eng zäitlech Verzögerung gëtt. Geet de Präis vum Barrel an d’Luucht, gëtt et kuerz drop och méi deier op der Tankstell. Dat nämmlecht gëllt an déi aner Richtung.

RTL
© Screenshot vu Facebook-Post

Op Nofro kann den Energieministère de Verglach, deen den Auteur vum Post mécht, net novollzéien, well dem Ministère keng Situatioun bekannt ass, wou de Barrel 130 Dollar an den Endproduit 1,35 Euro gewiescht wier. D’Donnéeë géife kloer weisen, dass et eng Korrelatioun tëscht dem Barrelpräis an dem Endproduit gëtt.

Am Post gëtt keng Source genannt an och net geschriwwen, ëm wéi ee Produit et sech genee beim Präisverglach handelt.

Entwécklung vun de Spritpräisser iwwert 1 Joer

 

RTL
© RTL Grafik

Wat awer richteg wier, wier, dass et bei den eenzele Pëtrolsproduiten ënnerschiddlech Entwécklunge ginn:

“De Super 98er huet sech zënter Mee 2022 tendenziell a bësse vun den anere Produkter entkoppelt, dat war och d’lescht Joer beim Diesel de Fall, wéi déi ganz Diskussiounen ëm de russeschen Embargo op hirem Héichpunkt war. Zenterhir huet sech d’Situatioun beim Diesel berouegt, mee beim 98er schéngt de Marché nach ëmmer ënner Drock ze sinn. D’Ursaachen dofir kënne Maintenanceaarbechten an de Raffinerien, niddreg Stocken, international Konkurrenz sinn.”

Wat déi genee aktuell Ursaache wieren, kéint een net soen.

Wéi een Afloss huet d’Lëtzebuerger Regierung op de Präis?

TVA an Accise maache knapp 45 Prozent vum Endpräis aus, weider ronn 45 Prozent kommen duerch d’Produktiounskäschten. D’Distributiounskäschte, déi d’reell Käschte vum Secteur rëmspigelen, maache knapp 10 Prozent aus, dat sot den Energieminister Claude Turmes virun engem Joer an engem RTL-Interview.

D’Distributiounskäschte géife vum Ministère op Grond vum Kontrakt mam Groupement énergie et mobilité automatesch op Basis vun der Evolutioun vun de Käschte vum Secteur ugepasst ginn. Wa beispillsweis de Mindestloun an d’Luucht geet, géifen och automatesch d’Distributiounskäschten an d’Luucht goen, esou hätt dat en Impakt op den Endpräis.

Iwwert Steieren an Accisen hätt de Staat een Afloss op d’Präisser, an de leschte Joren hätt een eng CO2-Steier agefouert. Nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain gouf an der Tripartite eng TVA-Reduktioun vun 1 Prozent festgehalen. Duerch d’Fixéierung vu Maximalpräisser op Pëtrolsproduite wier dës Reduktioun och sécher un de Konsument wieder gi ginn, esou den Energieministere.

Maximalpräisser ginn all Dag gerechent

D’Maximalpräisser ginn zu Lëtzebuerg deeglech op Basis vun den internationale Cotatiounen (gekoppelt un d’Entwécklung vum Dollar) ugepasst. De Rechemodell géif all Dag duerchlafen. Bei engem gewëssenen Ecart zum aktuelle Präis gëtt dann declenchéiert, dass d’Präisser ugepasst ginn, esou de responsabele Beamten aus dem Energieministere. Dat garantéiert, datt d’Leit och d’Baisse séier matkréien op der Pompel.

Déi grouss Präistendenze géife sech all duerch d’Evolutioun vun de Cotatiounen um Marché erklären. Generell ass de Präis op der Pompel zu Lëtzebuerg nach ëmmer ënnert deem an den Nopeschlänner.

RTL
© AFP

Begrëffer Brent a Barrel

De Brent ass eng Zort Äerdueleg, et ass d’Referenz fir d’Präisser um Weltmarché an déi wichtegst Zort fir Europa.
De Barrel ass d’Referenz an der de Volume vum Äerdueleg gehandelt gëtt ee Barrel sinn 159 Liter.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.