Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: Kann een um Vëlo de Fürerschäi verléieren?

RTL-Faktencheck: Kann een um Vëlo de Fürerschäi verléieren? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Grafik

Mat Promill um Vëlo, dann nach Musek mat Kopfhörer lauschteren a mat knapp 50 duerch d’20er Zone. Wat ass mam Vëlo erlaabt, wat net?

Alkoholiséiert op de Vëlo?

Dat kann deier ginn a seng Konsequenzen hunn. Sech ënnert Alkoholafloss net hannert d’Steierrad ze setzen, ass jo eng gutt Saach. Dann awer op de Vëlo zeréckzegräifen, ass net onbedéngt déi bescht Léisung. Et setzt een net nëmmen seng Gesondheet op d’Spill, mee och säi Fürerschäin.

Gëtt een ënnert Alkoholafloss um Vëlo erwëscht, kann een nämlech genausou wéi mam Auto Punkte verléieren. Deemno wéi vill Promill den Alkoholstest uweist, kann een de Fürerschäi souguer ofgeholl kréien.

Dat läit un der Formulatioun am Code de la Route. Hei gëtt nämlech allgemeng vum “Fuerer vun engem Gefier” geschwat. Et gëtt net ënnerscheet tëscht motoriséierte Gefierer a Gefierer ouni Motor. An engem weideren Artikel vum Code de la Route steet souguer geschriwwen, datt e Fuerverbuet fir Vëlosfuerer virgesinn ass. Dat ass awer éischter reng theoretesch.

Eng Gesetzesännerung zu dësem Sujet ass awer um Instanzewee, sou d’Police.

Am Resumé kann een also soen: Och um Vëlo kann ee säi Fürerschäi verléieren.

E bësse e Paradox, mee

Och wann ee säi Fürerschäi wéinst sengem Fuerverhalen um Vëlo verluer huet, dierf een duerno weider mam Vëlo fueren. Heivir brauch ee jo kee Fürerschäin.

Kann ee mam Vëlo ze séier sinn?

Och d’Vitess ass um Vëlo net ze ënnerschätzen. De Cyclist muss sech op der Strooss un d’Vitesslimitatiounen halen. Deemno kann et och geschéien, dass e Cyclist en Delit de grande vitesse mécht. Zum Beispill wann de Vëlosfuerer an enger 20er Zone mat 50 Kilometer d’Stonn ënnerwee ass. Och hei ass d’Formulatioun am Code de la Route de Grond. Et gëtt nämlech rëm net tëscht de verschiddene Gefierer ënnerscheet.

Natierlech ass et mam Vëlo méi schwiereg, erwëscht ze ginn. De mobille Radar brauch ee jo net fäerten, well een ouni Nummereschëld schwéier ze identifizéieren ass. Trëfft een dann op der Plaz op eng Policepatrull, kann et awer mol deier ginn. Wéi eng Strof de Cyclist an esou engem Fall genau erwaart, muss awer viru Geriicht entscheet ginn.

Vëlo op der Strooss trotz Vëloswee

A Priori gëllt: Wann op der Strooss eng Spuer speziell fir d’Vëlosfuerer virgesinn ass, muss de Cyclist dës Piste och notzen. Et ginn awer Ausnamen. Ass d’Vëlosspuer iwwerfëllt oder net ze passéieren duerch zum Beispill e Chantier oder Autoen, déi de Wee blockéieren, dierf de Cyclist um normale Stroosseverkéier deelhuelen. Am Code de la Route ass awer preziséiert, datt d’Cycliste sech dann och un d’Verkéiersreegelen hale mussen.

Dierf de Vëlo Autoen iwwerhuelen?

A verschiddene Fäll dierf e Cycliste riets laanscht aner Gefierer op der Strooss fueren. Dëst zum Beispill, wann d’Autoe bei enger Kräizung oder bei der Zuchbarrière stinn. Hei dierf de Vëlo d’Gefierer, déi stinn, vu riets iwwerhuelen. Heibäi ass et awer wichteg, datt d’Verkéierssécherheet Prioritéit bleift.

Musek am Auto, fir vill Leit e Muss. Musek um Vëlo, éischter kritesch

Wat d’Droe vu Kopfhörer ugeet, gëtt am Code de la Route net tëscht motoriséierten an net-motoriséierte Gefierer ënnerscheet. D’Kopfhörer si wärend dem Fueren net erlaabt. Egal op een hannert dem Steier setzt, um Motorrad oder um Vëlo.

Am Auto ass dat jo dann net sou problematesch. Radio lauschteren oder per Fräispriechanlag telefonéieren ass jo erlaabt. Um Vëlo gëtt déi Geschicht da méi komplizéiert. Et huet een da besser op d’Musek ze verzichten. Kopfhörer verhënneren nämlech, datt een d’Geräischer vum Stroosseverkéier gutt matkritt. Sou kéint een zum Beispill d’Ambulanz, déi mat de Sireenen op sech opmierksam mécht, net héieren.

Opgepasst – Dëst Equipement ass obligatoresch

Dës Saache muss een onbedéngt um Vëlo hunn:

  1. Eng Schell
  2. Zwou Bremsen, déi onofhängeg vunenee funktionéieren
  3. Vir: Eng wäiss oder giel Luucht
  4. Zwee giel oder wäiss Reflekteren un de Speechele vu béide Pneuen
  5. Giel oder wäiss Reflekteren u béide Pedallen
  6. Hannen: e roude Reflekter
  7. Hannen: eng rout Luucht

RTL © Police Lëtzebuerg

Wann de Vëlo net komplett ekipéiert ass, riskéiert de Cyclist eng Strof vu 49 bis zu 74 Euro.

Bei de Coursevëloen ginn et allerdéngs Exceptiounen.

Den Helm um Vëlo ass bis haut net obligatoresch, gëtt vun der Police awer staark recommandéiert. Weider Recommandatiounen an Tipps vun der Police, fir méi sécher mam Vëlo ënnerwee ze sinn, fannt Dir hei.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.