Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

RTL-Faktencheck: War wierklech een Elektro-Auto Schold um Feier am Parking Rousegäertchen?

RTL-Faktencheck: War wierklech een Elektro-Auto Schold um Feier am Parking Rousegäertchen? - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

© RTL Mobile Reporter / RTL-Grafik

Den 9. September 2019. Am ënnerierdesche Parking Rousegäertchen an der Stad brécht e Feier aus, fënnef Autoe gi beschiedegt. An den Deeg a Wochen drop leeft d’Rumeursmaschinn op Héichtouren – een elektreschen Auto soll Schold um Feier gewiescht sinn. Mä stëmmt dat wierklech?

Et ass e Gerücht, dat sech och iwwer dräi Joer méi spéit nach fest an de Käpp vun de Leit hält. Esou huet et nach Mëtt Januar 2023 an engem Lieserbréif an enger grousser Lëtzebuergescher Dageszeitung geheescht: “Il est connu que la voiture qui a brûlé au Rousegäertchen était une voiture électrique. Officiellement cela n’a jamais été dit. C’est la raison pour laquelle tout le parking a dû être évacué, et il reste fermé depuis.”

Mä wat ass un där Rumeur wierklech drun? War een Auto mat Elektro-Motor schold um Feier?

D’Äntwert op dës Fro ass ganz kloer: Nee. “Fakt ass, datt am Parking keen E-Auto involvéiert war”, esou de Cédric Gantzer vun der Generaldirektioun vum CGDIS.

Keen E-Auto, mee ee Maserati

Schonn e puer Deeg nom Feier am Parking Martyrs, wéi de “Rousegäertchen” offiziell heescht, gouf d’Rumeur vum Elektroauto vun der Stad Lëtzebuerg op enger Pressekonferenz dementéiert. Ënnert de véier Autoen, déi komplett ofgebrannt sinn, wier keen E-Auto gewiescht.

Op Nofro konnte mir vun der Stad Lëtzebuerg elo weider Detailer iwwert de Won kréien, vun deem d’Feier deemools tatsächlech ausgaangen ass. Schold war och der Stad Lëtzebuerg no definitiv keen E-Auto, mee een Diesel-Verbrenner vun der Mark Maserati.

2019 hat Maserati nach keen Elektro-Auto um Marché. Deen éischten E-Auto vun der italieenescher Luxus-Mark, de GranTurismo Folgore, kënnt eréischt dëst Joer an d’Autoshaiser.

Detailer dozou, wéi et zum Feier koum, kéint een den Ament nach net soen, well d’Prozedur um juristeschen Niveau nach net ofgeschloss wier, deelt d’Stad mat.

Parking Rousegäertchen gëtt wuel eréischt Enn 2024 fäerdeg

D’Sanéierungsaarbechten um Parking Rousegäertchen hunn der Stad Lëtzebuerg no den 23. Januar ugefaangen. Virdru war déi al Haustechnik demontéiert ginn.

Dat ursprénglecht Zil, de Parking Martyrs Ufank 2024 nees opzemaachen, kéint net agehale ginn, “well d’Viraarbechte fir de Brandschued ze behiewen sech wéinst Liwwerschwieregkeete bei de virgespaante Betonsträger verzögert hunn”.

Ee Grond dofir, datt d’Feier 2019 esou vill Schued uriichte konnt, war, datt et um -1 an engem vun den eelste Parkingen zu Lëtzebuerg keng Sprinkleranlag gouf. Dëst wäert sech mat der Renovatioun awer elo änneren: “Zur Branderkennung a Bekämpfung gëtt een neie flächendeckende Brandmeldesystem installéiert, wéi och eng nei Sprinkleranlag/RIA (robinets d’incendie armés) a Feierläscher. De Compartimentage an d’Installatiounen am Parking erfëllen zukünfteg déi leschten Normen”, heescht et vun der Stad Lëtzebuerg.

