Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Gëtt wierklech ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat?

RTL-Faktencheck: Gëtt wierklech ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

“Et muss een iwwerall franséisch schwätzen” oder “D’Auslänner beméie sech guer net eis Sprooch ze léieren”. Dat si Spréch, déi een zu Lëtzebuerg dacks mol héiert oder liest.

Gëtt ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat?

Et huet ee villäicht den Androck, d’Lëtzebuerger Sprooch géif ëmmer méi verschwannen. Dat liest een op alle Fall dacks an de soziale Reseauen. Ma och den ADR-Politiker Fred Keup huet dat um Méindeg op eiser Antenne behaapt.

RTL © Screenshots vu Facebook

Tatsächlech huet sech d’Zuel vun de Leit, déi sech fir Lëtzebuergesch-Coursen um Institut National des Langues (INL) aschreiwen, bannent de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt. Am akademesche Joer 2011/2012 waren 2.614 Leit an de Sproochecoursen um Institut ageschriwwen, am Joer 2021/2022 waren et der scho 5.681.

2019/2020 – am Joer virum Ausbroch vun der Pandemie – waren et souguer méi wéi 6.200 Aschreiwungen. Mat der klammender Nofro huet sech d’Zuel vun den Lëtzebuergesch-Enseignanten zanter 2015 och bal verduebelt, vun 33 op elo 60.

Och d’Zuel vun de Klassen ass hei däitlech an d’Luucht gaangen. 2011/2012 goufen 132 Lëtzebuergesch-Klasse proposéiert. Am Joer 2020/2021 gouf an 300 Klasse Lëtzebuergesch geléiert.

Mä net just den INL bitt Coursë fir déi lëtzebuergesch Sprooch un. Vergläichbar Offere ginn et ënner anerem och vun dem Service de la formation des adultes vum Educatiounsministère, vun der “Moien a.s.b.l.” a souguer vun der Stad Lëtzebuerg. Eng méi komplett Lëscht vun den Offere fannt Dir hei. Zuele vun der Statistikagence STATEC no hunn am Joer 2019/2020 bal 8.400 Leit u Lëtzebuergesch-Coursen deelgeholl.

Lëtzebuergesch Doheem ëmmer nach déi heefegst Sprooch

Dem Statec no ass Lëtzebuergesch nach ëmmer déi Sprooch, déi am meeschten Doheem geschwat gëtt. 53 Prozent vun de Lëtzebuerger Residente schwätzen Doheem Lëtzebuergesch. Duerno kënnt Franséisch mat 32 Prozent. Franséisch ass da mat 78 Prozent déi Sprooch, déi am meeschten op der Aarbecht geschwat gëtt. Duerno kënnt Englesch mat 51 Prozent a Lëtzebuergesch mat 48 Prozent.

Dobäi muss een awer soen, dass Lëtzebuergesch nach ëmmer déi Sprooch ass, déi vun de Lëtzebuerger Awunner am beschte maitriséiert gëtt. Ronn 42 Prozent vun de Residenten hunn dëst als hir Haaptsprooch uginn, déi franséisch Sprooch hunn 20 Prozent vun den Awunner als hir beschte Sprooch uginn. Op Plaz 3 ass da Portugisesch mat 19 Prozent. Dës Zuele sinn aus enger representativer Ëmfro, déi de Statec 2018 duerchgefouert huet. Nei Zuele vum Statec sinn dozou spéitstens am nächste Joer ze erwaarden, wann d’Resultater vun der Vollekszielung ausgewäert sinn.

Dës Weidere kann ee soen, dass d’Lëtzebuerger Sprooch och bei de Jonken nach ëmmer vill genotzt gëtt. D’TNS-Ilres hat 2018 eng Etüd dozou gemaach. Deemno schwätze 94 Prozent vun de Leit tëscht 16 a 24 Joer Lëtzebuergesch. Am mannste Lëtzebuergesch gëtt dann an der Alterskategorie 35 bis 44 geschwat. Hei sinn et just nach 67 Prozent.

