Scroll Top

Dir gesitt am Moment d'Websäit a Sprooch LB. Fir zousätzlech Faktenchecken an Inhalter, déi zu anere Gemeinschafte betreffen, benotzt w.e.g. d'Fändelikonen fir Sproochen ze wiesselen.

Faktencheck: Attack op israeelesch Meedercher a Frankräich inzenéiert

Faktencheck: Attack op israeelesch Meedercher a Frankräich inzenéiert - Featured image

Author(s): RTL Lëtzebuerg

Am Kader vum Krich tëscht der Hamas an Israel ginn ëmmer nees Opnamen aus dem Kontext gerappt. Sou ass am Internet beispillsweis e Video opgedaucht, vun deem fälschlecherweis behaapt gëtt, e géif Hamas-Unhänger weisen, déi israeelesch Meedercher a Frankräich ugräifen, déi sech nees wieren an hir Ugräifer zerklappen.

De Video vu 27 Sekonne weist eng Grupp vu Männer, déi dräi Fraen an enger Ënnerféierung ze belästege schéngen. D’Frae schénge se dann ze zerklappen a vum Tatort ze flüchten, wou déi presuméiert Ugräifer um Buedem leie bleiwen.

“Hamas-Unhänger hu probéiert, dräi israeelesch Meedercher ze belästegen, wärend si eng Ënnerféierung a Frankräich passéiert sinn”, heescht et an der Beschreiwung op Hindi bei engem Video, deen de 15. November 2023 op Facebook gedeelt gouf. De Video gouf mat enger änlecher Behaaptung op Facebook (hei, hei) souwéi op X gedeelt. Dacks ass dorop e Waasserzeechen ze gesinn.

RTL

D’Loft- a Buedemattacke vun Israel an der Gazasträif hunn ugefaangen, nodeem Hamas-Kämpfer de 7. Oktober eng Attack gestart haten, bei där no offiziellen israeeleschen Zuele ronn 1140 Mënsche – virun allem Zivilisten – ëm d’Liewe koumen an ongeféier 250 als Geisele geholl goufen.

Déi israeelesch Attacken op dat palästinensescht Gebitt hu ganz Quartieren als Ruinen hannerlooss a méi wéi 20.000 Mënschen ëmbruecht – no den Donnéeë vum Gesondheetsministère, dee vun der Hamas-Regierung kontrolléiert gëtt, si ronn 70 Prozent dovu Fraen, Kanner a Jugendlecher.

A Frankräich, wou et souwuel grouss jiddesch wéi och muslimesch Communautéite ginn, hu Spannunge wéinst dem Krich zougeholl. Méi wéi 1500 antisemittesch Aktiounen an Äusserunge goufen zënter dem Krichsausbroch am Land registréiert, sot den Inneminister Gerald Darmarin de 14. November 2023. Dëst wär eng Hausse ëm méi wéi dat Dräifacht am Verglach zum gesamte Joer 2022. Hie sot, et hätt och antimuslimesch Virfäll ginn, “awer se hunn net dat Ausmooss dovun, wat mir a Bezuch op den Antisemitismus gesinn”.

A Wierklechkeet weist de Clip awer Stuntstudenten, déi eng Stroossekampfzeen üben, sou d’Organisatioun, déi en ursprénglech online gestallt huet.

Gestallte Video

E Logo mat de Buschtawen “CUC” ass op der Kleedung vun engem vun de Männer siwe Sekonnen nom Ufank vum Video ze gesinn.

RTL

Eng Stéchwierdersich op Google ergouf, dass de Logo Campus Univers Cascades (CUC) gehéiert, engem franséische Beruffsausbildungszenter, dee sech op Stunttechnike fir Filmer spezialiséiert huet (hei archivéiert).

De Lucas Dollfus, Direkter vum CUC, huet der AFP den 22. November 2023 erkläert, de Video wär inzenéiert. “Dëst ass e Video, dee mat eise Stuntstudenten als Deel vun enger Übung zum Sujet ‘Stroossekampf’ produzéiert gouf”, sot hien den 22. November 2023. “Alles ass am Viraus preparéiert a choreograféiert ginn. Et deet eis leed, dass de Video verfriemt a falsch interpretéiert gouf”.

De selwechte Video ouni Waasserzeeche gouf den 2. November 2023 op dem verifizéierten Instagram-Kont vun CUC eropgelueden (hei archivéiert).

E Verglach vu Screenshots tëscht dem Video an de falsche Bäiträg (lénks) an dem Video, dee vun CUC op Instagram eropgeluede gouf, weist, dass et sech ëm déi selwecht Zeen handelt:

RTL

Op dem Instagram-Account vun der Stuntschoul sinn och aner Kampfzeenen ze gesinn. Reuters huet 2021 iwwer d’Studentinne vun der franséischer Stuntschoul bericht an erkläert, dass d’Nofro no weibleche Superhelden an der Filmindustrie zouhëlt (hei archivéiert).

Fazit: D’Filmschoul Campus Univers Cascades üübt mat hire Stuntstudente Kampfzeenen – esou eng ass am Video ze gesinn. Et handelt sech net ëm eng Kläpperei tëscht Hamas-Unhänger an israeelesche Meedercher, wéi fälschlecherweis behaapt gouf.

Dësen AFP-Artikel gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.

Fact Checker Logo
Ursprénglech hei publizéiert.