Um Eck vun der Avenue de la Liberté mat der Rue du Plébiscite gëtt iwwerdeems een neien Accès gebaut, iwwert deen och Leit mat Vëloen oder mam Rollstull ouni Problem an de Parking komme kënnen. Bannenan gëtt an Zukunft dann och ugewisen, wéi eng Parkplaze scho besat sinn, an et gëtt eng automatesch Nummereschëld-Erkennung beim eran- an erausfueren.

Feier um Rousegäertchen (9.9.19)

© Domingos Oliveira, Eric Ewald, Valy Rodin, Jan SmolarekLes photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

Brennen Elektro-Autoen wierklech méi dacks?

Och hei ass d’Äntwert kloer: Nee. Am Verglach Elektro/Verbrenner/Hybrid schneit den Hybrid am schlechtsten of, den E-Auto dogéint fänkt statistesch am seelenste Feier. Den Detail dozou kënnt Dir an dësem RTL-Faktencheck noliesen. De Sergent-Major Laurent Schauls vum CGDIS erkläert, firwat den Hybrid-Auto an de Statistiken esou schlecht do steet: “Mir hunn déi zwou Geforequellen. Mir hunn eemol de Lithium-Akku, an dann hu mer awer och nach ëmmer de Verbrenner.”

Am Joer 2022 gouf et zu Lëtzebuerg 122 Auto-Bränn. Dorënner war offiziellen CGDIS-Informatiounen no keen eenzegen Elektro-Auto. D’lescht Joer hunn iwwerdeems och 11 Busser gebrannt, dorënner waren dräi Elektro-Busser. Et gëtt zu Lëtzebuerg nach kee registréierte Fall vun engem E-Auto, deen einfach esou ugefaangen huet mat brennen. An deene meeschte Fäll war en Opprall oder e Produktiounsfeeler schold, oder den Auto war grad um Lueden. De Virdeel vum Elektro-Auto wier, datt et keng brennbar Flëssegkeet gëtt, iwwer déi d’Feier sech kéint weider ausbreeden, esou de Laurent Schauls.

Allgemeng kann ee soen, datt den Elektro-Auto zwar méi seelen ufänkt mat brennen, dofir dann awer méi schwéier ze läschen ass, wann e bis brennt. Wann d’Feier bei engem E-Auto op den Akku iwwerspréngt, kënnen Temperature vu bis zu 2.700 Grad entstoen. Dat féiert dann och dozou, datt d’Feier och nom Läschen nach bis zu 48 Stonne muss iwwerwaacht ginn, fir sécherzegoen, datt et net nees ugeet.

International ginn d’E-Autoen dofir och emol a Waasser-Containere gesat, fir de Risk vun engem neie Feier ze miniméieren. Zu Lëtzebuerg gëtt dës Method nach net reegelméisseg genotzt, hei gëtt virop mat vill Waasser a Wärmebildkamerae geschafft. Ass den Akku vum Elektro-Auto net betraff, wier den Auto dogéint net méi schwéier ze läschen, wéi ee Verbrenner-Auto, esou de Laurent Schauls.

Dem CGDIS maache sougenannten “Rescue Sheet” an den E-Autoen d’Aarbecht méi einfach. Dës weise genee, wéi een am beschten un d’Batterie kënnt, fir se ze läschen. Verschidde Marken, wéi zum Beispill Renault, hunn souguer extra een “Fireman Access” verbaut, mat deem een d’Waasser direkt bei d’Batterie lafe loosse kann. Domat wier d’Feier an der Reegel och esou séier geläscht, wéi bei engem Verbrenner, erkläert de Laurent Schauls. An Zukunft ass an deem Gebitt mat Verbesserungen ze rechnen: International schaffe Pompjeeën nämlech mat den Hiersteller zesummen, fir den Aspekt vun der Accessibilitéit fir d’Secouristen ze verbesseren.

Hutt Dir Froen oder Ureegunge fir aner Themen? Da mellt Iech ënnert dëser E-Mail-Adress bei der RTL-Faktencheckredaktioun: [email protected]

Links

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.