D’TNS-Ilres huet tëscht Oktober an November 2021 eng Etüd zum Benevolat zu Lëtzebuerg gemaach an dofir eng 2.000 zoufälleg ausgewielten Awunner iwwer 16 Joer kontaktéiert. Eng vun de Froen ass iwwer d’sproochlech Gewunnechte vun de Befrote gaangen. Op d’Fro, wéi eng Sprooch si am Alldag am meeschte schwätzen an am beschte verstoe géifen, huet e groussen Deel mat “Lëtzebuergesch” geäntwert. 65 Prozent schwätzen an éischter Linn Lëtzebuergesch, 68 Prozent verstinn dat Lëtzebuergescht am beschten. Insgesamt hu vun de Participanten 80 Prozent uginn, Lëtzebuergesch entweder ze schwätzen oder ze verstoen.

Ëmmer méi Institutiounen an Tools, fir Sprooch ze fërderen

De Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, sot am Gespréich mat RTL, hie géif “keen Ulass gesinn, een ze däischtert Bild” vum Zoustand vun der lëtzebuergescher Sprooch ze molen. “D’Sprooch lieft a se ännert sech – déi eng fannen dat gutt, déi aner net.” Et géif een awer mierken, datt den Interessi um an de Stellewäert vum Lëtzebuergesche klëmmt. An der Gesellschaft, an der Politik, an der Sproochfuerschung a souguer am Ausland.

Lëtzebuerg wier net méi just als Friemsprooch interessant, mä gëtt mëttlerweil och linguistesch opgeschafft. Ufroe vun Universitéiten aus dem Ausland wiere keng Ausnam méi, esou de Luc Marteling. Gläichzäiteg hätt sech dat Lëtzebuergescht mat der Schafung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (2018), dem Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (1998) an dem Poste vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch (2018) an de leschte Joren ëmmer méi staark institutionaliséiert.

RTL De Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. / © Domingos Oliveira / RTL

Eng Rei Tools, wéi zum Beispill de Lëtzebuerger Online Dictionnaire LOD.lu an de Spellchecker.lu, hëllefen dobäi, d’Sprooch net méi just no Gefill ze schreiwen, mä allen Interesséierten den Accès zu der Orthographie ze ginn. Am Schnëtt gräifen den Dag eng 2.700 Leit op de Site vum LOD zeréck, 26.500 Recherche ginn den Dag gemaach. Zanter 2016 ass d’Zuel vun den opgeruffenen Artikelen op LOD.lu vu ronn 1,7 Milliounen op ronn 10,2 Milliounen am Joer 2021 geklommen.

Net nëmmen d’Opriff klammen, mä och d’Servicer verbessere sech: Enn Juni soll de Lëtzebuerger Online Dictionnaire mat villen neie Funktiounen a Méiglechkeeten nei un de Start goen, esou den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Vum Institut National des Langues gëtt ausserdeem den Ament eng Plattform ausgeschafft, op där ee weltwäit gratis Lëtzebuergesch bis zu dem Niveau C1 ka léieren. An enger éischter Phas sollen awer fir d’éischt emol d’Niveauen A1 an A2 online goen, dat fir d’Rentrée am September 2022.

Gëtt dann elo wierklech ëmmer manner Lëtzebuergesch geschwat?

En definitive Fazit zu dëser Fro ass schwéier, einfach well et keng belaaschtbar Zuele ginn, déi zum lëtzebuergesche Sproochgebrauch eng Evolutioun iwwer d’Zäit weise kënnen. Fakt ass awer, datt d’Zuel vun de Leit, déi u Sproochecoursen deelhuelen, zanter Jore klëmmt. An de Stéit ass dat Lëtzebuergescht ëmmer nach déi heefegste Sprooch a bei de Jonken tëscht 16 a 24 Joer schwätze ganzer 94 Prozent Lëtzebuergesch. Och huet sech d’Sprooch an de leschte Joren ëmmer méi institutionaliséiert an den Accès op Sourcen zu der richteger Orthografie huet sech mam LOD.lu an dem Spellchecker.lu staark vereinfacht.

De Faktencheck gëtt vun der FC-Redaktioun geschriwwen. Iwwer [email protected] kënnt Dir Kontakt ophuelen an eis Är Iddien oder Remarke schécken.

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.